Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (M)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 543 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler. 1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeresch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, während déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf während der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Monument fir d'Offizéier an d'Truppe vum 707th U.S. Tank Battalion Op der Plaz beim Cube 521 Maarnech 1994 50° 03’ 14.9’’ N
06° 03’ 45.1’’ O
Memorial Maarnech-002.JPG
Klack a Monument vun der 28th Infantry Division.
(D'Klack ass en Deel vum Monument)
Op der Plaz beim Cube 521 Maarnech 1989 50° 03’ 14.9’’ N
06° 03’ 45.1’’ O
Memorial Maarnech-003.JPG
Monument aux morts Maarnech Rueder Bei der Kierch Maarnech 50° 03’ 10.7’’ N
06° 03’ 39.8’’ O
Maarnech à nos morts.jpg
Monument aux morts:
Mir denken un eis Do'deg aus dem Kre'ch 1940 - 1945
Séi go'wen hirt Liëwen dat t'Hémecht könnt weider liëwen
An der Kierch Mäertert 49° 42’ 4.5’’ N
6° 28’ 50.6’’ O
Monument aux Morts Mertert 01.jpg
Monument aux morts:
1940-1945
Gestuerwe fir eis Fräihät
Eis gefale Matbierger + 10 Nimm
Bei der Kierch Mäerzeg 1979 49° 50’ 01.5’’ N
06° 00’ 22.2’’ O
Monument aux Morts Mertzig 01.jpg
Monument aux morts:
A NOS MORTS
rue du Millénaire Mamer ëm 1963 Hames Albert Monument Mamer 2008.jpg
Monument aux morts Méchela Um Kierfecht Méchela 49° 53’ 44.43’’ N
06° 05’ 39.18’’ O
Monument aux morts Méchela.jpg
Eise Patrioten + 1940-1945 + Kespelt - Mespelt Plack um Altor vun der Kapell, Rue de Dondelange «Op Filschert» Meespelt 49° 41’ 24.5’’ N
06° 03’ 17.5’’ O
Kapell Meespelt-106.jpg
Holzskulptur: Mater dolorosa, MCMXL +++ PRO PATRIA +++ MCMXLV Um Portal vun der Kierch Méischdref 49° 44’ 43.26’’ N
06° 30’ 01.03’’ O
Méischdref Mater dolorosa.jpg
Erënnerungsplack un de Paschtouer Jean Brachmond deen 1942 am KZ Dachau ermuert gouf Baussen op der Kierch Méischdref 49° 44’ 43.26’’ N
06° 30’ 01.03’’ O
Méischdref, Erënnerung Paschtouer Jean Brachmond.jpg
Monument aux morts Mënjecker:
Fir d'Heemecht gestuerven
1940-1945
Joseph Reding 1920-1944
Aloyse Reding 1925-1945
Un der Kapell Mënjecker 49° 41’ 59.1’’ N
06° 26’ 29.6’’ O
Monument aux Morts Münschecker 01.jpg
Shoah-Monument (Miedernach)
Als Erënnerung un déi fréier Miedernacher jiddesch Communautéit déi integral ënner der Naziherrschaft ëmbruecht gouf.
Rue de Savelborn Miedernach 1958 49° 48’ 40.28’’ N
06° 13’ 05.22’’ O
Monument «À la Mémoire de la Communauté Israélite de Medernach»-102.jpg
Erënnerung un d'amerikanesch Arméi-Eenheeten "Combat Command A", "Combat Command B" a "Combat Command R" vun der "US 9th Armored Division" Eck vun der N14 mat der N14A (rue de Larochette) Miedernach 1985 49° 48’ 23.4’’ N
6° 12’ 48.8’’ O
Monument US à Medernach 01.jpg
Monument aux Morts Bei der Märei Miedernach 49° 48’ 34.52’’ N
06° 13’ 02.56’’ O
Monument «À nos Morts 1940-1945», Miedernach.jpg
Monument aux morts Miersch Virun der Parkierch Miersch 1951 45° 44’ 46.5’’ N
06° 06’ 11.0’’ O
Monument aux Morts Mersch 01.jpg
Monument aux morts:
Zu Ehren vun e'se Patrioten
Vergiest sie nett
Virun der Parkierch Mierschent 1950 49° 57’ 14.9’’ N
06° 06’ 20.1’’ O
Monument aux morts Merscheid (Putscheid) 01.jpg
11 Stolpersteine 11 Stolpersteng op
6 verschiddene Plazen[1]
Munneref 5. November 2015
Stolpersteng Joseph Kinman a Jakob Hayum, 4, av. Dr Klein, Munneref-101.jpg
Erënnerungsplack un den Alphonse Rodesch, Grënner vun der LPL Klierf Vis-à-vis vun der Plaz bei der Kierch Munzen 2011 50° 01’ 57.6’’ N
06° 02’ 14.0’’ O
Rodesch Munzen.JPG
"Gestuerwe fir d'Hemecht" An der Entrée vun der Kierch Munzen 50° 01’ 56.4’’ N
06° 02’ 14.3’’ O
Munzen Mem 44 45.JPG
D'Monument "Moutfort-Medingen à ses Enfants Morts pour la Patrie" Bei der Kierch Mutfert 49° 35’ 17.68’’ N
06° 15’ 18.55’’ O
Gefale Jongen, Mutfert-101.jpg
D'Monument "To Our Liberators" Bei der Kierch Mutfert 49° 35’ 17.68’’ N
06° 15’ 18.55’’ O
To our Liberators, Mutfert-101.jpg
D'Plack "Zu Éire vun eise Krichsaffer" Un der Kierch Mutfert 49° 35’ 17.50’’ N
06° 15’ 18.40’’ O
Plack Krichsaffer, Mutfert.jpg
D'Plack "En souvenir de la libération 10.9.1944" Un der Kierch Mutfert 49° 35’ 17.50’’ N
06° 15’ 18.40’’ O
Plack Plaatz ons Jongen, American Veterans Square, Mutfert.jpg
  1. Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg#Munneref

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[Quelltext änneren]

Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.