Op den Inhalt sprangen

Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (E)

Vu Wikipedia

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.

1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Monument aux morts:
A nos morts
1940 - 1945
nieft der Kapell Éimereng 49° 29’ 12.4’’ N
      6° 17’ 25.8’’ O
Monument aux morts:
A nos martyrs
1940 - 1945

a Plack mat 5 Nimm
beim Agank vum Kierfecht Éinen Okt. 1967 49° 35’ 57.1’’ N
      6° 15’ 37.1’’ O
Erënnerungsplack '1939 - 1945' um Kierfecht Éiter 49° 35’ 57.1’’ N
      6° 15’ 37.1’’ O
Plack Pont de la Libération bei der Bréck iwwer d'Eisebunn
op der N28
Éiter 2004 49° 35’ 58.88’’ N
      6° 15’ 29.77’’ O
Monument aux morts:
A nos morts
1940 - 1945
beim Agank vun der Kierch Elleng 49° 31’ 14.2’’ N
      6° 17’ 49.3’’ O
Gedenksteen 'Eise Krichsaffer 1940-1945' Plaz vun der Resistenz Elveng 49° 30’ 19.94’’ N
      6° 18’ 54.43’’ O
Gedenkplack fir d'Zwangsrekrutéiert an der Kierch Elveng 49° 30’ 20.15’’ N
      6° 18’ 54.4’’ O
Monument aux morts Gemengeplaz Ëlwen
Erënnerungsplack 26th Infantry Division Eschduerf
Memorial Lt Robert H. Sovern vis-à-vis vun der Kapell Éischt 49° 49’ 22.8’’ N
      5° 53’ 12.37’’ O
Erënnerungsplack Resistenz 1940-1945.
Text: Mir hunn a schwe'rer Zeit Trei bekannt
't gong fir d'Freihet an et gong fir d'Land
an enger Muttergottesgrott Eppelduerf 49° 50’ 06.36’’ N
      6° 14’ 50.28’’ O
US-Monument an der Entrée vun der Kierch Eschweiler
Erënnerungsplack fir dräi gefale Jongen aus dem Duerf an der Entrée vun der Kierch Eschweiler (Wolz)
Monument fir den Zaldot Mergenthaler an der Entrée vun der Kierch Eschweiler (Wolz)
Monument mat Plack fir de Leitnant Jesse P. Sweat an an de Kaperol Leonard A. Deluga ëstlech vum Duerf um CR325

bei der Kräizung mam CR324

Eschweiler (Wolz) 49° 59’ 34.66’’ N
      5° 57’ 54.94’’ O
Monument George Mergenthaler Eschweiler
Monument aux morts:
A la mémoire des Eschois
morts pour la Patrie

an 13 Nimm
beim Agank vun der Kierch Esch-Sauer 1946 49° 54’ 40.8’’ N
      5° 56’ 5.4’’ O
Monument Aarbechts-Affer Grenzer Kierch Esch-Uelzecht 1953 49° 29’ 28.03’’ N
      5° 58’ 36.88’’ O
Monument du souvenir religieux Grenzer Kierch Esch-Uelzecht 1947 49° 29’ 28.03’’ N
      5° 58’ 36.88’’ O
Monument du souvenir religieux Paterkierch Esch-Uelzecht Esch-Uelzecht 1986
Monument aux morts Fola Gaalgebierg
am Stade Émile-Mayrisch
Esch-Uelzecht 1947 49° 29’ 34.82’’ N
      5° 59’ 22.23’’ O
UdSSR-Monument Lallenger Kierfecht Esch-Uelzecht 1957 49° 30’ 43.42’’ N
      05° 59’ 15.14’’ O
Krichsmonument Jongelycée Esch-Uelzecht 1965 49° 29’ 57.46’’ N
      05° 58’ 56.82’’ O
Resistenzler-Monument Eisekaul Bunker Eisekaul
spéider um Gaalgebierg, beim Camping
Esch-Uelzecht 1965
 ?
Erënnerungsplack am Lycée Hubert-Clément Lycée Hubert-Clément Esch-Uelzecht 1982
Streik-Monument Lalleng Esch-Uelzecht 1985
Mémorial de la déportation juive Place de la Synagogue Esch-Uelzecht 2005 49° 29’ 43.63’’ N
      05° 58’ 51.14’’ O
Chapelle Notre-Dame de la Résistance Grenzer Kierch Esch-Uelzecht 1982 49° 29’ 28.03’’ N
      5° 58’ 36.88’’ O
Monument fir d'Befreiung duerch d'US-Arméi Place Grobierchen,
Lëtzebuergerstroooss
Esch-Uelzecht 1974 49° 29’ 55.68’’ N
      05° 59’ 10.09’’ O
Kenotaph an der Entréeshal
vum Nationale Resistenzmusée
Place de la Résistance Esch-Uelzecht 1956 49° 29’ 32.51’’ N
      05° 58’ 34.06’’ O
Maquisarde-Monument an der Entréeshal vum Nationale Resistenzmusée,
Place de la Résistance
Esch-Uelzecht 1999
Monument Jeunesse sacrifiée Place des Sacrifiés Esch-Uelzecht 1987 49° 30’ 0.91’’ N
      05° 58’ 38.85’’ O
Passeurs-Monument Lavals-Park Esch-Uelzecht 1981 49° 29’ 54.98’’ N
      05° 58’ 40.11’’ O
Gediechtneskapell Jousefskierch Esch-Uelzecht Jousefskierch Esch-Uelzecht 1947 49° 29’ 51.55’’ N
      05° 58’ 56.88’’ O
Monument des Mineurs Kazebierg Minière Kazebierg Esch-Uelzecht
Erënnerungsplack Ed Barbel Nationale Resistenzmusée Esch-Uelzecht 1995
Monument Antoine Diederich rue Antoine Diederich Esch-Uelzecht 2002 49° 30’ 37.33’’ N
      05° 59’ 41.21’’ O
Monument pour les enrôlés de force Place des Sacrifiés Esch-Uelzecht 1988
31 Stolpersteine 31 Stolpersteng op
10 verschiddene Plazen[1]
Esch-Uelzecht 22. Okt. 2013
23. Abr. 2021
Erënnerung un d'Affer vum II. Weltkrich a besonnesch un d'Jongen aus der Léierbud vu Belval, déi nom Generalstreik 1942 hei verhaft gi sinn um Site Arbed Esch-Belval, beim Portal II Esch-Uelzecht 49° 30’ 22.8’’ N
      05° 57’ 22.7’’ O
Gedenkplack Pierre Ponath Place Pierre Ponath Esch-Uelzecht 2015
Monument aux morts:
Well dir stark wart
durfe mir frei liewen
1940-1945
Plaz laanscht d'Kierch Ettelbréck 1951 49° 50’ 46.4’’ N
      6° 06’ 02.3’’ O
Monument aux morts:
A la mémoire de nos camarades
Enrôlés de force 1940-1945
Morts pour la patrie
Um Ettelbrécker Kierfecht Ettelbréck 1968 49° 50’ 22.0’’ N
      6° 05’ 58.7’’ O
Patton-Monument Square Patton Ettelbréck 49° 51’ 05.75’’ N
      06° 06’ 37.51’’ O
Erënnerungsplack Colonel Lansing McVickar Rond-Point Colonel L. McVickar Ettelbréck 49° 50’ 39.90’’ N
      06° 05’ 55.50’’ O
Stolperschwelle Foussgängerzon,
Grand-Rue
Ettelbréck 25. Jan. 2013

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg#Esch-Uelzecht.

Um Spaweck

[Quelltext änneren]
Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.