Méischdref
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech. Fir d'Uertschaft mat engem änlechen Numm an der Gemeng Bettenduerf, kuckt wgl. Méischtref. |
Méischdref | |
---|---|
An der Olek zu Méischdref | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Moersdorf de: Mörsdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Rouspert-Mompech |
Buergermeeschter | Stéphanie Weydert |
Awunner | 408[1] |
1.1.2019 | |
Héicht | 159 m |
Koordinaten |
49° 44’ 44’’ N 06° 30’ 02’’ O |
Méischdref ass eng Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Méischdref läit tëscht Bur a Waasserbëlleg um rietsen Uwänner vun der Sauer, op enger duerchschnëttlecher Héicht vun 170 m (NG-L). Duerch Méischdref geet d'Nationalstrooss 10 an den CR135. Zu Méischdref leeft d'Kauzebaach, déi vu Giwenech aus den Hang erof kënnt, an d'Sauer.
Bis un d'Enn vum 20. Joerhonnert war eng Steekaul an der Uertschaft.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Archeologesch Fonntsaache weisen, datt do schonn an der Kelten-, resp. Frankenzäit Leit gewunnt hunn.[2]
Méischdref gouf als Mersdorph am 13. Joerhonnert eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt. Deemools (a bis zu der Franséischer Revolutioun) huet et zu der Tréierer Abtei St. Maximin gehéiert, an och d'Abtei Iechternach hat do Besëtz. 1248 ass vu Murstorff rieds, an op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 steet d'Duerf als Merscdorf.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Méischdref
- Iwwerreschter vun der Méischdrëffer Millen
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Méischdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Sauerdall
- Damit das Wasserrad wieder klappert am Luxemburger Wort vum 16. Juni 2018
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Nombre d'habitants au 02.01.2018" op rosportmompach.lu.
- ↑ Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.412-413.