NATO Maintenance and Supply Agency

Vu Wikipedia
Timber vum 25. Anniversaire vun der NAMSA zu Capellen
NSPA Medail

D'NAMSA (engl.:NATO Maintenance and Supply Agency / frans.: Agence OTAN d'entretien et d'approvisionnement) war bis 2012 en haaptlogistesche Stëtzpunkt vun der NATO mat Sëtz zu Capellen.

Aus der NAMSA ass d'NSPA (engl.:NATO Support and Procurement Agency) ginn.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'NAMSA gouf am Joer 1958 vun der NATO gegrënnt. Am Ufank war d'NAMSA zu Châteauroux installéiert an hat och Büroen an der Rue Ancelle zu Neuilly westlech vu Paräis. 1968, kuerz nodeem de President Charles de Gaulle säi Land aus dem integréierten NATO-Commandement erausgeholl hat, huet d'NAMSA hire Sëtz op Lëtzebuerg an déi fréier Kasär an der Garerstrooss zu Capellen verluecht.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Missioun vun der NAMSA bestoung ausschliisslech doran, déi verschidden NATO-Memberstaate bei der Organisatioun vum Akaf an dem Besuerge vu militäreschem Material an Ersatzdeeler z'ënnerstëtzen, geneesou wéi déi néideg Reparatur- an Entretiensservicer fir verschidde Waffesystemer aus de jeeweilegen Arméien ze stellen.

Aufgabeberäicher[änneren | Quelltext änneren]

Déi Haaptaufgabeberäicher vun der NAMSA waren:

  • Approvisionnement
  • Maintenance
  • Akaf
  • Kontrakt-Gestioun
  • Technesch Ënnerstetzung

NAMSO[änneren | Quelltext änneren]

D'Aktivitéite vun der NAMSA stoungen ënner der Kontroll vun der NAMSO (NATO Maintenance and Supply Organization), déi sech aus 26 Memberstaaten zesummegesat huet.

D'Missioun vun der NAMSO bestoung dodran, d'Efficacitéit vun der logistescher Ënnerstëtzung vun den NATO-Memberstaaten hire Sträitkräften op e Maximum eropzesetzen an d'Käschten op e Minimum ze reduzéieren. D'Organisatioun gouf vu senge Cliente finanzéiert an huet weeder e Gewënn nach e Verloscht realiséiert. D'Clientèle huet sech haaptsächlech aus de Sträitkräfte vun den NAMSO-Memberstaaten an dem SHAPE zesumme gesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. NSPA history. Gekuckt de(n) 30 November 2021.