Op den Inhalt sprangen

Numéro d'identification national (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Modell vun enger 13-stelleger Lëtzebuerger nationaler Identifikatiounsnummer

Den Numéro d'identification national (iwwersat „national Identifikatiounsnummer”, heiansdo och „Matricule” genannt) ass zu Lëtzebuerg eng eendeiteg Nummer, déi mam Gesetz vum 30. Mäerz 1979 agefouert gouf[1] a bei verschiddene Staats- oder Gemengeverwaltungen eng eendeiteg Identifikatioun erlaabt vun:

All national Identifikatiounsnummer gëtt am Registre national des personnes physiques enregistréiert. D'Gestioun vun der Matricule an dem Regëster gëtt vum Centre des technologies de l'information de l'État[3] assuréiert.

Mat der Aféierung vun der 11-stelleger Matricule am Joer 1979 huet se - laut dem Règlement grand-ducal vum 7. Juni 1979 - just a fënnef Datebanke däerfe benotzt ginn. Dat waren:

Mat dem Règlement grand-ducal vum 11. Dezember 1984 ass et och de Gemengen, Gemengesyndikater an Etablissements publics ënner Opsiicht vun de Gemengen erlaabt ginn d'Nummer ze benotzen[4]

Mat dem Gesetz vum 11. November 2003 ass et och den Notairen erlaabt ginn.[5]

D'Gesetz vun 1979 ass am Joer 2013 ugepasst an deelweis duerch en neit ersat ginn, absënns wat déi physesch Persounen ugeet[2]. Op Basis vun deem neie Gesetz koum och en neie Règlement grand-ducal eraus[6], deen déi nei Matricule ëm 2 Ziffere verlängert an duerch eng 13-stelleg Nummer ersat huet. Et gëtt elo ë. a. och festgehalen, datt all Datumen dem Gregorianesche Kalenner entsprieche mussen an datt de Centre des technologies de l'information de l'État zoustänneg ass fir d'Datumen aus anere Kalenneren ëmzerechnen.

Opbau vun der Matricule

[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech Matricule vun 1979

[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech bestoung d'Matricule aus 11 Zifferen an huet sech follgendermoossen zesummegesat[7]:

Physesch Persounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • aacht Ziffere fir de Gebuertsdatum am Format JJJJMMDD (Beispill: 19940930 fir den 30. September 1994);
  • eng lafend Nummer aus zwou Ziffere fir d'Leit ze ënnerscheeden déi de selwechten Dag gebuer sinn. D'Nummer ass ongerued fir Männer a gerued fir d'Fraen;
  • eng eestelleg Kontrollnummer.

An der Matricule muss d'Gebuertsjoer ëmmer ugi sinn; wann et net genee gewosst ass, gëtt dat presuméiert Joer agedroen. Wann de Mount an/oder den Dag vun der Gebuert net bekannt ass, gëtt jeeweils „00” agedroen.

Moralesch Persounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • véier Ziffere fir d'Grënnungsjoer oder, bei auslänneschen Entreprisen, d'Joer wou se zu Lëtzebuerg fir d'éischt bei enger Verwaltung erfaasst goufen;
  • en zweestellege Code (20 bis 99) fir d'juristesch Form vun der Persoun unzeginn;
  • eng lafend Nummer aus véier Ziffere fir d'Persounen auserneenzehalen, déi dat selwecht Joer gegrënnt goufen;
  • eng eestelleg Kontrollnummer.

Wann d'Grënnungsjoer net genee gewosst ass, gëtt „0000” agedroen.

Aktuell Matricule zanter 2014

[änneren | Quelltext änneren]

Mam Règlement grand-ducal vum 28 November 2013[6] gouf d'Identifikatiounsnummer fir physesch Persoune vun 11 op 13 Positioune verlängert. Se besteet zanterhier aus follgenden Elementer:

  • aacht Ziffere fir de Gebuertsdatum am Format JJJJMMDD (Beispill: 19940930 fir den 30. September 1994);
  • sequenziell Nummer aus dräi Zifferen;
  • eestelleg Kontrollnummer déi nom Luhn-Algorithmus berechent gëtt;
  • eestelleg Kontrollnummer déi nom Verhoeff-Algorithmus berechent gëtt.

Wann d'Gebuertsjoer net bekannt ass, gëtt d'Joer agedroe wéini d'Persoun am Regëster enregistréiert gouf. Wann de Mount an/oder den Dag vun der Gebuert net bekannt ass, gëtt jeeweils „00” agedroen.

Anonymiséierte Modell vun enger Krankekeess-Identifikatiounskaart mat der Matricule

Am Kader vu senge Missioune stellt de Centre commun de la sécurité sociale eng Identifikatiounskaart fir d'Assuréeën aus, op där nieft dem Virnumm an Numm och d'national Identifikatiounsnummer aus[8].

D'national Identifikatiounsnummer gëtt mat den Donnéeën aus dem nationale Persouneregëster op der Carte d'identité gespäichert.

Op verschiddenen Dokumenter muss d'Matricule ugi ginn. Dozou gehéieren absënns:

  • d'Ordonnancë vun den Dokteren,
  • d'Korrespondenz tëscht den Titulairë vun der Matricule an den Institutioune vun der Sécurité sociale,
  • Dokumenter, Akten a Fichieren déi am Kader vun enger Déngschtleeschtung opgestallt ginn déi den Titulaire vun der Matricule freet a wann d'Kommunikatioun vun der Matricule vun engem Gesetz oder Reglement virgeschriwwen ass.

An enger Rëtsch Fäll däerf d'Matricule gebraucht ginn. Et handelt sech ë. a. ëm:

  • Dokumenter, Akten a Fichiere vun enger ëffentlecher Verwaltung wann de Gebrauch explizitt erlaabt ass a wann et sech op eng intern administrativ Relatioun tëscht der Verwaltung an dem Titulaire vun der Matricule limitéiert,
  • Dokumenter, Akten a Fichiere vun de Spideeler, medezineschen Analys-Laboratoiren, Dokteren, Zänndokteren, Apdikter, asw. wa se fir intern administrativ Zwecker a Verbindung mam Titulaire vun der Matricule gebraucht ginn,
  • Dokumenter, Akten a Fichiere vum Patronat am Kader vun der Gestioun vu sengem Personal,
  • Akten déi am Hypothéikebüro ageschriwwene musse ginn.

Déi Verwaltungen, déi d'Matricule an hire Fichiere gebrauchen däerfen, kréien dat explizitt iwwer e Règlement grand-ducal autoriséiert. Aktuell(September 2020) si ronn 55 Fichieren autoriséiert. Et handelt sech nieft de Fichiere vun de klassesche staatleche Verwaltungen awer och ëm z. B. d'Fichieren an Zesummenhang mat de Autosimmatrikulatiounen oder den Titulaire vun engem Fürerschäin déi fir den Transportministère gemaach ginn, d'Fichiere vum Handelsregëster, de Fichier mat de Leit déi am Stroosseverkéier e Protekoll kritt hunn, d'statistesch Fichiere vun der Zentralbank asw.

Op Myguichet.lu kann een nokucke wéi eng Verwaltungen an de leschte 6 Méint Donnéeën gekuckt oder verännert hunn.[9]

D'Volleks- a Wunnengszielung vun 2021 gëtt vum Statec deelweis op Basis vun deem Numero gemaach.[10]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

2009 fuerdert de Sven Clement vun der Piratepartei Lëtzebuerg eng Kontroll vun der Benotzung vun der Matricule.[11]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 (fr)Loi du 30 mars 1979 organisant l'identification numérique des personnes physiques et morales. legilux.public.lu (30.03.1979). Gekuckt de(n) 15.09.2020.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 (fr)loi du 19 juin 2013 relative à l'identification des personnes physiques. legilux.public.lu (19.06.2013). Gekuckt de(n) 15.09.2020.
  3. bis 2009: Centre informatique de l'État
  4. (fr)Règlement grand-ducal vum 11. Dezember 1984. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 18. September 2020.
  5. (fr)Loi du 11 novembre 2003 relative à la publicité foncière. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 19. September 2020.
  6. 6,0 6,1 (fr)Règlement grand-ducal du 28 novembre 2013 fixant les modalités d'application de la loi du 19 juin 2013 relative à l'identification des personnes physiques. legilux.public.lu (28.11.2013). Gekuckt de(n) 15.09.2020.
  7. (fr)Règlement grand-ducal du 21 décembre 1987 fixant les modalités d'application de la loi du 30 mars 1979 organisant l'identification numérique des personnes physiques et morales. legilux.public.lu (21.12.1987). Gekuckt de(n) 15.09.2020.
  8. (fr)Art. 413 Code de la sécurité sociale. www.secu.lu. Gekuckt de(n) 15.09.2020.
  9. (fr)guichet.public.lu Archivéiert de(n) 2019-09-20. Gekuckt de(n) 18.09.2020.
  10. (fr)statistiques.public.lu/fr/actualites/population/population/2021/09/20210920/PresentationRecensement_20092021.pdf. Gekuckt de(n) 22.09.2022.
  11. (fr)Land vum 08.10.2009. www.land.lu. Gekuckt de(n) 18.09.2020.