Ofgeschloss ESA-Projeten

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
1975 - 1982 COS-B Éischt Missioun vun der ESA, déi d'Gammastralung ënnersicht.
1977 GEOS 1 Geplangt ware Miessunge vun der Äerdmagnéitosphär. Wéinst engem Drorakéitefeeler ass d'Sond an eng elliptesch Bunn geroden
1978 - 1996 IUE Weltraumteleskop, dat Biller am Beräich vun Ultraviolettstralung mécht, déi soss duerch d'Atmosphär absorbéiert gëtt.
1978 GEOS 2 Miessunge vun der Äerdmagnéitosphär am GEO. (Ersatzsatellit fir GEOS 1)
1983 - 1986 EXOSAT Éischt Missioun vun der ESA, déi Röntgenstralung ënnersicht.
1985 - 1992 Giotto Éischt „Deep-Space-Missioun“ vun der ESA, déi de Koméit Halley an de Koméit Grigg-Skjellerup besicht. Dobäi fënnt den Giotto fir d'éischt Spuere vun organeschem Material op engem Koméit.
1989 - 1993 Olympus Fir deemoleg Verhältnesser en extreem groussen experimentellen Kommunikatiounssatellit. Et war en Héichleeschtungstelevisiounssatellit, deen am BSS-Band schafft an Experimenter am Ku-Band an am Ka-Band ausgefouert huet.
1989 - 1993 Hipparcos Kartographéiert ronn 100.000 Stäre mat ganz héijer Prezisioun a méi wéi eng Millioun Stäre mat niddreger Prezisioun.
1991 - 2000 ERS-1 Mat dem éischten „Earth Remote Sensing“-Satellit huet bei der ESA eng nei Ära vun Äerdfernerfuerschung ugefaangen. Ausgerëscht mat sechs Instrumenter, dorënner e Synthetic Aperture Radar, e Mikrowellen-Altimeter a verschidden optesch Sensore goufe bei dëser Missioun ëmfangräich Date vum Zoustand vun den Ozeanen, der Atmosphär an der Landuewerfläch gesammelt.
1992 - 1993 EURECA Déi europäesch Plattform am Raum war deen éischte rekuperéierbare Satellit vun der ESA an huet Mikrogravitationsexperimenter a villes méi gemaach. EURECA gouf mat engem Space Shuttle ausgesat, a vun engem aneren erëm agefaangen.
1995 - 1998 ISO Weltraumteleskop am Infraroutberäich
1997 - 2005 Huygens Am Januar 2005 lant d'Sond Huygens um gréisste Saturn-Mound, Titan, fotograféiert d'Uewerfläch a mécht cheemesch Analysen. (ESA-Bäitrag fir d'NASA/ASI-Missioun Cassini)
2003 - 2006 SMART-1 Eng Missioun op de Mound, déi cheemesch Zesummesetzunge bestëmme soll. Dobäi goufen och nei Technologien (beispielsweis e Ionenundriff als Haaptundriff) erfollegräich getest. Den 3. September 2006 ass Sond plangméisseg um Mound opgeschloen.