Paul Lafontaine
Paul Lafontaine | |
---|---|
Gebuer |
30. Mee 1948 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
23. Mäerz 2024 Bieles |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Lycéesprofesser |
Member vun | Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal |
De Paul Lafontaine, gebuer den 30. Mee 1948 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 26. Mäerz 2024 zu Bieles[1], war e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker an Auteur.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]De Paul Lafontaine ass als Jong vun enger lëtzebuergescher Mamm a vun engem belsche Papp zu Esch-Uelzecht gebuer. No senger Schoulzäit am Escher Jongelycée goung hien op de Cours supérieurs an d'Stad, an dunn op Nanzeg Geschicht studéieren. Iwwer d'"collation des grades" huet hien de lëtzebuergeschen "doctorat en philosophie et lettres" kritt. 1975 huet hie seng Diplomaarbecht mam Titel La population de la ville de Luxembourg de la fin du XVIIe au XVIIIe siècle - Mouvement naturel et immigration (étude de démographie historique) geschriwwen (net verëffentlecht).
Duerno war hie Geschichtsprofesser am Lycée technique Nic-Biever zu Diddeleng, a vun 1983 bis zur Pensioun am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht.
De Paul Lafontaine war "membre effectif" vun der Section de linguistique, d'ethnologie et d'onosmatique vum Institut grand-ducal.
Hien huet zu Bieles gewunnt, war bestuet a Papp vun zwee Meedercher.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]Nieft Artikelen iwwer d'Geschicht vun der Gemeng Suessem, inklusiv d'Toponymie, huet de Paul Lafontaine sozialgeschichtlech an demographesch Aufsätz publizéiert. Seng Haaptpublikatioun ass ee Buch iwwer d'Geschicht vun der groussherzoglecher Famill.
Artikelen
[änneren | Quelltext änneren]- Die Entwicklung der Bevölkerung von Bieles im 18. Jahrhundert; in: Bieles - Seng Poar, seng Leit, seng Kiirch; Bieles, 1975
- Beiträge zur Siedlungsgeschichte Sassenheims; in: 1973-1983 Xe anniversaire Club des Jeunes Sanem
- Das Sassenheimer Schloss; ibidem
- La création du Grand-Duché de Luxembourg par le Congrès de Vienne (1815) ; in: D'Commemoratiounsfeierlechkeeten 1989 aus der Siicht vun der Gemeng Suessem ; Festbroschür, erausgi vun der Gemeng Suessem zesumme mat de Geschichtsfrënn, 1989; Ss. 11-18.
- Description des nouvelles frontières du Grand-Duché de Luxembourg et de la France à l'exemple de Belvaux (1820-1823) ; in: D'Commemoratiounsfeierlechkeeten 1989 (...); Suessem, 1989; Ss. 19-23 (S. 18 -> Plang).
- Die Handstreiche der Gebrüder Auguste und Victor de Tornaco und ihre Beteiligung an der versuchten Konterrevolution gegen die Belgier (Oktober-Dezember 1831) ; in: D'Commemoratiounsfeierlechkeeten 1989 (...) ; Suessem, 1989; Ss. 45-59 (ill.).
- Das grosse Wappen des grossherzoglichen Hauses gemäss der Festlegung von 1898 ; in: D'Commemoratiounsfeierlechkeeten 1989 (...) ; Suessem, 1989; Ss. 84-85 (ill.).
- Ursprung und Bedeutung der heutigen Ortsnamen; in: Eng Gemeng an hir Geschicht - Bieles, Éilereng, Suessem, Zolwer; Band I, 1993
- Die Belagerung und Erstürmung der Stadt Luxemburg aus der Sicht des Pfarrers von St Nikolaus, Antonius Feller (1683-1684); in: Hémecht, Joërgank 49, 1997, Heft 3
- Die Flurnamen der Gemeinde Sassenheim (Sanem); in: Eng Gemeng an hir Geschicht - Bieles, Éilereng, Suessem, Zolwer; Band II, 2007
- Die Bürgermeister der Gemeinde Sassenheim; ibidem
- Kriegstagebuch (1870-1871) des Reserve-Jägers Peter Joseph Scherer (zesumme mam John Irrthum); ibidem
- Inventaire de la Maison "Beim Katias"; ibidem
- Les festivités de 2011 dans leur cadre historique - Chronique subjective d'événements politiques et culturels du monde de 1911; in: 2011: LHCEntenaire / Centenaire du Lycée Hubert-Clément; Lëtzebuerg, 2012[2].
Bicher
[änneren | Quelltext änneren]- Notre Dynastie - Les origines des Nassau et le règne des Nassau-Weilburg au grand-duché de Luxembourg (1890-1990); Lëtzebuerg, Éditions Saint-Paul, 1990 (1991: zweet, verbessert an erwäitert Editioun)[3]
- Unsere Dynastie: die Ursprünge der Nassauer und die Herrschaft der Nassau-Weilburger im Grossherzogtum Luxemburg (1890-1990); Lëtzebuerg, Éditions Saint-Paul, 1990 (däitsch Iwwerstetzung)[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 30. Mäerz 2024
- ↑ Hémecht, Jg. 67 (2015), Nr. 1; Ss. 127-128 = Rezensioun vum Paul Dostert
- ↑ http://www.worldcat.org/search?q=no:029892670
- ↑ http://www.worldcat.org/search?q=no:028545371