Puppis (Stärebild)
Date vum Stärebild Puppis | |
---|---|
Laténgeschen Numm | Puppis |
Laténgesche Geenitiv | Puppis |
Laténgesch Ofkierzug | Pup |
Positioun | |
Rektaszensioun | 6h 03m bis 8h 27m |
Deklinatioun | -11° 15’ bis -51° 05’ |
Fläch | 673 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 39° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Wanter (net vollstänneg ze gesinn) |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
4 |
Hellste Stär, Gréisst |
Naos(ζ Puppis), 2,25m |
Meteorstréim | Pi-Puppiden Puppiden-Veliden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Monoceros Canis Major Columba Carina Vela Pyxis Hydra |
D'Achterdeck vum Schëff (latäin. Puppis) ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Puppis ass e grousst Stärebild westlech a südlech vum Groussen Hond. Véier vu senge Stäre si méi grouss wéi déi 3. Gréissteklass.
Duerch de westlechen Deel zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss, dofir fënnt een an der Puppis vill oppe Stärekéip, wéi z. B.: M46, M47 an de M93.
Wéinst senger Positioun kann d'Stärebild vun Europa aus nëmmen am déiwe Süde ganz gesi ginn, wéi a Südspuenien, Sizilien, an am Peloponnes.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Puppis ass en Deel vum anticke Stärebild Argo Navis (Schëff vum Argo), dat zu den 48 Stärebiller gehéiert, déi schonn de Ptolemäus beschriwwen huet.
De franséischen Astronom Lacaille huet dat ausgedeent an oniwwersiichtlecht Stärebild am Joer 1763 an d'Stärebiller Carina, Vela a Puppis geännert. Dobäi goufen déi fréier Stärebezeechnunge bäigehalen, soudatt all griichesche Buschtaf an deenen dräi Stärebiller nëmmen eemol virkënnt. Dofir gëtt et ee Stär α Carinae (Canopus), awer keng Stären α Puppis oder α Velorum.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
ζ | Naos, Suhail Hadar | 2,25m | 1400 | O5 IAf | |
π | 2,71m | 1095 | K3 Ib | ||
ρ | 15 | 2,83m | 63 | F2m + F5 IIp | |
τ | 2,94m | 183 | K1 III | ||
ν | 3,17m | 423 | B8 III SB | ||
σ | 3,25m | 184 | K5 III SB | ||
ξ | 7 | Azmidiske (Aspidiske) | 3,34m | ||
c | 3,62m | 1388 | K4 III | ||
a | 3,71m | 345 | G5 III | ||
3 | 3,94m | A2 Iabe | |||
P | 4,10m | 1965 | B0 III | ||
11 | 4,20m | 503 | F7 + F8 II | ||
J | 11 | 4,22m | 1942 | B0.5 Ib | |
16 | 4,40m | 473 | B5 V | ||
h2 | 4,42m | 311 | K1 II-III | ||
HR 2906 | 4,44m | 84 | F6 V | ||
NS | 4,44m | 1875 | K4 III | ||
q | 4,44m | 93 | A7 III | ||
V | 4,47m | 1165 | B1 Vp + B2 | ||
QW | 4,49m | 69 | F0 IV | ||
QZ | 4,49m | 641 | B2 V | ||
HR 2948 | 4,50m | 454 | B5 IVn | ||
ο | 4,40m | 2471 | B1 IV:nne | ||
f | 4,53m | 358 | B8 IV/V | ||
HR 3131 | 4,61m | 238 | A1 V | ||
HR 2949 | 4,62m | 454 | B5 Ivn | ||
1 | 4,63m | 977 | K5 III | ||
HR 3089 | 4,63m | 720 | B1.5 Vp | ||
HR 2922 | 4,65m | 225 | B8 V | ||
HR 2881 | 4,65m | 1754 | G2 Ib | ||
NV | 4,65m | 847 | B2V + B3Ivne | ||
PU | 4,69m | 551 | B8 IV | ||
Q | 4,69m | 227 | K0 III | ||
19 | 4,72m | 185 | K0 III | ||
HR 3226 | 4,73m | 4660 | A5 Ib | ||
HR 2762 | 4,75m | 355 | B8-9 V | ||
HR 3113 | 4,76m | 1443 | A7 III | ||
MX | 4,78m | 980 | B2ne | ||
KQ | 4,82m | 3363 | A4 Ia | ||
A | 4,83m | 752 | B3 IV-V | ||
W | 4,83m | 839 | K2 II/III | ||
HR 2961 | 4,84m | 574 | B3 V | ||
HR 2874 | 4,85m | 3230 | A6 Ib/II | ||
L1 | 4,87m | 182 | A0pSi | ||
H | 4,92m | 192 | A4 IV | ||
HR 2608 | 4,94m | 1063 | M1 III | ||
HR 2959 | 4,98m | 677 | K3 III | ||
HR 2549 | 4,99m | 906 | K2 / K3III | ||
20 | 4,99m | 1231 | G5 Ib/II | ||
HR 3079 | 5,01m | 59 | F3 / F5V | ||
HR 2770 | 5,03m | 959 | B3 V | ||
4 | 5,03m | 236 | F2 V | ||
HR 2998 | 5,04m | 79 | G5 IV | ||
HR 2462 | 5,05m | 436 | G8 III | ||
t | 5,07m | 760 | B4 IV/V | ||
HR 3035 | 5,07m | 1240 | B2IV/V | ||
N | 5,08m | 1284 | B2.5 IV | ||
OS | 5,09m | 1178 | B2 V | ||
12 | 5,09m | 786 | G8 II | ||
L2 | 5,10m | 198 | M5 IIIe | ||
NW | 5,11m | 836 | A0 V | ||
HR 2719 | 5,12m | 313 | K2 III | ||
HR 3002 | 5,12m | 216 | K1 III | ||
HR 2548 | 5,14m | 82 | F5 III | ||
O | 5,14m | 300 | K2 III | ||
9 | 5,16m | 54 | G2 V | ||
6 | 5,17m | 253 | K3 III | ||
HR 3283 | 5,18m | 1631 | B2 IV-V | ||
HR 2666 | 5,20m | 315 | Am | ||
HR 3037 | 5,22m | 1673 | B1 V | ||
HR 3140 | 5,22m | 189 | F3 V | ||
F | 5,24m | 469 | A0 V | ||
MZ | 5,25m | 2347 | M2 II | ||
HR 2384 | 5,28m | 169 | F2 V | ||
E | 5,30m | 434 | A3pSrEuCr | ||
HR 3315 | 5,32 | 507m | K4 / K5III | ||
HR 3043 | 5,32m | 321 | G0 III | ||
HR 3183 | 5,33m | 1222 | A3 Ib/II | ||
HR 3114 | 5,36m | 1121 | B2.5 V | ||
HR 3018 | 5,36m | 50 | G0 V | ||
HR 2981 | 5,41m | 618 | B3 V | ||
y | 5,41m | 557 | B3 V | ||
HR 3085 | 5,44m | 757 | K1 IIICN | ||
HR 3326 | 5,45m | 813 | B3 V | ||
5 | 5,48m | 99 | dF5 | ||
HR 3091 | 5,48m | 801 | B2 V |
Den hellste Stär ζ Puppis ass en extreem liichtkräftege blo-wäissen Iwwerris mat der Spektralklass O5 op enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer. Hien huet déi 18fach Mass, de 40fachen Duerchmiesser an déi 20.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm Naos staamt aus dem Griicheschen a bedeit „Schëff“.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
π | ||
ξ | 3,3 / 5,3m | 288" |
κ | 4,5 / 4,6m | 9,9" |
n | 5,8 / 5,9m | 9,7" |
ν | 4,7 / 5,1m | 240" |
Den π Puppis, ass den zweethellste Stär an der Puppis. Et ass en Duebelstäresystem, op enger Distanz vun 1.095 Liichtjoer. Et handelt sech ëm een Iwwerris deen orange liicht, a gëtt begleet vun engem wäisse Stär.
D'System ξ Puppis (och Azmidiske genannt) ass 1.348 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéi Stäre mat de Spektralklasse G3 an G0. Wéinst hirem wäite Wénkelofstand vun 288 Bousekonnen kënne si scho mat engem klengen Teleskop observéiert ginn.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
L2 | 2,6m bis 6,2m | 140 Deeg | Hallefreegelméisseg Verännerlechen |
Den L2 Puppis ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär a steet op enger Distanz vun 198 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Seng Hellegkeet ännert iwwer en Zäitraum vu ronn 140 Deeg. Et ass e roude Stär mat der Spetralklass M3 III. Wärend dem Maximum ass hien opfälleg hell, am Minimum kann hien ënner gënschtege Siichtbedingungen just nach mat bloussem A gesi ginn
Messier- an NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
46 | 2437 | 6,5m | Oppene Stärekoup | ||
47 | 2422 | 4,5m | Oppene Stärekoup | ||
93 | 2447 | 6,5m | Oppene Stärekoup | ||
2423 | 6,5m | Oppene Stärekoup | |||
2438 | 10,5m | Planetareschen Niwwel | |||
2451 | 3,0m | Oppene Stärekoup | |||
2477 | 6,0m | Oppene Stärekoup | |||
2539 | 6,5m | Oppene Stärekoup | |||
2546 | 6,5m | Oppene Stärekoup |
Am Stärebild Puppis ass eng Rei vun Oppene Stärekéip. Dräi dovun huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten de Messier-Katalog opgeholl.
De M 46 ass e Stärekoup op enger Distanz vu 6.000 Liichtjoer.
Am nërdlechen Deel vum M 46 steet de Planetareschen Niwwel NGC 2438. Den Niwwel gehéiert net zum Stärekoup. Hie steet op enger Distanz vu 4.000 Liichtjoer.
De M 47 ass ronn 1.800 Liichtjoer ewech. Hien ass mat bloussem A als niwwelege Fleck z'erkennen. Et handelt sech ëm e relativ jonke Stärekoup mat bloe Stären.
De M 93 läit zirka 4.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.
Den NGC 2451 ass den hellste Stärekoup am Stärebild Puppis a mat bloussem A däitlech ze gesinn. Opgrond vu senger südlecher Positioun kann hien allerdéngs vu Mëtteleuropa net gesi ginn. Hie läit op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Puppis – Biller, Videoen oder Audiodateien |