Op den Inhalt sprangen

Schwéidsbeng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Schwéidsbengen)
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schwéidsbeng
Wäibuer zu Schwéidsbeng
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Schwebsange
de: Schwebsingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Réimech
Gemeng Schengen
Buergermeeschter Michel Gloden
Awunner 437
  1. Januar 2023
Héicht 148 m
Koordinaten 49° 30’ 42’’ N
      06° 21’ 23’’ O

Schwéidsbeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Schengen. Bis Enn 2011 huet se zu der fréierer Gemeng Welleschten gehéiert, déi du mat de Gemenge Biermereng a Schenge fusionéiert huet.

D'Uertschaft Schwéidsbeng läit am Museldall. Südlech vu Schwéidsbeng läit Wëntreng, nërdlech dovu Bech-Maacher a Welleschten. D'Haaptstrooss déi duerch d'Uertschaft geet ass den CR152 deen do Wäistrooss (route du Vin) heescht. Parallel zum CR152 an der Musel leeft d'N10. Den CR152F mécht d'Verbindung vum CR152 mat der N10.

Als Wäinuertschaft Psuesingen gëtt d'Duerf schonn am Joer 893 an Dokumenter vun der Abtei Prüm ernimmt, déi hei gréisser Wéngerten hat[1].

Bis an d'19. Joerhonnert war Schwéidsbeng eng bekannt Pilgeruertschaft. Haaptsächlech Gleeweger aus dem Honsréck an aus der Äifel sinn zu Fouss op Schwéidsbeng gepilgert fir de Péitrus an de Fiakrius géint Kappwéi an Epilepsie unzeruffen[1].

Fester a Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
D'Onofhängegkeetsmonument, 1939, vum Josy Jungblut
  • Den éischte Sonndeg am September ass Wäifest zu Schwéidsbeng, da leeft aus dem Buer bei der Kierch kee Waasser, mä Wäin.
  • De Mediterrane Gaart
  • D'Kierch Schwéidsbeng mat hiren zwéin Tierm:
    • ee bei der viischter Dier riets,
    • an een op der Héicht vum Chouer lénks. Beim haitege Klackentuerm handelt et sech em e fréiere Wiertuerm aus dem 15. Joerhonnert[1].
Commons: Schwéidsbeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 Quell: Informatiounsschëld um Flouer Hild