Schwéidsbeng
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Schwéidsbeng | |
---|---|
Wäibuer zu Schwéidsbeng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Schwebsange de: Schwebsingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réimech |
Gemeng | Schengen |
Buergermeeschter | Michel Gloden |
Awunner | 437 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 148 m |
Koordinaten |
49° 30’ 42’’ N 06° 21’ 23’’ O |
Schwéidsbeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Schengen. Bis Enn 2011 huet se zu der fréierer Gemeng Welleschten gehéiert, déi du mat de Gemenge Biermereng a Schenge fusionéiert huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft Schwéidsbeng läit am Museldall. Südlech vu Schwéidsbeng läit Wëntreng, nërdlech dovu Bech-Maacher a Welleschten. D'Haaptstrooss déi duerch d'Uertschaft geet ass den CR152 deen do Wäistrooss (route du Vin) heescht. Parallel zum CR152 an der Musel leeft d'N10. Den CR152F mécht d'Verbindung vum CR152 mat der N10.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Als Wäinuertschaft Psuesingen gëtt d'Duerf schonn am Joer 893 an Dokumenter vun der Abtei Prüm ernimmt, déi hei gréisser Wéngerten hat[1].
Bis an d'19. Joerhonnert war Schwéidsbeng eng bekannt Pilgeruertschaft. Haaptsächlech Gleeweger aus dem Honsréck an aus der Äifel sinn zu Fouss op Schwéidsbeng gepilgert fir de Péitrus an de Fiakrius géint Kappwéi an Epilepsie unzeruffen[1].
Fester a Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Den éischte Sonndeg am September ass Wäifest zu Schwéidsbeng, da leeft aus dem Buer bei der Kierch kee Waasser, mä Wäin.
- De Mediterrane Gaart
- D'Kierch Schwéidsbeng mat hiren zwéin Tierm:
- ee bei der viischter Dier riets,
- an een op der Héicht vum Chouer lénks. Beim haitege Klackentuerm handelt et sech em e fréiere Wiertuerm aus dem 15. Joerhonnert[1].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Wäistrooss am Zentrum vum Duerf
-
D'Kierch mat den zwéin Tierm an dem Wäibuer virdrun
-
Wéngerten zu Schwéidsbeng
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Schwéidsbengen an d'Musel: Geschichten an Erënnerungen, Publications Mosellanes, 2002, mat Texter vum Léon Gerges, Michèle Thoma, Michel Raus, Lex Jacoby, Georges Hausemer a Men Wiltzius, 86 Säiten.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Schwéidsbeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |