Stonnerekord um Vëlo
De Stonnerekord um Vëlo gëtt normalerweis op der Pist gefuer an e besteet dodran déi gréisstméiglech Distanz an enger Stonn ze fueren.
Den éischte Stonnerekord gouf 1893 zu Paräis vum Henri Desgrange opgestallt mat enger Moyenne vu 35,325 km. Duerno hu vill grouss Vëloschampione probéiert dëse Rekord ze verbesseren ënner anerem de Fausto Coppi, de Jacques Anquetil an den Eddy Merckx deen 1972 zu Mexiko eng Moyenne vun 49,431 Km gefuer ass.
Duerch d'Verbesserung vun der Vëlostechnologie konnt de Chris Boardman 1996 den absolutte Rekord vu 56,375 km fueren.
Am September 2000 huet d'UCI nei Krittäre fir d'Homologatioun vun de Rekorder festgesat (Haaptsächlech wat de Vëlo selwer betraff huet) an du huet den Eddy Merckx de Rekord frësch zougesprach kritt. De Chris Boardmann klappt dëse Rekord awer am Oktober 2000 mat 49, 441 km also 10 Meter méi wéi de Merckx. 2005 verbessert den Ondřej Sosenka déi Performance op 49,700 km.
Chronologie vum Stonnerekord bei den Hären
[änneren | Quelltext änneren]Bescht Leeschtungen an der Stonn bei den Hären
[änneren | Quelltext änneren](Net homologéiert)
19. Januar 1984 | Francesco Moser | Italien | 50,808 km (Mexico) |
23. Januar 1984 | Francesco Moser | Italien | 51,151 km (Mexico) |
17. Juli 1993 | Graham Obree | Vereenegt Kinnekräich | 51,596 km (Hamar) |
23. Juli 1993 | Chris Boardman | Vereenegt Kinnekräich | 52,270 km (Bordeaux) |
27. Abrëll 1994 | Graham Obree | Vereenegt Kinnekräich | 52,713 km (Bordeaux) |
3. September 1994 | Miguel Indurain | Spuenien | 53,040 km (Bordeaux) |
22. Oktober 1994 | Tony Rominger | Schwäiz | 53,832 km (Bordeaux) |
5. November 1994 | Tony Rominger | Schwäiz | 55,291 km (Bordeaux) |
6. September 1996 | Chris Boardman | Vereenegt Kinnekräich | 56,375 km (Manchester) |
Chronologie vum Stonnerekord bei den Dammen
[änneren | Quelltext änneren]7. Juli 1955: | Tamara Novikova | Sowjetunioun | 38,473 km | (Irkoutsk) |
18. September 1957: | Renée Vissac | Frankräich | 38,569 km | (Mailand) |
25. September 1958 | Mildred Robinson | Vereenegt Kinnekräich | 39,718 km | (Mailand) |
9. November 1958 | Elsy Jacobs | Lëtzebuerg | 41,347 km | (Mailand) |
25. November 1972 | Maria Cressari | Italien | 41,471 km | (Mexico) |
16. September 1978 | Cornella Van Oosten | Holland | 43,082 km | (München) |
20. September 1986 | Jeannie Longo | Frankräich | 44,770 km | (Colorado Springs) |
23. September 1987 | Jeannie Longo | Frankräich | 44,933 km | (Colorado Springs) |
1. Oktober 1989 | Jeannie Longo | Frankräich | 46,352 km | (Mexico) |
29. Abrëll 1995 | Catherine Marsal | Frankräich | 47,112 km | (Bordeaux) |
17. Juni 1995 | Yvonne McGregor | Vereenegt Kinnekräich | 47,411 km | (Manchester) |
26. Oktober 1996 | Jeannie Longo | Frankräich | 48,159 km | (Mexico) |
Bescht Leeschtungen an der Stonn bei den Dammen
[änneren | Quelltext änneren](Net homologéiert)
- 18. Oktober 2000 Anna Wilson (Australien) 43,500 km (Melbourne)
- 5. November 2000 Jeannie Longo (Frankräich) 44,767 km (Mexico)
- 7. Dezember 2000 Jeannie Longo (Frankräich) 45,094 km (Mexico)
- 10. Oktober 2003 Leontien Van Moorsel (Holland) 46,065 km (Mexico)