Op den Inhalt sprangen

Teledetektioun

Vu Wikipedia

D'Teledetektioun ass eng Technik, déi et erlaabt Informatiounen iwwer d'Uewerfläch vun der Äerd ze kréien ouni direkt a Kontakt mat hir ze kommen. Dofir schafft ee mat Biller. D'Teledetektioun ëmfaasst de ganze Prozess, deen dora besteet:

  1. d'Energie, déi vun enger elektromagnéitescher Stralung ausgeet (dat heescht, d'Informatioun, déi an e Bild ëmgewandelt gëtt), z'erfaassen an ze späicheren
  2. d'Informatioun ze traitéieren an z'analyséieren,
  3. d'Informatioun z'applizéieren.

D'Teledetektioun erlaabt et, bestëmmt physesch a biologesch Charakteristike vun Objeten op der Uewerfläch vun der Äerd ze gesinn.

Afänken a Späichere vun der Informatioun

[änneren | Quelltext änneren]

An der Teledetektioun ass e Bild en Ensembel vu Pixelen (de Pixel ass déi klengste konstitutiv Eenheet vum Bild). Et kann och als Rei digital Donnéeën op enger flaacher Fläch definéiert ginn. Déi Donnéeë manifestéiere sech a Form vun elektromagnéitescher Stralung, déi vu sougenannte Capteure gespäichert gëtt. E Capteur ass op engem Vecteur installéiert, zum Beispill engem Teleskop, engem Fliger oder engem Satellit. E captéiert a späichert d'Energie, déi vum Zilobjet (hei: der Äerduewerfläch) ausgeet, a wandelt se an e Bild ëm.

Et ass also eng Energiequell a Form vun elektromagnéitescher Stralung néideg, déi den Zilobjet ka bestralen, fir datt den Zilobjet déi Energie erëm zeréckschécke kann, ausser wa vum Zilobjet selwer Energie ausgeet. Wa vum Zilobjet keng Energie ausgeet, gëtt dacks d'Sonnenenergie als Energiequell benotzt. Duerfir ënnerscheet een tëscht aktiven a passive Capteuren:

  • passiv Capteure späicheren d'Energie vun der Sonn, déi vum Objet reflektéiert gëtt, oder d'Energie déi vum Objet selwer ausgeet,
  • vun den aktive Capteuren geet eng Energiequell aus, an et gëtt deen Deel vun der Energie gemooss, dee reflektéiert gëtt (zum Beispill beim Radar).

Bei de Biller ënnerscheet een tëscht:

  • panchromatesch Biller (schwaarz a wäiss)
  • monochromatesch Biller (eng Variatioun an enger eenzeger Faarf)
  • trichromatesch Biller (an den dräi Primärfaarwe blo, gréng a rout)

E Bild, zum Beispill eng Satellitefoto, ass also näischt anescht wéi eng a Fotografie ëmgewandelt Stralung. Déi Stralung gëtt vun de Capteuren agefaangen, an op verschiddene Kanäl gespäichert: rout, blo, gréng, noen Infrarout, mëttleren Infrarout, wäiten Infrarout oder thermeschen Infrarout.

Fir mat engem Bild schaffen ze kënnen, muss een domat eng Transformatioun maachen. Wichteg Etappe sinn dobäi ënner anerem den Traitement an d'Klassifikatioun. Déi verschidden Traitementer, déi ee mam Bild mécht, sollen et erlaben, Informatiounen aus dem Bild ze zéien, déi nëtzlech fir d'Analyse sinn a méi spéit hëllefen, eng Decisioun ze huelen.

Analys an Interpretatioun vum Bild

[änneren | Quelltext änneren]

Wichteg ass, datt ee sech mam Bild familiariséiert (Opléisung, Struktur/Textur, Datum vum Engregistrement...). Fir e Bild z'analyséieren, muss een am Viraus genee wëssen, wat een analyséiere wëll, dat heescht, et muss een den Zilobjet kennen. Op engem Bild presentéiert sech den Zilobjet ënner Form vu Punkt(en), Linn(en) oder Fläch(en). E muss distinktiv sinn, dat heescht, e muss sech vun den Nopeschstrukturen ofsetzen. D'Identifizéiere vum Zilobjet ass méiglech duerch d'Vergläiche vun enger Kombinatioun aus siwe visuelle Charakteristiken:

  1. Den Toun ass d'Kloerheet oder d'Faarf vum Objet um Bild. Den Toun ass generell e fundamentaalt Element fir Zilobjeten vun den anere Strukturen z'ënnerscheeden. D'Variatiounen am Toun erlaben et och, d'Ënnerscheeder an der Form, an der Textur an am Muster vun den Objeten ze gesinn.
  2. D'Form ass den Ëmrëss vum Objet (d'Konture vun den eenzelen Objeten). Och d'Form spillt eng bedeitend Roll beim Identifizéieren a bei der Interpretatioun vum Objet. En Objet mat engem riichte Stréch als Kontur fënnt ee meeschtens op bebaute Plazen an op Felder, wärend natierlech Objeten onreegelméisseg Formen hunn (zum Beispill e Bësch, deen net vun engem Feld oder enger Strooss ofgeschnidde gëtt).
  3. D'Gréisst vum Objet hänkt vun der Skala vum Bild of. Et ass wichteg, datt een d'Gréisst par Rapport zu den aneren Objeten am Bild evaluéiert (dat heescht déi relativ Gréisst), mä awer och déi absolut Gréisst. Eng séier Evaluatioun vun der ongeféierer Gréisst vun engem Objet hëlleft meescht bei der Interpretatioun: grouss rechteckeg Strukture wéi Halen oder Entrepôten zum Beispill fënnt ee meeschtens an Industriezonen, kleng rechteckeg Strukture sinn éischter a residentielle Quartieren ze fannen.
  4. D'Muster ass d'Unuerdnung vu verschiddenen Objeten, déi ee mat den eegenen Aen auserneenhale kann. Eng reegelméisseg a repetitiv Unuerdnung an Téin an an Texturen, déi sech gläichen, erginn e Muster um Bild, dat ee liicht erkennt, zum Beispill e Bongert mat reegelméisseg geplanzte Beem, oder Haiser, déi an engem reegelméissegen Ofstand an enger Cité gebaut goufen.
  5. D'Textur ass den Arrangement an d'Heefegkeet vun de Variatiounen am Toun a bestëmmte Regioune vum Bild. Méi graff Texture sinn déi, an deenen den Toun gestréchelt representéiert ass, dat heescht wou d'Variatioun vum Toun abrupt ännert. E Bësch zum Beispill ass eng Struktur mat enger graffer an onreegelméisseger Textur. Méi duuss oder glat Texture sinn déi mat enger uniformer Fläch (zum Beispill e Feld, eng geméit Wiss oder Pavé). D'Textur ass eent vun de wichtegsten Elementer fir Strukturen op engem Radarbild kënnen z'ënnerscheeden.
  6. De Schiet gëtt engem eng Iddi vum Profil a vun der relativer Héicht vu bestëmmten Objeten (zum Beispill héije Gebaier). E Schiet vun engem Objet kann awer och Strukturen an der Noperschaft vun deem Objet méi däischter maachen, sou datt et net méi gutt oder guer net méi méiglech ass, d'Strukturen am Schiet z'interpretéieren.
  7. D'Associatioun ass d'Relatioun tëscht dem Zilobjet a sengen Nopeschstrukturen. Heiandso kann et méi einfach sinn, Strukturen z'identifizéiere vun deenen ee weess, datt se normalerweis beim Zilobjet ze fannen sinn. Zum Beispill si Schoulen, Sportsterrainen a Spillplazen mat residentielle Quartieren associéiert, an eng Zone commerciale ass meescht mat grousse Stroossen associéiert.

D'Interpretatioun kann een op eng visuell Manéier (mat bloussem A) oder op eng automatesch Manéier mat Hëllef vun engem Computer) maachen.

Visuell Interpretatioun

[änneren | Quelltext änneren]

Déi visuell Interpretatioun ass eng Method, déi an der Teledetektioun heefeg benotzt gëtt. D'Bild gëtt dobäi net vun enger Maschinn interpretéiert, mä vum mënschlechen Interpret.

Et kann ee Biller am analogen oder am digitale Format fir d'visuell Interpretatioun benotzen:

  • Biller am analoge Format: d'Bild ass zum Beispill eng Photo op Pabeier, onofhängeg vum Capteurtyp an der Manéier, wéi een un d'Donnée komm ass;
  • Biller am digitale Format': d'Bild ass eng Pixelmatrix op engem Computer an d'Interpretatioun mécht sech iwwer en Ecran.

De Virdeel vun der visueller Interpretatioun ass, datt am Verglach zur automatescher Interpretatioun keen oder wéineg Ekipement néideg ass. Den Desavantage ass, datt si op een Donnéeskanal limitéiert ass, well et schwiereg fir e Mënsch ass, Donnéeën aus verschiddene Kanäl (Biller) mateneen ze vergläichen. Heiansdo kann et och schwiereg sinn, Informatiounen aus der Photo ze zéien, well den Interpret et net gewinnt ass, Informatiounen aus dem elektromagnetesche Spektrum ze liesen, dee fir dat mënschlecht A net siichtbar ass. D'Erkenne vum Zilobjet um Bild a Wellelängten, déi de Mënsch normalerweis soss net gesäit, ass also och wichteg.

Automatesch Interpretatioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'automatesch Interpretatioun gëtt mat Hëllef vun engem Computer gemaach, deen d'Donnéeën traitéiert an analyséiert; de Computer identifizéiert also d'Zilobjeten an zitt d'Informatioun aus dem Bild ouni datt de Mënsch vill agräift. Dofir brauch een e spezialiséierten Ekipement (Computer, Software).

De Virdeel vun der automatescher Interpretatioun ass, datt een Donnéeën, déi vu verschidde Kanäl kommen, analyséiere kann. Et kann een also mateneen e puer Spektralbänner analyséieren. Donieft erlaabt s'et, komplex Datebanke vill méi séier wéi de mënschlechen Interpret ze traitéieren, a si ass méi objektiv, well et mat där Method méiglech ass, reproduktibel Resultater ze kréien (och wann d'Resultat trotzdeem nach ëmmer vum mënschlechen Interpret validéiert muss ginn).