Ursaache vum Krich an der Vendée

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Krich an der Vendée 

Um Enn vum 18. Joerhonnert war d'Gesellschaft an der Vendée (aktuellt Departement vun der Vendée, Süde vun der Loire-Inférieure, Oste vun der Maine-et-Loire, Norde vun den Deux-Sèvres), wéi a ville franséische Provënzen, zimlech ländlech. De Weste war viru Kuerzem nees zréck zum Katholizismus duerch de Père de Montfort komm.

Ouverture vun de Generalstänn vu 1789 zu Versailles.

Dem Michel Vovelle no huet dem Adel um Enn vum Ancien Régime iwwer d'Hallschent vun de Lännereie gehéiert, 10-20 % waren an den Hänn vun der Bourgeoisie, manner wéi 30 % bei de Baueren a manner wéi 5 % hunn dem Klerus gehéiert. Hien huet d'Bevëlkerungsdicht op 700-790 Awunner/Lieue carrée a pro Généralité geschat. D'Alphabetisatioun war éischter schwaach am Verglach zum Norden an Oste vum Land, 10-20 % vun de Partner konnten hiren Numm schreiwen[1].

1789 hunn d'Baueren am Westen den Ufank vun der Revolutioun éischter gutt opgeholl. D'Cahiers de doléances vun der Bretagne, vum Maine, vum Anjou a vum Bas Poitou hunn d'Ofneigung vun de Baueren zum feudale System gewisen. D'Wale vu patrioteschen Deputéierten hunn d'Gewalt géint d'Grondhären an der Grande Peur ënnerstrach, souwéi och d'Gewaltdote géint d'Aristokraten an hiren Haiser an de Joren 1790 a 1791. Ausserdeem waren d'Vendée an d'Maine-et-Loire zwee vun den zwielef Departementer, déi am meeschte jakobinesch Deputéierten an d'Assemblée législative geschéckt hunn[2]. Vill Paschtéier waren och enthousiastesch dobäi: an der Vendée hu verschidde Geeschtlecher déi nei Chargen, déi Revolutioun an d'Liewe geruff hat, iwwerholl, a goufen zum Beispill Buergermeeschter. D'Revolutioun, wéi iwwerall a Frankräich, war mat enger grousser Hoffnung verbonnen.

Onzefriddenheet[änneren | Quelltext änneren]

Den 12. Juli 1790 huet d'Assemblée constituante d'Zivilkonstitutioun vum Klerus gestëmmt. Den Dekret, deen am November 1790 duerchgaangen ass, a vum Kinnek Louis XVI. de 26. Dezember 1790 ënnerschriwwe gouf, huet besot datt d'Paschtéier, genee wéi déi aner Fonctionnairen en Eed op d'Konstitutioun schwiere missten. D'Zivilkonstitutioun vum Klerus an dësen Eed goufe vun enger grousser Partie vum Klerus refuséiert, an d'Paschtéier, déi den Eed geschwuer hunn, goufen als Paschtéier ugesinn, déi vum kathoulesche Wee ofkomm waren. Vill Baueren, déi Angscht ëm hiert Séilenheel haten, si weider un hir "refractaire" Paschtéier gaangen[3]. Dëst huet d'Vendéens an zwee gerappt, an et koum vu Säite vun der Landbevëlkerung zu Onzefriddenheet, well sech an hiren Aen hir Situatioun zanter der Revolutioun net verbessert hat. An de Gemengen am Westen, déi eréischt viru kuerzem nees zum Katholizismus fonnt haten, war d'Majoritéit vun de Paschtéier géint d'Zivilkonstitutioun, Am Mee 1791 huet d'Assemblée constituante en Dekret iwwer d'Glawensfräiheet erausginn, an och déi "réfractaire" Paschtéier toleréiert, mä dës Toleranz huet kenger Säit gepasst, an d'Positioune goufen ëmmer méi steif.

D'Applikatioun vun der Zivilkonstitutioun vum Klerus (Juli 1791) huet zu Resistenzakten an der Bevëlkerung gefouert, déi ëmmer méi an d'physesch Gewalt iwwergaange sinn. Am Poitou gouf d'Zivilkonstitutioun als e Wierk vun de Protestanten a Judden ugesinn. Et koum zu Kläppereien tëscht "Aristokraten" an "Demokraten", ënner de Membere vum der Par (a verschiddene Paren hu sech d'Bevëlkerung an hire Curé zesummegedo, fir hir Gewunnechten oprecht z'erhalen), virun allem bei Begriefnisser. Zu méi schlëmme Konflikter koum et am Januar 1791 zu Saint-Christophe-du-Ligneron (südlech vun Nantes, bei Machecoul), wou d'Garde nationale huet missen agräifen, an et zu den éischten Doudeger koum. Mä nach war de Konflikt net eskaléiert[1].

Kaart vun de Paschtéier déi 1791 en Eed op d'Zivilkonstitutioun vum Klerus geschwuer hunn.

An dësem Kontext huet d'Assemblée législative am November 1791 an de 27. Mee 1792 repressiv Dekreter géint de "réfractaire" Klerus erausginn, an de Kult gouf verbueden. E "réfractaire" Paschtouer konnt op d'Demande vun 20 Bierger aus Frankräich deportéiert ginn. Um Virowend vum 10. August 1792 war e groussen Deel vum "réfractaire" Klerus am Prisong. Well si gezwonge waren, sech ze verstoppen, fir net an d'Guyane deportéiert ze ginn, goufen d'Paschtéier vu Fraleit verstoppt, déi un heemleche Massen deelgeholl hunn. Mä obschonn dës Moossname getraff goufen, konnt sech den neie konstitutionelle Klerus an enger grousser Partie vun der Regioun net duerchsetzen. Dem Michel Vovelle no hu 1791 knapps 0 - 35 % vun de Paschtéier an der Loire-Inférieure (souwéi an der Bretagne) an an der Vendée en Eed op d'Konstitutioun geleescht, vis-à-vis vu 35 - 55 % an der Maine-et-Loire a 75 - 100 % an den Deux-Sèvres. Iwwer 65 % vum Klerus am Westen hunn d'Konstitutioun refuséiert, vis-à-vis vun 48 % op nationalem Niveau[2]. Rondërem Châtillon a Bressuire konnt eng global homogen Zon festgestallt ginn, déi d'Konstitutioun refuséiert huet. D'Relioun vun de Bauere vum Westen, wéi a villen anere Géigenden, war eng propitiatoire Relioun (fir ze versécheren, datt op de Felder genuch gewuess ass, d'Fruuchtbarkeet vum Véi, d'Bestietnes, d'Gebuert vun engem Kand, asw.), déi de Kalenner organiséiert huet, déi hir speziell Helleg hat, hir Kapellen, hir Ritualer. Ausserdeem war d'eklesiastesch Carrière eng Méiglechkeet fir an der Gesellschaft opzesteigen, vun deem d'"refractaire" Paschtéier elo ausgeschloss waren[4].

Dëst ass och en Zeechen, datt den Attachament um Ancien Régime - an un der Monarchie - net den Ausléiser vun den éischten Opstänn war, et koum och zu kenger Revolt wéi den Adel emigréiert ass, oder de Louis XVI. am Januar 1793 guillotinéiert ginn ass.

D'Ëmstänn vum Krichsausbroch[änneren | Quelltext änneren]

D'Onzefriddenheet war latent. Si huet sech an e richtegen Opstand am Mäerz 1793 verännert, wéi d'Convention den 23. Februar eng Levée vun 300 000 Männer dekretéiert huet, « pour faire face à la baisse subite des effectifs des armées de la République due aux pertes, aux désertions mais surtout aux départs massifs des volontaires, levés l'année précédente pour la durée d'une campagne et qui, l'ennemi ayant été ramené aux frontières et même au-delà, estimaient pouvoir rentrer chez eux. »[5]. D'Vendée war nëmmen eng vun de Provënzen, déi sech 1793 erhuewen hunn, wéi zum Beispill den Dall vum Rhône, wou zanter 1790 Onroue waren, an déi bis 1818 ugehalen hunn[6]. Am Juni 1793 koum et och an de Stied vu Bordeaux, Marseille, Toulouse, Nîmes a Lyon, souwéi an der Normandie ëmmer méi zu federalisteschen a royalisteschen Opstänn.

De klengen Adel, deen a Frankräich bliwwe war, huet sech dem Opstand vun de Baueren ugeschloss, fir en an hir Hänn ze huelen, an him eng definitiv kathoulesch a royalistesch Faarf ze ginn, virun allem zanter Juli 1793[7].

D'Republikaner waren zu där Zäit a Girondins a Montagnards opgespléckt, déi sech géigesäiteg beschëllegt hunn, fir d'Géigerevolutioun ze sinn. Obschonn d'Bretone vum Canclaux am Weste geschloe goufen, souwéi vum Beysser tëscht Rennes an Nantes (den Opstand huet eréischt Enn 1793 als Chouannerie neie Wand kritt), an et zu Repressiounen am Elsass a südlech vun der Loire komm ass, konnten d'Opstänneg, déi meeschtens an der Iwwerzuel vis-à-vis vun der Garde nationale waren, verschidde Stied anhuelen, an och e Regiment vu Beruffszaldoten den 19. Mäerz schloen[8].

D'"Envoyés en mission", déi vun der Convention lassgeschéckt goufen, fir d'Levée vun den 300.000 Männer ze begleeden, goufen duerch de Spektakel vun den Opstänn alarméiert, hunn dës heefeg dramatiséiert an d'lokal Autoritéiten als Komplize vun der Géigerevolutioun dohigestallt, géint déi Paräis energesch Moossname misst ergräifen. Iwwerall gouf d'Géigerevolutioun gesinn, iwwerall ware Komplotter, an d'« Vendée militaire » gouf zu engem Symbol vun dëser Géigerevolutioun[9].

Dës Konzeptioun gouf vu royalisteschen a kathoulesche Schrëftsteller iwwerholl, souwéi vun de republikanesche Schrëftsteller an Historiker am 19. an um Ufank vum 20. Joerhonnert. Dës Konstruktioun huet zu der Elaboratioun vu lokalen a regionalen Identitéite gefouert: sou waren d'Vendéens déif reliéis an hunn eng Nostalgie vun engem folkloristeschen Ancien Régime gepflegt, obschonn dës zwéin Aspekter net den Ursprong vum Opstand vu 1793 waren. De Bierger vun Nantes huet sech ëmmer par Rapport vum « Ventre-à-choux » aus der Vendée definéiert, dem Bauer deen dem Kinnek trei war, a wou et zum gudden Toun gehéiert huet, sech iwwer dëse lëschteg ze maachen.

Den Opstand vun der Vendée an de Krich deen doraus entstanen ass, hat méi wéi eng Ursaach, vill Facteuren, déi all un d'Onzefriddenheet vun der Bevëlkerung gebonne waren, hunn hei matgespillt. Et war eng Nostalgie vum Ancien Régime, mä éischter Frustratiounen, déi sech iwwer Joren opgebaut hunn, eng nei administrativ Hierarchie, eng Bourgeoisie déi d'politesch Muecht u sech gerappt huet, an d'Verschlechterung vun der Situatioun vun de Baueren, déi souvill Hoffnungen an d'Revolutioun gesat haten. D'Levée en masse war d'Drëps, déi d'Faass schlussendlech zum iwwerlafe bruecht huet.

Rév-fran0.jpg Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Jean-Clément Martin, op. cit., S 36.
  2. 2,0 2,1 Michel Vovelle, "La Chute de la monarchie, 1787-1792", Band 1 vun Nouvelle histoire de la France contemporaine, Éditions du Seuil, 1972, S. 91, 175, 204 an 256.
  3. Jean-Clément Martin, « La Révolution a coupé la France en deux », L'Histoire, n°311.
  4. Roger Dupuy, La République jacobine. Terreur, guerre et gouvernement révolutionnaire, 1792-1794, Éditions du Seuil, 2005, S. 116.
  5. Roger Dupuy, op. cit., S. 101.
  6. Jean-Clément Martin, op. cit.
  7. D'Mme de la Rochejaquelein schreift 1814 an hire Mémoires: « Ni les prêtres, ni les nobles n'ont jamais fomenté ni commandé la révolte ; ils ont secondé les paysans, mais seulement quand l'insurrection a été établie ; alors ils ont cherché à la soutenir. Je suis loin de dire qu'il ne la désiraient pas ; mais on doit le comprendre pour peu qu'on y réfléchisse, aucun d'eux n'était assez fou pour engager une poignée de paysans sans armes, sans argent, à attaquer la France entière ».
  8. De Michel Ragon schreift 1992 iwwer dëse Passage: « On pourrait le citer comme partial, bien qu'on ne voie pas quel avantage la veuve de l'un des chefs les plus aimés, de Lescure, aurait eu à le montrer comme suiveur de l'insurrection et non comme son initiateur ».
  9. Ausserdeem erkläert hien datt « Aucun prélat ecclésiastique ne suivra l'insurrection vendéenne. Les évêques des quatre départements révoltés émigreront. Seuls resteront en pays dissident de modestes prêtres qui s'intégreront à l'armée paysanne sans jamais participer aux batailles. », Michel Ragon, 1793. L'insurrection vendéenne et les malentendus de la Liberté.