Vëlosummer


De Vëlosummer ass eng Manifestatioun uechter d'Land, déi zanter 2020 vum Mobilitéitsministère an Zesummenaarbecht mat der Generaldirektioun fir Tourismus vum Wirtschaftsministère am Summer organiséiert gëtt. Et geet drëm fir d'Lëtzebuerger Land an d'Vëlofueren z'entdecken an awer och fir den Tourismus ze fërderen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]2020
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Editioun gouf 2020 an d'Liewe geruff, nodeems d'Vëlofuere besonnesch zanter dem Ufank vun der Covid-19-Kris vu ville Leit nei entdeckt gouf. De Staat wollt doropshin en Akzent setze fir de Cyclissem z'ënnerstëtzen an ze stäerken[1]. Et goufe sechs Strecke vum staatleche Stroossereseau erausgesicht, op deenen am August 2020 just Cyclisten, Awunner an RGTR-Busse fuere konnten. Ënner anerem ware follgend Strecke betraff[2]:
- Alzeng – Siren
- Mamer – Schëndels
- Munneref – Elleng
- Kéideng – Guedber
- Wilwerdang - Wäiswampech
- Steesel – Hënsdref – Pretten – Gousseldeng – Miersch.
2021
[änneren | Quelltext änneren]Bei der zweeter Editioun hu ronn 20.000 Vëlosfuerer matgemaach[3].
2022
[änneren | Quelltext änneren]Fir d'2022er Editioun déi vum 30. Juli bis den 28. August gaangen ass, waren um Territoire vu 56 Gemengen am Ganzen 11 cyclotouristesch Tier mat enger Streck vun iwwer 450 Kilometer a mat verschiddene Schwieregkeetsgraden erausgesicht ginn[4]. Mam Programm „Move we carry“ konnten d'Cyclisten bei méi laangen Tier hiert Gepäck vun enger Etapp op déi aner transportéiere loossen[3].
Déi 11 Strecke waren:
- Mam Jangeli bei d'Kätti
- Sir-Uelzechtdall-Tour
- Family Tour am Süden
- City-Tour
- Uewersauer-Tour
- Dräi Däller-Tour
- VëloViaNorden
- Mëllerdall-Tour
- Äischdall-Tour
- Wëlle Westen-Tour
- Mamerdall-Tour
2023
[änneren | Quelltext änneren]Vum 29. Juli bis de 27. August 2023 konnten zwielef Tier tëscht 14 an 93 km entdeckt ginn[5].
2024
[änneren | Quelltext änneren]Bei der Editioun 2024 (27. Juli bis 25. August) si ronn 31.000 Leit matgefuer.[6] Et goufen 13 Tier duerch 67 Gemengen (inklusiv zwou op franséischem Territoire) ugebueden.[7]
2025
[änneren | Quelltext änneren]Op der 6. Editioun vum Vëlosummer gouf et tëscht dem 19. Juli an dem 24. August 17 verschidden Tier an 59 Gemengen z'entdecken.[6] Bei de 14 proposéierten Tier gouf et der dräi, bei deenen et eng kleng an eng grouss Variant gëtt.
| Tour | Numm | Distanz (km) | Vëloen déi
gezielt goufen[8] |
|---|---|---|---|
| A | Mamerdall‑Tour | 19,67 | 6.386 |
| B | Äischdall‑Tour | 18,96 | 2.386 |
| C1 | Wëlle Westen‑Tour | 52,68 | 1.787 |
| C2 | Wëlle Westen Family‑Tour | 10,61 | |
| D1 | Mëllerdall‑Tour | 48,19 | 2.922 |
| D2 | Mëllerdall‑Initiation‑Tour | 15,88 | |
| E | Sir‑Uelzechtdall‑Tour | 59,70 | 1.693 |
| F | Castle‑Tour | 44,42 | 3.009 |
| G1 | VëloViaNorden | 36,27 | 2.812 |
| G2 | VëloViaNorden | 92,85 | |
| H | Péckvillchen-Tour | 20,91 | 2.008 |
| I | Uewersauer-Tour | 19,35 | 3.190 |
| J | Réimertour | 15,82 | 3.507 |
| K | Circuit des Terres rouges | 31,75 | 3.507 |
| L | City-Discovery-Tour | 23,98 | 3.064 |
| M | Mam Jangeli bei d'Kätti | 25,16 | 2.049 |
| N | Mam Vëlo iwwer Kopp an Dall | 23,12 | 5.384 |
| Total | 559,32 | 43.704 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Vëlosummer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Promotiounsvideo Vëlosummer 2022 - Lëtzebuerg, dat ass Vakanz op youtube
- Websäit Vëlosummer op visitluxembourg.com
- Iwwersiichtskaart vum Vëlosummer 2025 op geoportail.lu
- Le Vëlosummer 2025 franchit un nouveau cap avec une hausse de 40% du nombre de cyclistes à l'arrivée
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) François Bausch et Lex Delles présentent le "Vëlosummer 2020". pch.gouvernement.lu (06.05.2020). Gekuckt den 31.07.2022.
- ↑ (fr) François Bausch et Lex Delles présentent le "Vëlosummer 2020". pch.gouvernement.lu (06.05.2020). Gekuckt den 01.08.2022.
- ↑ 3,0 3,1 (fr) Lancement du "Vëlosummer 2022". gouvernement.lu (29.07.2022). Gekuckt den 01.08.2022.
- ↑ (fr) Vëlosummer 2022 – Conférence de presse du 4 juillet 2022. gouvernement.lu (04.07.2022). Gekuckt den 01.08.2022.
- ↑ (fr) Vëlosummer 2023. Gekuckt den 12.06.2023.
- ↑ 6,0 6,1 (fr) Yuriko Backes et Eric Thill ont présenté la 6e édition du "Vëlosummer" ainsi que les prochains développements du réseau cyclable national. gouvernement.lu (12.06.2025). Gekuckt den 12.06.2025.
- ↑ (fr) La 5e édition du "Vëlosummer" sera lancée le samedi 27 juillet 2024. gouvernement.lu (26.07.2024). Gekuckt den 12.06.2025.
- ↑ (fr) Vëlosummer 2025 – Synthèse finale. « Vëlosummer 2025 » Comptages S. 49. gouvernement.lu. Gekuckt den 09.10.2025.