music:LX
music:LX war eng lëtzebuergesch Associatioun ouni Gewënnzweck déi d'Zil hat, Musek aus Lëtzebuerg am Ausland z'ënnerstëtzen a bekannt ze maachen.[1][2] Si gouf den 30. Juli 2009 gegrënnt ginn.[3] Si ass 2021 zesumme mat Reading Luxembourg an der Asbl Kultur lx opgaangen.[4]
Opbau an Aufgab
[änneren | Quelltext änneren]music:LX hat véier Haaptaufgabeberäicher:[1]
- Ënnerstëtzung: Finanziell Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerger Kënschtler a Gruppen, déi e Wierk am Ausland vermaarte wëllen oder am Ausland optrieden.
- Informatioun: Informatiounen iwwer déi Lëtzebuerger Musekszeen verbreeden - souwuel fir Leit, déi an der Museksindustrie beschäftegt sinn, wéi och fir de grousse Public.
- Networking: Lëtzebuerger an international Kënschtler mateneen a Verbindung setzen.
- Promotioun: Promotioun vu Musek aus Lëtzebuerg, ënner anerem iwwer der Organisatioun hir Websäit a Facebook-Säit.
De President vum Verwaltungsrot war de Bob Krieps (Kulturministère), Vizepresident de John Rech (Sänger bei Dream Catcher), Sekretär den Olivier Toth (Manager vun der Rockhal) an Tresorier de Gast Waltzing.[5]
Den Direkter war de Patrice Hourbette, de virdrun Verantwortleche fir den Exportbureau fir franséisch Musek zu London war.[2][6]
D'Associatioun gouf vum Lëtzebuerger Kulturministère finanzéiert,[2] 2011 zum Beispill krut si 100.000 Euro.[6]
Zu de Kënschtler, déi vu music:LX ënnerstëtzt goufe gehéieren ënner anerem Inborn, Seed to Tree, Hal Flavin, Mutiny on the Bounty.[2][7]
Export Artists of the Year Award
[änneren | Quelltext änneren]D'Associatioun huet tëscht 2012 an 2019 de Präis Export Artists of the Year u Kënschtler a Gruppen, déi sech am beschten am d'Ausland "verkaaft" hunn:
2012
[änneren | Quelltext änneren]- Mutiny on the Bounty an der Kategorie "Rock/Pop/Electro"
- Pascal Schumacher an der Kategorie "Jazz"[8]
2013
[änneren | Quelltext änneren]- Francesco Tristano an der Kategorie "Rock/Pop/Electro"
- Reis / Demuth / Wiltgen an der Kategorie "Jazz"
- Jean Muller an der Kategorie "Classical"[9]
2014
[änneren | Quelltext änneren]- Natas Loves You an der Kategorie "Rock/Pop/Electro"
- Michel Reis an der Kategorie "Jazz"
- Cathy Krier an der Kategorie "Classical"[10]
2015
[änneren | Quelltext änneren]- Mutiny on the Bounty an der Kategorie "Rock/Pop/Electro"
- Jeff Herr Corporation an der Kategorie "Jazz"
- Artemandoline an der Kategorie "Classical/Contemporary"
- Gast Waltzing (ouni Kategorie)[11]
2016
[änneren | Quelltext änneren]- Say Yes Dog an der Kategorie "Rock/Pop/Electro"
- Greg Lamy an der Kategorie "Jazz"
- Trio Koch an der Kategorie "Classical/Contemporary"[12]
2017
[änneren | Quelltext änneren]- Dream Catcher an der Kategorie "Rock/Pop/Electro"
- Dock in Absolute an der Kategorie "Jazz"
- United Instruments of Lucilin an der Kategorie "Classical/Contemporary"[13]
2018
[änneren | Quelltext änneren]2018 goufen déi dräi Music:LX-Präisser am Kader vun enger méi grousser Zeremonie an der Rockhal annoncéiert, der éischter Editioun vun de Luxembourg Music Awards.[14]
- Rome an der Kategorie "Rock/Pop/Electro"
- Reis Demuth Wiltgen an der Kategorie "Jazz"
- Christoph Sietzen an der Kategorie "Classical/Contemporary"[14]
2019
[änneren | Quelltext änneren]- Seed to Tree an der Kategorie "Rock/Pop/Electro/Urban"
- Dock in Absolute an der Kategorie "Jazz"
- Orchestre Philharmonique de Luxembourg an der Kategorie "Classical/Contemporary"[15]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 http://www.europejazz.net/musiclx (gekuckt de 24. Abrëll 2017)
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 paperjam.lu: Aller au-delà des frontières (7. Februar 2016)
- ↑ Statuten
- ↑ paperjam.lu: Kultur lx entre en scène pour promouvoir la culture luxembourgeoise vum Fabien Rodrigues (6. Juli 2021)
- ↑ musiclx.lu: Board of Administration (gekuckt de 24. Abrëll 2017)
- ↑ 6,0 6,1 gouvernement.lu: Octavie Modert présente l'asbl Music:LX, une aide à la professionnalisation des musiciens (14. Februar 2011)
- ↑ wort.lu: New website launch for music:LX (14. Mäerz 2012)
- ↑ Export Artists of the Year 2012
- ↑ Export Artists of the Year 2013
- ↑ Export Artists of the Year 2014
- ↑ Export Artists of the Year 2015: hei an hei
- ↑ wort.lu: Die Exportkünstler des Jahres 2016 (7. Dezember 2016)
- ↑ musiclx.lu: Export Artists of the year 2017 Awards
- ↑ 14,0 14,1 Jeff Schinker in tageblatt.lu: Politischer Druck auf rotem Teppich: Die „Luxembourg Music Awards“ polemisieren" (20. Dezember 2018)
- ↑ eldoradio.lu: D'Music LX Awards 2019 goufe verdeelt (10. Dezember 2019)