(9) Metis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| (9) Metis | |
|---|---|
| Orbittyp | Haaptceinture |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 2,3865 A.E. |
| Perihel – Aphel | 2,0954 – 2.6775 AE |
| Exzentrizitéit | 0,2195 |
| Inklinatioun | 5,5763 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 3,6867 Joer |
| Mëttel Bunnvitesse | ? km/s |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | 190 km |
| Mass | ~9×1018 kg |
| Albedo | 0,139 ? |
| Mëttel Dicht | ~2,7 g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 5,970 h |
| Absolut Hellegkeet | 6,28 |
| Spektralklass | S |
| Entdecker Andrew Graham | |
| Entdeckungsdatum | 1848 |
| Aner Bezeechnungen | - |
De (9) Metis ass en Asteroid vun der Asteroiden-Haaptceinture, den de 25. Abrëll 1848 vum Andrew Graham als néngten Asteroid entdeckt gouf. Den Numm bezitt sech op déi griichesch Gëttin Metis, d'Mamm vun der Athene.
De Metis beweegt sech op engem Ofstand vun 2,0954 (Perihel) bis 2,6775 (Aphel) astronomesch Eenheeten, an 3,6867 Joer op enger exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. D'Bunn ass 5,5763° géint d'Ekliptik geneigt, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,2195.
De Metis huet en Duerchmiesser vun 190 km. Hie rotéiert a ronn 5 Stonnen ëm seng eegen Achs. D'Albedo ass 0,139. Während der Oppositioun erreecht de Metis eng Hellegkeet vun 9,1 mag an ass domat ee vun den hellsten Asteroiden um Himmel.
Den Asteroid huet eng onregelméisseg Form.
Déi éischt 10 Asteroiden profiléiert géigeniwwer dem Äerdmound . 9 Metis ass deen Zweete vu riets.
Ausgesinn [änneren]
| Stationär, dann réckleefeg | Oppositioun | Oppositiounsdistanz | Maximal Hellegkeet | Stationär, dann rietsleefegg | Konjunktioun zu der Sonn |
|---|---|---|---|---|---|
| 19. Januar 2006 | 3. Mäerz 2006 | 1,35200AE | 9.1 mag | 20. Abrëll 2006 | 7. Juni 2005 |
| 4. Mee 2007 | 23. Juni 2007 | 1,64582AE | 9.7 mag | 13. August 2007 | 5. November 2006 |
| 24. September 2008 | 5. November 2008 | 1,13923AE | 8.4 mag | 19. Dezember 2008 | 15. Februar 2008 |