Op den Inhalt sprangen

Abtei Almënster

Vu Wikipedia
Abtei Almënster
¨Iwwerrescht vun der Abtei: Tuerm aus dem 15. Joerhonnert
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Clausen
Koordinaten 49°37'11"N, 6°8'30"O
Datum vum Bau 1083 (julianesch)
Ofgerappt oder zerstéiert 1543 (julianesch)
Trotz Stréckleeder wuel just fir Dauwen zougänglech

D'Abtei Almënster war e Benediktinerklouschter um Plateau Altmünster, tëscht dem Fëschmaart a Clausen, an der Stad Lëtzebuerg, dat 1083 vum Konrad I. als Hausklouschter a reliéisen Zentrum vu senger Grofschaft gegrënnt gouf. D'Patere koumen aus den Abteie Saint-Airy vun Airy de Verdun a Saint-Vanne vu Verdun. De Bouf vum Konrad, de Grof Wëllem, huet d'Abtei 1123 Eiser Léiwer Fra (Notre-Dame) geweit (abbatia Beatae Mariae), am Volleksmond gouf se awer weider "Mënster" (= Abtei) genannt. Zu där Zäit gouf d'Klouschter och direkt dem Poopst ënnerstallt, soudatt weeder eng Kontroll vu Saint-Vanne nach eng weltlech Amëschung méi méiglech waren.

D'Klouschterschoul huet spéider de Monopol kritt fir den Enseignement fir d'Stad Lëtzebuerg an hiert Anzuchsgebitt goung bis an d'Grofschaft Bar. De Kanner gouf ë. a. déi däitsch an déi franséisch Sprooch bäibruecht.

An der Abtei begruewe gouf net nëmmen de Schetzel, mä bis zur Herrschaft vum Heng de Blannen och all d'Grofe vu Lëtzebuerg. De Karel I. huet dës Traditioun nees frësch belieft an do sengem Papp, dem Jang de Blannen e monumentaalt Graf baue gelooss.

D'Zerstéierung vun der Mënsterabtei gouf aller Warscheinlechkeet no vum franséische Kinnek François I. ordonéiert, deen d'Stad den 11. September 1543 am Kader vum véierten habsburgesch-franséische Krich besat hat, a wuel verhënnere wollt datt d'Truppe vum Keeser Karl V. vum Hellege Réimesche Räich sech bei där nächster Belagerung do ariichte konnten. Dat eenzegt wat nach vun der Abtei iwwreg ass, ass en Tuerm. Dee louch bannenzeg vun den Abteimaueren a gouf als Prisong gebraucht[1].

Virun der Zerstéierung hat den Abt Johannes Harder all wäertvoll Objeten op Tréier a Sécherheet brénge gelooss. Dem Schetzel seng Iwwerreschter si verluer gaangen, dem Jang dem Blanne seng koumen awer an d'Franziskanerkierch um Knuedler.

D'Abtei gouf net méi nees opgebaut an d'Benediktiner sinn dunn an d'Hospiz vum hellege Jang geplënnert, bis datt 1606 ënner dem Abt Petrus Roberti eng nei Abtei net wäit vun där aler ewech am Gronn gebaut gouf, um Uwänner vun der Uelzecht. Mënster gouf sou zu Almënster an déi nei Abtei gouf Abtei Neimënster genannt.

Den Abt Roberti hat op där Plaz wou d'Abtei virdru stoung, eng einfach, kleng Kapell opriichte gelooss. Dës Kapell ass awer och méi spéit[Wéini ?] verschwonnen[1].

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 11. November 1942, S. 3