Albireo (Stär)
| Albireo | ||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Aner Nimm oder Katalognummeren | ||||||||||||||
|
Albireo ass den Numm vum Stär β Cygni (Beta Cygni) am Stärebild Schwan.
An der Literatur stinn zwou Deitungen, vu wou den Numm kann hierkommen: Deemno kéint den Numm aus dem Arabesche stamen an souvill wéi "Schniewel vum Hong" bedeiten oder sech aus dem algriicheschen ornis (Vull) ofleeden.
Den Albireo ass e bekannten, scho mat engem klengen Teleskop deelbaren Duebelstär, dem seng Komponenten en däitlechen, ganz schéine Faarfkontrast hunn.
D'System besteet aus engem orangerouden (an der Literatur: gëllenen) Iwwerris mat der Spektralklass K3 an enger visueller Magnitude vun 3,4m. D'Liichtkraaft ass 100x sou héich wéi déi vun eiser Sonn an den Duerchmiesser 19,2x dee vun der Sonn. Beta Cygni (Albireo) huet e Begleeder mat enger Hellegkeet vu 5,1m an der Spektralklass B9. Déi zwéi Stären hu vun der Äerd aus gesinn e Wénkelofstand vu 34 Bousekonnen. De Begleeder hat zum Haaptstär am Joer 2008 e Positiounswénkel vu 54 Grad.
Den Albireo ass 390 Liichtjoer ewech.
Koordinaten (Equinoxe 2000)
- Rektaszensioun 19h30m43s
- Deklinatioun +27°51'0"
Kuckt och[änneren]
- ABC vun de Stären
- Gréisst Stären
- Noost Stären
- Hellst Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
- Hyperris
| Commons: Albireo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
