Op den Inhalt sprangen

Areler Land

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Arelerland)
Kaart vum Areler Land
Fändel

Als Areler Land gëtt deen Deel vun der belscher Provënz Lëtzebuerg bezeechent, deen direkt op der Westgrenz vum Groussherzogtum Lëtzebuerg läit. Dëst Ländche, wou fréier jidderee Lëtzebuergesch geschwat huet, a wou zum Deel bis haut nach - oder erëm - Lëtzebuergesch geschwat gëtt, läit gréisstendeels an der Landschaft, déi Belscht Loutrengen (Lorraine belge) genannt gëtt. Den Norde vum Areler Land (mat Maartel, Tënnen, asw.) läit awer landschaftlech schonn an den Ardennen (Ardenne belge).

Offiziell läit déi ganz Provënz Lëtzebuerg an der Wallounescher Regioun (Région wallonne), och wann d'Areler keng Walloune sinn, mä héchstens als Frankophoner kënne gëllen.

Wéi am Kontext vun der Belscher Revolutioun (1830-1839) d'Groussherzogtum Lëtzebuerg tëscht dem neie Staat Belsch an dem Hollännesche Kinnek (deen a Personalunioun Groussherzog vu Lëtzebuerg war) als Kompromëssléisung sollt gedeelt ginn, gouf sech op der Konferenz vu London op d'Sproochegrenz als Trennungslinn gëeenegt. Am Süde gouf awer eng Ausnam gemaach, well besonnesch Frankräich drop bestanen huet, datt d'Strooss vu Metz op Baaschtnech (iwwer Diddenuewen, Lonkech, Arel a Maartel) hanner Lonkech der Belsch sollt zougeschloe ginn. D'Belsch war op der Konferenz vu London gezwonge ginn, een neutrale Staat ze sinn, an dat reduzéiert Groussherzogtum sollt weiderhin zum Däitsche Bond (Confédération germanique) gehéieren, wat jo zanter 1815 eng preisesch Garnisoun an der Festung Lëtzebuerg gerechtfäerdegt huet. De Fransousen ass et drëm gaangen, den Däitsche Bond vun där Strooss ewechzehalen; si war nämlech strateegesch wéi och kommerziell wichteg fir den Nordoste vu Frankräich.

Dem Kinnek-Groussherzog war et zimmlech egal, wa säi Groussherzogtum op Dierfer huet musse verzichten, an deene Lëtzebuergesch geschwat gouf. D'Provënz Limburg gouf jo och gedeelt, an hien huet sech all Verloscht am Groussherzogtum a sengem Deel vum Limburg (ronderëm Maastricht, z. B.), deemno bei Holland, kompenséiere gelooss.

Déi nei Grenz tëscht der Belsch an dem reduzéierte Groussherzogtum erkläert sech plazeweis och doduerch, datt déi friem Commissairen, déi d'Grenz praktesch (mat Maarken oder Grenzsteng) sollte festleeën, keng Anung haten, vun deem wat hei oder do geschwat gouf. Si konnte romanesch a germanesch Dialekter knapps vuneneen ënnerscheeden...

Doriwwer eraus, koum et vir, datt eenzel Grond- oder Schmelzhären, z. B. zu Clairefontaine an zu Giisch, vun hiren héije Relatiounen zu Bréissel oder zu London profitéiert hunn, fir bei d'Belsch ze kommen. Déi Hären hate sech nämlech besser Geschäftsperspektiven an der Belsch wéi am klenge Lëtzebuerger Land virgerechent. D'Uertschaft Clairefontaine - fir nëmmen ee Fall ze nennen - huet zu der Gemeng Äischen-Habscht gehéiert. Et gouf u sech keng Ursaach, fir se der deemoleger Gemeng Nidderelter unzeschléissen.

  • Jean-Marie Triffaux, Combats pour la langue dans le Pays d'Arlon aux XIXe et XXe siècles - Une minorité oubliée ?; Arel (Éditions "La vie arlonaise" & Institut archéologique du Luxembourg [belge]), 2002; 478 Säiten (Ill., Kaarten, Bibliogr.).
  • Alain Ducat, L'Arelerland défend son statut de 'minorité' - Les luxembourgophiles du Pays d'Arlon continuent de plaider leur cause. Pour la langue, la culture. Et avec les options politiques. ; in: Le Quotidien, [Lëtzebuerg] 1. Februar 2002; S. 10 (1 Kaart).
  • Claude Kohnen, Arelerland a Sprooch - Hei si mer op eiser Mëscht; in: Lëtzebuerger Revue vum 12. Dezember 2001; Ss. 86-91 (Ill.). - Op der S. 87 steet genee firwat d'Stad Arel net beim reduzéierte Groussherzogtum bliwwen ass!
  • (Kollektiv), Eis Sprooch iwert all Grenzen; Broschür, erausgi vum Veräin 'Arelerland a Sprooch'; Diddebuurg/Thiaumont - Heeschtert/Heinstert, Oktober 1979; S. (Ill., Kaarten, bibliographesch Angaben).
  • Edouard Kayser, Un aspect méconnu de la réalité linguistique belge: La région d'Arlon (Arelerland); in: Bulletin du Cercle d'Histoire de l'Université libre de Bruxelles, rubrique Tribune libre - Regards sur le monde actuel; Nr. 4 - Abrëll 1979.
  • J.-M. Remouchamps, Carte systématique de la Wallonie; in: Bulletin de la Commission royale de toponymie et de dialectologie, 9 (1935); Ss. 211-271. - Do fënnt ee Kaarten, déi d'Sproochegrenz tëscht dem romaneschen an dem "däitsche" Beräich an der ëstlecher Belsch kloer uginn.
  • Alfred Bertrang, Grammatik der Areler Mundart; Bréissel, 1921 (mat enger Kaart vum Areler Land).
  • Peter Hans Nelde (Hg.), Sprachkontakt und Sprachkonflikt; Wiesbaden (Steiner), 1980.
  • Peter Hans Nelde, Volkssprache und Kultursprache; Wiesbaden (Steiner), 1979.
  • Hans Goebl & Peter Hans Nelde (Hgs.), Kontaktlinguistik, I, Berlin & New York (de Gruyter), 1996.
Commons: Areler Land – Biller, Videoen oder Audiodateien