Asellus Australis (Stär)
Ausgesinn
Den Asellus Australis (lat. „südlechen Iesel“) ass de Stär δ Cancri (Delta Cancri) am Stärebild Cancer. Hie gehéiert zu der Spektralklass K0 an huet eng visuell Magnitude vu +3,9 mag.
Den Asellus Australis ass 150 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Hie kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a (ganz rar) vu Planéite bedeckt ginn.
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
- Rektaszensioun: 8h44m41s
- Deklinatioun: +18°09'14"
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Asellus Primus (am Stärebild Bootes)
- Asellus Secundus (am Stärebild Bootes)
- Asellus Tertius (am Stärebild Bootes)
- Asellus Borealis (am Stärebild Cancer)