Gemeng Kiischpelt
Gemeng Kiischpelt | |
---|---|
D'Märei zu Wëlwerwolz | |
An anere Sproochen |
fr: Kiischpelt de: Kiischpelt |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Wolz |
Chef-lieu | Wëlwerwolz |
Buergermeeschter | Yves Kaiser |
Awunner | 1.260 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 33,58 km² |
Héicht | 295 m |
Koordinaten |
49° 59’ 31’’ N 6° 0’ 22’’ O |
LAU-Code | LU0805 |
Websäit | https://kiischpelt.lu/ |
D'Gemeng Kiischpelt ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wëlwerwolz.
D'Gemeng ass de 14. Juli 2005 aus der Fusioun vun den deemolege Gemenge Kautebaach a Wëlwerwolz entstanen a besteet zanter dem 1. Januar 2006[1]. Et ass eng vun deene Gemengen zu Lëtzebuerg, déi net den Numm vun enger Uertschaft droen: „de Kiischpelt“ heescht dee Streech, an deem d'Uertschafte vun der Gemeng leien.
Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm Kiischpelt kënnt vum däitsche Wuert „Kirchspiel“, wat op déi fréier Par vu Pënsch hiweist zu där d'Uertschaften Äischer, Draufelt, Lellgen, Pënsch, Siwwenaler a Wëlwerwolz gehéiert hunn.
Am Däitschen ass „Kirchspiel“, „Kirchsprengel“ oder „Kirchensprengel“ d'Wierkungsgebitt vun engem Geeschtlechen. De „Sprengel oder Aspergil“ ass d'Wäiwaasseschbiischt mat där geseent gëtt.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[2]
[änneren | Quelltext änneren]- Uertschaften an der fréierer Gemeng Kautebaach:
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Wëlwerwolz:
- Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Kautebaach:
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Kiischpelt ass den 1. Januar 2006, op Basis vum Gesetz vum 14. Juli 2005, aus der Fusioun vun der Gemeng Wëlwerwolz (mat den Uertschafte Wëlwerwolz, Äischer, Lellgen a Pënsch) an der Gemeng Kautebaach (mat den Uertschafte Kautebaach, Alschent a Mäerkels) entstanen.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Kiischpelt huet keen eegene Wopen. Beim Fusiounsgesetz ass keen ernimmt, an no der Fusioun huet d'Gemeng sech net ëm en neie Wope beméit. Déi zwéi Wope vun de fréiere Gemenge sinn dohier am Gebrauch bliwwen.
- De Wope vu Kautebaach setzt sech zesummen aus Elementer vun de Wope vun de Grofe vu Wolz (d'or au chef de gueules), aus dem Wope vum Hellege Bernard[3] (de sable à la bande échiquetée d'argent et gueules), dee Patréiner vun der Par ass, a gläichzäiteg sollen d'Schachfelder drun erënneren datt zu Mäerkels eng Famill Schaack Här a Meeschter war (échiqueté d'or et de gueules)
- Beschreiwung aus dem Mémorial am Originaltext:
D'or à la hache d'armes en pal de gueules, accostée de deux poissons adossés de sable, au chef échiqueté d'argent et de gueules.
- De Wope vu Wëlwerwolz setzt sech zesummen aus Elementer vun de Wope vun de Grofe vu Wolz, aus deem vum This de Wilwerwiltz (croix recercléé en chef et en pointe), deem vun den Häre vun Äischer (fascé d'or et de gueules au lion de sable brochant), an aus deem vun den Häre vu Boukels, déi och Meeschter zu Pëntsch an zu Wëlwerwolz waren (d'azur à quatres étoiles à six rais) [Email onbekannt].
- Beschreiwung aus dem Mémorial am Originaltext:
De gueules à la croix alésée, recerclée en chef et en pointe, pattée aux flancs, cantonnée de quatres étoiles à cinq rais du même; au chef d'or au lion issant de sable.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- virdrun: kuckt Gemeng Kautebaach a Gemeng Wëlwewolz
- 2006 - 2017: Armand Mayer
- zanter 2017: Yves Kaiser
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Beach Days am Kiischpelt zu Wëlwerwolz all éischte Weekend am August
- Konschtfestival zu Lellgen um Nationalfeierdag
- Kierchen: Besonnesch kuckeswäert sinn d'Kierchen aus der Gemeng wéinst hirem Mobilier an hirer Architektur: Pënsch (Mobilier, Uergel, Klacken), Wëlwerwolz (Uergel, Klacken), Alschent (Mobilier), Lellgen (Architektur, Mobilier, Biller), Mäerkels (Mobilier). Ganz schéi sinn awer och d'Kierche vun Äischer, Draufelt a Siwwenaler (Pënscher Par).
- D'Rackés Millen zu Äischer (kann iwwer den S.I. Munzen besichtegt ginn)
- Lellgen als Duerf, en typescht a kuckeswäert Musterduerf aus dem Éislek
- Lohrblummen (Ouschterblumm, Narzissen) zur Ouschterzäit am "Loohr" bei Lellgen, am Dall vun der Lellgerbaach.
- De Kiischpelter Sonnekrees, de Konfluenzpunkt wou de 50. Breedegrad de 6. ëstleche Längegrad schneit.
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Kiischpelt ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Bosseler, Nicolas: Kautenbach Merkholtz - Alscheid, der Kohnerhof und die Schüttburg auf ihrem schicksalhaften Weg durch die Jahrhunderte, Gemeng Kautebaach 1978.
- Michel Schmitt: Kiischpelt: die Kirchen und Kapellen im Pfarrverband Den Text ass vum Michel Schmitt, d'Fotoe vum Andreas Lechtape, Regensburg: Schnell & Steiner, 2003. - 32 Säiten.: ill. ; 17 cm (Schnell, Kunstführer; Nr 2545), Bibliogr.
- Geimer, Alwin; Schmit, Charel: Kiischpelt - "Land der Lohhecken". Duerstellung vun den natiirlechen Attraktiounen, dem kulturelle Patrimoine an de sozio-kulturellen Initiativen aus dem Kiischpelt In: Theisen, Robert (éd.) Kulturführer Luxemburg. Band 2. S.100-107. Lëtzebuerg 2007.(éditions Ilôts)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Naturpark Our
- Islek ohne Grenzen EWIV
- Kiischpelter Cartoonale
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Kiischpelt
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kiischpelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Gemeng Kiischpelt
- D'Gemeng Kiischpelt op der Websaït vum Syvicol
- Syndicat d'Initiative Kiischpelt
- Jeunesse Kiischpelt
- Nightlife am Kiischpelt
- Webwalking am Kiischpelt
- Websäit vun der "Quiltgrupp Kiischpelt"
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 14 juillet 2005 portant fusion des communes de Kautenbach et de Wilwerwiltz
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg, Säit 141.