Geschicht vum Film

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Mënsch huet nach ëmmer probéiert, bewegte Biller ze reproduzéieren. Sou kann een z. B. schonn an der Grotte vun Altamira d'Tentative feststellen, d'Bewegung vun den Déieren ze décomposéiren.

Et war den Thomas Edison, dee sech zanter 1881 mat der Reproduktioun vun de bewegte Biller beschäftegt hat an deem et gelonge war, d'Biller mat sengem Kinétographe op eng Pellicule souple ze späicheren. 1889 huet hien de Kinétoscope erfonnt a brevetéiert. Heimat konnt eng Persoun d'Bewegung vun de Biller op der Pellicule kucken, et konnt een se awer net projezéieren.

D'Gebridder Lumière

D'Joer 1895 ass d'Gebuertsjoer vum Kino, wéi d'Gebridder Auguste a Louis Lumière déi éischt Projektioune vun hire Filmer organiséiert hunn. Fir dem Edison seng Filmer ze projezéiren, hu si vun 1894 un deen éischte Projekter entwéckelt. Den 13. Februar 1895 konnte si hire Prototype, den Cinématographe brevetéieren. Déi éischt Kinoséance war den 28. Dezember 1895 zu Paräis, wou Biller iwwer Familljen, Aarbecht an Aktualitéit gewise goufen.

Stommfilm[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich hunn éischt Produzenten, wéi de Charles Pathé an de Georges Méliès an déi nei Technik investéiert. De Méliès huet déi éischt Produktiounsfirma Star Film gegrënnt an 1886 deen éischte Studio zu Montreuil-sous-Bois opgemaach. Hien huet mat Tricke geschafft an souguer schonn d'Biller manuell op der Filmsträif selwer coloréiert. Seng Filmer haten en enorme Succès a goufen an d'ganz Welt verkaaft.

A ville Länner wéi Portugal, England, Ungarn a Japan huet de Kino sech huerteg entwéckelt. De franséische Kino konnt sech weltwäit am beschte behaapt duerch den industriellen Asaz vum Charles Pathé an dem Léon Gaumont, deen 300 Filmer vun 1899 bis 1902 produzéiert huet. An Italien si "longs métrages" produzéiert ginn, déi 2000 bis 3000 m laang waren.

Ufanks koum de Kino an Amerika net richteg virun. Hei war et den Edison, dee méi Wäert op de Verkaf vu senge Patenter geluecht huet, wéi op d'Produktioun vun héichwäertege Filmer. Duerch d'Unioun vu Produzenten a Proprietär vu Kinossäll konnt dem Edison seng Patentherrschaft gebrach ginn. Mat deene beschten Cinéasten an Acteuren aus Frankräich an Italien si gutt a laang Filmer produzéiert ginn. D'Gewënner vun dëser wirtschaftlecher Schluecht - Karl Laemmle, Adolf Zukor, Markus Loew, Samuel Goldwyn - ware bal all Proprietär vu populäre Kinossäll, nickel odeons genannt, well do Spectakele vun enger hallwer Stonn fir 5 Cent opgefouert goufen.

A kuerzer Zäit hu si eng industriell Struktur a Kalifornien installéiert, déi konkurrenzlos um Weltmarché war. De Sëtz war zu Hollywood, engem Quartier vu Los Angeles. Déi éischt erfollegräich Hollywood-Période war duerch Nimm wéi Charlie Chaplin, Douglas Fairbanks, Mary Pickford, Rudolf Valentino a Ramon Novarro markéiert.

Déi europäesch Filmindustrie konnt där mächteger Konkurrenz aus Amerika näischt entgéintsetzen. Am Éischte Weltkrich hunn déi amerikanesch Produktioune sech an allen alliéierte Länner duerchgesat. Nëmmen déi schwedesch an déi däitsch Produzenten hunn iwwerlieft. Si haten eng grouss Zäit nom Krich mat Leit wéi dem Victor Sjöström an dem Maurice Stiller aus Schweden, Fritz Lang, Robert Wiene, Ernst Lubitsch, Friedrich Wilhelm Murnau, Carl Mayer, Georg Wilhelm Pabst a Lupu Pick aus Däitschland. Dës Period goung zu Enn wéi Hollywood déi gréisst Perséinlechkeete mat fantastesche Kontrakter iwwer de Pull gelackelt huet.

An der Sowjetunioun ass an där Zäit d'Entwécklung net stoebliwwen. Hei sinn duerch de Sergei Eisenstein, de Wsewolod Pudowkin an den Alexander Dowschenko vun 1925 bis 1928 monumental Wierker entstanen. Ee vun deene bekanntste Filmer war Panzerkreuzer Potemkin (1925) vum Sergej Eisenstein. Déi sowjetesch Filmer ware vun héijer Qualitéit an hunn haaptsächlesch déi intellektuel Milieuen ugesprach.

Tounfilm[änneren | Quelltext änneren]

1925 hunn d'Gebridder Warner sech d'Exclusivitéit fir d'Distributioun vum Vitaphone geséchert. Mat dësem System vun der Bell Telephone Company war et méiglech, den Toun mat de Biller ze synchroniséieren. 1926 huet Warner Bros deen éischten, deelweis synchroniséierte Film (Don Juan) realiséiert. Kuerz Zäit duerno ass mam Movietone eng besser Technik fir d'Synchronisatioun agefouert ginn.

Ufanks ware vill reputéiert Cineaste géint dës nei Technik. Ënner hinnen den Charles Chaplin, deen iwwerzeegt war, datt den Toun engem Film näischt brénge géif. Hie war bis 1939 dëser Meenung. Wéi mer haut wëssen, huet de vertounte Film sech duerchgesat. Dialogen an de Filmer hunn et erméiglecht, datt den Afloss vun Hollywood ofgeholl huet a vill national Filmindustrie sinn nees erwächt. Dat awer nëmme bis d'Sous-titres agefouert goufen.

An Däitschland huet de Kino eng nei Bléi erlieft, wéi vill ausgewandert Artisten erëm heem koumen. Aus där Zäit staamt de Film Der Blaue Engel (1930) vum Josef von Sternberg, wou d'Marlene Dietrich grouss eraus koum. Dës fruchtbar Periode vum däitsche Kino huet bis 1933 gedauert.

A Frankräich waren et ënner aneren de Jean Renoir, de Jean Vigo an de René Clair déi de Kino bis ufanks dem Zweete Weltkrich geprägt hunn. Groussbritannien huet bekannte Perséinlechkeete wéi Alfred Hitchcock, Anthony Asquith, Leslie Howard a Carol Reed eropbruecht. Déi éischt Festivaler sinn entstanen, wou déi verschidde Länner hir beschte Produktioune weise konnten.

An de Vereenegte Staaten huet d'Kinosindustrie d'Weltwirtschaftskris Enn den 1920er Joren relativ gutt iwwerstan. D'Filmproduktioun gëtt fir d'éischt a streng Klassen agedeelt. Et entsti Genrë wéi de Western, de Kriminalfilm, de Krichsfilm, de Musical, de komesche Film asw... E puer Realisateuren (John Ford, Douglas Fairbanks, Howard Hawks, Frank Capra, Laurel an Hardy, Marx Brothers) konnten hir eege Personalitéit duerchsetzen. De Film Citizen Kane (1940) vum Orson Wells ass duerch technesch Innovatiounen ee Meilesteen an der Geschicht vum Kino.

Den amerikanesche Kino profitéiert vu vill experimentéiert Acteuren a vun der beschter Technologie. Déi éischt Experimenter mam Faarffilm gi gemaach. Hollywood dominéiert mam Walt Disney am Beräich vum Dessin animé, eng Dominatioun déi och nach 30 Joer duerno bestoe sollt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geschicht vum Film – Biller, Videoen oder Audiodateien