Hendrik Christoffel van de Hulst
Den Hendrik Christoffel van de Hulst, gebuer den 19. November 1918 zu Utrecht a gestuerwen den 31. Juli 2000 zu Leiden. Hie war en hollänneschen Astrophysiker.
De Van de Hulst hat 1944 theoretesch d'21 cm-Linn (1420,4058 MHz) vum interstellaren neutrale Waasserstoff berechent, e spezielle Fall vun der Hyperfäinstruktur. Si kënnt duerch d'Ëmkippen vum Spin vum Elektron, deen de Waasserstoffkär ëmkreest, zustanen. 1951 gouf déi Stralung vun etleche Radioobservatoiren onofhängeg vuneneen nogewisen. (fir d'éischt vum Edward Mills Purcell).
1952 gouf hie Professer op der Universitéit Leiden.
Nieft Fuerschungen um Gebitt vun der Radioastronomie liwwert hie wäertvoll Beiträg fir d'Liichtstreeung vu klengen Deelercher, der Sonnekorona an der interstellarer Matière besser ze verstoen.
Inhaltsverzeechnes |
Auszeechnungen [änneren]
Wierker [änneren]
- J. Mayo Greenberg, H. C. van de Hulst (Hrsg.): Interstellar dust and related topics. Reidel, Dordrecht 1973, ISBN 90-277-0396-5.
- Light scattering by small particles. Dover Publ., New York, Dover, 1981, ISBN 0-486-64228-3.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (en) Kuerzbiographie