Laurent Zeimet

Vu Wikipedia
Laurent Zeimet
Gebuer 12. Oktober 1974
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Köln,
Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei CSV
Member vun Syndicat des villes et communes luxembourgeoises

De Laurent Zeimet, gebuer den 12. Oktober 1974, ass e lëtzebuergesche Jurist, Journalist an CSV-Politiker.

Hien ass an enger Beetebuerger Bäckerfamill opgewuess an huet säi Secondairesstudium am Lycée Robert-Schuman an am Kolléisch an der Stad gemaach. Duerno huet hien Droit zu Paräis an zu Köln studéiert. Vun 2004 bis 2012 war hie Redakter fir Innepolitik beim Luxemburger Wort.[1]

Zanter dem 14. November 2011 ass hie Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg.[2]

Hie war vu Mäerz 2012[3] bis Januar 2019[4] Generalsekretär vun der CSV.

De 4. November 2014 ass hien, als Folleg vu senger Kandidatur bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, op d'Plaz vum Jean-Claude Juncker dee President vun der Europäescher Kommissioun gouf, als Deputéierten an d'Chamber 'nogerëtscht'[5]. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet hie säi Sëtz verluer[6], ma gouf bei deene vum 8. Oktober 2023 nees an d'Chamber gewielt.

Hie war Member am Comité vum Syvicol an huet säin Mandat am Abrëll 2022 opginn, wéi hie Member vum Staatsrot gouf[7][8]. Dëst Mandat huet hien de 24. Oktober 2023 nees ofginn, fir Deputéierten ze ginn.

De Laurent Zeimet ass bestuet a Papp vun dräi Kanner[7].

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger:
Marc Spautz
Generalsekretär vun der CSV
2012 - 2019
Nofollger:
Félix Eischen

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Forum N° 249, S. 49
  2. Datum vun der Vereedegung op http://www.gouvernement.lu
  3. "CSV: Laurent Zeimet neie Generalsekretär." RTL.lu - 10.03.2012, 08:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2012, 19:20.
  4. "De Frank Engel mat 54% neie Parteipresident." rtl.lu, 26.01.2019.
  5. "Juncker geht, Wiseler bleibt." Luxemburger Wort, 1.10.2014, S.2.
  6. (fr)Législatives 2018 – Closener, Hansen, Mutsch, parmi les grands battus. L'essentiel (14.10.2018). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  7. 7,0 7,1 (fr)Laurent Zeimet | Paperjam + Delano Business Guide. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  8. (fr)Le Quotidien, Laurent Zeimet (CSV) intègre le Conseil d'État. lequotidien.lu (15.03.2022). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  9. Ministère de l’Intérieur - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.