NGC 40

Vu Wikipedia
Date vum NGC 40
NGC 40, opgeholl vun enger ToUcam op engem 14" SCT
Stärebild Cepheus (Cep)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 0h 13m 1,05s
Deklinatioun +72° 31' 19,6"
Ausgesinn
Niwweltyp Planetareschen Niwwel
Visuell Magnitude (visuell) +12,3 m
Zentralstär 11,6m
Wénkelduerchmiesser 38" × 25"
Flächenhellegkeet
Physikalesch Date
Gehéiert zu der Mëllechstrooss
Distanz 3500 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet
Absolutten Duerchmiesser 0,6 Liichtjoer
Mass
Katalogbezeechnungen
NGC 40, PK 120+9.1, CS=10.6, GC 20, h 8, H 4. 58., Zentralstär: HD 826

Den NGC 40 ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Cepheus. De Stär dee säi baussenzege Mantel ofgestouss huet, huet eng Temperatur vu 50000 Grad Celsius op an huet ongeféier d'Gréisst vun der Äerd. Dësen Zentralstär huet eng fir wäiss Zwergen typesch enorm héich Dicht an domat trotz dem klengen Duerchmiesser ronn 70 % Sonnemass. D'Gasen, déi ronderëm sinn, hunn eng Temperatur vun 10000 Grad Celsius. Den Alter vum NGC 40 gëtt op zirka 4.500 Joer geschat, woubäi sech seng Gaswolleken ëmmer nach mat ronn 29 km/s ausdehnen.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De planetareschen Niwwel NGC 40 gouf de 25. November 1788 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 40 – Biller, Videoen oder Audiodateien