Nikolai Alexandrowitsch Kosyrew

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Nikolai Alexandrowitsch Kosyrew, gebuer den 2. September 1908 zu Sankt Petersburg a gestuerwen de 27. Februar 1983 zu Leningrad war e sowjeteschen Astronom.

De wichtegste Schwéierpunkt vu senger Fuerschung war den Äerdmound, op deem sech de Kosyrew op méiglech Unzeeche vu vulkanescher Aktivitéit konzentréiert hat (Lunar transient phenomenon). An de Joren ëm 1955 hat hien als Éischten d'Lumineszenz vun der Mounduewerfläch (Method vun der Reschtintensitéit a bei Mounddäischterten) ënnersicht a konnt beim Moundkrater Aristarch déi aussergewéinlech Hellegkeet duerch d'Wierkung vu solarer Korpuskularstralung erklären.

No Hiweis vum D. Alter (1956) observéiert hien ë. a. och regelméisseg d'Moundkrater Alphonsus mat speziellem Spektrogramm. Am November 1958 entdeckt hien op dem Kraterbuedem vun dësem zentral geleeënen Rankbierg a beim Zentralbierg vulkanesch Liichter.

Dëst war eng wëssenschaftlech Sensatioun an huet d'Hypothes opgestallt, datt vill Moundkrater duerch Vulkanismus entstane kënnte sinn, neien Opdriff. Spéider Ënnersich hunn awer gewisen, datt déi heefegst Uersach Meteoritenaschléi zënter dem Grousse Bombardement vu viru 4 Mrd. Joere sinn.

Dem Nikolai Kosyrew zu Éieren huet d'International Astronomesch Unioun (IAU) 1997 de Moundkrater Carver K ëmgenannt an Kozyrev[1]. Och den Asteroid (2536) Kozyrev gouf no him genannt.

Inhaltsverzeechnes

Literatur [änneren]

  • Josef Sadil: Blickpunkt Mond, Urania-Verlag Leipzig – Berlin 1962.

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Referenzen [änneren]