Raphael Gindt

Vu Wikipedia
Raphael Gindt
De Raphael Gindt, Kënschtler a Leidelenger Schäffen (2019)
Gebuer 7. Mee 1993
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kënschtler, Foussballspiller, Politiker
Famill
Papp Jean-Louis Gindt


De Raphael Gindt, gebuer de 7. Mee 1993 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche fräischaffende Kënschtler a Lokalpolitiker.

Hie bezeechent sech selwer als Urban Artist, Street Artist, Muralist, Expressionist a Surrealist, deen e Schwéierpunkt op legal Graffiti am ëffentleche Raum leet. Dofir versteet hie sech och als Kënschtler, net als Tagger[1]. Doniewent schafft hien och op Glas, dat hien a Graffititechnik beaarbecht, souwuel als Bild wéi als Skulptur. Seng Wierker sinn niewent Lëtzebuerg, och an der Belsch, a Frankräich, an Däitschland, an Italien, am Vereenegte Kinnekräich, an den USA, um Cap Vert[2],[3], a Portugal an an der Tierkei ze gesinn. Hie schafft och mat Jugendhaiser, Schoulen, Associatiounen zesummen, wéi der Kulturfabrik, MASKéNADA, APEMH, wou hie virun allem mat Jonken Graffitiworkshoppe leet.

Zesumme mam Daniel Mac Lloyd huet hien den 29. September 2018 d'Konschtgalerie Kamellebuttek zu Esch-Uelzecht opgemaach[4],[5]. Donieft hunn si zwee zwou Asblen am Beräich Konscht gegrënnt. Am Januar 2019 hunn déi zwéi Kënschtler am Kamellebuttek eng eege Konschtschoul opgemaach[6].

Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 ass hien zu Leideleng an de Gemengerot gewielt ginn. Am Gemengerot vum 29. Januar 2019 gouf hien als Schäffe gewielt[7] an de 14. Februar 2019 vun der Inneministesch Taina Bofferding vereedegt[8], nodeems den 1. Schäffen Tom Berend zeréckgetruede war. Bei de Gemengewalen 2023 ass hien net ugetrueden.

A senger Fräizäit huet hie Foussball gespillt a war Golkipp.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Perséinlech[änneren | Quelltext änneren]

  • 2022 Kamellebuttek, Esch-Uelzecht
  • 2021 Centro de Artes e Cultura de Ponte de Sor[9], Portugal
  • 2019 Artifact, New York City
  • 2018 Kamellebuttek, Esch-Uelzecht
  • 2016 Galerie d'Art du SIT, Schëffleng
  • 2016 Vitralux, Lëtzebuerg
  • 2015 peppe parola – Art Gallery, Lëtzebuerg

Gruppenausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

De Kënschtler viru sengem Wierk mam Titel "Mythen a Legenden aus der Hossegässel", Paste Up op der Fassad vum fréiere Conservatoire resp. dem haitege Lëtzebuerg City Museum (2019)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Raphael Gindt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. KULTESCH Juni-August, 2017, S. 48-49, RAPHAEL GINDT Der Rastlose
  2. RTL Télé, DE MAGAZIN vum 6. Januar 2021, Raphael Gindt a Daniel Mac Lloyd
  3. COLORIZE - Eng artistesch Aventure um Cap Vert, Den Nicolas Havé huet zwee Street-Art-Kënschtler bei hirer Aventure um Cap Vert begleet, RTL Documentaire vum 11. Abrëll 2021 //
       COLORIZE - An Artistic Adventure in Cape Verde op vimeo mat engleschen Ënnertitelen
  4. Luc Labulle, "Wir sind ein richtiger 'Kamellebuttek'", Bruch, Neue Kunstgalerie eröffnet am 29. September, tageblatt 31. 08. 2018, S.26; Straßenkünstler eröffnen eigene Galerie im Escher Bruch op tageblatt.lu
  5. Kamellebuttek - L'ouverture d'un nouvel espace créatif à Esch-sur-Alzette op culture.lu
  6. Bill Wirtz, Eine Kunstschule für alle, Lëtzebuerger Journal, 9. 1. 2019 Gearchiveerd op 2019-01-22. Gekuckt de(n) 2019-01-11.
  7. Raphael Gindt tritt in Leudelingen die Nachfolge von Tom Berend an., wort.lu, 29.1.2019, 16:31
  8. Assermentation de deux échevins de la commune de Leudelange et de la commune de Vallée de l'Ernz, 14.2.2019
  9. Inauguratioun vun der Expo COLORIZE vum Raphael Gindt zesumme mam Daniel Mac Lloyd am Kader vun dem 12järegem Bestoe vum Centro de Artes e Cultura de Ponte de Sor, 4. September 2021
  10. NO ART ON AIR - Spezial: Expo Bâtiment IV, op RTL Tëlee, gekuckt de 7. Dezember 2020
  11. CUEVA am Bâtiment 4: Eng Expo vun de Superlativer geet zu Enn, op moien.lu, gekuckt den 8. Dezember 2020
  12. 33 KënschtlerInnen, lokal, national an international, hunn den Duerfkär an eng lieweg Konschtausstellung verwandelt. Als Kulturschäffen war de Raphael Gindt och den Organisateur vun dëser Ausstellung.