Voiture Wegmann CFL

Vu Wikipedia
Eng Ramm Wegmänner an der Livrée vun 1990 - 2006 zu Tréier-Ehrang

D'Wegmann Voiturë vun den CFL sinn eng Serie vu 60 Persounevoituren déi an de Joren 1965 - 1967 bei der deemoleger Firma Wegmann & Co. vu Kassel bestallt goufen an iwwer 40 Joer am Lëtzebuerger Regionalverkéier an op internationalen Zich gelaf sinn. Am Volleksmond, an awer och am Eisebunnerjargon, heeschen déi Voituren, Wegmänner.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun de Joren hunn d'Wegmänner zweemol hir Faarf gewiesselt. Wierksäits ware se gréng ugestrach, wat aussergewéinlech war, well souwuel déi däitsch wéi och déi éisträichesch Eisebunn bei der Firma Wegmann déi selwecht Voituren am Sëlwer kaaft hunn. Dat erkläert firwat all d'Wegmänner am däitschsproochege Raum als "Silberlinge" bezeechent ginn.

Vun 1990 u ginn d'Wegmänner all nei ugestrach. Vun do un hu se e wäissen Daach an eng wäiss Läischt laanscht de Buedem an iwwer d'Säit leeft eng gréng Sträif.

Mat der Pensionéierung vum Material, 2005, koum d'Iddi op fir déi Voituren, déi erhale solle bleiwen, an hiren Originalzoustand ze versetzen. Dat geschouch tëscht 2006 an 2009. Haut sinn, mat Ausnam vun 2 Voituren, d'Wegmänner bei der CFL all gréng.

Ëmbau[änneren | Quelltext änneren]

Rendez-Vous

3 Wegmänner goufen am Laf vun de Joren ëmgebaut fir als Restaurantsvoiture ze lafen. Dee bekanntsten aus der Serie ass de "Rendez-Vous", deen haut aus kengem Spezialzuch an och net aus dem Blankenberge-Express ewechzedenke wier.

De Won mat der Nummer 441 gouf als Partywaggon ëmgebaut a leeft ënner dem Numm "Remmy-Demmy".

D'Wegmänner haut[änneren | Quelltext änneren]

D'Wegmänner lafen haut net méi am regulären Trafic beim CFL. Si ginn haaptsächlech op Spezialzich agesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]