Walter Laqueur

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Walter Laqueur, gebuer de 26. Mee 1921 zu Breslau, ass en amerikanesch-jiddeschen Historiker an Politikberoder.

Den 8. November 1938 ass hien a Palestina geflücht.

Kandheet[änneren | Quelltext änneren]

E groussen Deel vu senger Kandheet huet de Walter ënner der Weimarer Republik an dem Opstieg vum Nationalsozialismus an dem domat verbonnenen Drëtte Räich erlieft.

Hie war a senger Jugend fréi un der Politik interesséiert. Mat 9 Joer huet hie schonn äifreg Zeitunge gelies. Zu dësem Zäitpunkt war hien och mat “Weimarer” a jiddesche Bicher an Zäitschrëfte konfrontéiert. Wéi déi meescht aus hirer Schicht an Hierkonft ware seng Elteren awer net un der Politik interesséiert, deemno hu si de Walter an deem Beräich och net gefuerdert. Nieft der Literatur war hien awer och vum Kino a Film begeeschtert. Zemools déi grouss franséisch, britesch an amerikanesch Spillfilmer hat hien iwwer alles gären.

Hie war awer sportbegeeschtert, an huet hien intensiv Sport bedriwwen. Liichtathletik, Foussball, Handball a besonnesch Boxe ware seng sportlech Aktivitéiten. Boxe war seng gréisst Passioun déi hien, ënner der Leedung vun engem legendären jiddeschen Trainer an als geleeëntleche Sparringpartner vun däitschen Amateur-Boxchampionen déi un den Olympeschen Spiller deelgeholl hunn, ausgeübt huet.

Seng Schoulzäit ass sou verlaf: De Walter Laqueur ass op eng exklusiv Primärschoul gaangen, an déi gréisstendeels Schüler vu räichen aristokratesche Familljen oder vun der ieweschter jiddescher Mëttelschicht gaange sinn. Déi 4 Primärschouljoren huet hien an 3 gemaach, woubäi hie vu sengem éischte Schouljoer u Latäin geléiert huet. De Schoulofschloss konnt hie mat 16 maachen, also virum Hitler senger Aféierung vun der Wehrpflicht.

Am Lycée war hie bis 16 Joer. Hien ass an e Lycée mat grousser Traditioun gaangen, deen 3 bis 4 Nobelpräisdréier ervirbruecht huet. Seng Kollege waren zu där Zäit gréisstendeels Netjudden, wat sech awer 1933 mam Opstig vum Nationalsozialismus an dem Bäitrëtt vu senge Kollegen an d'Hitlerjugend grondleeënd geännert huet. Charakteristesch dozou gouf de Laqueur en Historiker vun der däitscher Jugendbewegung.

Während dem Drëtte Räich waren hien a seng jiddesch Kollege vu bestëmmten Aktivitéite wéi Klassenausflich oder politesche Versammlungen ausgeschloss. Perséinlech ass hien awer an där Zäit ni physesch belästegt oder ugegraff ginn, et blouf bei 3 bis 4 verbalen Attacken. Verhaft gouf hien awer eng Kéier fir e puer Stonne well hien onbewosst, zu engem Zäitpunkt wou Ausflich verbuede waren, mat enger Jugendgrupp e Vëlosausfluch ënnerholl huet.

Seng Stad ass vum Nationalsozialismus ëmmer méi markéiert ginn. Si war elo voll vun Hakekräizer, NS-Fändelen an et gouf ewell e Konzentratiounslager direkt baussen der Stad. Et ass och an deem Kontext wou hien duerch d'Ënnergrond-Vereenegung KPO, eng riets Ofspléckung vun der KPD säin éischte Kontakt mat der marxistescher Literatur krut. Hie gouf zwar vun de lénksradikalen Iddie beaflosst, ass awer ni Member vun enger organiséierter Group ginn, well hie vun Ufank un Zweiwel um Mënschebild vun de Lénksen hat. Frënn vun him waren engagéiert Memberen, mat deenen hie regelméisseg zesumme Radio Moskau op Däitsch gelauschtert huet a vun deenen hie lénks Literatur krut.

Flucht aus dem Nazidäitschland[änneren | Quelltext änneren]

Scho mat 14 oder 15 Joer huet de Laqueur d'Noutwendegkeet erkannt d'Land ze verloossen. Encouragéiert vu sengen Elteren huet hien ugefaangen no Méiglechkeeten ze sichen d'Land ze verloossen. Seng ganz Hoffnungen an d'Täschegeld huet hien a Bréifkorrespondenzen geluecht, woumat hie schliisslech Kontakt mat engem Monni opbaue konnt.

Mat deem senger finanzieller Hëllef a wéinst sengem fréie Schoulofschloss, wouduerch hien der Wehrpflicht entgoe konnt, ass et him gelongen den 8. November, um Virowend vun der Pogromnuecht, mam Zuch op Triest a vun do aus mam Schëff a Palestina ze flüchten. Seng Elteren, déi kee Courage a keng Mëttel fir en Neiufank haten, sinn an Europa bliwwen, an do, wéi och zwéi Monnie vun him, Affer vun der Shoah ginn.

D'Liewen an Israel an am Noen Osten[änneren | Quelltext änneren]

Zu deem Zäitpunkt hat de jonke Laqueur nach net vill vun der Welt gesinn, nëmmen zu Berlin a Kopenhagen war hie bis dohin, Paräis a London huet hien deemools nach net kannt.

A Palestina ass hien op d'Hebräesch Universitéit zu Jerusalem studéiere gaangen, wou hien allerdéngs net allzelaang bliwwen ass an ni en akademeschen Titel krut. Arabesch konnt hie schonn, well hien an Däitschland d'arabesch Grammatik geléiert hat. Eng 15 järeg politesch Bildung krut hien am Noen Osten trotzdeem. Déi stoung allerdéngs am Géigesaz mat där vun anere Schüler aus der internationaler Politik am Westen. Anescht wéi si huet hie seng politesch Lafbunn mat Ënnersich aus “Drëtt Welt”-Regiounen ugefaangen, wat hien op seng net sonnerlech staark national a reliéis Gefiller zréckféiert.

De Laqueur ass zu där Zäit an e Kibbuz gaangen, wou hie faszinéiert vun der russescher Sproch a mat Hëllef vu senger russescher Nopesch, déi Léierin war, Russesch geléiert huet, bis hien déi russesch Zäitschrëften, besonnesch déi déi sech mat der russescher Krichs- an Aarbechterliteratur befaasst hunn, liese konnt. Weider Literatur iwwer russesch Parteien huet hien an der Universitéitsbibliothéik zu Jerusalem fonnt. Weider krut hien am Norde vun Israel russesche Kontakt. Do huet hien, zesumme mat Judden aus Russland a Sibirien, als Wiechter op de Felder geschafft. Während senger Zäit am Noen Osten huet hien am arabesche Quartier vu Jerusalem gelieft, an ass als Journalist op Kairo a Beirut gereest. Den éischten Artikel vum Walter Laqueur ass 1942, a säin éischt Buch 1947 verëffentlecht ginn.

Wéinst sengem Openthalt am Noen Osten a senger Aktivitéit als Journalist konnt hien 1947 fir d'éischt Kéier als Begleeder vun enger UN-Delegatioun Beerscheba besichen. Säin Openthalt am Noen Osten war awer och vun Terrorismus geprägt. Sou gouf hien Zeie vun engem Bankiwwerfall an der Sprengung vum Hotel King David zu Jerusalem vun der Terrorgroup Irgun. Zu dëser Zäit war hien nach e jonke Reporter deen iwwer Terrorgroupe souwéi Terroruschléi, wei déi an Egypten, beriichten huet missen - en Thema dat hie méi spéit nach beschäftege wäert.

Europa während sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter den 1950er Jore gehéiert de Laqueur zu de wéinege wierklech aflossräiche Politikberoder zu Washington. Nodeem hie 15 Joer an Israel gelieft hat, huet hien eréischt mat 30 Joer ugefaangen Europa systematesch z'ergrënnen. Seng éischt Statioune waren der Rei no Paräis, Berlin a London. Zu London ass hien 15 Joer mat senger Fra bliwwen. Hir Kanner sinn do an d'Schoul gaangen. Trotzdeem hu si vill Zäit mat Reesen duerch ganz Europa verbruecht. An England war hien Direkter vun der Wiener Library. Gläichzäiteg war hien och Professer un amerikaneschen an israeleschen Universitéiten.

Hien huet sech ëmmer méi zu engem Historiker vun der Nokriichszäit an Europa entwéckelt, wat an 3 Bicher säin Ausdrock fënnt.

1969 huet hien dat éischt Buch iwwer Europa, Europe since Hitler, geschriwwen an 1970 publizéiert. An dësem Buch hält den Auteur mat enger optimistescher Aschätzung fir d'Zukunft vun Europa op.

Säin zweet Buch, A Continent Astray, gëtt 1979 publizéiert. Hei mécht de Laqueur drop opmierksam datt et ze fréi wier fir sech ze freeën, an datt Europa an engem längere Prozess vu politescher Stabiliséierung si géif.

A sengem drëtte Buch, The Last Days of Europe, dat am Joer 2006 publizéiert gouf verweist hien dorop datt dat Europa, wéi seng Generatioun et kannt huet, lues awer sécher verschwanne géif.

Nieft de Monographien huet hien 1970 eng Konferenz iwwer d'Weimarer Kultur an hir Bestseller aus dem Däitschland an den 1920er Joren op der New School an New York gehalen.

Den Intressi un der Sowjetunioun an um Marxismus[änneren | Quelltext änneren]

Zu dëser Zäit awer war dem Laqueur säin Intressi un der Sowjetunioun an dem Marxismus nach ëmmer grouss. Seng éischt Russlandrees huet hien an den 1950er Joren ënnerholl an huet d'Sowjetunioun dunn eng Zäit laang bal all Joer besicht. Bei sengem éischte Besuch huet hien Moskau an Sotschi besicht. Am Kaukasus, wou d'Eltere vu senger Fra Naomi gelieft hunn, war hien och dacks. Um Enn vun den 1950er an dem Ufank vun den 1960er Joren huet hien och am Optrag vun der Neuen Zürcher Zeitung ë. a. eng Rëtsch Reesen a Russland ënnerholl. Nieft sengem Intérêt fir Russland an d'Sowjetunioun, huet hien am Mee 1953 déi éischt Kéier Paräis besicht wou hien och fir d'éischt de Sëtz vum Kongress zu Paräis besiche konnt. Duerno stoung hien dem Kongress fir Rotschléi zu bestëmmten Themen zur Verfügung; ënner aneren dem Noen Osten. 2 Joer drop huet de Kongress akzeptéiert eng Zäitschrëft iwwer d'sowjetesch Kultur ze grënnen. De Chefredakter gouf vun Ufank u vu sengem gudde Frënd Georg Lichtheim an der Jane Degras, enger Russlandexpertin vum Royal Institute of International Affairs, ënnerstëtzt. D'Zäitschrëft ass ufanks eemol am Mount, méi spéit véiermol d'Joer erauskomm a gouf e feste Bestanddeel vum Programm , an den Numm gouf vun Soviet Culutre an Soviet Survey a schliisslech an Survey geännert.

Insgesamt huet dem Laqueur seng Mataarbecht am Kongress ongeféier 10 Joer gedauert, woubäi en ni voll ugestallt war. Passend zu sengem Interesse zu Russland an der Sowjetunioun konnt de Laqueur an den 1960er an den USA e puer iwwerliewend Menschewiki kenneléieren, déi an hire Bicher an Zeitschrëften aus den 1920er qn 1930er Joren den Zesummebroch vun der Sowjetunion virausgesot haten. Säin Intressi fir déi sowjetesch Politik ass dun ënner dem Leonid Breschnew an der sowjetescher Stagnatiounsphas ëmmer manner ginn.

Dëse Broch konnt hie mat de sëllechen Ufroen an Invitatiounen maachen déi hien aus der Redaktioun vun der Survey lackele wollten. 1966 hunn de Laqueur an d'Jane Degras bei der Survey opgehalen an hunn, zesumme mam George Mosse, den Journal of Contemporary History, gegrënnt, deen zu London erauskoum. Den Intressi fir d'Sowjetunioun erwächt awer erëm Mëtt vun den 1980er Joren, woubäi hie vun 1965 bis 1989 Russland net méi besicht huet, awer nach driwwer gelies huet. Bei senger éischter Visite no 25 hat hien e Gespréich mam deemolegen Ausseminister Eduard Schewardnadse, an huet doropshin 3 Bicher iwwer d'Evénementer deemools an der Sowjetunioun geschriwwen: Déi éischt Monographie huet sech mam Opkomme vu rietse Gruppéierungen, déi zweet em Enthüllungen iwwer d'Stalin-Ära, an déi drëtt ëm déi politesch Verännerungen ënner dem Michail Gorbatschow befaasst.

De komplexen Noen a Mëttleren Osten[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks wollt de Laqueur Expert fir den Noen an Mëttleren Oste ginn. Dëse Wonsch huet hien awer opginn, well en net genuch Arabesch konnt; dobäi huet hien et och als deprimant empfonnt keng Léisungen an de sëlleche Konflikter z'erkennen. Trotzdeem huet hien Ufank vun dem 1950er Joren e Buch iwwer den Nationalsozialismus a Kommunismus am Noen Oste geschriwwen.

No engem weidere laangen Openthalt an Israel huet de Laqueur The Road to War 1967 (daitsch: Nahost vor dem Sturm) verëffentlecht.

2008 huet hien dunn erëm, am Kader vum 60. Joresdag vun der Grënnung vun Israel, eng kuerz fiktiv Geschicht vun Israel ënner dem Titel Disraelia. A Counterfactual History 1848-2008 geschriwwen, deen als Optakt vun enger Serie vun Havard-Strategiepabeieren zum Noen Osten erauskomm ass.

An enger Denkfabrik zu Washington[änneren | Quelltext änneren]

An den 1970er Joren hu virun allem d'Geschteswëssenschaften an d'Weltpolitik ugefaangen, de Laqueur z'interesséieren, woubäi de Marxismus an d'Sowjetunioun ëmmer méi an den Hannergrond gerode sinn. En Ustouss dofir krut hie beim Besuch vun engem Washingtoner Thinktank.

1967 huet hien den Center for Strategic and International Studies (CSIS) fir d'éischt besicht, fir deen e vun 1969 bis 2001 geschafft huet, vun 1973 bis 2001 als Direkter. Während där Zäit konnt hie vill féierend Acteuren kenneléieren, a war souguer zweemol, an de fréien an an der Mëtt vun den 1990er Joren an enger Kommissioun aktiv wou hien Zougang zu geheimen Informatiounen hat.

1982 krut hien du vun der amerikanescher Stëftung Twentieth Century Fund den Optrag e Buch ze schreiwe mam Titel World of Secrets dat 1985 erauskoum. Am Kader vu senge Recherche konnt hien all nach lieweg CIA Direkteren, hir Stellvertrieder an d'Leeder vun e puer europäeschen an amerikaneschen Noriichtendéngschter befroen.

Fir eng Zäitchen huet hie sech och fir de finnesche Sonnerwee intresséiert, wat op de säit den 1970er Joren agefouerten politesche Begrëff “Finnlandiséierung” zréckzeféieren ass. Sou huet hien och dat Land besicht an alles iwwer d'Lag vum Land, ausser wat et just op finnesch gouf, gelies. Am Dezember 1977 koum säin Essay mam Titel The Specter of Finlandization eraus.

Interesse fir Terrorismus a Guerillabewegungen[änneren | Quelltext änneren]

Des Weideren huet de Walter Laqueur zanter 1970 verstäerkt ugefaange sech fir politesch motivéiert Gewalt z’interesséieren, besonnesch den Terrorismus an d'Guerillabewegung. Am Kader vu senge Recherchen zu de Partisanekricher ass hien dofir extra op Madrid, Helsinki, Wien an Dublin gereest. An den 1970er Joren huet hie seng éischt Studie iwwer de Guerillakrich geschriwwen, wou hie mat senger Schlussfolgerung a ville Punkte Recht sollt kréien. Hien hat virausgesot datt an absehbarer Zukunft éischter Terrorgruppen wéi Guerillabewegungen entstoe géifen. Als Virreider vun der Geschichtsschreiwung iwwer den Terrorismus stounge seng zwou Studien History of Terrorism an Guerilla jorelaang op der zweeter Plaz vun de meescht zitéierte Bicher.

Obwuel hien als e Virreider an der Recherche vum Terrorismus gëllt huet hien net all Themen déi sech mam Terror befaassen ugeschnidden. Terror-Ofwier huet hie beispillsweis bei senge Recherchen evitéiert.

Artikelen a Monographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Iwwer Europa an Däitschland
  1. Die deutsche Jugendbewegung. Eine historische Studie, Köln 1962.
  2. Europa aus der Asche. Geschichte seit 1945, München 1970. Iwwerschafften aktuell Versioun: Europa auf dem Weg zur Weltmacht. 1945-1992, München 1992.
  3. Out of the Ruins of Europe, New York 1971.
  4. Weimar. Die Kultur der Republik, Frankfurt am Main 1976.
  5. Facism. A Reader's Guide. Analyses, Interpretations, Bibliography(Hg.), London 1976.
  6. >>Europe. The Spector of Finlandization<<, Commentary 64 (Dezember 1977), S.37-41.
  7. >>Cowboys for the Kaiser<<, Buchrezension von Karl May, In the Desert, Winnetou und Ardistan and Djinnistan, New York Times, 29. Januar 1978.
  8. >>Letter to the Editor<<,Commentary66 (Oktober 1978)Europa vor der Entscheidung, München 1978.
  9. Political psychology of Appeasement. Finlandization and Other Unpopular Essays, New York 1980.
  10. America, Europe and the Soviet Unioun. Selected Essays, New Brunswick, N.J., 1983.
  11. Was ist los mit den Deutschen?, Frankfurt am Main 1985.
  12. Der Mann, der das Schweigen brach. Wie die Welt vom Holocaust erfuhr, Frankfurt am Main 1986.
  13. >>A Postscript on Finlandization<<,Commentary 95 (Januar 1993)
  14. >>Fin-de-siècle: Once More with Feeling<<,Journal of Contemporary History31,Nr.1 (Januar 1996), S.5-47.
  15. Fin de siècle and other Essays on Europe and America. New Brunswick, N.J., 1996.
  16. Faschismus: gestern - heute - morgen, Berlin 1997.
  17. Die letzten Tage von Europa. Ein Kontinent verändert sein Gesicht, Berlin 2006.
  • Iwwer d'Sowjetunioun an Däitschland
  1. Deutschland und Russland, Berlin 1965.
  2. The State of Soviet Studies (Hg. mit Leopold Labedz), Cambridge, Mass. 1965.
  3. Mythos der Revolution. Deutungen und Fehldeutungen der Sowjetgeschichte. Eine Studie, Frankfurt am Main 1967.
  4. >>Confessions of a Self-Made Sovietologist<<, Society 26 (September 1989), S. 5-9.
  5. Der Lange Weg zur Freiheit. Russland unter Gorbatschow, Frankfurt am Main 1989.
  6. Soviet Union 2000. Reform or Revolution (mit John Erickson), New York 1990.
  7. Stalin. Abrechnung im Zeichen von Glasnost, München 1993.
  8. Der Schoβ ist furchtbar noch. Der militaante Nationalismus der russischen Rechten, München 1993.
  9. The Dream That Failed. Reflecftions on the Soviet Union, New York 1994.
  10. >>Anti-Communism Abroad: A Memoir of the Congress for Culutral Freedom<<, Partisan Review 63, Nr. 2 (1996)
  • Iwwer déi jüdesch Geschicht, Israel an den Noen Osten
  1. Communion and Nationalism in the Middle East, London 1996.
  2. The Middle East in Transition. Studies in Contemporary History (Hg.), London 1958.
  3. The Soviet Union and the Middle East, New York 1959.
  4. >>Israel, the Arabs and the World Opinion<<, Commentary 44 (August 1967), S. 49-59.
  5. Nahost vor dem Sturm. Die Vorgeschichte des Sechstage-Krieges im Juni 1967, Frankfurt am Main 1968.
  6. The Struggle for the Middle East. The Soviet Union and the Middle East, 1958-1970, Harmondsworth 1972.
  7. Der Weg zum Staat Israel. Geschichte des Zionismus, Wien 1975.
  8. Was niemand wissen wollte. Die Unterdrückung der Nachrichten über Hitlers >>Endlösung<<, Frankfurt am Main 1981.
  9. The Holocaust Encyclopedia (Hg. mit Judith Tydor Baumel), New Haven 2001.
  10. Geboren in Deutschland. Der Exodus der jüdischen Jugend nach 1933, Berlin 2000.
  11. Jerusalem. Jüdischer Traum und israelische Wirklichkeit, Berlin 2004.
  12. Gesichter des Antisemitismus. Von den Anfängen bis heute, Berlin 2008.
  13. Disraelia. A Counterfactual History, 1848-2000, Middle East Papers, 1. April 2008. Nemmen online: http://blogs.law.harvard.edu/mesh/papers
  • Iwwer politesch Gewalt an Noriichtebeschafung
  1. Guerilla. A Historical and Critical Study, Boston 1976.
  2. Terrorismus, Kronberg im Taunus 1977.
  3. The Guerilla Reader. A Historical Anthology, (Hg.), New York 1977.
  4. Zeugnisse politischer Gewalt. Dokumente zur Geschichte des Terrorismus, (hg.), Kronberg im Taunus 1978.
  5. The Uses and Limits of Intelligence, New Brunswick, N.J., 1993.
  6. Terrorismus. Eine globale Herausforderung, Frankfurt am Main 1987.
  7. >>Save Public Diplomacy: Broadcasting America's Message Matters<<, Foreign Affairs 73 (Sept./Okt. 1994), S. 19-24.
  8. Die globale Bedrohung. Neue Gefahren des Terrorismus, Berlin 1998.
  9. Krieg dem Westen. Terrorismus im 21. Jahrhundert, Berlin 2003.
  10. >>The Terrorism to Come<<, Policy Review 126 (Aug./Sept. 2004).
  • Autobiographie a fiktiv Duerstellungen
  1. The Missing Years. A Novel. Boston 1980; Daitsch: Jahre auf Abruf, Stuttgart 1982.
  2. Farewell to Europe. A Novel, Boston 1981.
  3. Thursday's Child Has Far to Go. A Memoir of the Journeying Years, New York 1992; Daitsch: Wanderer wider Willen. Erinnerungen 1921-1951, Berlin 1995.

Zäitschrëften (gegrënnt a materausgin)[änneren | Quelltext änneren]

  • Survey (Soviet Survey)
  • Journal of Contemporary History
  • Washington Quarterly
  • Washington Papers

Benotzt Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • SCHUSTER, Jacques: Gespräch mit Walter Laqueur.“Echtes Interesse Amerikas an Deutschland gibt es nicht mehr”. In: Die Welt, 19. Januar 2009. S. 7.
  • LAQUEUR, Walter: Mein 20. Jahrhundert. Stationen eines politischen Lebens, Berlin 2011
  • JAFFE, Alexander H.: An Interview with Walter Laqueur. In: Convenant (Hg.), Global Jewish Magazine, November 2006.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]