Op den Inhalt sprangen

Wäissrussland

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Belarus)
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Рэспубліка Беларусь
Respublika Belarus

Fändel vu Wäissrussland

Wopen vu Wäissrussland

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Wäissrussesch, Russesch
Haaptstad: Minsk
Staatsform: Republik
  President: Aljaksandr Lukaschenka
  Premierminister: Siarhiej Rumas
Fläch: 207.595 km²
Bevëlkerung: 9.109.280 (1. Januar 2025)
  Bevëlkerungsdicht: 47,3/km²
Onofhängegkeet: vun der Sowjetunioun
25. August 1991
Nationalfeierdag: 3. Juli
Nationalhymn: My, belarussy (Мы, беларусы)
Wärung: Wäissrussesche Rubel (BYN)
Zäitzon: UTC +3
Internet TLD: .by
Internationalen
Telefonsprefix
:
+375

Wäissrussland, och Belarus genannt (offiziell Republik Belarus), ass e Staat an Osteuropa deen am Nordwesten u Litauen a Lettland, am Osten u Russland, am Süden un d'Ukrain an am Westen u Polen grenzt. D'Haaptstad ass Minsk.

Onofhängegkeetserklärung an d'Nationalfändel 1918
De Kurapaty-Bësch ass déi gréisst Massebegriefnesplaz am Land fir Affer vun der sowjetescher politescher Repressioun. An den 1990er Joren, nodeems d'Archiven opgemaach goufen, goufen hei 250.000 Griewer entdeckt an e Monument gouf ugeluecht.
Parad vun däitschen a sowjeteschen Truppen zu Brest, den 22. September 1939

Am 7.-9. Joerhonnert n. Chr. war den Territoire vum haitege Wäissrussland vun ostslaweschen a baltesche Stämm bewunnt, am 10.-13. Joerhonnert huet Wäissrussland zum Kiewer Staat gehéiert, am 14.-18. Joerhonnert zum Groussherzogtum Litauen. Enn vum 18. Joerhonnert gouf Wäissrussland vum russesche Räich eruewert an et gouf eng grausam Politik gefouert, fir déi wäissrussesch Sprooch a Kultur ze zerstéieren (Russifikatioun).

1917, nom Zesummebroch vum russesche Räich, gouf et e Kampf fir d'Onofhängegkeet vu Wäissrussland, awer bis 1920 gouf d'Land vu Sowjetrussland eruewert. An de Joren 1932-1933 huet Wäissrussland ënner enger massiver Hongersnout gelidden, déi vum sowjeteschen totalitäre Regime künstlech organiséiert gouf, a Honnertdausende vu Leit verluer, während d'Ukrain Millioune verluer huet.

1937 gouf déi ganz wäissrussesch wëssenschaftlech an intellektuell Elite vun de sowjetesche Geheimdéngschter ausgerott, an hir Läichen goufen am Kurapaty-Bësch begruewen. 1942 gouf déi wichtegst Schrëftstellerin vu Wäissrussland, d'Yanka Kupala, ëmbruecht. An de Joren 1950-1980 gouf bal dat ganzt architektonescht Ierwen vu Wäissrussland zerstéiert.

D'Sozialistesch Sowjetrepublik Wäissrussland huet de 27. Juli 1990 hir Souveränitéit deklaréiert an de 25. August 1991 d'Onofhängegkeet erkläert. Nodeem sech d'Sowjetunioun am Dezember 1991 opgeléist huet, ass Wäissrussland dunn och faktesch en onofhängege Staat ginn. Den Nationalfeierdag gëtt den 3. Juli, um „Dag vun der Republik“ resp. dem „Onofhängegkeetsdag“ gefeiert[1][2].

Den Aljaksandr Lukaschenka, dee schonn zanter 1994 President ass, huet mat sengem autoritaire Regierungstil d'Land am Laf vun der Zäit ëmmer méi an d'international Isolatioun gefouert. Massiv Kritik[3] un de sëllege Mënscherechtsverletzungen an de Virworf Walen ze manipuléiere komme virop aus dem Westen, der EU an dem Europarot, den USA a vun netstaatlechen Organisatioune wéi Amnesty International.[4] Zanter dem 10. Abrëll 2006 däerf de Lukaschenka kee Fouss méi an d'Europäesch Unioun setzen.[5]

D'Verhältnes zu anere fréiere Sowjetrepubliken ass ambivalent. Mam Noper Russland war, vun 2007 bis 2013, d'Versteesdemech duerch d'energiepolitesch Differenze vun 2007 strapazéiert. Zanter de Presidentschaftswale vun 2020 gëtt et eng Protestbeweegung, déi géint d'Diktatur vum President Alaksandr Lukaschenka protestéiert.

Ëmweltkatastroph

[änneren | Quelltext änneren]

De Reakteraccident vum 26. Abrëll 1986 zu Tschernobyl ass nëmmen eng 10 km südlech vun der wäissrussescher Grenz, an der haiteger Ukrain, geschitt. Ronn 70% vum Fallout sinn deemools iwwer wäissrusseschem Territoire niddergaangen an hu grouss Deeler vum Land verstraalt.

 Commons: Wäissrussland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. National and Public Holidays and Commemorative Dates in Belarus | Official Internet Portal of the President of the Republic of Belarus. president.gov.by. Gekuckt den 01.08.2023.
  2. National Holidays, Belarus | Belarus.by. www.belarus.by. Gekuckt den 01.08.2023.
  3. Iwwerbléck op diploweb.com: La Biélorussie, dernière "dictature" d'Europe (August 2007) Archivéiert den 11.01.2007. Gekuckt den 13.08.2007.()
  4. Amnesty International Report 2007 (web.archive.org)
  5. Artikel an der däitscher FAZ (10. Abrëll 2006) (web.archive.org)