Op den Inhalt sprangen

CFL-Direktiounsgebai

Vu Wikipedia
CFL-Direktiounsgebai
D'CFL-Direktiounsgebai op Nr 9 Garer Plaz
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Garer Quartier
Adress 9, Place de la Gare
Koordinaten 49°36'3,301"N, 6°8'4,200"O
Architekt(en) Camille Frieden, Constant Gillardin, Gerhard Dietrich
Statut Klasséiert Monument
Datum vum Bau 1959
Proprietär CFL
Nr 7 op der Garer Plaz

D'Direktiounsgebai vun der CFL ass e Verwaltungsgebai op der Place de la Gare, am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg.

D'Gebai besteet u sech aus zwéi verschiddene Bléck, déi op der nërdlecher Säit vun der Garer Plaz, an direkter Noperschaft vun der Stater Gare leien. D'Haus mat der Nummer 7, d'Quiergebai, huet eng Längt vu knapp 30 Meter laanscht Plaz an eng Héicht vu siwe Stäck[1]. Um Rez-de-chaussée si Geschäftslokaler, an deenen zanter … de Reesbüro CFL-Évasion dran ass. Um ëstleche Bord vum Gebai ass eng Paart fir an de Bannenhaff ze fueren. Vum Nopeschgebai, der Nummer 9, leeft just de schmuelen Deel vu ronn 15 Meter laanscht d'Plaz, déi laang Face (ronn 58 Meter) leeft a Richtung Norden, parallel mat de Gleiser. Dat Gebai, och nach Längsgebai genannt, huet eelef Stäck[2]. Iwwer eng Trap kënnt ee vun der Plaz aus an de Foyer vum Gebai.

D'CFL-Direktiounsgebai gehéiert zu den éischte grousse Bauwierker déi an der Stad am Kader vum Neesopbau nom Zweete Weltkrich opgeriicht goufen a kann als typesch Architektur aus den 1950er an 1960er Jore gezielt ginn.

De 4. Februar 2022 gouf d'Gebai als nationaalt Monument klasséiert[3].

Direkt nom Krich gouf ugefaangen d'Eisebunnsanlagen nees an d'Rei ze setzen an 1946 ass eng nei Eisebunnsgesellschaft gegrënnt ginn[5], där hire Sëtz uganks op der Metzer Plaz am Gebai vun der fréierer Direction générale impériale des Chemins de fer en Alsace-Lorraine installéiert war.

Uganks vun den 1950er Jore koumen déi éischt Iddien op fir eng nei representativ Adress fir d'CFL an direkter Noperschaft vum neobarockem Gebai vun der Gare ze bauen, op déi Plaz wou bis dohin nach Ateliere stoungen.

No engem internationalen Architekteconcours, deen 1954 ausgeruff gi war a bei deem 48 Kandidate matgemaach haten, sinn d'Pläng vun den Architekte Camille Frieden, Constant Gillardin a Gerhard Dietrich zeréckbehale ginn. D'Ingenieurspläng ware vum Jos. Schroeder. D'Baukäschte fir déi ursprénglech geplangte 6 resp. 8 Stäck louche bei 37 Millioune Lëtzebuerger Frang[6].

1956 goufen déi fréier Atelieren ofgerappt an d'Aarbechte fir d'Baugrouf auszehiewen hunn ugefaangen. Wéinst dem fielsegen hunn d'Aarbechte méi laang gedauert wéi geplangt an et erkläert och firwat just en eestäckege Keller ënner dem Gebai ass. De Réibau huet am Mäerz 1957 ugefaangen a war 1958 fäerdeg. Well zousätzlech Raim fir de Bauten- an Transportministère gebraucht goufen, sinn nach wärend dem Bau weider Stäck drop gebaut ginn.

D'Plättercher op der Fassad an um Buedem an de Banneraim si vun der Cerabati vu Waasserbëlleg. Am Aganksfoyer ass e Glas- a Keramikmosaik vum Lëtzebuerger Kënschtler Mett Hoffmann. E weist an enger staark stiliséierter Manéier de Schrëftzuch „CFL“ an e Bléck op Zich déi laanscht fueren.

Dat grouss dimensionéiert Trapenhaus am ëstlechen Deel vum Gebai 9 zielt zu de bekannten a schéinsten Trapenhaiser aus der deemoleger Bauepoch.

Wéi d'Gebai mat sengen 300 Büroen Enn 1959 fäerdeg war, war et mat 41 Meter dat héchst administratiivt Gebai am Land[7].

An den 1980er Jore gouf d'Face nei ugestrach an de Bëton deelweis op der Westsäit sanéiert. Tëscht 1999 an 2003 gouf d'Gebai vum Bureau m3 architectes renovéiert. Dobäi gouf drop opgepasst déi baussenzeg typesch Architektur net z'änneren.

Pläng vum Architektebüro Metaform, déi uganks 2022 virgestallt goufen[9], gesi vir, déi zwéi Bléck ze renovéieren, deels ofzerappen an nei ze bauen a mat engem fuschneien Deel ze komplettéieren. Vum Gebai 7 bleift just d'Face laanscht d'Garer Plaz stoen, hannendru gëtt alles ofgerappt an nei gebaut.

D'Gebai 9 bleift gréisstendeels bestoen, absënns wat d'Facë laanscht d'Garer Plaz, den Eisebunnsquai an déi am Bannenhaff grad ewéi den nërdleche Giewel ugeet[10].

Och dat neit Gebai besteet aus zwéi Bléck: en éischte Block ëstlech vum Längsgebai a parallel mam Quai 1 an de Schinnen. Um Wupp gëtt et a Richtung Nordweste méi breet a stéisst un de zweete Block. Vun der Säit vum Quai aus stinn d'Stäck dräi bis aacht op 9 m héije Geilinger-Stäiler, wouduerch e Passage vum Quai aus an de Bannenhaff méiglech ass.

Den zweete Block leeft sengersäits a Richtung vun der Neippergstrooss virun a stéisst op déi aktuell Haiser 57-61 déi - ausser der Face - am Kader vum Projet ofgerappt ginn.

Dat neit Gebai kritt 8 Stäck, e kompletten éischten an deelweis och en zweete Keller.

Déi geplangt Aarbechte begräifen eng Bruttofläch vun 29.500 m², e Bruttovolume vun 110.000 m³, sollen 2023 ufänken an 2026 fäerdeg sinn.

Commons: CFL-Direktiounsgebai – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Rez-de-chaussée + 6 Etagen
  2. Rez-de-chaussée + 10 Etagen
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  4. Quell, wou net anescht uginn: 123
  5. Loi du 16 juin 1947 concernant l'approbation de la convention Belgo-Franco-Luxembourgeoise du 17 avril 1946 relative à l'exploitation des chemins de fer du Grand-Duché et des conventions annexes. data.legilux.public.lu (16.06.1947). Gekuckt de(n) 05.01.2023.
  6. Loi du 27 décembre 1955 concernant la construction à Luxembourg d'un bâtiment de Direction pour la Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois. data.legilux.public.lu (27.12.1955). Gekuckt de(n) 05.01.2023.
  7. "Warum das CFL-Verwaltungsgebäude unter Denkmalschutz gestellt wird." wort.lu, 03.05.2021.
  8. Quell, wou net anescht uginn: Broschür InCa 2021, Nouveaux projets, Nouveau siège social des Chemins de Fer luxembourgeoies [sic], N° de référence 21 120, S. 111
  9. "En neit Direktiounsgebai fir d'CFL op der Gare." rtl.lu, 25.01.2022.
  10. Nouveau bâtiment de la Direction Générale des CFL sur la Place de la Gare. groupe.cfl.lu (25.01.2022). Gekuckt de(n) 05.01.2023.