Chambre de commerce

Vu Wikipedia
Versioun vum 14:36, 26. Abr. 2023 vum Melouresbot (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎top: Ofstänn, replaced: → (7) using AWB).
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Chambre de commerce
(Handelskummer)
De Sëtz vun der Chambre de commerce um Kierchbierg (2013)
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 01.10.1841
Sëtz 7, Rue Alcide De Gasperi
Lëtzebuerg
Leedung Luc Frieden (President CA)
Carlo Thelen (Generaldirekter)
Branche Beruffschamber
Homepage www.cc.lu


D'Chambre de Commerce, och Handelskummer genannt, ass eng Lëtzebuerger Beruffschamber, déi d'Interête vum Handel, der Industrie, de Banken an all anere Betriber mat Ausnam vun deenen aus dem Handwierk an der Landwirtschaft vertrëtt. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.

D'Chambre de commerce ass hirersäits Member am Daachverband Union des entreprises luxembourgeoises (UEL).

Geschicht

Den 1. Oktober 1841, nëmmen zwee Joer no der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg, huet de Kinnek a Grand-Duc Wëllem II. duerch en Arrêté d'Handelskummer geschaaft[1]. Se hat deemools 21 Memberen déi ë. a. follgend Beruffssparte vertrueden hunn: Schmëtten, Händschen-, Porzeläin- a Pabeierfabricken, Wiewereien, Millen, Tubaksindustrie, asw.

D'Schafe vun der Handelskummer gouf de 4. Abrëll 1924 nach duerch e Gesetz confirméiert[2], mat deem zu Lëtzebuerg e Beruffschamber-System op eligibeler Basis opgebaut gouf. Nieft der Handelskummer goufen ë. a. och nach Handwierkerkummer an d'Landwirtschaftskummer an d'Liewe geruff.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Organisatioun

Handelskummer
Period President
1925-1952 Aloyse Meyer
1953-1959 Félix Chomé
1959-1974 Tony Neuman
1974-1992 Emmanuel Tesch
1992-2004 Joseph Kinsch
2004-2019 Michel Wurth
2019-2023 Luc Frieden
zanter 2023 Fernand Ernster

Generaldirekter ass zanter Januar 2014 den Ekonomist Carlo Thelen[3].

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. Arrêté royal du 1er octobre 1841, N° 12, portant instruction d'une Chambre de commerce dans le Grand-Duché. legilux.public.lu (01.10.1841). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  2. Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (04.04.1924). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  3. Biographie. www.carlothelenblog.lu. Gekuckt de(n) 12.09.2020.