Claude Wiseler

Vu Wikipedia
Versioun vum 15:23, 13. Jan. 2020 vum Melouresbot (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎Um Spaweck: k, replaced: Nofolger → Nofollger using AWB).
Claude Wiseler
Gebuer 30. Januar 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
Famill
Bestuet mat Isabel Santos-Lima

De Claude Wiseler, gebuer den 30. Januar 1960 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV).

Berufflech Carrière

No sengem Secondaire am Stater Kolléisch huet de Claude Wiseler op der Sorbonne franséisch Literatur studéiert.

Tëscht 1983 a 1987 war de Claude Wiseler Stagiaire am Kolléisch an an engem Lycée technique. Säi Mémoire scientifique, deen am Kader vum Stage verlaangt gouf, huet hien 1985 iwwer L'action et la politique dans l'oeuvre de Pierre Drieu La Rochelle mat Erfolleg verdeedegt (383 S.). Duerno gouf hie Sproocheprofesser am Lycée technique du Centre. Hien ass awer relativ séier an den Erzéiungsministère gewiesselt, wou hie Professeur-attaché beim Fernand Boden gouf. Niewelaanscht huet hien un enger Dokterthes geschafft, déi hien 1989 ofgeschloss huet. Vun 1989 bis 1999 huet hien am Familljeministère an am Ministère fir Mëttelstand an Tourismus als Conseiller vun der Regierung geschafft.

Politesch Carrière

De Claude Wiseler war tëscht 1995 an 2000, Generalsekretär vu senger Partei, der CSV. Hie gouf 1999 op hirer Lëscht eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt an zanterhier allkéiers erëmgewielt, zulescht bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018[1]. Hie war vun Oktober 2014, an der Nofolleg vum Jean-Claude Juncker[2] , bis Dezember 2018[3] Fraktiounspresident vun der CSV (an domat der gréisster Oppositiounspartei) an der Chamber.

Vun 2000 bis 2004 war de Claude Wiseler Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg.

Tëscht 2004 an 2009 war de Claude Wiseler Minister vun der Fonction publique a Verwaltungsreform a Bauteminister an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II war hie vun 2009 bis 2013 Minister fir Nohalteg Entwécklung mat de Ressorte Bauten, Transport, Ëmwelt a Landesplanung.

Tëscht November 2009 a Januar 2014 war hien, zesumme mat der Octavie Modert, Vizepresident vun der CSV.

Privates

De Claude Wiseler ass mat der Isabel Santos-Lima, enger Sproocheprofessesch um Fieldgen an Europadeputéiert, bestuet a Papp vun 3 Kanner.

Gielercher

Um Spaweck

Commons: Claude Wiseler – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger Generalsekretär vun der CSV Nofollger
Camille Dimmer 1995 - 2000 Jean-Louis Schiltz

Referenzen

  1. elections.lu.
  2. ["Claude Wiseler sera chef de fraction en octobre." L'essentiel, 1. Juli 2014, S.3.
  3. "Martine Hansen ist neue CSV-Fraktionschefin." wort.lu, 5.12.2018.
  4. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004