d'Lëtzebuerger Land
D'Lëtzebuerger Land ass eng Lëtzebuerger Wochenzeitung, déi ënner dem Titel d'Letzeburger Land vum Carlo Hemmer gegrënnt gouf an den 1. Januar 1954 fir d'éischt erauskoum.
Den Titel gouf 1999 der neier Lëtzebuerger Orthographie ugepasst. Den Ënnertitel ass Unabhängige Wochenschrift für Politik, Wirtschaft und Kultur - Hebdomadaire politique, économique et culturel indépendant
Vun 1958 bis 1983 war de Léon Kinsch de verantwortlechen Editeur. Hien hat d'Zeitung vum Hemmer ofkaaft, wéi deen Direkter bei der Europäescher Kommissioun gouf.
1983 goung se iwwer un d'Éditions d'Lëtzebuerger Land, an 1986 un d'Fondation d'Lëtzeburger Land. Enn der 1980er/uganks der 1990er Joren huet déi Participatiounen am Eldoradio an an der Revue geholl.
Zanter dem 22. Juni 2012 huet d'Land, wéi et alt genannt gëtt, eng nei Maquette an en neit Format, an affichéiert och grouss land um Titel, de "ganzen" Numm steet méi kleng driwwer.
D' Land kann een, bis op déi puer lescht Nummeren, fräi am Internet liesen, vun Ufank bis 2007 op eluxemburgensia vun der BNL, dono am Archiv op hirem eegene Site.
Zuelen
Oplo
Dem Lëtzebuerger Land seng Oplo läit bei 7.500 Exemplairen, vun deenen enger TNS Ilres-Ëmfro no aus dem Joer 2011, all Nummer ongeféier 14.300 Lieser huet.[1]
Lieserstatistik
2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 2,90 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch d'Land gelies. 2006/2007 waren dat der 3,30 %; 2007/2008 2,80 % an 2008/2009 2,90 %.[2] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[3] 2011 waren et 3,40 %[4]
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 13.100 Leit iwwer 15 Joer d'Land gelies (2,7 % vun den Awunner).[5]
81% vun de Lieser si Lëtzebuerger a 65% hunn tëscht 35 a 64 Joer.[Source?]
Pressehëllef a aner Recetten
2011 huet d'Land 274 641 € staatlech Pressehëllef kritt.[6]
2018 koumen d'Recetten zu 32 % aus der Publizitéit, zu 26 % aus den Abonnementer an dem Verkaf an de Kiosken, an zu 32 % aus der staatlecher Pressehëllef.[7]
Chefredakteren
- Lucien Thiel (Abrëll 1981 bis Dezember 1989)
- Jean-Marie Meyer (Januar 1990 bis Oktober 1992, Oktober bis Dezember 1996)
- Mario Hirsch (Januar 1998 bis August 2006)
- Romain Hilgert (2006 bis 2019)
- Josée Hansen (2019[8] bis Oktober 2020[9])
Geranten
- Jean-Paul Hoffmann (Januar 1990 bis Oktober 1996)
- Romain Kohn (Oktober 1996 bis April 1998)
- Romain Hilgert (November 2004 bis 2019)
- Pierre Greiveldinger (zanter 2019)[8]
D'Mataarbechter vum Land
Redaktioun
Aktuell Zesummesetzung; Stand: Dez. 2019
- Romain Hilgert
- Peter Feist
- Josée Hansen
- Ines Kurschat
- Pol Schock
- Pierre Sorlut
- Bernard Thomas
Fotoen
- Martin Linster (1997 bis 2011)
- Patrick Galbats (2011 bis 2017)
- Sven Becker (zanter 2017)
Karikaturen
- Pe'l Schlechter
- Alphonse Deloos
- Romain Lenertz
- Guy W. Stoos
- Roger Leiner
- Skif & Dresch
Gedréckt gëtt d'Land, zanter et am Juli 2012 d'Format vum ale Luxemburger Wort iwwerholl huet, an der Dréckerei vu Saint-Paul Luxembourg. Virdru war dat an der Imprimerie Centrale s.a..
Kuckt och
Um Spaweck
- land.lu, d'Websäit vum Land
- d'Joergäng 1958 bis 2007 op eluxemburgensia.lu, engem Site vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.
Referenzen
- ↑ Imprimerie Centrale: Presentatioun vum Lëtzebuerger Land (gekuckt den 2. Juli 2012)
- ↑ Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.25.
- ↑ R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
- ↑ Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
- ↑ Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
- ↑ Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.
- ↑ Romain Hilgert (rh), In eigener Sache. d'Lëtzebuerger Land Nr. 24 vum 24. Juni 2019, S. 4.
- ↑ 8,0 8,1 Führungswechsel beim "Lëtzebuerger Land" op wort.lu den 12. Abrëll 2019
- ↑ Josée Hansen verléisst d'Wochenzeitung "Lëtzebuerger Land". rtl.lu (07.07.2020). Gekuckt de(n) 07.07.2020.