Englesch Revolutioun

Vu Wikipedia
Zäitgenëssesch Karikatur zu der Englescher Revolutioun

D'Englesch Revolutioun (och Englesche Biergerkrich oder Éischt Englesch Revolutioun) gouf vu 1642 bis 1649 tëscht den Unhänger vum Kinnek Charles I. an dem Parlament ausgedroen. An hir hu sech net nëmmen d'Spannungen tëscht dem absolutistesche Kinnek an dem Ënnerhaus entlueden, mä och d'Géigesätz tëscht den Anglikaner, Puritaner, Presbyterianer a Katholicken. De Krich ass mat der Hiriichtung vum Kinnek op en Enn gaangen, an der zäitweileger Ofschafung vun der Monarchie - England gouf eng Republik.

Ursaache vun der Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Reliéis an dynastesch Entwécklungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Henry VIII. vun England

Ënner dem Kinnek Henry VIII. hat sech England am Joer 1534 duerch d'Grënnung vun der anglikanescher Staatskierch vun der kathoulescher Kierch getrennt. Nodeem d'Kinnigin Maria I. mam Versuch vun enger Rekatholiséierung vum Land keen Erfolleg hat, koum et ënner hirer Nofollegerin Elizabeth I. zu enger Festegung vun der Anglikanescher Kierch. Well sech déi Léier an den Ae vu villen Englänner awer net vill vum Katholizismus ënnerscheet huet, kruten an der zweeter Hallschent vum 16. Joerhonnert déi radikal-calvinistesch Puritaner staarken Zoulaf.

Nom Doud vun der Elizabeth, déi ouni Kanner gestuerwe war, ass d'englesch Kroun un de Kinnek James VI. vu Schottland gaangen. Als James I. huet hien am Joer 1603 déi zwee Länner an enger Personalunioun vereenegt, a sech zanter 1604 Kinnek vu Groussbritannien genannt. Aneschters wéi seng kathoulesch Mamm, d'Maria Stuart, déi 1587 op en Uerder vun der Elizabeth I. higeriicht gi war, war den James en iwwerzeegte Protestant, dee staark vum Calvinismus beaflosst war. Ausserdeem war hien en iwwerzeegten Unhänger vun der Iddi vum divine right, dem gëttleche Recht vun de Kinneken, eleng ze herrschen. Déi Iwwerzeegung huet d'Stuartkinnekshaus vun Ufank un an e Géigesaz mam englesche Regierungssystem bruecht, wat deemools zanter bal 300 Joer eng (wann och begrenzte) Matwierkung vum Parlament un de Staatsgeschäfter kannt huet.

England ënner dem James I.[änneren | Quelltext änneren]

Den James I. huet sech als Kinnek vun England op déi anglikanesch Staatskierch gestäipt, an där d'Majoritéit vun de Bëscheef och vum Gottesgnadentum vun de Kinneken iwwerzeegt war. Gläichzäiteg huet hien déi puritanesch Léier ofgeleent, déi dem Kinnek d'Recht ofgeschwat hat, seng Sujeten a Gewëssensfroen engem Zwang auszesetzen.

Wéi d'anglikanesch Bëschofskonferenz vu 1604 souwuel de puritanesche wéi och de kathoulesche Glawe verdaamt huet, koum et zu ëmmer méi reliéise Spannungen an England. Am November 1605 hu kathoulesch Adleger ronderëm de Guy Fawkes an der sougenannter Polferverschwörung d'Ermuerdung vum James I. an alle Parlamentarier geplangt. Den Uschlag gouf nëmmen duerch en Zoufall verhënnert. Dëst huet kuerzzäiteg zu engem méi no Kommen tëscht Kinnek a Parlament gefouert. Op laang Siicht hu sech awer d'absolutistesch Tendenze vum James I. als méi follegräich erwisen. Den entscheedende Punkt war awer, datt de Katholizismus vun deem Ament un meeschtens als suspekt duergestallt gouf, an domat politesch ouni Bedeitung gouf.

D'Virstellung vun engem gëttlech legitiméierte Kinnektum, wat also kenger irdescher Muecht an domat och net dem Parlament verflicht wier, huet dem James seng Politik geprägt. Sou huet hien de Kaf vun Titelen erméiglecht, woumat hien eng Schwächung vum nidderen Adel bezwecke wollt. Déi friddlech Haltung vum James I. géintiwwer Spuenien huet säi Ruff weider zerstéiert. Am Parlament huet sech eng Oppositioun géint de Kinnek forméiert, déi virun allem aus Membere vun der Gentry (Landadel) an dem Biergertum bestanen huet, an déi d'parlamentaresch Rechter oprecht erhale wollt. Eng weider Degradatioun vum Ruff vum Kinnek krut den James I. duerch d'massiv Usidlung vun engleschen a schottesche Bierger am ireschen Ulster. Obschonn Irland zanter dem spéiden 12. Joerhonnert schonn an englescher Hand war, an zanter 1542 offiziell der englescher Kroun ënnerstallt war, hat sech de kathoulesche Glawen hei gehalen. En ireschen Opstand aus dem Joer 1602 deen néiergeschloe gouf huet gewisen, datt och an dësem Deel vun der englescher Muechtsphär e grousse Konfliktpotential geherrscht huet.

England ënner dem Charles I.[änneren | Quelltext änneren]

Den Charles I. vun England

Wéi den James I. 1625 gestuerwen ass, koum säin zweeteelste Jong als Charles I. op den engleschen a schotteschen Troun. Nach am selwechte Joer huet sech den Charles I. mat der Henriette de Bourbon bestuet, wat hie besonnesch bei de Puritaner onbeléift gemaach huet, well et sech bei der Henriette ëm déi kathoulesch Duechter vum franséische Kinnek Henri IV. gehandelt huet. Den Charles I. war nach méi staark wéi säi Papp vun der Existenz vu gëttleche Kinneksrechter iwwerzeegt, an huet eng Versöhnung mat der kathoulescher Kierch ugestriewt. Hien huet sech méi wéi eng Kéier am Kader vu senger Restauratiounspolitik iwwer d'Parlament ewech gesat, andeems hien ouni seng Zoustëmmung Steieren erhuewen huet. Dem Charles I. seng absolutistesch Herrschaftsausübung huet en energesche Widderstand vum Parlament provozéiert, an deem vill Puritaner vertruede waren. D'Wal vum Oliver Cromwell am Joer 1628 an d'Ënnerhaus war en entscheedenden Datum. Dësen huet zu der Gentry gehéiert, a war e fanatesche Puritaner, den zu der radikaler Stréimung vun den Independents gehéiert huet. Am selwechte Joer huet d'Parlament dem Kinnek d'Petition of Right virgeluecht, déi hien ënner finanziellem Drock erlaabt huet. D'Petition of Right huet ënner anerem de Verzicht vum Kinnek op Steiererhiewungen an de Schutz viru willkürleche Verhaftunge gefuedert. Et war virun allem d'Bedeelegung vun England am Drëssegjärege Krich, déi den Haushalt vun der Kroun geschiedegt hat, a sou d'Steierpolitik vum Charles I. noutwenneg gemaach hat.

E Joer méi spéit huet de Charles I. awer d'Opléisung vum Parlament decidéiert, an huet bis 1640 de facto als absolutisteschen Herrscher regéiert, woubäi hie sech op Beroder wéi de Grof vu Strafford an den Äerzbëschof William Laud gestäipt huet. Den Thomas Wentworth, spéideren Earl of Strafford, a fréieren Deputéierte vum House of Commons, gouf 1632 zum Lord Deputy an Irland ernannt, wou hie mat senger haarder an zugläich pro-kathoulescher Politik d'Lag berouege konnt. An dëser Phas vu senger Regentschaft huet den Charles I. seng politesch a reliéis Géigner verfollege gelooss, wouvu virun allem d'Puritaner betraff waren. Den Äerzbëschof Laud huet d'Duerchsetzung vum anglikanesche Glawen am presbyterianesche Schottland ugestriewt, wat d'Resistenz vun de Schotte mat sech gezunn huet.

De Wee zum Biergerkrich[änneren | Quelltext änneren]

Thomas Wentworth, Grof vu Strafford

D'presbyterianesch Schotten, déi sech am Covenant with God ("Bund mat Gott") gesinn hunn, hunn 1638 en Opstand ugefaangen. De Wentworth gouf 1639 nees an England zeréckgeruff, zum Lord vu Strafford ernannt a géint den Opstand agesat. Déi englesch Feldzich fir den Opstand néierzeschloe waren ouni Erfolleg, wärend d'Käschte vun dëse sougenannte "Bëschofskricher" ëmmer méi héich gi sinn. Virun dësem Hannergrond huet sech den Charles I. 1640 gezwonge gesinn, fir d'Bewëllegung vu weidere Finanzmëttel d'Parlament anzeberuffen. Well d'Parlamentarier dem Charles I. seng Herrschaft am Allgemengen a säi militärescht Virgoe géint Schottland besonnesch kritiséiert hunn, huet de Kinnek d'Parlament no e puer Wochen nees opgeléist, wouhir och den Numm "Kuerzt Parlament" komm ass.

Weider englesch Mësserfolleger am Kampf géint déi opstänneg Schotten hunn den Charles I. nach am selwechte Joer dozou gezwongen, d'Parlament eng zweet Kéier anzeberuffen, wat als Ofgrenzung zum "Kuerze Parlament" och als "Laangt Parlament" an d'Geschicht agaangen ass. Et gouf vun de Puritaner ënner der Féierung vum John Pym dominéiert. D'Laangt Parlament huet dem Kinnek 1641 e Katalog vu Plainte virgeluecht, an huet Zougeständnesser erzwongen. Dem kinnekleche Beroder Lord Strafford gouf de Prozess gemaach, a seng Hiriichtung gouf beschloss.

An Irland gouf gefaart, datt et no der Politik vum Strafford, déi hinnen entgéint komm war, zu enger gewaltsamer Anglikaniséierung géif kommen. Doduerch koum et 1641 zu enger oppener Rebellioun, an där vill englesch a schottesch Awunner ëm d'Liewe koumen.

An de parlamentaresche Kreesser koum et zu Gerüchter déi besot hunn, datt den Charles I. an dës Virfäll verwéckelt wier. Den Charles I. wollt sech awer un d'Spëtzt vun engem Feldzuch géint déi rebellesch Ire setzen, wat him d'Majoritéit vum Parlament verweigert huet. Als Reaktioun dorop huet seng aus moderéierten Deputéierten eng kinnekstrei Partei forméiert. Am Januar 1642 huet den Charles I. d'Verhaftung vun enger Partie oppositionelle Parlamentarier decidéiert, zu deenen den John Pym, den John Hampden an den Arthur Haselrig gehéiert hunn, mä déi awer fortlafe konnten. Den Charles I. huet doropshi London verlooss, a sech op de Kampf virbereet. D'Parlament huet d'Opstellung vun enger Arméi an d'Weeër geleet, fir de Royalisten ze begéinen. Wärend den Drëssegjärege Krich um europäesche Festland lues awer sécher op en Enn gaangen ass, ass England an e Biergerkrich gefall.

Verlaf vum Krich[änneren | Quelltext änneren]

Royalistesch Erfolleger (1642 - 1643)[änneren | Quelltext änneren]

Den englesche Biergerkrich vu 1642 bis 1645

Nom Ausbroch vum Biergerkrich gouf a groussen Deeler vu Wales, am Cornwall an am Nordoste vun England Partei fir de Kinnek ergraff. Wärend déi kinnekstrei Englänner "Cavaliers" ("Reider") genannt goufen, kruten d'Unhänger vum Parlament den Numm "Roundheads" (opgrond vun hire kuerzen Hoer). Zu der éischter méi grousser Kampfhandlung vun der Englescher Revolutioun koum et mat der Belagerung vu Kingston upon Hull duerch de royalisteschen Earl of Newcastle, déi den 11. Oktober 1642 huet missen ofgebrach ginn. Hull am Nordoste gouf vun do un vun de Parlamentarier als méiglechen Ausgangspunkt fir d'Eruewerung vu Yorkshire a Betruecht gezunn. Den 23. Oktober koum et bei Edgehill zu enger Feldschluecht tëscht de Konfliktparteien. Den Ausgang vun dëser Schluecht war awer net kloer an hat keen Afloss op de weidere Virmarsch vun de royalistesche Cavaliers, deenen et kuerz drop gelongen ass, Oxford anzehuelen. Fir d'parlamentaresch Roundheads war elo d'Gefor vun engem kinnekleche Virmarsch géint London no. De Generol Skippon huet am Déngscht vum Parlament eng Arméi mat enger Stäerkt vun iwwer 20.000 Mann op d'Bee gestallt, a London befestege gelooss. Dem Skippon seng Truppen hu sech de Cavaliers den 13. November 1642 entgéint gestallt, mä d'Cavaliers sinn ofgezunn, ouni datt et zu grousse Kampfhandlunge komm ass.

Am Joer 1643 hunn d'Schotte Partei fir d'Roundheads ergraff, wärend d'Cavaliers vu Cornwall aus militäresch däitlech méi aktiv gi sinn. Ënner dem Sir Ralph Hopton konnten d'royalistesch Truppen Devon, Dorset a Somerset fir sech anhuelen. Dem Hopton seng Truppen hu sech am Juli mat deene vum kinnekleche Reidergenerol Ruprecht vun der Pfalz vereenegt, engem Jong vum Friedrich V.. Zesummen hu si Bristol ugegraff, en Ugrëff deen de 26. Juli ugefaangen huet an no héije Verloschter zu engem royalisteschen Erfolleg gefouert huet. Den 9. August hunn d'Cavaliers mat der Belagerung vu Gloucester ugefaangen, wat matzen an engem mëttlerweil royalistesch kontrolléierte Gebitt louch. Den 20. September koum et schliisslech zu enger Schluecht bei Newbury wou et awer kee klore Gewënner gouf.

D'New Model Army an eng Wendung vum Krich[änneren | Quelltext änneren]

The Souldiers Catechisme

D'Krichsjoer 1644 huet mat der Belagerung vun Nantwich duerch iresch Truppen ënner dem royalistesche Generol Byron ugefaangen, mä dës Belagerung gouf awer de 25. Januar duerch parlamentaresch Truppen ënner dem Sir Thomas Fairfax op en Enn bruecht. Fir York z'entlaaschten, wat vun de Roundheads belagert gouf, ass de Ruprecht virun der Stad agetraff an huet d'Parlamentarier an hir schottesch Alliéiert den 2. Juli zu enger Schluecht um oppene Feld am Marston Moor gezwongen. Dës Schluecht war eng schwéier Néierlag fir d'Royalisten, déi domat d'Kontroll iwwer Nordengland verluer hunn. D'Schluecht vu Lostwithiel am Cornwall war de leschte groussen Erfolleg vun de Royalisten. Amplaz den Ausgang vun der Schluecht fir weider militäresch Aktiounen auszenotzen, huet den Charles I. sech mat sengen Truppen op Oxford zeréckgezunn.

De weidere Krichsverlaf gouf virun allem duerch d'Opstellung vun der New Model Army ënner dem Fairfax an dem Cromwell entscheet, déi am Wanter 1644 ugefaange gouf a bis zum Januar 1645 ofgeschloss war. Den Oliver Cromwell hat 1643 eng Kavallerieeenheet opgestallt, déi virun allem aus fanatesche Puritaner bestanen huet, a wou d'Memberen als "Ironsides" bekannt goufen. De Cromwell huet an der New Model Army, déi och zum gréissten Deel aus radikale Puritaner bestanen huet, den iéweschte Kommando iwwer d'Reiderei iwwerholl. Déi modern Arméi - fir déi deemoleg Verhältnesser - konnt de 14. Juni 1645 an der Schluecht vun Naseby de Kampf fir sech entscheeden. Den 10. Juli koum et zu enger weiderer Néierlag vun de Cavaliers bei Langport. Bis zum Hierscht konnten d'Roundheads wichteg Stützpunkter wéi Bristol zeréckgewannen. Dobäi koum et am Basing House zu Hampshire zu engem besonnesch grausame Virfall. D'Uwiesen, wat och als "Loyalty House" bekannt war, a vun de Royaliste verdeedegt gouf, hat mat senge provisoresche Bastiounen an de Joren 1643 a 1644 ville Belagerunge standgehalen. Et war eng Zuflucht fir Katholicken a Membere vum Héichadel, alles Leit déi op parlamentarescher Säit verhaasst waren. De 14. Oktober 1645 hunn d'Roundheads d'Basing House ugegraff. E puritanesche Priedeger huet d'Verdeedeger vum Uwiesen als "Gotteslästerer" bezeechent, an hir Vernichtung gefuerdert. Tatsächlech goufe beim Stuerm op d'Basing House nëmme wéineg Mënschen duerch d'Roundheads verschount.

Um Ufank vum Joer 1646 waren d'Royalisten eendeiteg an der Defensiv. Parlamentaresch a schottesch Truppen hu mat der Belagerung vun Newark ugefaangen, der leschter Stad déi d'Royalisten an Nordengland gehalen hunn. Den 8. Mee huet sech d'Garnisoun vun der Stad erginn. Am selwechte Mount huet d'Belagerung vun Oxford duerch d'Roundheads ugefaangen, wouhi sech den Charles I. no der Schluecht vun Naseby zeréckgezunn hat, mä hie konnt nach fortlafen. Hien huet sech an d'Schlass vun Newcastle zeréckgezunn, wou him schottesch Truppe Schutz ginn hunn. Vun do aus koum de 16. Juni 1646 den Uerder un d'royalistesch Garnisounen, hir Waffen néierzeleeën.

Den "zweete" Biergerkrich (1647-1649)[änneren | Quelltext änneren]

De Cromwell mat der Läich vum Charles I. (Paul Delaroche, 19. Joerhonnert)

D'Schotten hunn den Charles I. 1647 un dat englescht Parlament ausgeliwwert. Spannungen tëscht der Arméi an dem Parlament konnt den Charles I. no e puer Méint a Gefaangenschaft ausnotzen, fir d'Schotten dozou ze beweegen, sech op seng Säit ze stellen. Am Juli 1648 koum et an England zu royalisteschen Opstänn, wärend schottesch Kämpfer an den engleschen Territoire agefall sinn. Ënner dem Oliver Cromwell goufen d'Schotte bei Preston geschloen, wärend royalistesch Uertschaften nees ënner d'Kontroll vum Parlament bruecht goufen. Den Englesche Biergerkrich ass domat op en Enn gaangen. Just an Irland hunn Opstänneger nach weiderhi Widderstand géint d'Roundheads geleescht. Duerch seng militäresch Erfolleger a säin aggressive Puritanismus war dem Cromwell säin Afloss an der Tëschenzäit staark an d'Luucht gaangen. Hien huet der Arméi den Optrag ginn, verschidde presbyterianesch a kinnekstrei Deputéierte festzehuelen. Ausserdeem gouf villen Deputéierten den Zougang zum Parlament ënnersot. D'Rump Parliament wat sou entstanen ass, huet op Bedreiwe vum Cromwell dem Charles I. de Prozess gemaach, deen den 30. Januar 1649 higeriicht gouf.

Folge vun der Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Englesch Revolutioun hat d'Ofschafung vun der Monarchie zur Folleg, an England gouf zu enger Republik, de sougenannte Commonwealth. D'Republik gouf ouni d'Uewerhaus vum Rumpfparlament regéiert. De Puritanismus war vun enger zäitweileg ënnerdréckter zu der dominanter Reliounsbeweegung an England ginn, wat sech besonnesch zum Nodeel vun de Katholicken ausgewierkt huet. Ënner dem Cromwell goufe brutal Strofzich géint Irland a Schottland ënnerholl, an den iresche Grondbesëtzer gouf den Territoire ewechgeholl. D'Republik hat nëmme bis 1653 Bestand a gouf vun enger puritanescher Militärdiktatur ënner dem Cromwell als Lord Protector ofgeléist. Nom Doud vum Cromwell am Joer 1658 an dem Ofdanke vu sengem inkompetente Jong Richard gouf 1660 d'Monarchie ënner dem Charles II., dem Jong vum Charles I., nees hiergestallt. Trotzdeem hat d'Englesch Revolutioun laangfristeg zu der Festegung vum Parlamentarismus an der Erausbildung vun enger parlamentarescher Demokratie an England bäigedroen.

D'Strofzich vum Cromwell[änneren | Quelltext änneren]

An direktem Zesummenhang mat den Evenementer vun der Englescher Revolutioun stinn d'Strofzich vum Cromwell géint Irland a Schottland, déi hien no der Hiriichtung vum Charles I ënnerholl huet.

D'Ënnerwerfung vun Irland[änneren | Quelltext änneren]

Den ireschen Opstand vun de Katholicken, dee 1641 ausgebrach war, huet sech am Ufank géint sämtlech englesch Awunner geriicht. Noutgedrongen hu si sech am weidere Verlaf vun der Revolutioun nougedronge mat de Royaliste verbonnen, an zanter dem "zweete" Biergerkrich och mat de presbyterianesche Schotten. Nodeem d'Parlament géint d'Kroun gewonnen hat, wollt de Cromwell d'Herrschaft vun der englescher Republik och an Irland duerchsetzen, an dobäi un den Opstännegen en Exempel statuéieren. Bis 1649 war et dem royalisteschen Earl of Ormonde gelongen, mat irescher Hëllef d'Parlamentarier op wéineg Stützpunkter zeréckzedrängen. Nëmmen d'Regioun Ulster an Dublin konnte fir d'englesch Republik gehale ginn. Déi opstänneg Ire waren awer schlecht ausgerëscht a meeschtens schwaach organiséiert. Kompenséiert gouft dëst deelweis duerch militärescht Wëssen, wat sech vill Iren als Söldner vum europäesche Festland matbruecht haten. Och beim Baue vu Befestegungsanlage waren d'Iren hire Géigner mindestens gläich gestallt. Et huet hinnen awer u Schéisspolver gefeelt, an dowéinst hu si aus de Läiche vun Englänner Salpeter gewonnen.

Wéi den Oliver Cromwell am August mat sengen Truppen an Irland agetraff ass, huet sech d'Lag séier geännert. D'Belagerung vun Dublin duerch d'Iren an d'Royaliste gouf gewaltsam op en Enn gesat, wärend dem Cromwell seng Truppen den 9. September mat engem Ugrëff op Drogheda un der irescher Ostküst ugefaangen hunn. Den 11. September ass et hinne gelongen, d'Stad anzehuelen, wat zu engem Bluttbad gefouert huet. All d'Awunner vun Drogheda goufen ëmbruecht oder deportéiert. Duerno ass dem Cromwell seng Arméi weider no Süde gezunn, bis si den 11. Oktober an der Küstestad Wexford ukomm sinn, déi si eruewere konnt a wou d'Awunner ëmbruecht oder verschleeft goufen. Virum Hannergrond vun dësem brutale Feldzuch hu sech Stied wéi Cork a Youghal op déi parlamentaresch Säit geschloen, fir der Zerstéierung z'entgoen. Den Ugrëff op Kilkenny ass ouni Erfolleg bliwwen, an huet vill Doudesaffer gefuerdert, soudatt de Cromwell mat der Garnisoun Verhandlungen opgeholl huet, an hinnen den 28. Mäerz fräien Ofzuch garantéiert huet. Am Mee hunn dem Cromwell seng Truppen e puermol versicht Clonmel anzehuelen, wat vun den ireschen Opstännegen ënner dem Hugh Dubh O'Neill verdeedegt gouf. Wéi d'Iren hir ganz Munitioun verschoss haten, sinn si an der Nuecht aus der Stad gaangen, soudatt d'Roundheads se den Dag drop besetze konnten. Duerch d'Lag a Schottland huet de Cromwell kuerz Zäit drop Irland verlooss, an e gréisseren Truppekontingent ënner dem Kommando vu sengem Schwoer Henry Ireton zeréckgelooss. Dës Truppen hunn de leschten iresche Widderstand gebrach. Den 21. Juni goufen d'opstänneg Ire bei Scarrifhollis geschloen an den 10. August gouf d'Kapitulatioun vun hirem Stützpunkt zu Waterford erzwongen. De Feldzug gouf 1651 fortgefouert an huet sech géint Limerick geriicht. D'Stad, déi vum O'Neill verdeedegt gouf, huet de 27. Oktober no der Zousécherung vum fräien Auszuch kapituléiert. Bis 1652 hunn d'Iren nach vereenzelt Widderstand geleescht, mä zu dësem Zäitpunkt war Irland scho gréisstendeels ënner der Kontroll vun der englescher Republik.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Iresch Konfederatiounskricher.

De Feldzuch géint Schottland[änneren | Quelltext änneren]

D'Schotten, déi zanter 1648 mat de Royalisten alliéiert waren, haten zwar bei Preston eng schwéier Néierlag missen hinhuelen, mä déi schottesch Resistenz gouf duerch dës Schluecht net gebrach. Dofir ass de Cromwell 1650 aus Irland zeréckkomm, an huet e Feldzuch géint Schottland organiséiert. Dësen huet mat enger Victoire vun de parlamentareschen Truppen ënner dem Cromwell an dem Generol George Monk bei Dunbar ugefaangen. D'schottesch Stützpunkter wéi Edinburgh Castle a Stirling Castle, déi nach mëttelalterlech Befestegungsanlagen haten, goufe séier ënner parlamentaresch Kontroll bruecht. Duerno goufen a schotteschen Uertschafte wéi Ayr, Perth a Leith Zitadelle gebaut, fir d'Herrschaft vun der englescher Republik duerchzesetzen. Zu weidere Konflikter koum et, wéi den Charles II., dee 1650 a Schottland gelant war, mat Truppen an England agefall ass. Ënner dem Cromwell hu sech hinnen d'parlamentaresch Truppen den 3. September bei Worcester gestallt, wou si an enger oppener Feldschluecht géint d'Schotte gewanne konnten. Domat war och déi schottesch Resistenz gebrach.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Martyn Bennett, Oliver Cromwell, Routledge, New York, 2006. (ISBN 0-415-31921-8)
  • Allan I. Macinnes, The British revolution, 1629-1660, Houndmills, New York, 2005. (ISBN 0-333-59749-4)
  • Roland Marx, L'Angleterre des révolutions, A. Colin, Paräis, 1972.
  • Trevor Royle, The British Civil War: the wars of the three kingdoms, 1638-1660, Palgrave, New York, 2004. (ISBN 0-312-29293-7)
  • Gérard Walter, La Révolution anglaise: 1641-1660, Hachette, Paräis, 1982. (ISBN 2-501-00228-8)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Englesch Revolutioun – Biller, Videoen oder Audiodateien