FC Blo-Wäiss Izeg

Vu Wikipedia
FC Blo-Wäiss Izeg
FC Blo-Wäiss Izeg
Offiziellen Numm: Football Club
Blo-Wäiss Izeg
Veräinsfaarwen: Blo, wäiss
Grënnung: 1941
Stadion: Stade Albert-Kongs
Plazen: 1200
President: Bob Scholer
Trainer: Pedro Da Silva Cunha
Joël Rodrigues Da Rocha
Block Yves
Liga: 1. Liga (Dammenekipp)

1. Divisioun / 2. Bezierk (Seniors 1)

Saison: 2021/22
Positioun: 11. Plaz (1. Divisioun / 2. Bezierk)
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Blo-Wäiss Izeg a.s.b.l. ass e lëtzebuergesche Foussballveräi vun Izeg.

E gouf 1941 als "FC Blô-Weiss Itzég" gegrënnt, a gläich drop an "FK Blau-Weiß Itzig" zwanks-ëmbenannt. 1944 gouf dësen nees an "FC Blo-Weiss Itzeg" zeréck benannt.

Vun 1919-1923 an eng zweet Kéier vun 1926-1928 gouf et e weidere Foussballclub zu Izeg, dësst ënnert dem Numm "FC Excelsior Itzig".

Den FC Blo-Wäiss Izeg huet 850 Memberen, dovu 716 lizenzéiert Sportler (281 Senioren/Veteranen, 76 Dammen, 359 Jugendlizenzen).

Follgend FLF Arbitteren hunn eng Lizenz am Veräin: Arijan Dautaj, Daniel Mateus, David Mateus, Claude Melchior, Yanko Primc, Jasmin Sabotic a Joseph Silva Pinto.

D'Clubfaarwe si blo a wäiss.

Den FC Blo-Wäiss Izeg spillt seng Heem-Matcher um Stade Albert-Kongs.

An der Saison 2022/23 spillt d'1. Ekipp an der 1. Divisioun / 2. Bezierk, an d'Dammenekipp an der 1. Liga.

Veräinslogoen[änneren | Quelltext änneren]

Saison 2022/23[änneren | Quelltext änneren]

Ekippen 2022/2023 / Traineren[änneren | Quelltext änneren]

  • Senioren I: Yves Block, Tomasz Padlikowski
  • Senioren II: Raphael Manzoni
  • Dammen: Pedro Da Silva Cunha, Joël Rodrigues Da Rocha
  • Jeunes Filles/Très Jeunes Filles: Jimmy Merle, Alexandre Scuderi
  • Veteranen: Carlos Rodrigues Sacras
  • Junioren: Victor Duarte Ferreira
  • Cadeten: Helcio Conegundes
  • Scolairen : Andy Spoo
  • Minimen: Rocco Palazzo, Thomas Panel
  • Poussinen: David Henriques Da Silva, Joe Meyer
  • Pupillen: Enzo Borges Sousa
  • Bambinien: Quentin Lamoulen-Rétif

Seniors 1[änneren | Quelltext änneren]

1987/88 Izeg steigt fir d'1. Kéier an der Veräinsgeschicht an d'1. Divisioun
D'Izeger Dammenekipp virun der Coupe-Finall 2008 géint Mamer

Déi 1. Ekipp vum FC Blo-Wäiss IZEG spillt momentan (2022/23) an der 1. Divisioun / 2. Bezierk.
Hiren Trainer ass den Yves Block. Den Yves war scho virdrun als Spiller, Jugend- an Dammentrainer zu Izeg aktiv a gëtt assistéiert vum Tomasz Padlikowski, dee virdrun als Co-Trainer zu Käerch engagéiert war.
D'2. Ekipp gëtt vum Raphael Manzoni trainéiert.

Dammenekipp[änneren | Quelltext änneren]

Opgepasst : De Contenu vun dësem Artikel ass problematesch an ensprécht net dem Prinzip vun der Neutralitéit vun der Wikipedia. Fir datt en opgrond vu Polemik net eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

D'Dammenekipp vum FC Blo-Wäiss Izeg gouf 1993 gegrënnt. Ufanks goufe just Frëndschaftsmatcher gespillt, well et zu där Zäit keen Dammechampionat gouf. Vun der Saison 1997/98 un, wou nees e Lëtzebuerger Foussball-Dammechampionat ausgedroe gouf, hunn d'Izeger Dammen an der ieweschter Liga dorun deelgeholl.

Uganks der Saison 2006/07 hu si sech mam Racing FC Union Lëtzebuerg zesummegedoen, a sou ass d'Entente Izeg / RFCUL entstanen. D'Izeger Dammenekipp steet och fir de gréissten Erfolleg an der Veräinsgeschicht vum Izeger Foussball:

Sou huet d'Dammenekipp de 27.01.2008 d'Konschtstéck fäerdeg bruecht, de "Futsal" (offiziell Halemeeschterschaft vun der FLF) ze gewannen a domat Lëtzebuerger Hale-Champion 2008 ze ginn, an dat viru Jonglënster.

Ekippechampionne:

Keipes Catherine, Schanet Sharon, Poiré Samiah, Jean Tanja, Kahlki Ann, Ruppert Lynn, Amil Sanae, Fischer Manon, Froehlich Catherine, Armstrong Vicky, Thomsen Signe, Alves Carina. Trainer: Ruppert Nico

Zousätzlech gouf d'Entente IZEG-RFCUL an der Saison 2007/08 Vizemeeschter hanner dem Champion FC Mamer 32 (Lëtzebuergescht Dammefoussballchampionat), a koum an d'Coupe-Finall, déi géint de selwechte Géigner verluer goung.(Coupe de Luxembourg (Dammefoussball))

30.05.2008 Finall Coupe de Luxembourg (Dames) um Escher Gaalgebierg
Entente IZEG/RFCUL - FC Mamer 32 1:4 (0:0)
Entente IZEG/RFCUL: Catherine Keipes, Lynn Ruppert, Samiah Poiré, Sandra Schiumarini, Patricia Raus, Ann Kahlki, Manon Fischer, Carina Alves, Sanae Amil (84.' Carmen Lauer), Tanja Jean, Carla Cardoso.
Reserve: Catherine Froehlich, Sharon Schanet, Annick Olinger
Trainer: Nico Ruppert
Spillverlaf: 0:1 I.Valadares (62.'), 0:2 McAllister (70.'), 1:2 Poiré (71.'), 1:3 Steiner (87.'), 1:4 Hansen (90.+ 3.', Fouleelefmeter).
Giel Karten: Raus, Kahlki (Entente IZEG/RFCUL), I.Valadares, Kinstova (Mamer)
Arbitter: Zeyen,Bouchnafa,Ries
Zuschauer: 223, déi bezuelt hunn

No der Saison 2008/09 gouf d'Entente Izeg/RFCUL opgeléist an d'Izeger Damme spille vun der Saison 2009/10 un als "Entente Izeg / Bous" am Championnat. Den Trainer Nico Ruppert hält no der Saison 2008/09 op an de Jeff Koob gëtt den 1. Trainer vun der Entente Izeg/Bous.

Bedéngt duerch d'Fusioun vun den 2 Veräiner AS Réimech an US Bous, spillt d'Entente vun der Saison 2010/11 un, ënner dem Numm "Entente Izeg / Union Réimech-Bous". Se spillt an der Saison 2010/11 an der 1. Liga vum Lëtzebuerger Dammefoussballschampionat. Éischten Trainer vun der Entente Izeg/Union Réimech-Bous gëtt de Jeff Koob.

Ab der Saison 2011/12 hat d'"Entente Izeg / Union Réimech-Bous" kee Bestand méi, soudatt d'Dammenekipp vun Izeg bis 2015 nees op eegene Féiss stung.

An der Saison 2015/16 hat sech sech den FC Blo-Wäiss Izeg mat den Damme vum FC Jeunesse Kanech zesummegedoen an war als "Entente Izeg / Kanech" ugetrueden.

An der Saison 2016/17 an 2017/18 ass d'Dammenekipp vum FC Blo-Wäiss Izeg als "Entente Izeg / Kanech / CeBra" (Dammen I) respektiv als CeBra/Izeg/Kanech (Dammen II) opgelaf.

Ab der Saison 2018/19 huet sech Kanech aus der Entente zeréckgezunn, deemno trëtt d'Dammenekipp vum FC Blo-Wäiss Izeg am Dammefussballchampionnat säitdeem als "Entente Izeg / CeBra" (Dammen I) respektiv als CeBra/Izeg (Dammen II) un. Dës Entente resultéiert aus dem Zesummeschloss vun den 2 Fussballveräiner FC Blo-Wäiss Izeg an FC CeBra 01 vun Zéisseng. D'éischt Ekipp spillt an der 1.Liga vum Lëtzebuerger Championnat a gëtt trainéiert vum Fernando Reis Da Silva a Chantal Graas. D'2.Ekipp spillt an der 2.Liga a gëtt vum Joel Da Rocha trainéiert. D'Heemmatcher vun deenen 2 Formatioune ginn um Terrain vum FC CeBra 01, dem Stade Boy-Konen (Zéisseng) gespillt. D'Traininge ginn zu Izeg um Stade Albert-Kongs an zu Zéisseng um Stade Boy-Konen ofgehalen.

2022/23 heescht et neess "Back to the roots": D' Entente Izeg / CeBra gouf opgeléist an d'Dammenekipp trëtt neess als "FC Blo-Wäiss Izeg" un. D'Dammenekipp spillt an der 1.Liga vum Lëtzebuerger Championnat a gëtt trainéiert vum Pedro Da Silva Cunha a Joël Rodrigues Da Rocha.

Ausserdeem hëlt 2022/23 och nees eng Ekipp "Jeunes Filles" um Lëtzebuerger Dammechampionnat deel. Si spillt an der 1.Klass. Hir Trainere sinn de Jimmy Merle an Alexandre Scuderi.

D'Dammen-Ekipp I vun der Entente Izeg-CeBra 2021/2022
Déi alleréischt "Jeunes Filles"-Ekipp vum FC Blo-Wäiss Izeg 2015/2016
All Trainere vun der Dammenekipp[änneren | Quelltext änneren]
  • Marc Lies (1993)
  • Carlo Oé + Raoul Weinzierl (1993 - 30.06.1998)
  • Pit Repušić (01.07.1998 - 30.06.2001)
  • Nico Ruppert (01.07.2001 - 30.06.2009)
  • Jeff Koob (01.07.2009 - Mäerz 2011)
  • Mars Noesen + Thierry Reinert (Mäerz 2011 - 30.06.2011)
  • Mars Noesen + Georges Bianchini (01.07.2011 -16.04.2012)
  • Nico Ruppert (17.04.2012 - 30.06.2012)
  • Yves Block (01.07.2012 - 30.06.2013)
  • Jeff Besch (01.07.2013 - 30.06.2014)
  • Pietro Gentile (01.07.2014 - 30.06.2015)
  • Yves Block (01.07.2015 - 30.10.2015)
  • Alain Lahyr (interim) (31.10.2015 - 11.11.2015)
  • Franck Bento (12.11.2015 - 30.06.2015)
  • Fernando Reis Da Silva (01.07.2016 - 30.06.2019)
  • Laurent Erlinger (01.07.2019 - 22.03.2021)
  • Chantal Graas (interim) (23.03.2021 - 30.06.2021)
  • Bruno Monteiro (01.07.2021 - November 2021)
  • Fernando Reis Da Silva (November 2021 - ???)
  • Pedro Da Silva Cunha, Joël Rodrigues Da Rocha (??? - ???)
Fréier Ententen[änneren | Quelltext änneren]

Zwëschent 2006 an 2022 huet d'Izeger Dammenekipp sech e puermol mat anere Veräiner zesummegedoen an als Entente um Championnat deelgeholl, dorausser hu sech follgend Ententen erginn:

Entente Izeg/RFCUL (2006/07 - 2008/09)[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Entente Izeg / RFCUL.

Entente Izeg/Bous (2009/10)[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Entente Izeg / Bous.

Entente Izeg/Union Réimech-Bous (2010/11)[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Entente Izeg / Union Réimech-Bous.

Entente Izeg/Kanech (2015/16)[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Entente Izeg / Kanech.

Entente Izeg/Kanech/CeBra (2016/17 - 2017/18)[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Entente Izeg / Kanech / CeBra.

Entente Izeg/CeBra (2018/19 - 2021/22)[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Entente Izeg / CeBra.

Arbitteren 2022/23[änneren | Quelltext änneren]

  • Arian Dautaj
  • Daniel Mateus
  • David Mateus
  • Claude Melchior
  • Yanko Primc
  • Jasmin Sabotic
  • Joseph Silva Pinto

Comité 2022/23[änneren | Quelltext änneren]

  • Éierepresidenten: Victor Schwartz, Jean Haan, Théo Zeimes
  • Éieresekretär: Fernand Streff
  • Éierecomitésmember: Marc Lies, Henri Lanter
  • President: Bob Scholer
  • Vizepresidenten: John Kieffer
  • Sekretär: Bob Scholer
  • Sekretär adjoint: Samuel Abrantes
  • Keessjee: John Kieffer
  • Keessjee adjoint: Patrick Weiler
  • Memberen: Leo Blitgen (Délégué Jeunes), Cliff Claus, Joel Fischer, Angie Hohengarten (Coordinatrice Section Féminine), Josée Kugener, Gérard Lanter, Jean-Marie Lies, Tom Mathes
  • Co-optéiert Memberen: Joé Meyer (Coordinateur Jeunes), Christian Pütz (Secrétaire Technique)

Keesserevisoren 2022/23[änneren | Quelltext änneren]

  • Raoul Claus
  • Dick Spitters
  • Patrick Ziebart

Site Internet 2022/23[änneren | Quelltext änneren]

  • Léon Zahlen

All Veräinspresidenten[änneren | Quelltext änneren]

  • Alex Becker (1941-1945)
  • Mathias Seywert (1945-1951)
  • Nicolas Dresch-Thill (1951-1960)
  • Victor Schwartz (1960-1969)
  • Jean Haan (1969-1991)
  • Florent Zeimes (1991-1996)
  • Théo Zeimes (1996-2006)
  • Ivica Repušić (2006-2020)
  • Bob Scholer (2020-???)

All Veräinssekretären[änneren | Quelltext änneren]

  • Jules Wintringer (1941)
  • Norbert Winter (1941-1951)
  • René Zeimes (1951-1965)
  • Alex Hohengarten (1965-1986)
  • Florent Zeimes (1986-1996)
  • Fernand Streff (1996-2007)
  • Michel Majerus (2007-2008)
  • Christian Pütz (2008-2015)
  • Bob Scholer (2015-???)

All Veräinskeessjeeën[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert Kalmus (1941-1945)
  • René Zeimes (1945-1966)
  • Edouard Winter (1966-1980)
  • Roger Weynandt (1980-1988)
  • Marcel Dostert (1988-1994)
  • Jean Braun (1994-1996)
  • Marc Lies (1996-2003)
  • Ivica Repušić (2003-2006)
  • Dick Spitters (2006-2009)
  • Frank Zeimes (2009-2020)
  • Elisabeth Demuth (2020-???)

All Arbitteren[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Pierre Becker
  • Mathieu Carvalho
  • Cindy De Sousa
  • Arian Dautaj
  • Mathieu Dos Santos
  • Marcel Dostert
  • Andy Felten
  • André Hilger
  • Robert Huber
  • Jean-Pierre Kayser
  • Jérôme Kieffer
  • Gabriel Kratz
  • Edouard Kugener
  • Daniel Mateus
  • David Mateus
  • Claude Melchior
  • Yanko Primc
  • Grigory Romashkin
  • Jasmin Sabotic
  • Carlos Rodrigues Sacras
  • Joseph Silva Pinto
  • Raymond Sonntag
  • Jos Unger
  • Gust Zeimes
  • Marcel Zeimes

All Traineren[änneren | Quelltext änneren]

Säit dem 07.01.2022 gëtt d'1. Ekipp vum Yves Block trainéiert.
D'2. Ekipp gëtt vum Raphael Manzoni trainéiert.
De Joé Meyer ass de "Coordinateur Jeunes" beim FC Blo-Wäiss Izeg.

All d'Traineren:

  • Erny Remakel (1941-1947)
  • Marcel Welter (1950-1952)
  • Robert Wagner (1956-1959)
  • Jean Bettinger (1965-1968)
  • Fernand Simon (1968-1970)
  • Marcel Knoch (1970-1973)
  • Antoine Giardin (1973-1976)
  • Sabatino Marasco (2000-2002)
  • Luc Muller (2002-2004)
  • Marco Galli (2004-2006)
  • Claude Mangen (2006-2008)
  • Guy Poggi (2008-08.03.2009)
  • Fränz Primc (08.03.2009-21.03.2011)
  • Alain Lahyr (21.03.2011-30.06.2011)
  • Luc Muller (01.07.2011-30.06.2013)
  • Mike Varnier (01.07.2013-01.03.2014)
  • Joé Meyer (01.03.2014-30.06.2014)
  • Georges Menster (01.07.2014-17.04.2017)
  • Sabatino Marasco (18.04.2017-30.06.2019)
  • Claude Leogrande (01.07.2019-30.06.2020)
  • Paulo Moura (01.07.2020- +/-17.12.2021)
  • Yves Block (07.01.2022 - ???)
Zanter dem 07.01.2022 sëtzt den Yves Block op der Trainerbänk vum FC Blo-Wäiss Izeg.

HALL OF FAME: Izeger Spiller, déi et bis an an déi héchst Lëtzebuerger Divisioun, de Profiberäich oder d'Lëtzebuerger Nationalekipp gepackt hunn[änneren | Quelltext änneren]

Déi bekanntst Izeger Spiller, déi et spéiderhinn an d'Nationaldivisioun gepackt hunn:

  • Georges Boreux (23 Matcher fir Hesper / 1987-1990)
  • Frank Felten (45 Matcher fir d'Stade Diddeleng / 1979-1980)
  • Claude Mangen (135 Matcher fir Hesper, Nidderkuer, Union / 1985-1997 + 2-fache Nationalspiller)
  • Patrick Morocutti (343 Matcher fir d'Union, Jeunesse / 1986-2001 + 18-fache Nationalspiller)
  • Fränz Primc (7 Matcher fir d'Aris / 1974-1975)
  • Jean Zahlen (1 Match fir d'Aris / 1974-1975)
  • Henri Zahlen (31 Matcher fir d'Union / 1950-1953)

All d'Izeger Spiller, déi et spéiderhinn an eng Profi-Liga gepackt hunn:

Déi bekanntst Izeger Spiller, déi et spéiderhinn an d'Lëtzebuerger Nationalekipp gepackt hunn:

Spiller, déi eng Lizenz beim FC Blo-Wäiss IZEG haten a virdrun och Nationaldivisioun gespillt hun:

  • Eugène Afrika (244 Matcher fir d'Union, Red Boys, Jeunesse / 1990-2003 + 2-fache Nationalspiller)
  • Carlo Antonicelli (15 Matcher fir d'Aris / 1996-2000)
  • Pasquale Antonicelli (174 Matcher fir d'Union, F91 Diddeléng, RM Hamm Benfica, RFCUL / 2000-2011)
  • Jérémie Bandel (53 Matcher fir Nidderkuer / 2009-2013)
  • Paulo Bastos (12 Matcher fir d'Stade Diddeleng / 1985-1986)
  • Jean Bettinger (91 Matcher fir d'Spora / 1946-1954 + 3-fache Nationalspiller)
  • Frank Braun (2 Matcher fir Mamer / 2006-2007)
  • Giovanni Cervellera (1 Match fir Hesper / 1990-1991)
  • Helcio Conegundes (12 Matcher fir Hesper / 2003-2004)
  • Robert "Fino" Da Grava (223 Matcher fir d'Jeunesse, Rëmeleng / 1962-1979 + 14-fache Nationalspiller)
  • Luis Da Luz Lima (7 Matcher fir d'Alliance Lëtzebuerg / 2004-2005)
  • Filipe Dias Ramada (38 Matcher fir d'Victoria Rouspert / 2004-2007)
  • Guy Entringer (1 Match fir He)sper / 1994-1995)
  • Roger Fandel (299 Matcher fir Munneref, Aris / 1967-1984 + 24-fache Nationalspiller)
  • Chris Felten (39 Matcher fir Hesper / 2004-2007)
  • Kim Felten (1 Match fir Hesper / 2005-2006)
  • Mino Fiorentino (27 Matcher fir den CS Péiténg / 2006-2011)
  • Marco Galli (128 Matcher fir den F91 Diddeleng / 1994-2000)
  • Antoine Geyer (9 Matcher fir d'Spora / 1971-1972)
  • Michaël Gollette (2 Matcher fir den FC Déifferdeng 03 / 2011-2012)
  • Romain Hammann (7 Matcher fir den CS Gréiwemacher / 1988-1989)
  • Claude Hatto (45 Matcher fir d'Union / 1977-1983)
  • Raoul Hippertchen (1 Match fir Hesper / 1994-1995)
  • Christian Jung (5 Matcher fir Monnerech / 2002-2003)
  • Joël Kitenge (150 Matcher fir d'Fola, den F91 Diddeleng, Déifferdeng 03 / 2008-2016 + 29-fache Nationalspiller)
  • Yannick Loose (60 Matcher fir d'Union, Fola / 2002-2010)
  • Serge Mangen (1 Match fir Hesper / 2002-2003)
  • Aldino Medina Da Mato (197 Matcher fir Beggen, Hesper, Hueschtert / 1999-2012)
  • Paul Mockel (5 Matcher fir d'Alliance / 1980-1981)
  • Manuel Morocutti (155 Matcher fir d'Union, CS Gréiwemacher, Jeunesse, Péiténg / 1999-2010)
  • Mario Morocutti (237 Matcher fir d'Spora, Jeunesse / 1963-1978)
  • Nibio Orioli (179 Matcher fir d'Alliance, Rëmeleng / 1964-1979 + 7-fache Nationalspiller)
  • Thomas Panel (9 Matcher fir Nidderkuer, Hesper / 2006-2011)
  • Dario Pecirep (6 Matcher fir Beggen / 2004-2005)
  • Carlo Portzenem (20 Matcher fir d'Aris / 1985-1986)
  • Andy Reuter (28 Matcher fir Hesper / 2004-2007)
  • Joé Reuter (6 Matcher fir Péiténg / 2012-2013)
  • Michaël Sarfati (32 Matcher fir d'Etzella / 2010-2014)
  • David Schmidt (29 Matcher fir Rouspert, Hesper / 2005-2008)
  • Fernand Simon (70 Matcher fir d'Spora / 1953-1961)
  • Florian Talon (24 Matcher fir den F91 Diddeleng, Mamer / 1993-2007)
  • Robert Wagner (103 Matcher fir d'Spora / 1948-1954)
  • Änder Weber (49 Matcher fir d'Stade Diddeleng / 1967-1981)
  • Mikhail Zaritskiy (137 Matcher fir Beggen, Mäerzeg / 1993-2002 + 15-fache Nationalspiller)
  • Fernand Zeutzius (145 Matcher fir d'Spora / 1968-1981)

Spiller, déi eng Lizenz beim FC Blo-Wäiss IZEG haten a virdrun och Nationalekipp gespillt hun:

  • Eugène Afrika (244 Matcher fir d'Union, Red Boys, Jeunesse / 1990-2003 + 2-fache Nationalspiller)
  • Jean Bettinger (91 Matcher fir d'Spora / 1946-1954 + 3-fache Nationalspiller)
  • Robert "Fino" Da Grava (223 Matcher fir d'Jeunesse, Rëmeleng / 1962-1979 + 14-fache Nationalspiller)
  • Roger Fandel (299 Matcher fir Munneref, Aris / 1967-1984 + 24-fache Nationalspiller)
  • Joël Kitenge (150 Matcher fir d'Fola, den F91 Diddeleng, Déifferdeng 03 / 2008-2016 + 29-fache Nationalspiller)
  • Nibio Orioli (179 Matcher fir d'Alliance, Rëmeleng / 1964-1979 + 7-fache Nationalspiller)
  • Mikhail Zaritskiy (137 Matcher fir Beggen, Mäerzeg / 1993-2002 + 15-fache Nationalspiller)

Perséinlechkeeten, déi mam FC Blo-Wäiss Izeg grouss gi sinn oder awer do eng Lizenz haten:

  • Serge Bertemes (Lëtzebuerger Champion 2019 am Zäitfueren a Lëtzebuerger Vize-Champion 2019 op der Strooss am Cyclissem an der Categorie Masters)
  • Marc Lies (Député-Maire vun der Gemeng Hesper)
  • Edmond Ries (Dechen zu Beetebuerg)
  • Änder Weber (Käpt'n Ändä)

Statistesches[änneren | Quelltext änneren]

Divisiounszougehéieregkeet[änneren | Quelltext änneren]

Saison 00Divisioun Saison 00 Divisioun Saison 00Divisoun Saison 00 Divisioun
1945/46 00 3. Divisioun 00 1975/76 00 3. Divisioun 00 1991/92 - 1999/2000 00 1. Divisioun 00 2020/21 - ??? 00 1. Divisioun
1946/47 00 2. Divisioun 00 1976/77 - 1979/80 00 2. Divisioun 00 2000/01 - 2003/04 00 2. Divisioun
1947/48 - 1953/54 00 Promotioun 00 1980/81 00 3. Divisioun 00 2004/05 - 2007/08 00 1. Divisioun
1954/55 - 1955/56 00 2. Divisioun 00 1981/82 - 1984/85 00 2. Divisioun 00 2008/09 - 2011/12 00 2. Divisioun
1956/57 - 1963/64 00 3. Divisioun 00 1985/86 - 1986/87 00 3. Divisioun 00 2012/13 - 2013/14 00 1. Divisioun
1964/65 - 1965/66 00 4. Divisioun 00 1987/88 00 2. Divisioun 00 2014/15 - 2015/16 00 2. Divisioun
1966/67 - 1972/73 00 3. Divisioun 00 1988/89 00 1. Divisioun 00 2016/17 00 1. Divisioun
1973/74 - 1974/75 00 4. Divisioun 00 1989/90 - 1990/91 00 2. Divisioun 00 2017/18 - 2019/20 00 2. Divisioun

Bilanz / Matcher (Stand 01.07.2020)[änneren | Quelltext änneren]

Divisioun Matcher Gewonn Gläich Verluer Punkten Goler Goldifferenz
1.Divisioun 568 169 129 270 636 888: 1155 -267
2.Divisioun 635 298 126 211 1020 1315:1068 247
3.Divisioun 429 198 69 162 663 1119: 863 256
4.Divisioun 76 49 18 9 165 205: 90 115
Gesamtbilanz: 1708 714 342 652 2484 3527: 3176 351

Wëssenswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi héchst Erfolleger am 21. Joerhonnert:

Doheem:
2003/04: FC Blo-Wäiss Izeg - FC Blo-Wäiss Miedernach 7:0 (2. Divisioun)
2003/04: FC Blo-Wäiss Izeg - US Reisduerf 7:0 (2. Divisioun)
2018/19: FC Blo-Wäiss Izeg - Vinesca Éinen 7:0 (2. Divisioun)

Auswäerts:
2006/07: FC Yellow Boys Weiler-la-Tour - FC Blo-Wäiss Izeg 0:7 (1. Divisioun)

  • Déi héchst Nidderlagen am 21. Joerhonnert:

Doheem:
2008/09: FC Blo-Wäiss Izeg - CS Suessem 1:8 (2. Divisioun)

Auswäerts:
2021/22: FC Avenir Beggen - FC Blo-Wäiss Izeg 8:1 (1. Divisioun)

  • Dat bescht Golverhältnes:

1956/57: 83:26 (+57) (3.Divisioun)
1946/47: 79:22 (+57) (2.Divisioun)

  • Dat schlechst Golverhältnes:

1953/54: 30:79 (-49) (Promotioun)

  • Am meeschte Goler geschoss pro Match:

1956/57: 83 Goler a 16 Matcher (Moyenne: 5,19) (3.Divisioun)

  • Am mannste Goler geschoss pro Match:

2016/17: 25 Goler a 26 Matcher (Moyenne: 0,96) (1.Divisioun)

  • Am mannste Géigegoler geschoss kritt pro Match:

2003/04: 21 Goler a 26 Matcher (Moyenne: 0,81) (2.Divisioun)

  • Am meeschte Géigegoler geschoss kritt pro Match:

1951/52: 68 Goler an 18 Matcher (Moyenne: 3,78) (1.Divisioun)

Veräinslidder[änneren | Quelltext änneren]

D'Izeger Foussballslidd
(op d'Weis vum „Feierwon“)'

Zu Izeg ass e Fussballklub
Déi spille gär op eng schéi Coupe,
Mat frëschem Mut gi si op d'Feld,
Um Terrain stin se wéi en Held,
A faxe net, a ginn drop lass,
A mache munche flotte Schmass !

Refrain:
Kommt bei d'Zigeiner an de Groundel,
Follegt dem Ruf vun hirem Fuendel,
Do gesi Dir eng flott stramm Équipe,
De Kapitän rifft Hipp Hipp Hipp !! (2 x)

Ons eelef Mann, déi wichsen s'all,
A spille mat deem ronne Ball,
Ons Beck, de Keeper an ons Leefer,
Déi weisen lech e groussen Eefer,
Ons Stiermerei déi geet flott drop,
An hängt dem Géigner Goaler op !

Refrain

Mir Fussballiste musst Dir wëssen,
Mir ginn och gär schéi Meedercher këssen,
Wann ëm d'Bestueden dréit sech d'Frô,
Sin d'Fussballisten net méi do !
Wann ëm d'Bestueden dréit sech d'Frô,
Sin d'Fussballisten net méi do !

D'Izeger Nationalhymne
(op d'Weis vun der „Heemecht“)

Wa Sonndes mir um Terrain stin,
Ee fir deen anere leeft,
A bis mir da gewonne sin,
Keen ons méi d'Wasser reecht,
Als eng Équipe si mir bekannt,
Déi kee sou schnell zerräisst.

Mir si gefaart am ganze Land,
Fir éiweg déi Blô-Wäiss !
Mir si gefaart am ganze Land,
Fir éiweg déi Blô-Wäiss !!

Oh Du do uewen, deem seng Hand
De Fussball huet erfonnt,
Hëllef eis géint all Stuerm a Wand,
An hal eis all gesond,
Bis mir dann eemol Champion sin,
Dee Wee, dee weis Du eis

Dee Wee, dee mir zesumme ginn,
Fir éiweg déi Blô-Wäiss !
Dee Wee, dee mir zesumme ginn,
Fir éiweg déi Blô-Wäiss !!

Geschicht a Geschichten[änneren | Quelltext änneren]

40er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Krichsjoren (1941-1944)[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1941, wärend dem 2. Weltkrich, hunn en ettlech jonk Leit den Entschloss gefaasst, fir zu Izeg e Foussballclub ze grënnen. Eng Partie vun den Izeger Spiller hu scho virdrun an anere Veräiner (virun allem der Union) gespillt. Den Alex Becker gouf den 1. President vum neigegrönnten "FC Blô-Weiss Itzég", woubäi dësen Numm huet missen an "FK Blau-Weiß Itzig" emgëännert ginn. Den 1. Match gouf am Juni 1941 mat 7:1 zu Mutfert gewonnen.
De Grënnungsmatch am Juni 1941 hu gespillt:
Marcel Bour, Lucien Harsch, Mich Hensgen, Armand Johanns, Pierre Pohs, Jos Remakel, Erny Remakel, Marcel Reuter, Nicolas Winter, Jos Zeimes, René Zeimes.
D'Heemmatcher goufen "an den Espen" ausgedroen. Ab 1943 gouf et verständlecherweis ëmmer méi schwiereg fir eng Ekipp op d'Been ze kréien.

Neigrënnung no der Liberatioun (1944)[änneren | Quelltext änneren]

Direkt no der Liberatioun, de 27. September 1944, gëtt de Veräin nei gegrënnt a gëtt sech den Numm „FC Blo-Weiss Itzeg“. De 16. Juni 1945 gëtt en definitiv an d'F.L.F. opgeholl.
1945 gëtt de Metty Seywert neie President an ab 1945/46 gëtt zu Lëtzebuerg nees e Championnat gespillt.

Saison 1945/46[änneren | Quelltext änneren]

Den FC Blo-Wäiss Izeg spillt am 2. Bezierk vun der 3. Divisioun a beleet déi 2. Plaz. No de Barragematcher géint Stroossen (6:1), Jonglënster (4:0) an Elwen (4:1) klëmmt Izeg zesumme mam Bezierksmeeschter Munneref an d'2. Divisioun.
Ënner anerem hunn der Opstigsekipp 1945/46 ugehéiert:
Jean Becker, Jos Claus, Jacques Colling, Fonny Friederich, Mich Grethen, Mich Hensgen, Armand Johanns, Vic Kieffer, Henri Lanter, Erny Remakel, Aly Weisbecker, Nic Winter, Gust Zeimes, Jos Zeimes....

  • 3. Divisioun/2. Bezierk: 2. Plaz/7, 18 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Swift Hesper-Izeg 3:1 (allen zwou Ekippen am nächsten Tour)
    • Gold a Ro't Wolz-Izeg 0:4
    • Izeg-Jeunesse Waasserbëlleg 6:3
    • CS Péiténg-Izeg 5:0

Saison 1946/47[änneren | Quelltext änneren]

D'Izeger gewannen an der 2. Divisioun all hir 18 Matcher a gi mat engem Golverhältnes vun 79:22 Bezierksmeeschter. Déi grouss Finall fir de Champion vun der 2. Divisioun fënnt den 18.5.1947 zu Dikrech statt, wou sech déi Blo-Wäiss mat Goler vum Jos Claus, Mich Hensgen an Nic Winter mat 3:1 géint Klierf duerchsetzen an domat Champion vun der 2. Divisioun ginn. Dëst ass gläichbedeitend mam Opstig an d'Promotioun (vergläichbar mat der haiteger 1. Divisioun). Zu Izeg kréien d'Championen e groussen Empfang gebueden.
De Kader vun der Opstigsekipp 1946/47:
Jean Becker, Jos Claus, Jean Colling, Nic Dresch, Mett Grethen, Mich Hensgen, Vic Kieffer, Henri Lanter, Pierre Pohs, Erny Remakel, Roger Thill, Aly Weisbecker, Nic Winter, Henri Zahlen, Ady Zeimes, Gust Zeimes, Jos Zeimes.
Trainer: Erny Remakel

  • 2. Divisioun: 1. Plaz/10, 36 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • CS Habscht-Izeg 1:12
    • Red Boys Uespelt-Izeg 4:3

Saison 1947/48[änneren | Quelltext änneren]

Well den Izeger Terrain net deene virgeschriwwene Moosse fir d'Promotioun entsprach huet an dowéinst huet misse vergréissert ginn, hunn eng Rei "Heem-Matcher" missen auswäerts gespillt ginn. Ënnert deene Viraussetzunge konnt de Veräi mam Resultat zefridde sinn.

  • Promotioun: 6. Plaz/10, 19 Punkten

Saison 1948/49[änneren | Quelltext änneren]

D'Izeger halen hir Plaz an der Promotioun.

  • Promotioun: 7. Plaz/10, 18 Punkten

Saison 1949/50[änneren | Quelltext änneren]

Spiller sinn zu där Zäit ënner anerem: Erny Remakel, Henri Lanter, Mich Grethen, Gust Zeimes, Nic Winter, Nic Dresch, Roger Sonntag, Pierre Besch, Jean Becker, Henri Zahlen, Mich Hensgen

  • Promotioun: 9. Plaz/12, 20 Punkten

50er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Saison 1950/51[änneren | Quelltext änneren]

De Marcel Welter kënnt als Trainer op Izeg a beleet mat senger neier Ekipp déi 8. Plaz am Schlussklassement. Am Laf vun der Saison demissionéiert de Metty Seywert als President a gëtt no der Haaptversammlung vum 26. Mee 1951 vum Nicolas Dresch-Thill ofgeléist.

  • Promotioun: 8. Plaz/12, 19 Punkten

Saison 1951/52[änneren | Quelltext änneren]

D'Ekipp schléisst d'Saison op der 9. Plaz of.

  • Promotioun: 9. Plaz/10, 8 Punkten

Saison 1952/53[änneren | Quelltext änneren]

Mat knappser Nout vermeiden déi Blo-Wäiss den Ofstiig aus der Promotioun.

  • Promotioun: 10. Plaz/12, 16 Punkten

Saison 1953/54[änneren | Quelltext änneren]

Mat just 1 Erfolleg bei 22 gespillte Matcher muss den FC Blo-Wäiss Izeg zesumme mat der US Esch de battere Wee an d'2. Divisioun untrieden. Den 10. Juli 1954 kritt de Veräi säin éischte Fändel.

  • Promotioun: 12. Plaz/12, 7 Punkten

Saison 1954/55[änneren | Quelltext änneren]

Am 2. Bezierk vun der 2. Divisioun spréngt eng 4. Plaz eraus.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 4. Plaz/12, 27 Punkten

Saison 1955/56[änneren | Quelltext änneren]

No 22 Matcher, vun deenen der nëmme 4 gewonne ginn, fält Izeg mat engem Golverhältnes vun 51:80 an d'3. Divisioun.
Spiller sinn an der Saison 1955/56 ënner anerem:
Pierre Besch, Robert Braun, Jean Johanns, Eugène Kieffer, Gust Kieffer, Raymond Kieffer, Léon Kremer, Marcel Lakaff, Vic Steffen, Robert Wagner, Gust Zeimes....

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 11. Plaz/12, 9 Punkten

Saison 1956/57[änneren | Quelltext änneren]

Fir de Championnat an der 3. Divisioun gëtt de fréiere Spora-Spiller Robert Wagener als Spiller-Trainer engagéiert. Trotzdeem gëtt den Opstig knapps verpasst.

  • 3. Divisioun/3. Bezierk: 2. Plaz/9, 26 Punkten

Saison 1957/58[änneren | Quelltext änneren]

Izeg beleet déi 6. Plaz um Enn vum Championnat.

  • 3. Divisioun: 6. Plaz/13, 29 Punkten

Saison 1958/59[änneren | Quelltext änneren]

Izeg gëtt 6. an der 3. Divisioun.

  • 3. Divisioun: 6. Plaz/13, 23 Punkten

Saison 1959/60[änneren | Quelltext änneren]

No der Demissioun vum Robert Wagener als Trainer iwwerhëlt den Henri Zahlen den Training. Alt nees bleift ënner dem Stréch eng 6. Plaz an der 3. Divisioun.

  • 3. Divisioun: 6. Plaz/13, 24 Punkten

60er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Saison 1960/61[änneren | Quelltext änneren]

Et steet schlecht ëm den FC Blo-Wäiss. Et ass guer keen Interessi méi bei de Spiller do. Mat Ach a Krach sinn nach just 11 Spiller zesummenzekréien. Vun Training geet keng Riets méi. An enger Spillerversammlung gëtt souguer dovu geschwat fir de Veräin opzeléisen. Sou wäit kënnt et da schliisslech awer net.

  • 3. Divisioun: 4. Plaz/11, 26 Punkten

Saison 1961/62[änneren | Quelltext änneren]

D'Ekipp wurschtelt sech sou derduerch, a gëtt schlussendlech 7. an der Tabell.

  • 3. Divisioun: 7. Plaz/12, 19 Punkten

Saison 1962/63[änneren | Quelltext änneren]

Den Théo Zahlen trainéiert elo d'1. Ekipp, déi um Enn eng 7. Plaz mécht.

  • 3. Divisioun: 7. Plaz/13, 27 Punkten

Saison 1963/64[änneren | Quelltext änneren]

Izeg beleet déi 8. Plaz. Nom Championnat decidéiert d'FLF eng Neiandeelung vun den ënneschten Divisiounen. Et gëtt eng 4. Divisioun agefouert. Déi 6 leschtklasséiert aus all Bezierk vun der 3. Divisioun ginn an d'4. Divisioun aklasséiert. Deemno muss och den FC Blo-Wäiss Izeg als 8. de Wee an d'4. Divisioun untrieden.

  • 3. Divisioun: 8. Plaz/13, 29 Punkten

Saison 1964/65[änneren | Quelltext änneren]

Mat enger 3. Plaz an der Tabell geet et just net duer fir an d'3. Divisioun ze klammen.

  • 4. Divisioun: 3. Plaz/10, 27 Punkten

Saison 1965/66[änneren | Quelltext änneren]

Den dynamesche fréiere Spora-Spiller Jean Bettinger gëtt neie Spiller-Trainer an ënner sengem Impuls geet et dann och nees biergop: Izeg gëtt 2. an der Tabell hanner Biissen. An de Barragematcher gewënnt Izeg zu Mäerzeg 3:0 a spillt zu Miedernach 1:1 gläich, wat gläichbedeitend ass mam Opstig an d'3. Divisioun.
De Kader vun der Opstigsekipp 1965/66:
Jean Bettinger, Pierre Besch, Marcel Dostert, Raymond Grethen, Josy Hilgert, Guy Kieffer, Robert Kohn, Henri Lanter, Jherry Lanter, Raniero Ricci, Raymond Sonntag, E.Wagner, Roland Wasmer, Albert Weisgerber, Jos Weyrich, Raymond Winter, Gilbert Zahlen, Henri Zahlen, Remy Zahlen, Théo Zahlen, John Zeimes.
Trainer: Jean Bettinger
Nom leschte Championnats-Match gëtt den Henri Lanter fir seng 500 Matcher am Izeger Trikot geéiert. Fir seng Verdéngschter kritt hien eng gëllen Auer iwwerreecht. Zum Schluss vun der Saison (18. & 19. Juni 1966) feiert den FC Blo-Wäiss Izeg seng 25 Joer.

  • 4. Divisioun: 2. Plaz/11, 31 Punkten

Saison 1966/67[änneren | Quelltext änneren]

An der 1. Saison nom Opstig spréngt eng iwwerraschend gutt 3. Plaz an der 3. Divisioun eraus.

  • 3. Divisioun/2. Bezierk: 3. Plaz/12, 34 Punkten

Saison 1967/68[änneren | Quelltext änneren]

Déi 2. Saison nom Opstig war méi schwiereg - um Enn spréngt eng 10. Plaz eraus. Fir d'éischt zanter de Saisonen 1944/45-46/47 an 1952/53-54/55 huet den FC Blo-Wäiss Izeg och nees eng Jugendekipp ugemellt, an zwar eng Juniors-Ekipp.

  • 3. Divisioun/2. Bezierk: 10. Plaz/12, 18 Punkten

Saison 1968/69[änneren | Quelltext änneren]

Als neie Spiller-Trainer koum vun der Spora de Fernand Simon op Izeg. Déi 10. Plaz aus der Virsaison konnt allerdéngs net verbessert ginn. An der Comités-Sëtzung vum 2. Juni 1969 gëtt de Jean Haan neie President. Hien huet d'Nofolleg vum Victor Schwartz ugetrueden, dee fir seng 9 Joer Presidentschaft den Titel als Éierepresident per Akklamatioun kritt huet.

  • 3. Divisioun/2. Bezierk: 10. Plaz/12, 18 Punkten

Saison 1969/70[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Joer goung et duer fir eng 5. Plaz an der 3. Divisioun.

  • 3. Divisioun/2. Bezierk: 5. Plaz/12, 21 Punkten

70er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Saison 1970/71[änneren | Quelltext änneren]

De Marcel Knoch gëtt neie Spiller-Trainer zu Izeg an ersetzt domat de Fernand Simon, dee sech vun do un ëm déi 1. Cadets-Ekipp an der Geschicht vum FC Blo-Wäiss këmmert.

  • 3. Divisioun/2. Bezierk: 7. Plaz/12, 20 Punkten

Saison 1971/72[änneren | Quelltext änneren]

Izeg beleet eng 8. Plaz.

  • 3. Divisioun/2. Bezierk: 8. Plaz/12, 18 Punkten

Saison 1972/73[änneren | Quelltext änneren]

No enger verkorkster Saison beleet den FC Blo-Wäiss déi lescht an 12. Plaz a fält domat an d'4. Divisioun eraus. Um Enn vum Championnat hunn Onstëmmegkeeten tëscht verschiddene Spiller, Comitésmemberen an dem Trainer Marcel Knoch zu engem Trainerwiessel gefouert: Neien Trainer fir d'Saison 73/74 gëtt den Antoine Giardin.
De Fränz Primc war am Cadet-Nationalkader.

  • 3. Divisioun/2. Bezierk: 12. Plaz/12, 10 Punkten

Saison 1973/74[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'éischt an der Club-Geschicht hëlt och eng Izeger Scolaires-Ekipp um Championnat deel.
Grousse Liichtbléck vun der Saison: den 12. August 1973 gëtt den neien Terrain um Izeger Plateau ageweit. E kritt den Numm "STADE ALBERT KONGS". D'Aweiung war a Presenz vun der Madame Albert Kongs, dem Staatssekretär fir de Sport Emile Krieps, dem Sportskommissär Camille Polfer an dem FLF-President René van den Bulcke. Dës Feierlechkeeten hunn dozou bäigedroen, datt et dem Veräi vun do un, op finanziellem Plang, e gutt Stéck besser geet!
De Fränk Felten an de Roland Weynandt waren am Kader vun der Cadet-Nationalekipp.

  • 4. Divisioun/4. Bezierk: 3. Plaz/10, 24 Punkten

Saison 1974/75[änneren | Quelltext änneren]

E ganzt positiivt Resultat spréngt um Enn vun der Saison 74/75 eraus: Eng 1. Plaz gëtt beluecht an domat de Retour an d'3. Divisioun geséchert. Als Bezierksmeeschter spillt Izeg Barragematcher fir de Champion vun der 4. Divisioun. Hei d'Resultater:

  • Izeg-Kanech 1:2
  • Izeg-Préizerdaul 3:1
  • Izeg-Ierpeldeng 4:0

Domat gëtt Kanech Champion, an Izeg gudde Vizechampion vun der 4. Divisioun !
De Kader vun der Opstigsekipp 1974/75:
Marcel Dostert, Frank Felten, Guy Frères, Antoine Giardin, Louis Hoss, Patrick Johanns, Jeannot Kieffer, Alain Klein, Robert Kohn, Jherry Lanter, Arny Libardi, Marco Mangen, Nico Mangen, Ady Primc, Yanko Primc, André Straus, Fernand Streff, Jos Thinnes, Marco Wagner, Albert Weisgerber, Roland Weynandt, Gilbert Zahlen.
Trainer: Tun Giardin
De Roland Weynandt ass am Kader vun den UEFA-Junioren.

  • 4. Divisioun/4. Bezierk: 1. Plaz/10, 31 Punkten

Saison 1975/76[änneren | Quelltext änneren]

Izeg gëtt 5. an der 3. Divisioun/2. Bezierk.
Den Théo Zahlen gëtt fir 500 Matcher am Trikot vum FC Blo-Wäiss Izeg geéiert.
De Roland Weynandt ass och dës Saison am Kader vun den UEFA-Junioren.

  • 3. Divisioun/2. Bezierk: 5. Plaz/12, 21 Punkten

Saison 1976/77[änneren | Quelltext änneren]

Den Antoine Geyer kënnt als neie Spiller-Trainer op Izeg. Duerch d'Neiandeelung vun den Divisioune kënnt d'1. Ekipp, déi an der Virsaison eng 5. Plaz gemaach hat, an d'2. Divisioun a beleet do direkt nach eemol déi 5. Plaz.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 5. Plaz/13, 28 Punkten

Saison 1977/78[änneren | Quelltext änneren]

Um Enn vun der Saison steet eng 9. Plaz zu Buch.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 9. Plaz/12, 19 Punkten

Saison 1978/79[änneren | Quelltext änneren]

De Mario Morocutti gëtt neie Spiller-Trainer. D'Resultat bleift stabel, alt nees eng 9. Plaz.
Am Laf vum Joer kritt de Jherry Lanter eng gëllen Auer fir seng 500 Matcher am blo-wäissen Dress.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 9. Plaz/12, 20 Punkten

Saison 1979/80[änneren | Quelltext änneren]

D'Saison 1979/80 verleeft schlecht: An der Mëtt vun der Saison huet de Robert Da Grava d'Trainerbänk vum Mario Morocutti, dee verletzungsbedéngt (Meniskusschued) ausgefall ass, iwwerholl. D'1. Ekipp kënnt net iwwer déi zweetlescht Plaz eraus a muss dat Joer drop nees an der 3. Divisioun untrieden.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 11. Plaz/12, 14 Punkten

80er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Saison 1980/81[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem President Jean Haan sengem Motto " Wou e Wëllen ass, gëtt et och e Wee" konnt den FC Blo-Wäiss dëst Joer säin neit "Clubhouse" aweien. 1974 gouf de Chantier an Ugrëff geholl(an dat wuelverstane vu Leit vum Veräin, déi dat fir de Veräi benevole gemaach hunn), vun 1976 u konnt den Duschekomplex benotzt ginn, an den 2. August 1980 sinn da schliisslech d'Aweiungsfeierlechkeeten.
Sportlech geet et och erëm biergop. Eng 2. Plaz am 3. Bezierk vun der 3. Divisioun huet fir d'1. Ekipp den Opstig an d'2. Divisioun bedeit.
De Kader vun der Opstigsekipp 1980/81:
Léon Blitgen, Georges Boreux, Jean Braun, Robert Da Grava, Marc Di Vora, Claude Filbig, Louis Fischer, Marc Hatto, Alain Klein, John Kieffer, Patrick Kieffer, Jherry Lanter, Claude Mangen, Nico Mangen, Georges Noesen, Ady Primc, Nedo Repušić, Pit Repušić, Yvan Repušić, Jos Streff.
De Franco Di Vora ass am Nationalkader U-15.

  • 3. Divisioun/3. Bezierk: 2. Plaz/12, 32 Punkten
    • Sporting Beetebuerg-Izeg 6:1

Saison 1981/82[änneren | Quelltext änneren]

Um "Stade Albert-Kongs" ass dës Saison eppes méi lass. Wéinst Aarbechten um Hesper Terrain, muss de Swift seng Heemmatcher zu Izeg ausdroen.
Izeg schléisst d'Saison als 7. vun 12 Ekippen of.
Um "Concours du Jeune Footballeur" hunn deelgeholl: Serge Bertemes, Marc Lellig, Pascal Leuck, Yves Leuck, Frank Schneider, Änder Veltkamp a Steve Zeimes.
De Claude Mangen ass an der Nationalekipp vun den UEFA-Junioren an de Franco Di Vora am Kader U-16.

  • 2. Divisioun/3. Bezierk: 7. Plaz/12, 21 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • CS Hollerech-Izeg 4:0

Saison 1982/83[änneren | Quelltext änneren]

Wéi déi vireg, ass och dës Saison éischter mëttelméisseg: 7. Plaz.
Aussergewéinlech ass, datt Mëtt Abrëll - nach wärend der Saison also - mam Georges Boreux, Paul Forette, Claude Mangen a Georges Noesen (alles Izeger Jongen) direkt 4 Stammspiller wéinst Onstëmmegkeete mam Trainer Robert Da Grava a mam Comité d'Handduch geheien an der 1. Ekipp de Réck dréien.

  • 2. Divisioun/3. Bezierk: 7. Plaz/12, 21 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-FC Kielen 3:2
    • US Mertert-Izeg 5:3

Saison 1983/84[änneren | Quelltext änneren]

Izeg gëtt gudde 4. am 3. Bezierk vun der 2. Divisioun.

  • 2. Divisioun/3. Bezierk: 4. Plaz/12, 24 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-Progrès Zéisseng 1:7

Saison 1984/85[änneren | Quelltext änneren]

Den Nibio Orioli gëtt neie Spiller-Trainer. Als zweetlescht vun 12 Ekippe falen déi Blo-Wäiss an d'3. Divisioun eraus.

D'Izeger Scolairë gi Champion an hirem Bezierk a klammen an d'2. Klass. Hiren Trainer Marcel Dostert gëtt fir 500 Matcher als Spiller an Arbitter geéiert.

De Serge Bertemes ass an der Nationalekipp vun de Scolairen.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 11. Plaz/12, 12 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Syra Menster-Izeg 4:7 n.V.
    • Izeg-Jeunesse Biwer 2:2 n.V. / 6:7 n.E.

Saison 1985/86[änneren | Quelltext änneren]

Den Izeger Fränk Felten kënnt no engem Ofstiecher op d'Stade Diddeleng zeréck op Izeg a gëtt neie Spiller-Trainer. Um Enn steet eng 5. Plaz zu Buch.
D'Cadets-Ekipp gëtt déi 1. a kënnt an d'2. Klass.

  • 3. Divisioun/3. Bezierk: 5. Plaz/10, 18 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-Syra Menster-Izeg 6:1
    • Izeg-Alisontia Steesel 3:1
    • Jeunesse Sportive Kärech-Izeg 1:2
    • Izeg-Résidence Walfer 0:4

Saison 1986/87[änneren | Quelltext änneren]

No enger 2. Plaz am Championnat hanner der AS Lëtzebuerg, mussen déi Blo-Wäiss probéieren, iwwer de Wee vun de Barragematcher den Opstig dach nach ze packen. Am 1. Match gëtt et direkt en ellene Réckschlag, verléieren d'Izeger dach zu Gaasperech mat 1:3 géint Uespelt. Duerch eng 2:0-Victoire géint Buerschent bleiwen déi Blo-Wäiss awer am Rennen. D'Konstellatioun vun deenen anere Resultater ergëtt, datt dee bis d'lescht Minutt hartemkämpfte 0:0 géint Ierpeldang/Ettelbréck um Mamer Sportkomplex duergeet, fir zesumme mat de "Red Boys" vun Uespelt eng Divisioun méi héich ze klammen. Déi jonk Izeger Ekipp weess dëse Succès och ze genéissen a würdeg ze feieren.
Hei d'Resultater vun de Barragematcher:

  • Izeg-Uespelt 1:3
  • Izeg-Buerschent 2:0
  • Izeg-Ierpeldang(Ettelbréck) 0:0

De Kader vun der Opstigsekipp 1986/87:
Ralph Achten, Joël Besch, Léon Blitgen, Luc Claus, Raoul Claus, Franco Di Vora, Frank Felten, Claude Hatto, John Kieffer, Patrick Kieffer, Paul Kridel, Marc Lellig, Marc Lies, Michel Philippe, Ivica Repušić, Nedo Repušić, Pit Repušić, Edmond Ries, Jimmy Schreiner, Paul Schmit, John Streitz, Änder Veltkamp, Steve Zeimes.
Trainer: Fränk Felten
Fir d'éischt an der Geschicht vum Veräin hëlt dëst Joer eng Poussins-Ekipp um Championnat deel.

  • 3. Divisioun/3. Bezierk: 2. Plaz/11, 31 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Vinesca Éinen-Izeg 4:0

Saison 1987/88[änneren | Quelltext änneren]

Als mat dee schéinsten Ament an der Izeger Veräinsgeschicht zielt deen Exploit, deen d'Ekipp vun 1987/88 fäerdeg bruecht huet - an zwar d'Konschtstéck direkt nom Opstig aus der 3. Divisioun déi 2. Plaz hanner dem Tricolore Gaasperech ze beleeën, an domat zesumme mat Gaasperech an dem RM Lëtzebuerg nees eng Divisioun méi héich ze klammen....an dat mat praktesch lauter Izeger Jongen, oder awer Jongen aus der Gemeng, déi zu Izeg de Foussball-ABC geléiert hunn.
Am Laf vun der Saison hunn d'Izeger just 1 Match doheem géint Biwer verluer a sinn auswäerts souguer ouni Punktverloscht bliwwen, an dat als Opsteiger !
Onvergiesslech bleift awer och den Heemwee, de "Convoi Exceptionnel" nom 3:4-Auswäertserfolleg zu Biwer: vu Biwer iwwer de Sennéngerbierg, iwwer de Findel laanscht eng Hellewull portugisech Matbierger, déi do Spaléier stinn an Erwaardung vum portugiseche Staatschef, via Hesper zeréck op Izeg. An duerno gëtt d'Ekipp vun der Entente vun den Izeger Veräiner um Izeger Terrain empfaangen ! Et gëtt gefeiert a gesonge bis spéit an d'Nuecht eran.......
De Kader vun der Opstigsekipp 1987/88:
Ralph Achten, Serge Arendt, Serge Bertemes, Joël Besch, Léon Blitgen, Franco Di Vora, Fränk Felten, Claude Hatto, John Kieffer, Paul Kridel, Marc Lellig, Pascal Leuck, Marc Lies, Michel Philippe, Ivica Repušić, Nedo Repušić, Pit Repušić, Edmond Ries, Romain Schmit, Änder Veltkamp, Änder Weber, Patrick Weiler, Gilles Zeimes, Steve Zeimes, Patrick Zeyen.
Trainer: Fränk Felten
Och d'Juniore sinn an d'3. Klass geklommen.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 2. Plaz/12, 35 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-Jeunesse Biwer 5:1 n.V.
    • Una Stroossen-Izeg 3:4 n.V.
    • Vinesca Éinen-Izeg 5:0

Saison 1988/89[änneren | Quelltext änneren]

Den Optrëtt an der 1. Divisioun ass leider ganz kuerz. Déi Blo-Wäiss ginn déi zweetlescht a mussen zeréck an d'2. Divisioun. D'2. Ekipp huet, ouni e Match ze verléieren, den Opstig an d'3. Klass gepackt.
De Fränk Zeimes ass am Nationalkader U-16.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 11. Plaz/12, 15 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-Uewerkärjhéng 2:2 n.V. / 5:6 no Elefmeter

Saison 1989/90[änneren | Quelltext änneren]

De fréieren Aris- an Nationalspiller Roger Fandel iwwerhëlt d'Zepter als Spiller-Trainer zu Izeg. Um Enn geet et just net duer, fir erëm direkt an d'1. Divisioun ze steigen. Izeg kënnt op déi 3. Plaz, punktgläich mam Tabellenzweete Stade Diddeleng, awer mat méi enger schlechter Goldifferenz.

  • 2. Divisioun/3. Bezierk: 3. Plaz/12, 31 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Titus Lamadelaine-Izeg 2:4 n.V.
    • US Esch-Izeg 2:1

90er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Saison 1990/91[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer vum Cinquantenaire huet d'1. Ekipp an d'2. Ekipp et fäerdeg bruecht, um sportleche Plang z'iwwerzeegen. D'1. Ekipp packt de Wee an d'1. Divisioun an d'2. Ekipp gëtt Champion an der 3. Klass.
Bei der 1. Ekipp fält d'Entscheedung allerdéngs eréischt um leschte Spilldag. Um Stade Albert-Kongs zu Izeg stin sech de 25. Mee 1991 d'Formatioune vum FC Blo-Wäiss Izeg an Duelem géintiwwer. Et handelt sech ëm eng Aart Finall, well et treffen hei den Tabellen-2. Izeg an den Tabellen-3. Duelem am direkten Duell openeen, an nëmmen ee vu béide kann d'2. Plaz beleeën.
300 Zuschauer hu sech afond fir hir jeeweileg Ekipp unzefeieren an am Endeffekt setzt sech d'Heemekipp Izeg verdéngt mat 2:0(1:0) géint déi Duelemer duerch. De Marcel Trierweiler bréngt d'Ekipp rondrëm de Spiller-Trainer Roger Fandel nach virum Téi mat 1:0 a Féierung an an der 2. Hallschent mécht de Pit Repušić de Sak zou.....an domat ass den Opstig an d'1. Divisioun perfekt. De "Mee-Bal", deen de "Club des Jeunes Izeg" deen nämmlechten Dag organiséiert huet, kënnt also ganz geleeën.....
De Kader vun der Opstigsekipp 1990/91:
Serge Arendt, Daniel Aries, Serge Bertemes, Franco Di Vora, Jorge Dos Santos, Roger Fandel, John Kieffer, Paul Kridel, Marc Lellig, Marc Lies, Matteo Massaro, Paul Mockel, Nedo Repušić, Pit Repušić, Ivica Repušić, Marcel Trierweiler, Änder Veltkamp, Fränk Zeimes, Steve Zeimes.
Trainer: Roger Fandel

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 2. Plaz/12, 29 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Luna Uewerkuer-Izeg 2:9
    • Red Star Märel-Izeg 2:4 no Verlängerung
    • Izeg-Les Aiglons Duelem 1:0 no Verlängerung
    • Izeg-Rupensia Fiels 7:1
    • Sporting Beetebuerg-Izeg 1:0

Saison 1991/92[änneren | Quelltext änneren]

Hat eis 1. Ekipp et am 2. Ulaf endlech gepackt, erëm an d'1. Divisioun ze steigen, sou konnt et vun Ufank un keen anert Zil ginn, wéi d'Klass ze halen. Et gouf wéi erwaart eng schwéier Saison, mä schlussendlech hunn déi "Blo-Wäiss" den Ofstig awer verhënnert.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 9. Plaz/12, 19:25 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-Jeunesse Biwer 2:2 (4:5 no Elefmeter)

Saison 1992/93[änneren | Quelltext änneren]

Eng geleefeg Foussballweisheet seet, datt dat 2. Joer nom Opstig dat schwéierst wier. Dat sollt sech fir d'Ekipp vum Spillertrainer Roger Fandel glécklecherweis nëmme bedéngt bestätegen. Am Championnat konnt d'Resultat vum Virjoer liicht verbessert ginn, iwwerdeems an der Coupe de Luxembourg eng vun de schéinste Säite vun der Izeger Foussballgeschicht geschriwwe gouf: E gewësse Joao "Juan" Gomes huet fir e Glanzliicht gesuergt. Een Dag méi spéit am "Républicain Lorrain" als "Bourreau de Differdange" betitelt, huet hien d'AS Déifferdeng (Éierepromotioun) - 2 Joer virdrun ëmmerhin nach Coupe-Finalist - mat 3 perséinleche Goler quasi eleng eliminéiert an dofir gesuergt, datt den Déifferdenger Trainer Maurice Spitoni nom Match frustréiert gemengt huet: "Virum Match wousste verschidde Spiller net, wou Izeg géif leien. Elo wäerte si et ni méi vergiessen!" Nodeem an der 2. Ronn Tricolore Gasperech konnt eliminéiert ginn, huet d'Lous eis eng Bus-Rees op Wolz beschert; en Ausfluch, deen déi Bedeelegt net zulescht wéinst där memorabler Soirée zu Donkels ni méi wäerte vergiessen. Och op sportlechem Plang haten déi Izeger deenen Éislécker deen Dag alles ofverlangt, an e Klassenënnerscheed war zu kengem Zäitpunkt z'erkennen. Den Nationaldivisionär konnt mat dem knappsen 2:1-Succès méi wéi zefridde sinn !

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 8. Plaz/12, 21:23 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-AS Déifferdeng 4:2
    • Izeg-Tricolore Gasperech 1:0
    • Wolz-Izeg 2:1

Saison 1993/94[änneren | Quelltext änneren]

Déi gutt Aarbecht vum Roger Fandel huet sech um Enn vun dëser Saison an enger formidabler 4. Plaz erëmgespigelt.
De Kader vun der 1. Ekipp 1993/94:
Serge Arendt, Serge Bertemes, Claude Braun, Jablan Dervisevic, Jorge Dos Santos, Roger Fandel, Joao Gomes, Alain Hammann, John Kieffer, Paul Kridel, Thierry Lemmer, Yves Leuck, Marc Lies, Matteo Massaro, Paul Mockel, Raphael Perfetto, Alan Price, Ivica Repušić, Petar Repušić, Romain Schmit, Marcel Trierweiler, Jérome Valente, Romain Wagner, Patrick Weiler, Raoul Weinzierl, Frank Zeimes, Steve Zeimes.
Trainer: Roger Fandel
No deene gewinnte Startschwieregkeeten huet d'Ekipp spéitstens an der Hallschent vum Championnat zu Housen d'Kéier kritt. Mat der fantastescher Ënnerstëtzung vun de matgereeseten Izeger Supportere gouf d'Partie no 0:2-Réckstand nach 3:2 gewonnen. Eng Serie vun Erfolleger sollt eréischt eng Zäitchen duerno ausgerechent vum selwechte Géigner gebremst ginn, wéi déi Blo-Wäiss an der Coupe de Luxembourg zu Housen eliminéiert goufen.
Manner gutt ass et dat Joer souwuel fir d'2. Ekipp wéi och fir d'Juniore gelaf. Béid Formatiounen haten net dee gewënschte Succès a sinn um Enn vun der Saison erausgefall.
Nodeem ee Joer virdrun d'Initiativ geholl gouf, fir eng Dammenekipp op d'Been ze stellen, hunn déi Izeger Vertriederinnen am Fréijoer 1994 hiren éischte Frëndschaftsmatch zu Lëntgen gespillt.

  • 1. Divisioun/1. Bezierk: 4. Plaz/12, 25:19 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-Jeunesse Schieren 2:1
    • AS Housen-Izeg 3:1

Saison 1994/95[änneren | Quelltext änneren]

Eng opfälleg besser Chanceverwertung huet net nëmmen de Golkonto verbessert; am Verglach zu fréiere Saisone mat opfälleg ville Gläichspiller goufen ëmmerhin 12 Matcher gewonnen an d'Resultat vum Virjoer mat enger gudder 6. Plaz bestätegt.
De Max Mertens gëtt an de Cadets-Regionalkader beruff a packt kuerz drop och de Sprong an d'U15-Nationalekipp.

  • 1. Divisioun/1. Bezierk: 6. Plaz/14, 26:26 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • FC Luerentzweiler-Izeg 0:1
    • Izeg-Sporting Beetebuerg 2:3

Saison 1995/96[änneren | Quelltext änneren]

Mëttlerweil zielt den FC Blô-Wäiss zum festen "Inventaire" vun der 1. Divisioun. An der "Coupe de Luxembourg" huet am 3. Tour kee geréngere wéi d'Escher Jeunesse hir Visitekart zu Izeg ofginn. Net zulescht opgrond vun enger kämpferesch groussaarteger Leeschtung gouf et e Match mat vill uschléissendem Gespréichsstoff an engen ettleche Contitionnellen: Wier den Escher Golkipp beim Stand vun 0:2 verdéngtermoosse vum Terrain gesat ginn, hätt den Izeger Kapitän Frank Zeimes den uschléissenden Elefmeter an de Gol, amplaz op de Poteau gesat...
Ënner hirem Trainer Marcel Daxhelet huet d'2. Ekipp den Opstig an d'3. Divisioun gepackt, wougéint d'Jugendekippen dës Saison alles wéi keng Glanzliichter konnte setzen.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 9. Plaz/14, 32 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Blo-Wäiss Medernach-Izeg 0:2
    • Les Montagnards Wäiswampech-Izeg 1:3
    • Izeg-Jeunesse Esch 0:4

Saison 1996/97[änneren | Quelltext änneren]

Iwwerdeems de Roger Fandel vun dëser Saison u seng aktiv Carrière als Defensiv-Chef opginn a just nach op der Trainerbänk Plaz geholl huet, ass zousätzlech en neie Spiller op Izeg komm, deen am Ugrëff fir méi Réussite suerge sollt. Zwee Changementer, déi sech am Schlussbilan bemierkbar gemaach hunn. Gouf de Goran Stankovic déi Golfabréck, déi ee sech versprach hat, sou stoungen nieft deenen 53 geschossene Goler awer och 52 Géigegoler zu Buch ! Trotz allem ass d'Saison an der ieweschter Tabellenhallschent ofgeschloss ginn.

Dës Leeschtung konnt awer ouni Zweiwel vun der 2. Ekipp iwwertraff ginn, déi no engem katastrophale Saisonufank 13 Matcher noenee gewanne konnt an nëmme ganz knapps den Opstig an d'2. Divisioun verpasst huet!

Am Jugendberäich ass den FC Blô-Wäiss eng Entente mam Nopeschveräi vu Sandweiler agaangen; en Experiment, dat gutt funktionéiert huet.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 7. Plaz/14, 34 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • US Mutfert/Méidéngen-Izeg 0:9
    • Orania Veianen-Izeg 3:3 (7:6 no Eelefmeter)

Saison 1997/98[änneren | Quelltext änneren]

No senger 9. Saison als Trainer zu Izeg sollten d'Weeër vum Roger Fandel an dem FC Blô-Wäiss auserneegoen. Eng ofschléissend exzellent 4. Plaz huet him den Depart op sportlechem Plang sécherlech erliichtert.
De Kader vun der 1. Ekipp 1997/98:
Marco Baum, Claude Braun, Giovanni Cervellero, Franco Di Vora, Jorge Dos Santos, Guy Entringer, Mike Fandel, Frank Feyereisen, Joao Gomes, Alain Hammann, Mike Hoffmann, John Kieffer, Alain Lahyr, Yves Leuck, Marc Lies, Michel Majerus, Matteo Massaro, Marco Peters, Ivica Repušić, Christian Reuter, Jérome Schmit, Romain Schmit, Azem Sehovic, Goran Stankovic, Romain Steil,Jérome Valente, Romain Wagner, Raoul Weinzierl, Frank Zeimes.
Trainer: Roger Fandel
Dogéint konnt d'2. Ekipp hiren Exploit aus dem Virjoer net widderhuelen an ass an d'4. Divisioun gefall.
Fir d'éischt an der Geschicht vum Izeger Foussball huet eng Ekipp um neigegrënnten Damme-Championnat deelgeholl. Ronn 3 Joer virdrun vum Carlo Oé a Raoul Weinzierl op d'Bee gestallt an trainéiert, hunn d'Meedercher sech schlussendlech gutt aus der Affär gezunn.
Ënner anerem sinn am Kader vun der éischter Izeger Dammenekipp 1997/98:
Cindy De Sousa, Carole Feltgen, Myriam Feyder, Manon Fischer, Martine Hoffmann, Nicole Kemp, Christiane Kieffer, Tanja Muschter, Annick Olinger, Patricia Raus, Monica Scarcelato, Sandra Schintgen, Sandra Schiumarini, Sophie Stelet, Nancy Teller....
Trainer: Carlo Oé + Raoul Weinzierl

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 4. Plaz/14, 39 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-CS Hollerech 3:5 (no Verlängerung)
  • Dammenekipp: 1. Liga: 7. Plaz/9, 14 Punkten

Saison 1998/99[änneren | Quelltext änneren]

Neien Trainer gouf den Aly Thill, dee vu sengem Virgänger eng intakt Ekipp iwwerlooss kritt hat. Punkteméisseg konnten d'Izeger d'Leeschtung aus dem Virjoer méi oder wéineger bestätegen.
En zefriddestellend Resultat hat och d'2. Ekipp opweises; trotzdeem huet se no der Neiopdeelung vun den Divisiounen nëmme knapps hiert Zil verpasst, an der neier Saison eng Klass méi héich ze spillen.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 8. Plaz/14, 36 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Jeunesse 07 Käl-Izeg 1:9
    • Izeg-Swift Hesper 0:2
  • Dammenekipp: 1. Liga: 7. Plaz/13, 32 Punkten

Saison 1999/2000[änneren | Quelltext änneren]

Duerch den Depart vun enger ganzer Rei Spiller krut d'1. Ekipp e komplett neit Gesiischt an et war vu vir eran z'erwaarden, datt eng schwéier Saison géif op si duerkommen. Trotzdeem huet sech den Ofstig no 9 Joer Zougehéieregkeet zur 1. Divisioun scho méi ofgezeechent, wéi een dat virdrun erwaart hätt. Op en Neits war d'Jeunesse vun Esch Géigner an der Coupe de Luxembourg, woubäi déi Blo-Wäiss sech ganz gutt aus der Affär gezunn hunn.
Méi Succès haten d'Reserven, déi hir 3. Plaz aus dem Virjoer zwar net iwwertreffe konnten, um Enn dach nach de Sprong an d'2. Klass gepackt hunn.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 14. Plaz/14, 15 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-Jeunesse Esch 0:4
  • Dammenekipp: 1. Liga: 8. Plaz/12, 24 Punkten

Joren 2000-2009[änneren | Quelltext änneren]

Saison 2000/01[änneren | Quelltext änneren]

No néngjäreger Abstinenz hat d'2. Divisioun den FC Blô-Wäiss erëm a mam Sabatino Marasco huet en neien an engagéierten Trainer d'Erausfuerderung ugeholl, fir zu Izeg eng nei Ekipp opzebouen. Et gouf wéi erwaart nach deen een oder anere Réckschlag, bis mat enger Serie vu 14 Matcher ouni Nidderlag den Uschloss un d'Tabellespëtzt hiergestallt konnt ginn. Schlussendlech hu suwuel déi verständlech Startschwieregkeete wéi och eng grouss Zuel vu Gläichpiller den direkte Retour an d'1. Divisioun verhënnert.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 4. Plaz/14, 48 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-FC Monnerech 0:6
  • Dammenekipp: 1. Liga: 8. Plaz/11, 15 Punkten

Saison 2001/02[änneren | Quelltext änneren]

D'Saison 2001/2002 huet den FC Blo-Wäiss Izeg déi 7.Plaz ënner 14 Konkurrenten am 2.Bezierk vun der 2.Divisioun beluecht. Et war eng éischter mëttelméisseg Saison, gouf et dach bei eelef gewonnene Matcher där och 10, déi verluer goungen.
D'Ekipp vum Trainer Sabatino Marasco, deen et um Enn vun der Saison vun Izeg fort gezunn huet, war net staark genuch fir kënnen e Wiertchen ëm den Opstig matzeschwätzen.

  • 2. Divisioun: 7. Plaz/14, 38 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Minière Lasauvage-Izeg 3:1
  • Dammenekipp: 1. Liga: 4. Plaz/6, 10 Punkten (Play-Off/Champion) an 6. Plaz/12, 17 Punkten (Championnat)

Saison 2002/03[änneren | Quelltext änneren]

Mat engem neien Trainer, dem Luc Muller, gouf déi nei Spillzäit an Ugrëff geholl. Och wann et zum Schluss just net duergaangen ass fir de Sprong no uewen ze packen, esou konnt trotzdeem eng ganz gutt 4. Plaz verbucht ginn.

Wat der 1.Ekipp net vergonnt war, huet d'2.Ekipp fäerdeg bruecht – si hunn duerch eng 3.Plaz den Opstig an déi 2.Klass realiséiert.

Och d'Dammenekipp huet fir e Liichtbléck gesuergt, andeems si duerch Erfolleger géint d'AS Housen an den FC Mamer 32 de Sprong bis an d'Halleffinall vun der Coupe des Dames gepackt, an eréischt dunn zu Izeg mat 0:2 géint d'Etzella Ettelbréck de Kierzere gezunn huet.

  • 2. Divisioun: 4. Plaz/14, 56 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • FC Mënsbech-Izeg 4:1
  • Dammenekipp: 1. Liga: 4. Plaz/6, 11 Punkten (Play-Off/Champion) a 5. Plaz/14, 26 Punkten (Championnat)

Saison 2003/04[änneren | Quelltext änneren]

Dat wat dem Luc Muller a sengem éischte Joer zu Izeg als Coach net gegléckt war, huet hien dat Joer drop nogeholl: Den Opstig an d'1.Divisioun!

Am reguläre Championnat konnten 19 Matcher gewonne ginn, wat gläichbedeitend mat enger 3.Plaz war, soudatt den FC Blo-Wäiss Izeg huet missen an d'Barragen. Do gouf et am éischte Match en 1:1-Remis géint d'US Béiwen/Atert, fir dann am entscheedende Match zu Béiwen géint d'Jeunesse Sportive vu Käerch mat 4:2 d'Iwwerhand ze behalen. D'Spiller an d'Supporter konnte sech also endlech nees op d'1.Divisioun freeën, a sinn deementspriechend glécklech heem op Izeg gefuer, fir den Opstig ze feieren.

Hei d'Resultater vun de Barragematcher:

  • US Béiwen/Atert-Izeg 1:1
  • Izeg-Jeunesse Sportive Käerch 4:2

Och an der Coupe de Luxembourg konnt den FCI e flotte Parcours virweisen. No 4 gewonnene Matcher war eréischt an der 1/16 Finall géint de spéidere Coupe-Gewënner F91 Diddeleng Endstatioun.

De Kader vun der Opstigsekipp 2003/04:
Frédéric Anastasi, Patrick Badde, Marco Baum, Paolo Bianco, Giovanni Cervellera, Jorge Coelho, Ricardo Coelho, Guy Entringer, Joël Fischer, Raoul Hippertchen, Nicolas Lampach, Jorge Machado, Michel Majerus, Luca Marinelli, José Marta Ferraz, Paulo Martins, Sergio Monteiro, Luc Muller (Spiller-Trainer), Laurent Peusch, Carlos Rodrigues Sacras, Jérôme Schmidt, Raoul Schmidt, Bob Scholer, Frédéric Willieme, Frank Zeimes
Trainer: Luc Muller

Genee wéi dat Joer virdrun war d'Dammenekipp an der Coupe des Dames och dëst Joer nees an der Halleffinall der Etzella vun Ettelbréck ënnerleeën.

Z'ernimme wier och nach, datt den FCI dat Joer mat enger 2. an enger 3.Ekipp um Championnat deelgeholl huet. An der Coupe vun de Senior-Reserve koum et schliisslech zum Kuriosum, datt d'Auslousung vun der Aachtelsfinall en Duell tëscht eeben dësen zwou Formatiounen erginn huet. An enger spannender Partie huet sech Izeg III mat 4:1 am Eelefmeterschéisse géint Izeg II duerchgesat, nodeems et um Enn vun der regulärer Spillzäit 0:0 stoung. Et kann ee sech virstellen, datt dat Resultat haut nach esou munnech Spiller vun der deemoleger 3. Ekipp schmunzele léisst, wann en un dee Match zeréckdenkt. Leider gouf et dunn an der Véirelsfinall eng hefteg 1:9-Defaite géint d'Fola II, wat den Aus bedeit huet.

  • 2. Divisioun: 3. Plaz/14, 61 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • US Reisduerf-Izeg 1:6
    • SC Téiténg-Izeg 1:3 n.V.
    • FC Fluesweiler/Beyren -Izeg 1:3
    • Izeg-FC Brouch 4:0
    • Izeg-F91 Dideléng 0:5
  • Dammenekipp: 1. Liga: 3. Plaz/14, 59 Punkten

Saison 2004/05[änneren | Quelltext änneren]

Obschonn de Luc Muller déi viregt Saison de Sprong an d'1.Divisioun gepackt hat, ass hien net weider Trainer bliwwen, mä huet säin Amt un en neie Mann, de Marco Galli, fréiere Spiller vum F91 Diddeleng, viruginn. Et war déi erwaart schwiereg Saison, an där d'Izeger schlussendlech déi 10.Plaz beluecht, an domat d'Zil –net erauszefalen – erreecht hunn.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 10. Plaz/14, 31 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-FC Fluesweiler/Beyren 7:0
    • Izeg-SC Ell 1:6
  • Dammenekipp: 1. Liga: 1. Plaz/4, 15 Punkten (Play-Off/Ofstiig) a 5. Plaz/8, 13 Punkten (Championnat)

Saison 2005/06[änneren | Quelltext änneren]

D'Saison 2005/2006 ass änlech verlaf wéi dat Joer virdrun. Et war eng zimmlech onspektakulär Saison, an där genee wéi am Virjoer eng 10.Plaz beluecht an domat de Klassenerhalt geséchert konnt ginn, dëst weiderhin ënnert der Leedung vum Trainer Marco Galli.

No där Saison war dann och Schluss mat der 3. Ekipp, dat Joer drop huet just nach eng eenzeg Senior-Reserve-Ekipp um Championnat deelgeholl.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 10. Plaz/14, 32 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-FC Olympique Äischen 2:1
    • Izeg-RM Hamm 0:5
  • Dammenekipp: 1. Liga: 3. Plaz/4, 9 Punkten (Play-Off/Champion) an 3. Plaz/8, 24 Punkten (Championnat)

Saison 2006/07[änneren | Quelltext änneren]

Och 2006/07 ass den erhofften Opschwong ausbliwwen. Den Trainer Marco Galli konnt senger Ekipp net déi néideg Impulser mat op de Wee ginn, an nodeems d'Resultater an och d'Leeschtung am Ufank vun der Saison net berauschent waren, huet de Marco Galli säin Amt niddergeluecht. A seng Plaz koum de fréieren Izeger Spiller Claude Mangen, besser bekannt als de „Stan“. Hien huet d'Ekipp am November 2006 iwwerholl - um Enn hunn d'Izeger Jongen déi 9.Plaz beluecht.

Eng excellent Saison huet d'2.Ekipp gespillt a sech duerch eng 2.Plaz de verdéngten Opstig geséchert.

Och mussen déi gutt Resultater vun de Minimen a Poussinen ernimmt ginn.

Iwwregens sinn déi Verantwortlech vun där Saison un, bei den Dammen an och am Jugendberäich op de Wee vun enger Entente gaangen. D'Dammenekipp huet sech mam Stater RFCUL zesummegedoen, wärend déi Jonk zesumme mat hire Weiler Kolleegen opgelaf sinn.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 9. Plaz/14, 33 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • FC Préizerdaul/Réiden-Izeg 1:5
    • Racing Ëlwen-Izeg 2:1
  • Dammenekipp: 1. Liga: 3. Plaz/4, 6 Punkten (Play-Off/Champion) an 3. Plaz/8, 29 Punkten (Championnat)

Saison 2007/08[änneren | Quelltext änneren]

Den FC Blo-Wäiss Izeg goung weiderhi mam Claude Mangen als Trainer an déi nei Saison. Leider huet sech erausgestallt, datt d'Ekipp net déi néideg Substanz hat fir sech an der 1.Divisioun iwwer Waasser ze halen, soudatt d'Izeger op der leschter Plaz gelant sinn, an deemno hu misse schwéieren Häerzens de Gang an d'2.Divisioun untrieden.

Als Opsteiger huet sech d'2.Ekipp bravouréis geschloen a beleet eng nees excellent 4.Plaz an der 3.Klass.

Bei der Jugend war et déi 3. Plaz bei de Minimen, déi erausgestach huet.

Fir d'Dammenekipp war et d'Saison schlechthinn. Och wann et zum Schluss leider zweemol knapps net duergoung, sou konnten d'Meedercher trotzdeem op eng sensationell Saison zeréckkucken, goufe si dach Vize-Meeschter a koume bis an d'Final vun der Coupe des Dames. De Glanzpunkt war awer den Titel vum Lëtzebuerger Champion am FUTSAL, iwwregens bis haut den eenzege Champions-Titel an der 75-järeger Geschicht vum FC Blo-Wäiss Izeg.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 14. Plaz/14, 24 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Sporting Bartréng-Izeg 3:2
  • Dammenekipp: 1. Liga: 2. Plaz/10, 49 Punkten (Vizechampion)

Saison 2008/09[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ofstiig huet den FC Blô-Wäiss Izeg d'2. Divisioun mat engem zimmlech verännerte Kader an Ugrëff geholl. Och den Trainer Claude Mangen, dee bei den FLF-Stuff gewiesselt ass, gëtt duerch de Guy Poggi ersat. Uganks Mäerz gëtt hien allerdéngs scho nees duerch de Fränz Primc ersat, well déi erhoffte Resultater ausbliwwe sinn. Ënner dem Stréch bleift eng zimmlech duerchwuesse Saison, wou den erneiten Ofstiig an d'3. Divisioun eréischt a leschter Sekonn konnt vermidde ginn.
Ze vermierken och, datt no där Saison de laangjärege Kapitän vun der 1. Ekipp Frank Zeimes d'Schong un den Nol hängt.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 11. Plaz/14, 27 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Berdenia Berbuerg–Izeg 3:2
  • Dammenekipp: 1. Liga: 3. Plaz/10, 36 Punkten

Saison 2009/10[änneren | Quelltext änneren]

Ofgesi vun e puer wéinege Liichtblécker huet den FC Blô-Wäiss Izeg eng ganz schwaach Saison gespillt. Um Enn séchere sech d'Izeger duerch e glécklechen 1:1 am leschte Match zu Jonglënster de Klassenerhalt a vermeiden domat denkbar knapps de Barragematch, an deem sech Remerschen schliisslech no Eelefmeterschéisse géint Uespelt duerchsetzt.
Och an der Coupe de Luxembourg gouf et direkt beim 1. Optrëtt an der 2. Ronn den enttäuschenden Aus, an dat mat 1:2 géint den 3. -Divisionnaire Lasauvage.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 11. Plaz/14, 28 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Minière Lasauvage–Izeg 2:1
  • Dammenekipp: 1. Liga: 6. Plaz/10, 20 Punkten

Joren 2010-2019[änneren | Quelltext änneren]

Saison 2010/11[änneren | Quelltext änneren]

D'Saison 2010/11 war alt nees Ziddere bis den allerleschte Match ugesot, ier den FC Blo-Wäiss Izeg sech duerch en 0:0 am direkte Verglach géint den Haaptkonkurrent AS Lëtzebuerg-Porto de Klassenerhalt séchere konnt. D'Izeger klammen domat op déi 10. Plaz an der Ofschloss-Tabell, wärend d'ASL-Porto de Barrage-Match spille muss.
Z'erwähne bleift, datt nom Trainerwiessel Enn Mäerz just eng nobäi optimal Punkteausbeute et iwwerhaapt méiglech gemaach huet, datt d'Izeger bis zum Schluss nach hunn däerfen dru gleewen. D'Trainergespann Alain Lahyr / Romain Wagner hunn deemno gutt Aarbecht geleescht an den Objektiv in extremis erreecht.
Besonnesch ervirzehiewe bleift dës Saison awer déi formidabel Leeschtung vun der 2. Ekipp, déi ënner der Leedung vun hirem Trainer Claude Marx den Opstig perfekt gemaach huet an domat d'nächst Joer an der 3. Klass untrieden däerf - vun hiren 20 Matcher hunn d'"Boys In Blue" der 15 gewonnen, 1 gläichgespillt an nëmme ganzer 4 verluer, wat engem excellenten Total vu 46 Punkten entsprécht.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 10. Plaz/14, 29 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • US Bäerdref/Konsdrëf-Izeg 2:1
  • Dammenekipp: 1. Liga: 8. Plaz/10, 21 Punkten

Saison 2011/12[änneren | Quelltext änneren]

Ganz am Géigesaz zu deene leschte Saisonen huet sech zimmlech séier ofgezeechent, datt den FC Blo-Wäiss Izeg dat Joer näischt mam Ofstigskampf wäert ze dinn hunn. D'Ekipp vum Trainer Luc Muller a sengem Co Mike Varnier, déi aus enger gesonder Mëschung aus erfuerene Spiller an Izeger Nowuesstalenter bestanen huet, huet eng ganz zefriddestellend Saison gespillt - och wa mat e bësse méi Bëss zum Schluss souguer nach méi hätt kënnen eraussprangen, spréch eng Barrage-Plaz fir den Opstig. Trotz allem sollt déi 4. Plaz eng ganz gutt Leeschtung an e groussen Opschwong par Rapport zu deene virege Jore bedeiten, soudatt déi gutt Nowuessarbecht sou lues ugefaangen huet hir Friichten ze droen.
Nodeem dunn awer ganz iwwerraschend d'Noriicht koum, datt d'Fusiouns-Ekipp vu Fluesweiler/Beyren sech opgeléist hätt, ass eng zousätzlech Plaz an der 1. Divisioun fräi ginn, soudatt de gléckleche Gewënner huet missen an engem Barrage-Match ermëttelt ginn. Sou koum et de 6.6. 2012 zu Mäerzeg zum Entscheedungsmatch zwëscht Izeg a Wëntger. Opgrond vun enger fantastescher Leeschtung hunn d'Izeger Jongen duerch e verdéngten 3:1 viru 604 Payanten déi "Orange" vu Wëntger zeréck an d'Éislek geschéckt. Domat hunn d'"Boys In Blue" an hier Trainere Luc Muller a Mike Varnier d'Konschtstéck fäerdeg bruecht, dach nach an d'1. Divisioun opzesteigen. D'Euphorie bei de blo-wäisse Supporter, déi mat 2 Bussen op Mäerzeg gefuer waren a wärend 90 Minutten hir Ekipp frenetesch ugefeiert hunn, huet natierlech keng Grenze méi kannt, an et gouf zesumme mat de Spiller bis spéit an d'Nuecht gefeiert.
Sief nach bemierkt, datt mat deem Barragematch den Helcio Cunegundes, dee sympathesche Brasilianer an de Reie vum FC Blo-Wäiss Izeg, no ville Joren am Déngscht vum FCI seng Schong definitiv un den Nol hänkt.

Rapport vum Barrage-Match zu Mäerzeg (Mëttwochs, de 6.6. 2012):
Izeg - Wëntger 3-1 (2-0)
Stadion "An de Burwiesen" zu Mäerzeg. Super Pelouse. Arbitrage vun den Häre Wilmes, Bras an Ajdinovic. 604 Zuschauer.
Evolutioun vum Score: 1-0 Pinheiro (6.'), 2-0 Carthy (17.'), 2-1 Glod (50.'), 3-1 Mootz (79.').
Giel Kaarten: Carthy (53.') bei Izeg. Pinto (45.'), Sejdovic (47.'), Batkic (70.') bei Wëntger.
Giel-rout Kaart: Pinto (81.') bei Wëntger.
IZEG: Da Luz - Dos Santos, Rodrigues, Oliveira - Braun, Carthy, Ribeiro (63.' Bliss) - Coimbra, Mootz, Pinheiro (90.' +1 Almeida) - Gonçalves (54.' Cunegundes).
WËNTGER: Birgin - Nilles, Schanck, Mustic (46.' Koetz), Hentz - Glod, Sejdovic - Peiffer (46.' Batkic), Pinto, Nunes - Morn.

De Kader vun der Opstigs-Ekipp 2011/12:
Lecio Alexande Dos Santos, Dylan Almeida, Alain Bliss, Yves Block, Frank Braun, Robert Carthy, Gil Coimbra Farto, Helcio Conegundes, Luis Da Luz lima, Tom Davito, Daniel De Oliveira Leite - Nadilson Dos Santos, Vitor Duarte Cunha, Charles Etonde, Miguel Felgueiras Da Costa, Chris Felten, Patrick Fergé, Maikel Gomes De Carvalho, Joao Gomes De Oliveira, Helder Goncalves Silva, Leandro Lavinas Mendonca, Kevin Monteiro Ramos, Sergio Monteiro, Joe Mootz, Ailton Oliveira Costa, Anderson Oliveira Costa, Dylan Pinheiro Pinto, Mike Ribeiro Costa, Carlos Rodrigues Sacras, Sam Rumé, Alex Santos Varela, David Schmidt
Trainer: Luc Muller / Mike Varnier

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 4. Plaz/14, 44 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-Claravallis Klierf 10:0
    • Red Star Märel-Izeg 0:7
    • Izeg-FC 47 Baastenduerf 3:1
    • Izeg-CS Uewerkuer 2:3
  • Coupe FLF:
    • Izeg-FC Jeunesse Jonglënster 1:3
  • Dammenekipp: 1. Liga: 8. Plaz/10, 19 Punkten

Saison 2012/13[änneren | Quelltext änneren]

No deem onerwaarten Opstig gouf mat enger ganz schwéierer Saison gerechent. Mä d'Ekipp vum Trainer Luc Muller ass relativ gutt an d'Saison erakomm, an huet et - trotz Leeschtungsschwankungen - bis zum Schluss fäerdeg bruecht ëmmer op Distanz vun den Ofstigsplazen ze bleiwen. Ausschlaggebend war och, datt d'Ekipp an der Wanterpaus gezielt verstäerkt gouf duerch zwéin erfuere Spiller, den Aldino Medina an de Messaoud Messadia, déi dofir gesuergt hunn, datt de Stuerm an der Réckronn méi Duerchschlagskraft hat. Als Fazit kann ee festhalen, datt déi Blo-Wäiss sech als Opsteiger daper geschloen hunn an eng gerechten 10. Plaz erreechen.
Um Enn vun der Saison huet de Coach Luc Muller bekannt ginn datt hie wärt bei d'Konkurrenz wiesselen, an zwar bei d'Yellow Boys vu Weiler, mat am Gepäck seng zwéi Schützlingen Aldino Medina a Messaoud Messadia.
Säin Assistent Mike Varnier krut dorophin vum Comitée d'Vertrauen ausgeschwat; hien trainéiert ab 2013/14 déi Blo-Wäiss, zesumme mat sengem Assistent Patrick Fergé an dem Golkipptrainer Guy Welter.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 10. Plaz/14, 26 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • The Belval Bieles-Izeg 1:0 n.V.
  • Coupe FLF:
    • Izeg-Marisca Miersch 2:0
    • Izeg-Syra Menster 3:1
    • Izeg-Sporting Bartréng 1:2 n.V.
  • Dammenekipp: 1. Liga: 5. Plaz/10, 30 Punkten

Saison 2013/14[änneren | Quelltext änneren]

Mam neien Trainer Mike Varnier, assistéiert vum Patrick Fergé, hëlt den FC Blo-Wäiss Izeg déi nei Saison an Ugrëff. Op e furiose Start (15 Punkten aus den éischte 7 Matcher) sollt leider eng Negativserie mat nëmmen 3 Punkten aus de follgenden 8 Matcher follegen, wourop de Comité keng aner Léisung gesäit wéi e Schlussstréch ënner déi kuerz Zesummenaarbecht mam Trainerduo ze zéien.
Den 2. Mäerz 2014 huelen de Joé Meyer a Patrick Biergen als Trainergespann d'Relève, mä an de verbleiwenden 11 Matcher konnten nëmme 2 weider Punkte gesammelt ginn, soudatt um Enn en Total vu just 20 Punkten zu Buch steet, wat gläichbedeitent mam direkten Ofstig an d'2. Divisioun ass. Deemno eng verkorkste Saison fir déi Blo-Wäiss, déi et gëllt sou séier wéi méiglech ze vergiessen.

D'2. Ekipp, déi eng iwwerzeegend Ronn gespillt huet, sollt leider den Opstig um Enn nëmme ganz knapps verpassen - op där anerer Säit ass d'Dammenekipp no enger Zidder-Saison awer zum Schluss dach nach kloer dra bliwwen. Z'ernimme bleiwen och nach déi exzellent Resultater vu sämtleche Jugendekippen.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 13. Plaz/14, 20 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • FC Kielen-Izeg 2:0
  • Coupe FLF:
    • Daring Iechternach-Izeg 1:0
  • Dammenekipp: 1. Liga: 7. Plaz/10, 22 Punkten

Saison 2014/15[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ofstig gëtt fir d'Saison 2014/15 mam Georges Menster en neien Trainer fir d'éischt Ekipp verflicht; assistéiert gëtt hie vum Nico Gilbertz.
Den direkten Opstig war am Virfeld vun der Saison net d'Haaptobjektiv, villméi sollt derfir gesuergt ginn, datt déi relativ jonk Grupp sech zesummefënnt a fussballeresch weiderentwéckelt. Trotzdeem huet et laang Zäit esou ausgesinn, wéi wann déi Blo-Wäiss sech kéinte vir an der Tabell festsetzen.
Leider ass der Ekipp an de leschte Matcher ëmmer méi d'Loft ausgaangen an iwwer d'ganz Saison gekuckt huet einfach déi néideg Konstanz gefeelt, soudatt um Enn eng 6.Plaz erausspréngt.

D'Izeger Dammen hunn et alt nees eng Kéier bis zum Schluss spannend gemaach, ier si sech in extremis konnte retten.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 6. Plaz/14, 41 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Racing Ëlwen-Izeg 5:3
  • Coupe FLF:
    • FC Éileréng-Izeg 1:3
    • Izeg-Vinesca Éinen 2:3
  • Dammenekipp: 1. Liga: 9. Plaz/10, 16 Punkten

Saison 2015/16[änneren | Quelltext änneren]

Den FC Blo-Wäiss Izeg huet an der Saison 2015/16 den Opstig an d'1.Divisioun gepackt. D'Spiller ronderëm d'Trainergespann Georges Menster/Nico Gilbertz hu sech domat fir eng fantastesch Saison belount.
Um leschte Spilldag konnte sech déi Blo-Wäiss den 22.Mee 2016 zu Zéisseng duerch e 4:1-Auswäertserfolleg géint d'AS Lëtzebuerg-Porto duerchsetzen. Stoung et an der Hallschent nach 1:0 fir d'Heemekipp, esou konnten déi Izeger nom Wiessel duerch Goler vum Luis Laranjo (51.'), Marco Alves (59.'), Alain Schanet (69.') an nach eemol Luis Laranjo (84.') de Match zu hire Gonschten dréien an domat den Opstig an d'1.Divisioun zesumme mam CS Suessem an dem FC Red-Black-Egalité 07 Pafendall-Weimeschkierch perfekt maachen.
De ganze Match iwwer konnt d'Ekipp op d'Ënnerstëtzung vun de matgereesten Izeger Fans zielen. Nom Match huet d'Freed bei de Spiller a Supporter natierlech keng Grenze méi kannt, an den Opstig gouf laang an ausgeloossen zu Izeg gefeiert...
Mat dësem Opstig ass et der Ekipp an hiren Trainere gelongen, genee wéi schonn 1966 (25.Anniversaire) an 1991 (Joer vum „Cinquantenaire“), dem ganze Veräin a senge Supporter dee schéinste Kaddo fir de 75.Anniversaire vum FC Blo-Wäiss Izeg ze maachen.
Ze bemierke sief awer och nach, datt déi Saison am Kader vun der 1. Ekipp net manner wéi 8 Spiller stoungen, déi aus de Jugendekippe vum FC Blo-Wäiss stamen.

De Kader vun der Opstigsekipp 2015/16:
Marco Alves, Arnaud Assa, Damien Assa, Gil Coimbra Farto, Tom Davito, Chris Felten, Sam Felten, Bruno Fernandes Do Vale, Christian Jung, Enes Kasumi, Sven Kieffer, Jeff Kirsch, Luis Laranjo, Patrick Marques, Tom Mathes, Filipe Neves, Steve Nunes, Thomas Panel, Patrick Pepin, Thierry Pott, Andy Reuter, Joé Reuter, Kai Rotmans, Alain Schanet, Sven Schiltz, Marcel Schoenefeld, Florent Tacchi, Steve Vermeer
Trainer: Georges Menster / Nico Gilbert

Waren d'Izeger Dammen u séch gutt an d'Saison eragestart, esou huet et bis kuerz viru Schluss leider esou ausgesinn, wéi wann dat dës Saison kéint schief goen. Duerch 2 net onbedéngt erwaarten Erfolleger an den zwéi leschte Matcher hunn d'Meedercher dunn awer dach nach d'Kéier mat Zäite kritt, a wäerten deemno 2016/17 och déi 20.Saison hannerteneen éischtklasseg spillen.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 2. Plaz/14, 57 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • US Béiwen/Atert-Izeg 1:3
    • CS Suessem-Izeg 0:3
    • Izeg - Union Titus Péiténg 0:5
  • Coupe FLF:
    • Izeg - Sporting Beetebuerg 2:3 n.V.
  • Dammenekipp: 1. Liga: 7. Plaz/12, 27 Punkten

Saison 2016/17[änneren | Quelltext änneren]

Et war déi erwaarte schwéier Saison fir déi jonk Izeger Ekipp well et hir vun Ufank un net gelongen ass, sech un de Rhythmus vun der 1.Divisioun unzepassen. Schonn no den éischten 3 Nidderlage war d'Opstigseuphorie verflunn an et war gewosst, datt et eng laang a schwiereg Saison sollt ginn.

An der Hallschent vum Championnat stoungen 11 Punkten zu Buch an et konnt deemno op eng staark Réckronn gehofft ginn, fir d'Zil vum Netofstiig dach nach ze packen. Allerdéngs sollt des Hoffnung sech als Illusioun erweisen, huet d'Ekipp an de verbleiwenden 13 Matcher dach just nach 5 Punkten ergaddert, an déi lescht 7 Matcher souguer all verluer, an dat zum Deel mat ganz klore Resultater. Och de Versuch mat engem Trainerwiessel – de Georges Menster gouf de 17.Abrëll ersat duerch de Sabatino Marasco – sollt dorunner näischt méi änneren. En Negativrekord war och d'Golresultat vun nëmme 25 geschossene Goler a 26 Matcher, wat net emol engem Gol pro Match entsprécht.

Zum Schluss ass dann och logescherweis déi leschte Plaz erausgesprongen – eng enttäuschend Saison deemno fir den FC Blo-Wäiss Izeg.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 14. Plaz/14, 16 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • FC Näerzeng-Izeg 2:5
    • Izeg-FC Déifferdeng 03 0:5
  • Coupe FLF:
    • FC Biekerech-Izeg 0:6
    • Izeg-FC Jeunesse Gilsdref 4:2 n.V.
    • Izeg-Koeppchen Wuermer 0:5
  • Dammenekipp: 1. Liga: 5. Plaz/12, 32 Punkten

Saison 2017/18[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Saison 2017/18 huet de Veräin trotz dem Ofstig an der viregter Saison um Trainer Sabatino Marasco festgehalen. Dëst huet sech als eng gutt Entscheedung erwisen, well den Trainer huet et fäerdeg bruecht d'Ekipp ze festegen. D'Resultater sinn duerchaus positiv ausgefall, an obschonn den direkten Neesopstig keen erkläerten Zil war, hun déi Blo-Wäiss et fäerdeg bruecht, bis de leschte Spilldag mam Opstig ze flirten.

Am leschte Championnats-Match (19.5.2018) stinn sech schliisslech den FC Blo-Wäiss Izeg an de Sporting Club vu Beetebuerg um Stade Albert-Kongs zu Izeg an engem direkten Duell géigeniwwer; et ass dëst en Duell ëm déi 3.Plaz, déi d'Participatioun um Barragematch erméigleche géif. Leider geet dëse Match aus Siicht vun den Izeger mat 1:3 verluer, esoudatt den Dram vum Opstig ausgedreemt ass an e weidert Joer an der 2.Divisioun ustoe wäert.

Ganz positiv huet sech d'Dammenekipp (Entente Izeg/Kanech/Cebra) verkaf, komme si dach zum Schluss op déi verdéngt 4.Plaz an der 1.Liga.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 4. Plaz/14, 45 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • US Rammerech-Izeg 1:5
    • Izeg-Red Boys Uespelt 4:1
    • Izeg-FC Mamer 32 1:2
  • Coupe FLF:
    • Izeg-US Feelen 3:1
    • FC CeBra 01-Izeg 0:1
    • Izeg-Racing Ëlwen 4:1
    • Izeg-Jeunesse Jonglënster 3:4
  • Dammenekipp: 1. Liga: 4. Plaz/12, 39 Punkten

Saison 2018/19[änneren | Quelltext änneren]

Anescht ewéi dat viregt Joer ass d'Zilsetzung fir d'Saison 2018/19 den Opstig an d'1.Divisioun. Allerdéngs hunn d'Schützlinge vum Trainer Sabatino Marasco kee gudde Saisonufank erwëscht, esou datt si vun Ufank un ënner Drock stinn. Och eng tëschenzäitlech Ophueljuegd mat 21 vu 24 méigleche Punkte geet net duer, well schliisslech vun de leschten 11 Matcher der nëmmen 3 gewonne ginn.

Et feelt der Ekipp deemno un der néideger Konstanz, esou datt um Enn vun der Saison nëmmen eng enttäuschend 6. Plaz erausspréngt, an dat mat engem däitleche Réckstand vun 13 Punkten op de Spëtzentrio Residence Walfer, Avenir Beggen an CS Uewerkuer (jeeweils 57 Punkten).

An der Trainerfro gëtt sech drop gëeenegt, d'Zesummenaarbecht mam Tino Marasco net ze verlängeren - säin Nofollger fir d'Saison 2019/20 gëtt de Claude Leogrande, dee vu Menster op Izeg wiesselt. Den Tino Marasco sengersäits wiesselt bei den zukünftege Liga-Konkurrent FC Red Boys Uespelt.

Wat d'Dammenekipp ubelaangt, esou spille si - no engem éischter holperege Start - eng ganz stabil Saison a packt et schlussendlech op déi gutt 5. Plaz.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 6. Plaz/14, 44 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-US Béiwen/Atert 3:0 ff
    • Izeg-CS Fola Esch 1:7
  • Coupe FLF:
    • FC Blo-Wäiss Miedernach-Izeg 2:5
    • FC The Belval Bieles-Izeg 3:0
  • Dammenekipp: 1. Liga: 5. Plaz/12, 36 Punkten

Saison 2019/20[änneren | Quelltext änneren]

Den FC Blo-Wäiss Izeg huet ënnert sengem neien Trainer Claude Leogrande eng fulminant Hironn 2019/20 gespillt. D'Ekipp huet et fäerdeg bruecht keen eenzege Match vun der Hironn ze verléieren. Bei 13 gespillte Matcher gouf et 11 Victoiren an 2 Gläichspiller, wat gläichbedeitend war mat engem Punkte-Reservoir vu 35 an engem Golverhältnes vun 48:16 (+ 32). Ervirzehiewen ass, datt all d'Auswäertsmatcher - am Ganze 6 - konnte gewonne ginn. Domat goung den FC Blo-Wäiss mat engem komfortabele Virsprong vu 4 respektiv 12 Punkten op den Tabellen-2. respektiv den Tabellen-3. als Hierschtmeeschter an d'Wanterpaus.

Zu der Réckronn sollt et awer nëmme méi bedéngt kommen, well d'Covid-19-Pandemie d'Gesellschaft, an domat natierlech och de Sport broochgeluecht huet. Den 22. Abrëll huet d'FLF decidéiert, datt d'Championnat an allen Divisiounen ofgebrach gëtt an déi Ekippen, déi - Stand 22.Abrëll - op enger Opstiigsplaz stinn och opsteigen, wärend et op der anerer Säit awer keng Ofsteiger gëtt. Domat klëmmt den F.C.Blo-Wäiss Izeg zesumme mam FC CeBra 01 an d'1. Divisioun, an dat als Champion.

Den 1.Mee huet de Comité vum Veräi bekannt ginn, datt sech d'Weeër vum FCI an dem Trainer Claude Leogrande no nëmmen enger Saison wäerten trennen - säin Nofollger als Cheftrainer ab der Saison 2020/21 gëtt de Paulo Moura, dee bis ewell dem Claude Leogrande säi Co-Trainer bei de Seniore war.

An der Coupe de Luxembourg hunn d'Izeger - nodeems si virdru schonn d'US Feelen an d'AS Rupensia Lusitanos Fiels eliminéiert haten - um Izeger Kiermessonndeg dem Fusiounsveräin FC Déifferdeng 03, genee wéi 1992 schonn der deemoleger AS Déifferdeng, alles ofverlaangt, fir um Enn dann dach onglécklech mat 2:4 (1:2) duerch 2 Géigegoler an der Nospillzäit ze verléieren, woubäi den Eelefmeter zum 2:3 héichëmstridde war. Egal wéi, d'Izeger Jongen hu sech super aus der Affär gezunn - de Match war souguer der RTL Telé e ganz flotte Reportage an der Emissioun „Goal“ wäert.

D'Dammenequipe beleet zum Zäitpunkt vum Saison-Ofbroch déi gutt 4.Plaz an der iewescher Divisioun.

Bleift nach ze bemierken, datt et nom Oflaf vun der Saison 2019/20 zu enger Rëtsch Wiesselen um Niveau vum Comité komm ass. Sou geet och déi 14-järeg Presidentschaft vum Ivica Repušić op en Enn - neie President gëtt iwwerdeems de Bob Scholer.

  • 2. Divisioun/2. Bezierk: 1. Plaz/14, 37,5 Punkten°
  • Coupe de Luxembourg:
    • Izeg-US Feelen 9:1
    • AS Rupensia Lusitanos Fiels-Izeg 2:5
    • Izeg-FC Déifferdeng 03 2:4
  • Coupe FLF:
    • AS Rupensia Lusitanos Fiels-Izeg 2:2 (7:6 no Eelefmeter)
  • Dammenekipp: 1. Liga: 4. Plaz/12, 21 Punkten°°

°D'Saison gouf nom 15.Spilldag ofgebrach. Well Izeg awer zu deem Zäitpunkt 1 Match manner hat (35 Punkten) wéi d'Konkurrenz, gouf d'Punktzuel vun der FLF per Coeffizient op 37,5 erhéicht.

°°D'Saison gouf nom 13.Spilldag ofgebrach.

Joren 2020-2029[änneren | Quelltext änneren]

Saison 2020/21[änneren | Quelltext änneren]

Och nom Opstig ass et direkt nees gutt fir den FC Blo-Wäiss Izeg gelaf. Ënner der Leedung vum neie Coach Paulo Moura geléngt et, aus den éischten 8 Matcher 19 Punkten z'ergadderen, ënner anerem mat Erfolleger géint fréier Lëtzebuerger Fussballsgréisste wéi den FC Avenir Beggen an den CS Gréiwemaacher.

Opgrond vun der beonrouegender Entwécklung vun der Covid-19-Pandemie huet den nationale Fussballchampionnat ab dem 23. Oktober 2020 awer op en Neits missten eng Paus aleeën. Kuerz duerno gouf mat engem FLF-Communiqué vum 04.11.2020 decidéiert, datt am Kalennerjoer 2020 - mat Ausnam vun der BGL Ligue bei de Männer an der Ligue 1 bei den Dammen - keng Matcher méi wäerte gespillt ginn.
Hei de Resümmee vum besoten FLF-Communiqué, publizéiert um Site vum FC Blo-Wäiss Izeg (04.11.2020):
"Laut engem FLF-Communiqué vun haut huet d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun decidéiert, datt an dësem Kalennerjoer nëmmen nach an der BGL Ligue vun de Männer respektiv an der Ligue 1 bei den Damme weidergespillt soll ginn. D'Reprise vum Championnat ass fir de Weekend vum 21./22. November geplangt. Fir eis éischt Ekipp ass d'Saison 2020/21 deemno virleefeg ënnerbrach, déi Blo-Wäiss verbréngen also de Joreswiessel un der Tabellespëtzt vum zweete Bezierk an der éischter Divisioun. Iwwerdeems ginn d'Meedercher vun der Entente Izeg/CeBra 1 den 21. November nees un den Depart. D'Championnatsmatcher vun de Senioren, Senior Reserven an Dammen an den ënneschten Divisioune ginn eréischt vum 10. Januar 2021 u virugespillt. An de Jugendkategorië soll et eng Woch méi spéit, de 17. Januar weidergoen. Donieft gouf festgehalen, datt Transferten an der Wanterperiod eréischt vum 1. Februar 2021 u gëllen. Dat bedeit, datt all Spiller, deen am Wanter de Club wiesselt, nach bis inklusiv den 31. Januar 2021 fir säin ale Veräi kann agesat ginn, a réischt duerno fir säin neie Club spillberechtegt ass."

Well awer och am Ufank vum Kalennerjoer 2021 d'Covid-19-Pandemie nach ëmmer net ënner Kontroll war, huet sech Regierung gezwonge gesinn déi sportlech Reprise ëmmer nees no hannen ze verréckelen, esou datt d'FLF schlussendlech den 8. Mäerz d'Decisioun geholl huet, de Spillbetriib an den ënneschten Divisiounen an och bei de Jugendequippen anzestellen.
D'Championnat gëtt och deemno net bewäert, wat bedeit datt et dës Saison weeder Op- nach Ofsteiger gëtt.
Iwwerdeems spillt déi 1.Izeger Dammenequipe hiert Championnat op en Enn, well si an der Ligue 1 spillen.
Hei dann de geneeë Wuertlaut um Internet-Site vum FC Blo-Wäiss Izeg (09.03.2021):
"D'Lëtzebuerger Futtballfederation huet haut bekanntginn, dass d'Saison 2020/21 an den ënneschten Divisiounen an och de Jugendchampionnat definitif a matt "effet immédiat" ofgebrach ass. Um Programm bleiwen d'Matcher an der BGL Ligue bei den Hären resp. an der Ligue 1 bei den Dammen."

An der Coupe de Luxembourg hunn d'Izeger - nodeems si am 1.Tour Minerva Lëntgen eliminéiert haten - am 2.Tour e reegelrecht Gléckslous erwëscht:
Sou kënnt et um Freiden, 16. Oktober um Holleschbierg zum Derby tëschent dem FC Blo-Wäiss Izeg an dem Swift Hesper. Bedéngt duerch d'Corona-Bestëmmungen hunn d'Izeger op den Heemvirdeel verzicht a sou gëtt d'Partie beim Noper Hesper um Stade Alphonse Theis ausgedroen.
Gutt 500 Leit hu sech fir dëst brisant Duell afonnt. Och wa sech d'Jonge vum Trainer Paulo Moura vill virgeholl haten an och gutt dogéint gehalen hunn, sou sollt sech den Nationaldivisionnär um Enn awer relativ souverän mat 4:0 (2:0) duerchsetzen, och wann den FC Blo-Wäiss Izeg ni opginn huet an den Éieregol verdéngt gehat hätt.
Leider huet bei deenen 2 héichprozentegen Izeger Golchancë sech eemol den Hesper Keeper als Spillverdierwer erwise wärend déi aner Kéier de Potto am Wee stoung.
Dëst ass iwwregens dat 1. offiziellt Openeentreffe vu béide Formatioune gewiescht zanter dem leschte Coupe-Match Izeg-Hesper (0:2) an der Saison 1996/97.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: /
  • Coupe de Luxembourg:
    • Minerva Lëntgen-Izeg 1:2
    • Izeg-Swift Hesper (Holleschbierg) 0:4
  • Coupe FLF:
    • US Rammerech-Izeg 1:1 (7:8 no Eelefmeter)
    • Izeg-FC CeBra 01: /
  • Dammenekipp: 1. Liga: 6. Plaz/14, 47 Punkten

Saison 2021/22[änneren | Quelltext änneren]

No engem staarke Saisonufank ass den Izeger um Enn vum Joer d'Loft ausgaangen, esou datt et ëm de Joreswiessel eben och zu engem Trainerwiessel komm ass. De Paulo Moura gouf vum Yves Block ofgeléist.
Mat engem Erfolleg um zweetleschte Spilldag géint den FC Avenir Beggen konnt de Klassenerhalt virzäiteg geséchert ginn.
Um Enn schléisst den F.C.Blo-Wäiss Izeg d'Saison op der 11. Plaz of.

  • 1. Divisioun/2. Bezierk: 11. Plaz/16, 38 Punkten
  • Coupe de Luxembourg:
    • AS Lëtzebuerg/Porto-Izeg 0:1
    • Izeg-FC Victoria Rouspert 0:6
  • Coupe FLF:
    • Izeg-US Béiwen/Atert 2:2 (6:7 no Eelefmeter)
  • Dammenekipp: 1. Liga: 7. Plaz/13, 33 Punkten

Saison 2022/23[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. Divisioun/2. Bezierk:
  • Coupe de Luxembourg:
    • FC Racing Heischent/Eschduerf-Izeg 0:6
    • IZEG-Union Titus Péiteng 0:2
  • Coupe FLF:
    • FC Jeunesse Gilsdref-Izeg 0:2
    • FC Olympia Chrëschtnech/Waldbëlleg-Izeg
  • Dammenekipp: fir d'Saison 2022/23 gëtt et keng Dammenekipp.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: FC Blo-Wäiss Izeg – Biller, Videoen oder Audiodateien