Félix vu Lëtzebuerg
Félix vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Titelen | |
Biographie | |
Gebuer |
3. Juni 1984 Maternité Grande-Duchesse Charlotte |
Bestuet mat | Claire Lademacher |
Papp | Henri vu Lëtzebuerg |
Mamm | Maria Teresa Mestre |
Geschwëster | Alexandra vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg |
Kanner | Amalia vun Nassau, Liam vun Nassau, Balthasar vun Nassau |
De Félix Léopold Marie Guillaume vu Lëtzebuerg, gebuer den 3. Juni 1984 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg, ass Prënz vun Nassau a Prënz vu Lëtzebuerg. Hien ass den zweete Jong vum Groussherzog Henri a senger Fra Maria Teresa Mestre.
Studien
[änneren | Quelltext änneren]No der Primärschoul zu Luerenzweiler huet e säi Secondaire zu Lëtzebuerg an der Privatschoul Notre Dame Sainte-Sophie de Luxembourg an an der American School of Luxembourg gemaach. Vun 1998 bis 2003 ass hien an de Collège Alpin International Beau Soleil zu Villars-sur-Ollon an der Schwäiz gaangen, wou hien och säin Ofschlossdiplom krut.
Vun 2003 bis 2004 huet en e Studium a Politikwëssenschaften, Kommunikatioun a Psychologie a Groussbritannien an an der Belsch gemaach. Ausserdeem huet en an där Zäit Stagen a verschiddene Privatentreprisë gemaach.
2005 huet en am Departement Marketing & Public Relations vun enger Schwäizer Firma geschafft, déi op d'Organisatioun vu Sport- a Kulturevenementer spezialiséiert ass. Fir déi Firma ass en och weider aktiv als onofhängege Beroder.
Vun 2009 bis 2013 huet de Prënz Félix zu Roum am Pontifical Athenaeum Regina Apostolorum e Masterstudium a Bioeethik gemaach, deen e mat Erfolleg ofgeschloss huet.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De 17. September 2013 huet hien an der hessescher Uertschaft Königstein im Taunus an der Villa Rothschild d'Claire Lademacher bestuet. Déi kierchlech Hochzäit war den 21. September an der Basilika Sainte-Marie-Madeleine zu Saint-Maximin-la-Sainte-Baume am Departement Var a Südfrankräich.
Zanter hirem Bestietnes lieft d'Koppel zu Lorgues an der Provence a verwalt do de Wäindomaine Château Les Crostes vun der Famill Lademacher[1].
De 15. Juni 2014 krut d'Koppel an der Stater Maternité hiert éischt Kand, d'Amalia Gabriela Maria Teresa vun Nassau[2].
Den 28. November 2016 koum hiert zweet Kand, de Liam Henri Hartmut vun Nassau zu Genf op d'Welt[3].
Den 7. Januar 2024 koum dat drëtt Kand, de Balthazar Felix Karl vun Nassau an der Stater Maternité op d'Welt[4][5].
Patronagen
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 2003 mécht de Prënz Félix de Patronage vum Fallschiermspréngerveräin Cercle Para Luxembourg (FAL). Hien ass och zanter 2005 Éierepresident vun der Fédération luxembourgeoise de Basketball.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Félix vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Château Les Crostes - Zu Besuch bei Prinz Félix und Claire op wort.lu vum 20. Mee 2014
- ↑ "Nowuess um Haff: D'Prinzessin Amalia ass do." rtl.lu, Leschten Update: 16.06.2014, 08:44:39.
- ↑ Pressecommuniqué vum 6. 12. 2016
- ↑ (lb)D'Amalia an de Liam kruten e Bridderchen: De Balthazar Félix Karl, drëtt Kand vum Prënz Félix a senger Fra Claire, ass do. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 08.01.2024.
- ↑ (fr)Naissance de Son Altesse Royale le Prince Balthazar Felix Karl | Cour grand-ducale. www.monarchie.lu. Gekuckt de(n) 21.01.2024.