Fred Serres
Ausgesinn
Fred Serres | |
---|---|
Gebuer | 18. Mee 1952 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Boxer |
De Fred Serres, gebuer den 18. Mee 1952 ass e fréiere lëtzebuergesche Boxer. Hie war vun 1974 bis 1977 lëtzebuergesche Landesmeeschter am Hallefschwéier- respektiv Schwéiergewiicht.
Vun 1977 bis 1983 war hie professionelle Boxer an huet e puermol fir den Europameeschtertitel geboxt. Déi zwéi wichtegst Matcher dobäi ware géint den Hollänner Rudi Koopmans fir den Europameeschtertitel am Hallefschwéiergewiicht, déi hien allen zwéi verluer hat. Hien hat a senger Karriär 22 international Matcher geboxt, dovu 17 gewonnen, a 5 verluer.
De Fred war de Bouf vum Jeng Serres, deen och geboxt huet.
International Matcher
[änneren | Quelltext änneren]Datum | Géigner | Plaz | Resultat | |
---|---|---|---|---|
10. November 1983 | Emilio Garcia | Esch-Uelzecht | Gewonnen no Punkten | |
25. November 1982 | Richard Caramanolis | Marseille | Verluer no Punkten | |
12. Februar 1982 | Bonny McKenzie | Déifferdeng | Gewonnen no Punkten | |
5. Oktober 1981 | Rudi Koopmans | Rotterdam | Verluer KO. | |
11. Mee 1981 | John Robinson | Esch-Uelzecht | Gewonnen TKO | |
11. Abrëll 1981 | Fred Brown | Déifferdeng | Gewonnen no Punkten | |
27. Februar 1981 | Avenamar Peralta | Déifferdeng | Gewonnen no Punkten | |
5. Dezember 1980 | Lino Lemma | Déifferdeng | Gewonnen no Punkten | |
11. Juli 1980 | Rudi Koopmans | Déifferdeng | Verluer no Punkten | |
28. Mäerz 1980 | Mandu Refait | Déifferdeng | Gewonnen TKO | |
28. Februar 1980 | Mandu Refait | Déifferdeng | Verluer no Punkten | |
14. Januar 1980 | Mustapha Kabangu | Esch-Uelzecht | Gewonnen no Punkten | |
29. Oktober 1979 | Joze Centa | Déifferdeng | Gewonnen TKO | |
12. Oktober 1979 | Louis Pergaud | Roum | Verluer TKO | |
2. Juli 1979 | Salmin Boutera | Esch-Uelzecht | Gewonne KO | |
26. Februar 1979 | Etienne Bayadikilla | Esch-Uelzecht | Gewonnen no Punkten | |
22. Januar 1979 | Karl Heinz Schulz | Esch-Uelzecht | Gewonnen TKO | |
25. Dezember 1978 | Horst Lang | Esch-Uelzecht | Gewonnen no Punkten | |
15. Dezember 1978 | Hans Michel | Asbach Rh.-P. | Gewonne KO | |
8. Mee 1978 | Eric Seys | Esch-Uelzecht | Gewonnen no Punkten | |
10. Abrëll 1978 | Mohammed Torch | Esch-Uelzecht | Gewonnen no Punkten | |
10. Mäerz 1978 | Darko Barakovic | Esch-Uelzecht | Gewonnen no Punkten |