Gemeng Lëntgen
Gemeng Lëntgen | |
---|---|
d'Märei vu Lëntgen | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Lintgen de: Lintgen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Miersch |
Chef-lieu | Lëntgen |
Buergermeeschter | Louis Pinto |
Awunner | 3.487 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 1.525 ha |
Héicht | 336 m |
Koordinaten |
49° 43’ 0’’ N 06° 08’ 0’’ O |
LAU-Code | LU0407 |
Websäit | http://www.lintgen.lu/ |
D'Gemeng Lëntgen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Lëntgen vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften an der Gemeng[1]
[änneren | Quelltext änneren]Zur Gemeng gehéiert nach de Plankenhaff.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Lëntgen läit am Dall vun der Uelzecht am Zentrum vum Land am Kanton Miersch. Si huet eng Fläch vu 1524 Hektar, dovu 760 Hektar Bësch, 600 Hektar landwirtschaftlech Fläch a 70 Hektar urbaniséiert Fläch.
An der Gemeng gëtt et 21,43 Kilometer befestegt Stroossen a Weeër.
Den héchste Punkt läit bei 414 Meter, den déifste Punkt bei 210 Meter[2].
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Dokumenter déi d'Uertschaften an der Gemeng nenne si vun 896 fir Lëntgen, 940 fir Gousseldeng an 960 fir Pretten.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Op den 1. Mäerz 2012 hunn an der Gemeng Lëntgen 2.700 Leit gewunnt, dovun 2.082 an der Uertschaft Lëntgen, 516 zu Gousseldeng an der 102 zu Pretten.
57,4 % vun den Awunner ware Lëtzebuerger. Déi meescht Auslänner hunn d'Portugise mat 673 Persounen (25 %) gestallt, duerno d'Fransouse mat 70 Persounen (2,6 %).
Nationalitéit | Lëntgen | Gousseldeng | Pretten | Gemengentotal |
---|---|---|---|---|
Lëtzebuergesch | 1 128 | 356 | 67 | 1 551 |
Portugisesch | 577 | 79 | 17 | 672 |
Franséisch | 49 | 16 | 5 | 70 |
Däitsch | 48 | 10 | 4 | 62 |
Belsch | 44 | 3 | 2 | 49 |
Spuenesch | 38 | 1 | 0 | 39 |
Italieenesch | 29 | 8 | 2 | 39 |
Brittesch | 21 | 1 | 0 | 22 |
Polnesch | 5 | 17 | 0 | 22 |
Kapverdianesch | 19 | 1 | 0 | 20 |
Hollännesch | 15 | 2 | 2 | 19 |
Dänesch | 10 | 5 | 0 | 15 |
Aner Nationalitéiten | 87 | 17 | 3 | 135 |
Total | 2 082 | 516 | 102 | 2 700 |
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: coupé-ondé; en chef d'or à deux étoiles, à huit rais de gueules posées en fasce, en pointe d'azur à la croix pattée et alésée d'or |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Gemengerot
[änneren | Quelltext änneren]Lëntge war bis d'Gemengewalen 2017 eng Majorzgemeng. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt. Zur Wal stoungen dunn och 11 amplaz 9 Gemengeréit[3].
Resultater
Joer | DP | DNE* | EBL* |
---|---|---|---|
2023[4] | 2 | 4 | 5 |
*DNE: Di nei Ekipp; EB: Engagéiert Bierger Lëntgen
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
De Schäfferot, deen 2023 aus de Gemengewalen ervirgoung, gëtt vun enger Koalitioun aus den Engagéierte Bierger an der DP gedroen. Buergermeeschter gëtt de Louis Pinto (EBL).[5]
Buergermeeschteren[6]
[änneren | Quelltext änneren]- 1808-1825: Ambroise Heuardt
- 1825-1830: Michel Dondelinger
- 1830-1848: Henri Klein[7]
- 1848-1849: Etienne Welter
- 1849-1857: Henri Witry
- 1858-1861: Johann Peter Heuardt
- 1861-1866: Henri Witry
- 1867-1898: Nicolas Klein
- 1898-1909: Gérard Schoellen
- 1909-1912: Nicolas Petges
- 1912-1918: Pierre Pesch
- 1918-1926: Antoine Wolff
- 1926-1941: Albert Stoffel
- 1941-1944: Adolf Schultz
- 1944-1945: Albert Stoffel
- 1945-1972: Jean Donnersbach
- 1973-1986: Charles Reiffers
- 1987-1991: Gusty Casagranda
- 1991-1993: Pierre Weicherding
- 1994-2023: Henri Wurth
- zanter 2023: Louis Pinto (Engagéiert Bierger Lëntgen)
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Lëntgen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Gare Lëntgen
- Kierch Lëntgen
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Lëntgen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lëntgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Lëntgen
- D'Gemeng Lëntgen op der Websäit vum Syvicol
- Fanfare Lëntgen
- Uergelfrënn Lëntgen
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ (fr)La commune en chiffres. www.lintgen.lu Archivéiert de(n) 06.07.2020. Gekuckt de(n) 06.07.2020.
- ↑ (de)So bereitet sich Lintgen auf die Wahlen nach Proporzsystem vor. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (05.08.2022). Gekuckt de(n) 15.08.2022.
- ↑ (fr)Lintgen. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 12.06.2023.
- ↑ "Lëntgen: Schäfferot steet - Louis Pinto ass neie Buergermeeschter." rtl.lu, 12.06.2023.
- ↑ %20September.pdf Lëscht mat de Buergermeeschterem 1908-2008 vum Emile Gruber an der Publikatioun de Gemengebuet. Informatiounsblat vun der Gemeng Lëntgen. – Nr. 10, September 2008, Säit 43
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844