Jean-Pierre Beckius

Vu Wikipedia
Versioun vum 19:46, 19. Mee 2022 vum Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen) (N-Reegel, replaced: vu N → vun N using AWB).
Jean-Pierre Beckius
Jean-Pierre Beckius, Autoportrait (1930)
Gebuer 4. August 1899
Mäertert
Gestuerwen 11. Dezember 1946
Mäertert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Kanner Triny Beckius

De Jean-Pierre Beckius, gebuer de 4. August 1899 zu Mäertert, an och do gestuerwen den 11. Dezember 1946, war e lëtzebuergesche Moler.

D'Graf vum J.P. Beckius um Kierfecht zu Mäertert (2016)

De Jean-Pierre Beckius stoung den Impressionisten no, déi e vun 1919 bis 1926 zu Paräis studéiert huet. Hien huet och laang Reesen an Italien (Neapel a Roum, 1928-1930) an an Holland (1933-1934) gemaach. Hie war ee vun deene Moler, déi an hire Biller eng grouss Léift fir hiert Land zum Ausdrock bruecht hunn. Vu senge Sujeten hier gëtt hien allgemeng als Moler vun der Musel bezeechent.

Säi Liewen

De Jean-Pierre Beckius gouf als zweet Kand an enger Wënzer- a Bauerefamill gebuer. Säi Papp war vu Kapenaker, seng Mamm, d'Catherine Thull, war vu Mäertert. De Jean-Pierre sollt an der Traditioun dat weider féiere wat seng Elteren a Grousseltere geschafft hunn.

De Pierre Frieden, sengerzäit jonke Student, konnt dem Beckius säi Papp awer iwwerzeegen, datt de Jean-Pierre weider an d'Schoul goe kéint a sou koum dee jonke Beckius dunn an d'Handwierkerschoul, wou hien tëscht 1914 an 1918 ë. a. de Pierre Blanc an de Ferdinand d'Huart als Proff hat.

1919 ass hien dunn op Paräis gaangen, wou hie siwe Joer laang gewunnt huet. Hie war op der École nationale supérieure des beaux-arts an huet do déi fréier grouss Meeschtere studéiert. De Beckius gouf staark vum Corot a vum Impressionismus gepräägt, deem en duerno a senge Wierker ëmmer trei bliwwen ass.

Am Joer 1924 war de Beckius beim Biisser Paschtouer Jean-Pierre Molitor op Besuch. Just zu där Zäit gouf d'Parkierch vu Biissen faarweg ausgemoolt. De Beckius huet d'Geleeënheet benotzt, fir véier Zeenen aus dem Neien Testament op d'Chouerwänn ze molen.

Eng Gracht zu Amsterdam

An deem mondäne Paräis huet sech de Jean-Pierre Beckius net wierklech wuel gefillt an hien huet och ëmmer léiwer déi roueg Gaassen, de Montmartre oder d'Seine mat hire Brécke gemoolt.

Mat der finanzieller Hëllef vum Joseph Bech ass de Beckius tëscht 1928 an 1930 duerch Italie gereest. Do huet hie seng Technik verfeinert an huet geléiert mam Liicht an der Hellegkeet am Mëttelmierraum ze spillen.

1933 huet de Beckius sech mat der Gabrielle Breyer vun Arel bestuet. Duerch seng Léift fir de Rembrandt ass de Beckius dunn an Holland gaangen; et war am Fong eng Hochzäitsrees déi zwee Joer gedauert huet. Den Openthalt an Holland zielt zu de Héichpunkten am Wierk vum Beckius. Seng léifste Motiver an där Zäit waren déi schmuel Gaassen an typesch Haiser vun Amsterdam, d'Dünen, d'Tulpefelder an och nach d'Grachte mat de Booter.

Well hien no der Heemecht verlaangert huet ass hien 1934 zréck op Mäertert gaangen an ass do wunne bliwwe bis hie mat nëmme 47 Joer, 1946 verstuerwen ass.

Säi Wierk

Wann de Beckius zu de Landschaftsmoler gezielt gëtt, sou huet hien awer ni Blummen oder Nature-mortë gemoolt a seng Landschaftsbiller weise seele Mënschen. Wann hie Mënsche gemoolt huet, dann ëmmer einfach oder al Leit: Aarbechter, Baueren, Wënzer oder Duerfleit. Hie mécht awer och Portraite vu Kanner a Familljememberen. Et gëtt eng Rei Biller vu senge Kanner, vu senger Mamm a senger Fra.

Och wann hien emol Dierfer un der Sauer oder de Sirdall gemoolt huet, war dem Beckius säi léifste Sujet de Museldall.

Auswiel vum Beckius senge Wierker

  • 1924: an der Parkierch vu Biissen, véier Zeenen aus dem Neien Testament op d'Chouerwänn: d'Abendmahl, d'Doudenerweckung vum Jünger vun Naim, Jesus de Kannerfrënd an d'Biergpriedegt. Dës Freske si bis haut erhalen a stinn zanter 1987 ënner Denkmalschutz;
  • 1939: eng Serie vun néng Aquarellen déi de Beckius am Kader vum Centenaire vun der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg gemoolt huet an déi hien der Groussherzogin Charlotte geschenkt huet, wéi déi zu Gréiwemaacher op Besuch war.
  • Famill

De Beckius hat seng Wierker ë. a. an de Salonen vum Cercle artistique de Luxembourg ausgestallt an awer och an der Galerie Bradtké an der Stad: 1931 (italieenesch Biller), 1935 (hollännesch Biller) an 1939.

Literatur

Unerkennung

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Jean-Pierre Beckius – Biller, Videoen oder Audiodateien