Op den Inhalt sprangen

Kierch Esch-Lalleng

Vu Wikipedia
Kierch vun Esch-Lalleng
Lallenger Kierch (Jan. 2024)

Lallenger Kierch (Jan. 2024)
Lallenger Kierch (Jan. 2024)
Uertschaft / Plaz Esch-Lalleng
Par Par Esch-Uelzecht
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Maria Kinnigin
Konsekratioun 21. Nov. 1953
Architekt(en) Isidore Engler
Baujoer 1952-53
Koordinaten 49° 30’ 27’’ N
      05° 59’ 19’’ O
Kierchen - Kapellen
Weekräiz bei der Kierch

D'Kierch zu Esch-Lalleng, ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Esch-Uelzecht Sainte-Famille an zu der Gemeng Esch-Uelzecht gehéiert.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Esch-Lalleng an huet zum Parverband Esch-Uelzecht, zu der Pastoralregioun Süden an zum Dekanat Esch-Uelzecht gehéiert.

D'Kierch, déi am November 1953 ageweit gouf, ass Maria, der Kinnigin vun der Welt geweit. D'Fest gëtt den 22. August gefeiert.

Se steet op der Kräizung vun der Lëtzebuerger Strooss (N4), dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (N4C) der Monnerecher Strooss (CR106) an dem Boulevard Aloyse-Meyer (CR170).

Nieft der Kierch steet op der Westsäit (Monnerecher Strooss) e Weekräiz.

Et ass eng modern Kierch. De Grondsteen gouf de 6. Juli 1952 geluecht[1].

An der Fassad iwwer dem Agank steet eng grouss Statu vun der Muttergottes als Kinnigin[2].

De Mosaik am Chouer ass vum Jean Barillet vu Paräis a stellt d'Kréinung vu Maria duerch d'Dräifaltegkeet duer. Ze gesi sinn och nach de Johannes den Evangelist an de Pius X. Den Dafsteen ass vum Emile Hulten, d'Fënstere vum Frantz Kinnen stellen Zeenen aus dem Liewe vun der Muttergottes duer.

Um Duxall steet eng Westenfelder-Uergel mat 15 Regëster, déi den 21. November 1987 ageweit gouf.

Am Kierchtuerm hänken dräi Klacken, déi an den Téin h', a' a fis lauden.

  • Broschür vun 1987 vun den Oeuvres Paroissiales: Aweihung vun der neier Uergel, 25 Joer Poar Lalleng, 25 Joer Kierchechouer (48 S.)
Commons: Kierch Esch-Lalleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Grundsteinlegung der neuen Marienkirche in der Minettemetropole am Luxemburger Wort vum 7. Juli 1952
  2. Bild vun der Statu am Luxemburger Wort vum 17. September 1953