La Renaissance française

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

La Renaissance française ass eng franséisch Associatioun déi sech fir d'Erhalen an d'Verbreedung vun der franséischer Sprooch a Kultur engagéiert.

D'Associatioun huet als Devise: Culture-solidarité-francophonie.

D'Renaissance française gouf 1916 gegrënnt, mat Sëtz zu Paräis. Si huet sougenannten Delegatiounen an enger Rëtsch vu franséischen Departementer an och a 14 Länner, déi d'franséisch Sprooch en partage hunn, dorënner zanter 2011 och Lëtzebuerg.

Éierepresidentin ass d'Simone Veil vun der Académie française, President de Prefekt Antoine Guerrier de Dumast.

Matgrënner an éischte President vun der Delegatioun zu Lëtzebuerg ass de Bruno Théret.[1]

La Renaissance française zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

La Renaissance française au Luxembourg gouf offiziell de 14. November 2011 gegrënnt, dat a Presenz vum franséischen Ambassadeur, dem internationale President Antoine Guerrier de Dumast, dem Laurent Mosar, President vun der Chamber, a vum François Biltgen, Minister vun der Kultur. Grënnungsmember an éischte President vun der Lëtzebuerger Delegatioun ass de Bruno Théret.[2]

Bei där Geleeënheet kruten dräi Persoune Medaile fir hir Verdéngschter ëm d'franséisch Sprooch a Kultur zu Lëtzebuerg: d'Danièle Fonck, Direktesch vum Grupp Editpress; d'Françoise Pirovalli, Responsabel fir d'Ëffentlechkeetsaarbecht (Relations publiques) am Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster; de Christophe Déage, President vun der Sociétéit déi d'Gestioun vum Schlass vun Aansebuerg mécht.[2]

Historique[änneren | Quelltext änneren]

La Renaissance française gouf de 27. Abrëll 1916 vum Raymond Poincaré, President vun der franséischer Republik, gegrënnt, fir de Bierger aus Loutrengen an dem Elsass de Retour an déi franséisch Sprooch a Kultur nom Enn vum Éischte Weltkrich z'erliichterren.

Spéider huet d'Associatioun hir Objektiver erweidert an op eng Rëtsch Länner ausgedeent, déi franséischsproocheg sinn, oder awer d'franséisch Sprooch 'en partage' hunn.

Lëscht vun de Länner an deenen d'Renaissance française eng Delegatioun huet (Stand Enn 2011): d'Belsch, d'Schwäiz, de Kanada, d'Vereenegt Staaten, Lëtzebuerg, de Libanon, Rumänien, Madagaskar, Marokko, Italien, Argentinien, Russland a China.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lorent, J., 2011. « la Renaissance française » a vu le jour. Acte solennel sous le signe de la culture et langue françaises à l'ambassade de France à Luxembourg. Luxemburger Wort vum 16. November 2011, S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Bruno Théret ass Direkter bei ArcelorMittal.
  2. 2,0 2,1 Luxemburger Wort vum 16. November 2011, S. 25.
  3. Cf. d'Websäit vun der Associatioun. Lëtzebuerg ass Enn 2011 nach net op der Lëscht.