La revanche
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2003-2004[1] |
Première | 1. Oktober 2004 |
Dauer | 110 min. |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch |
Andy Bausch Jean-Louis Schlesser[2] |
Fotografie | Klaus Peter Weber |
Musek | Serge Tonnar |
Schnëtt | Misch Bervard |
Produzent |
Nicolas Steil Paul Thiltges |
Produktiouns- gesellschaft |
Iris Productions Paul Thiltges Distributions |
Schauspiller | |
Thierry van Werveke als Jérôme Sascha Ley als Tessie, dem Jérôme seng Fra Cartouche als Tito André Jung als Théid Fernand Fox als Abbes Fani Kolarova als Natacha Marco Lorenzini als Bob Angela Monteiro als Flora Philippe Noesen als Aimé Véronique Fauconnet als Teresa Camillo Felgen als Paschtouer Frédéric Frenay Thorunn Egilsdottir Mendaly Ries | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
La Revanche ass eng lëtzebuergesche Filmcomedie vum Andy Bausch, déi den 1. Oktober 2004 erauskoum. E gëllt als déi indirekt Fortsetzung vum Film Le Club des Chômeurs (2002).
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg, e klengt Land am Häerz vun Europa, ass bekannt fir de soziale Fridden a besonnesch fir seng Finanzplaz. Mä dëst multikulturelt Land, an deem déi auslännesch Populatioun e grousse Prozentsaz ausmécht, ass weeder fir seng Foussballsekippen, nach fir seng Chômeure bekannt.
Firwat net d'Chômeuren huelen, si als Geschäftsleit verkleeden an hinnen en internationale Foussballsclub grënne loossen, deen ee Succès nom anere feiert?
Filmproduktioun
[änneren | Quelltext änneren]De Film sollt nom groussen Erfolleg vu Le Club des Chômeurs eng indirekt Fortsetzung vun dësem sinn. Den Haaptpersonnage Jérôme "Geronimo" Klein an e puer aner Personnage sinn zwar nach déi selwechte, mee de Kontext ass en aneren. Esou war de Jérôme Klein am éischte Film ee celibataire Chômeur ouni Suen an an der Revanche spillt hien e bestuete Beamten dee bei der ADEM schafft.[3]
De Film gouf tëscht dem 20. Mäerz an dem 15. Abrëll 2004 zu Lëtzebuerg gedréint.[4] De Budget loung bei ronn 1,2 Milliounen Euro.[5]
La revanche ass och nach ënnert dem Aarbechtstitel La revanche des chômeurs bekannt.[1][6][7]
D'Avant-Première war den 29. September 2002 am Utopolis mat enger Releaseparty am Hollerecher Atelier, éier de Film dunn den 1. Oktober am reguläre Kino ugelaf ass.[5]
E gouf am Ganze vu 14.616 Leit gesinn.[8]
Wat sot d'Press?
[änneren | Quelltext änneren]An der Press sinn d'Kriticken op de Film ganz ënnerschiddlech ausgefall:[9]
- Peter Feist, d'Lëtzebuerger Land, 24. September 2004:[5]
La Revanche ist gegenüber dem Vorgänger ein Qualitätssprung. [...] Neben dem Beziehungsdrama Jérôme-Tessie (van Werveke ist ein hervorragend tragischer Jérôme, Ley ausgezeichnet als Frau, die mal so viel vor hatte) ist es diese „andere Seite" der hiesigen Multikultur, die La Revanche thematisieren will. Das gelingt vor allem über viele witzige Dialogszenen, Situationskomik und gelegentlichen Klamauk. Auf diese Weise gelingt auch meistens der Brückenschlag zwischen den drei Erzähl-Universen Fußballprojekt, Cabaret-Problematik und dem erotischen Karneval der Kulturen in Tessies Sprachenschule. Denn so visuell einfallsreich und detailversessen Auch Bausch auch in seinem neuen Film in nur 22 Drehtagen wieder einmal vorging, so überladen ist das Szenario.
- Jérôme Netgen, Tageblatt, 1. Oktober 2004:[10]
Dass unter dem Strich ein Sittenbild des multikulturellen Luxemburgs dabei herauskommt, in dem Überlebenskünstler und Go-Go-Tänzerinnen, Gaunerfiguren und zwielichte Financiers aus dem Reich der 'Lulus' agieren, ist keine geringe Leistung.
- Renée Wagener, woxx, 1. Oktober 2004:[11]
Well den Andy Bausch beim „Club des Chômeurs“ Xenophobie virgeworf krut, mécht en elo bei „La revanche“ op Multikulti. Dat mécht nach kee gudde Film draus. [...] E konfuse Szenario, eng Hällewull vu Personnagen, déi d'Story iwwerlueden, an zimlech vill Längte suergen dofir, dass een de Film emol net als kleng Komedie ka genéissen. Dat eenzegt, wat gutt eriwwer kënnt, ass d'Filmmusek vum Serge Tonnar, an déi eng oder aner schauspilleresch Leeschtung, wéi déi vum Änder Jung oder vum Sascha Ley. Si wierken awer scho bal deplacéiert an engem Film, dee wéi e verlängerten „La Luxembourgeoise“-Spot dohier kënnt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 De Film op crew-united.com
- ↑ De Film op theirisgroup.eu
- ↑ forum.lu: Out of Focus - Andy Bausch’s La Revanche and the question of value vum Gérard Kraus, Dezember 2004
- ↑ maisondesassociations.lu: Kino a Kaffi - La revanche (Andy Bausch)
- ↑ 5,0 5,1 5,2 Luxemburgensia für Ausländer vum Peter Feist, d'Lëtzebuerger Land, 24. September 2004
- ↑ De Film um Site vum Lëtzebuerger Filmfong
- ↑ De Film op cineuropa.org
- ↑ "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.
- ↑ Elle n'a dansé qu'un seul été vum Marie-Amandine, d'Lëtzebuerger Land, 8. Oktober
- ↑ Gesammelt Pressestëmmen op webartproject.de
- ↑ woxx.lu: ANDY BAUSCH: La revanche des chômeurs vum Renée Wagener (1. Oktober 2004)