Op den Inhalt sprangen

Lycée Hubert-Clément

Vu Wikipedia
Lycée Hubert-Clément
De Lycée Hubert-Clément virun der Renovatioun, vun der Jean-Pierre Michels-Strooss aus gesinn (2008).
(LHCE)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Esch-Uelzecht
Adress 2 rue Général Patton L-4277 Esch-sur-Alzette
Leedung Jean Theis
Schülerzuel 1.048
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 1955
Genannt no Hubert Clément
Koordinaten 49°30'10"N, 5°58'39"O
Um Spaweck http://www.lhce.lu
Den ale Meedercherslycée, am Schoulbierg.

De Lycée Hubert-Clément ass eng Secondairesschoul zu Esch-Uelzecht. Et ass de fréiere Meedercherslycée, deen 1971 nom lëtzebuergesche Journalist a Politiker Hubert Clément (1889-1953) genannt gouf.

Fir d'Schouljoer 1910/11 huet zu Esch e kommunale Lycée (« Lycée de jeunes filles municipal »[1]) mat 2 Klassen an am Ganzen 58 Schülerinnen seng Dieren opgemaach[2]. Schonn ee Joer drop gouf mam Gesetz vum 17. Juni 1911 d'Basis geschaf fir en ëffentlechen Enseignement moyen fir Meedercher an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht mat Hëllef vun deene respektive Gemengen anzeféieren[3].

En Arrêté ministériel vum 20. September 1911 huet festgeluecht, fir d'Diere vum « Lycée de jeunes filles à Esch-s.-Alz ». den 2. Oktober 1911 opzemaachen[4]. De selwechten Dag war och d'Erëffnung vum Lycée de jeunes filles à Luxembourg duerch den Arrêté ministériel vum 26. Juli 1911[5].

De 5. August 1911 huet de Gemengerot vun der Stad Esch-Uelzecht decidéiert fir der Regierung provisoresch dofir Schoulsäll mam noutwendege Mobilier zur Verfügung ze stellen. De Lycée war uganks provisoresch um zweete Stack an op der Mansard vum ale Stadhaus an der Uelzechtstrooss amenagéiert ier en am September 1917(a bis 1955[1]) an d'Gebai vun der fréierer Primärschoul am Escher Schoulbierg verluecht gouf[2].

Iwwer d'Jore gouf ëmmer méi Plaz gebraucht an zousätzlech Säll hu misste gelount ginn, ë. a. am Stadhaus, am Haus Schuler am Faubourg an an der Haushaltsschoul an der Lëtzebuerger Strooss[2].

Eréischt 1939 gouf d'Utilité publique fir de Bau vun engem neie Gebai fir de Meedercherslycée deklaréiert[6]. Wéinst dem Zweete Weltkrich – an deem d'Schoul „Staatliche Oberschule für Mädchen“ geheescht huet – koum et dunn awer net zum Neibau.

An Zesummenaarbecht mam Staat huet d'Escher Gemeng vu Mäerz 1952 un[2], en neit Gebai an der Jean-Pierre-Michels-Strooss baue gelooss[7]. De 24. Abrëll 1955 gouf dat Gebai a Presenz vun der Groussherzogin Charlotte, dem Prënz Felix, de Regierungsmemberen an dem Escher Buergermeeschter Antoine Krier ageweit[8][9]. Den éischten Direkter an dësem Gebai war den Albert Goedert. Den Dag drop souzen 312 Meedercher a 14 Klassen.

Fir d'Schouljoer 1955/56 waren 365 Schülerinnen ageschriwwen, vun deenen der 214 (59%) vun Esch an de Rescht (151) aus den Nopeschgemenge koumen[2].

Wéi am Laf vun der Zäit d'Klasseneffektiver bis op 50 eropgaange waren, goufen am September 1965 véier Klassesäll am Schoulhaff an zwéi Pavillonen ageriicht. 1969/70 waren 860 Schülerinnen ageschriwwen[2].

Eng Vergréisserung vum Lycée gouf mam Gesetz vum 27. Juni 1968 vun der Chamber approuvéiert[10]: an enger éischter Phase de Bau vun engem Fligel fir Klassesäll fir e Budget vu 45 Millioune Frang an an enger zweeter Phase eng Kantin an eng Schwämm fir 43 Milliounen Frang[11][12]. Fir d'Vergréisserung vum Schoulareal z'erméiglechen, huet de Staat 20 Ar Terrain mat der Arbed getosch[2].

Nodeem d'Gesetz vum 10. Mee 1968 et erlaabt huet, "Mixteklassen" opzestellen[13], hunn am Schouljoer 1970/71 déi éischt 30 Jongen do d'Bänke gedréckt.

Den 12. November 1971 gouf duerch e groussherzoglecht Reglement aus dem fréierer Meedercherslycée de « Lycée Hubert Clement »[14] [15] dee sech awer selwer « Lycée Hubert Clément » nennt, an deen nom Escher Politiker (Deputéierten, Buergermeeschter) a Journalist (Direkter vum Tageblatt) Hubert Clément genannt ass.

Renovéierungsaarbechten

[änneren | Quelltext änneren]

Op Basis vum Gesetz vum 15. Mee 2012[16] gouf de Lycée Hubert-Clément vu Summer 2012 bis Januar 2018 komplett renovéiert, an en neien Turnsall gouf bäigebaut.

Virdru gouf et Pläng, e komplett neit Gebai op der Industriefriche vun Terre Rouge ze bauen. Dës sinn awer nees verworf ginn, well et ze vill komplizéiert an deier gewiescht wier, den Terrain ze preparéieren, datt iwwerhaapt drop gebaut kéint ginn, an och, well et keng Pläng gouf, wat duerno mam ale Gebai ze maache wier. Dofir gouf decidéiert, dat aalt Gebai etappeweis ze renovéieren; en Deel vun de Klasse misst dann zäitweileg an déi al Handwierkerschoul, op der Victor-Hugo-Plaz (déi zanter dem Bau vum neie Lycée Guillaume-Kroll eidel steet a renovéiert gouf), auswäichen. Geplangt war ufanks, datt d'Aarbechte bis 2016 daueren a 46,5 Milliounen Euro kaschte sollten[17].

  • Kollektiv, LHCEntenaire - 1911-2011; [Esch-sur-Alzette], 2012; 400 Säiten + 1 DVD.
  • Graas, Gusti, 2012. Vom Escher Mädchenlyzeum zum Lyzeum Hubert Clément: Historische Entwicklung einer Sekundarschule im Süden des Landes. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 175 (11. September), S. 17. [1] (Archived by WebCite®)
  • Kollektiv (32 Auteuren), 75 LHC - Lycée Hubert Clement 1911-1986; Lëtzebuerg (Print-Service), 1986; 183 Säiten.
Commons: Lycée Hubert-Clément – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort, 114. Jg., n° 180, S. 5., Entstehung und Entwicklung. eluxemburgensia.lu (29.06.1961). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 263/264, S. 8., Vergrößerung des Escher Mädchenlyzeums. eluxemburgensia.lu (20.09.1969). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  3. Loi du 17 juin 1911, concernant l'organisation de l'enseignement moyen des jeunes filles (lycée). legilux.lu (17.06.1911). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  4. Arrêté du 20 septembre 1911, concernant l'ouverture au lycée de jeunes filles à Esch-s.-Alz. legilux.lu (20.09.1911). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  5. Arrêté du 26 juillet 1911, concernant l'ouverture du lycée de jeunes filles à Luxembourg. legilux.lu (26.07.1911). Gekuckt de(n) 29.009.2022.
  6. Arrêté grand-ducal du 26 janvier 1939, ayant pour objet la déclaration d'utilité publique des travaux de construction d'un nouveau bâtiment pour le lycée de jeunes filles sur le territoire de la ville d'Esch-s.-Alzette. legilux.lu (26.01.1939). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  7. Luxemburger Wort, 107. Jg., n° 238, S. 3., Das neue Escher Mädchenlyzeum. eluxemburgensia.lu (26.08.1954). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  8. Luxemburger Wort, 108. Jg., n° 113/114, S. 10, Einweihung des Mädchenlyzeums. eluxemburgensia.lu (23.04.1955). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  9. Luxemburger Wort, 108. Jg., n° 113/114, S. 10., Einweihung des Mädchenlyzeums. eluxemburgensia.lu (23.04.1955). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  10. Loi du 27 juin 1968 autorisant le Gouvernement à faire procéder à l'agrandissement et à l'ameublement du lycée de jeunes filles à Esch-sur-Alzette, y compris l'aménagement des alentours. legilux.lu (27.06.1968). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  11. ursprénglech Kantin mat Turnsall fir 25 Milliounen Frang
  12. Loi du 9 août 1971 portant modification de la loi du 27 juin 1968 autorisant le Gouvernement à faire procéder à l'agrandissement et à l'ameublement du lycée de jeunes filles à Eschsur-Alzette, y compris l'aménagement des alentours. legilux.lu (09.08.1971). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  13. Loi du 10 mai 1968 portant réforme de l'enseignement (Titre VI: De l'enseignement secondaire). legilux.lu (10.05.1968). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  14. Règlement grand-ducal du 12 novembre 1971 octroyant une dénomination particulière au Lycée de jeunes filles d'Esch-sur-Alzette. legilux.lu (12.11.1971). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  15. Eréischt 2012 gouf aus dem Clement offiziell Clément: Interview mam Rapporteur Marc Spautz.
  16. Loi du 15 mai 2012 relative à la transformation et à l'extension du Lycée Hubert Clément à Esch-sur-Alzette. legilux.lu (15.05.2012). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  17. "Esch/Alzette: Hubert-Clément, les plans dévoilés." lequotidien.lu, 2012-05-16 09:38:00.
  18. Revue belge de philosophie et d'histoire, J. Vannerus Nicolas Van Werveke (1851-1926) [note biographique] Année 1926 5-1 pp. 247-248