Marc Meyer

Vu Wikipedia
Marc Meyer
Gebuer 29. November 1954
Gestuerwen 28. Februar 2015
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Universitéit Saarbrécken
Aktivitéit Lepidopterolog

De Marc Théo Jean Meyer, gebuer den 29. November 1954 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 28. Februar 2015 zu Merzig (D), war e lëtzebuergesche Lepidopterolog.[1]

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Marc Meyer huet 1974 säi Premièresexamen am Lycée de garçons de Luxembourg gemaach a vun 1974 bis 1980 op der Universitéit vu Saarbrécken Biologie a Geographie studéiert. Hie war duerno eng kuerz Zäit Stagiaire am Lycée technique Michel-Lucius an der Stad an am Lycée technique Mathias-Adam zu Péiteng, ier hie fir eng Karriär am naturhistoresche Musée optéiert huet. Do huet hien den 1. Februar 1981 ugefaange mat schaffen. Den 28. Dezember 1988 ass hie Conservateur ginn. Hie war fir d'Sektioun vun de wierbellosen Déieren (« Invertébrés ») zoustänneg an huet sech besonnesch mat dem Erfaasse vun der Päiperleksfauna ofginn. Privat huet de Marc Meyer och nach d'Päiperleke vu Loutrengen, Spuenien, Portugal, Makaronesien an Nordafrika erfuerscht. Am Abrëll 2013 ass de Marc Meyer an d'Pensioun gaangen

1972 war de M. Meyer ee vun den Initiatore vun der Grënnung vun engem entomologeschen Aarbechtsgrupp an der « Jeunesse Naturaliste du Luxembourg ». Doraus ass 1974 de Groupe de travail pour l'étude des Invertébrés vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) ginn, dee spéider erëm op säin éischten Numm zeréckkomm ass a sech nees Groupe de travail entomologique genannt huet.[2]

De M. Meyer ass am Oktober 1980 « membre correspondant » vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn. Nieft der SNL, war hie Member vun dëse Veräiner: Societas Europaea Lepidopterologica (SEL) ; Sociedad Hispano-Luso Americana de Lepidopterologia (SHILAP) ; Naturforschende Gesellschaft des Saarlandes – Delattinia ; Société entomologique de Mulhouse ; Oreina, les papillons de France. Hie war den Tresorier vum European Invertebrate Survey (EIS). De Marc Meyer, dee scho ganz fréi aktiv um Gebitt vum Naturschutz war, war och Member vum Mouvement écologique.

Aarten, déi nom Marc Meyer genannt goufen[änneren | Quelltext änneren]

  • Cathormiocerus meyeri[3]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Meyer, M., 1973. Ein außergewöhnlicher Gynander des Aurorafalters Anthocharis cardamines (Lep., Pieridae). Entomologische Zeitschrift 83 (13), S. 149-152.
  • Meyer, M. & A. Pelles, 1981. Rote Liste der Schmetterlinge Luxemburgs. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 83-84 (1978-1979), S. 41-52.
  • Meyer, M. & A. Pelles, 1981. Atlas provisoire des Insectes du Grand-Duché de Luxembourg. Lepidoptera, lère partie. Travaux scientifiques du Musée d'histoire naturelle de Luxembourg 1, S. 1-147.
  • Meyer, M. & F. Schoos, 1983. Biotopkartierung der Agrarfläche Luxemburgs: Pilotstudie in 11 Gemeinden des Westens von Luxemburg. Musée d'histoire naturelle, Mouvement écologique, Jeunes et environnement, Luxembourg, 104 S.
  • Hellers, M., M. Meyer & A. Pelles, 1985. Découverte de deux espèces supposées éteintes au Grand-Duché de Luxembourg. Endromis versicolora L. et Arctia villica L. (Lepidoptera, Endromididae, Arctiidae). Päiperlek, Lëtzebuerger Entomologesch Zäitschrëft 7 (2/3), S. 1-4.
  • Meyer, M. 1987: Mise à jour de la faune des Pyrales du Grand-Duché de Luxembourg (Lepidoptera, Pyralidae). Päiperlek. Letzeburger Entomologesch Zäitschrift, Luxembourg 9 (2-3): 17-30.
  • Meyer, M., 1990. Ergebnisse einer Lepidopteren-Erfassung im "Kischpelt" bei Lellingen-Wilwerwiltz. Päiperlék: Lëtzebuerger entomologesch Zäitschrëft 12 (1), S. 1-16.
  • Meyer, M. & M. Hellers, 1993. Inventaires entomologiques dans un site xéro-thermophile en Meurthe-et-Moselle (Lorraine, France). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 94, S. 189-207.
  • Meyer, M. 1997: Die Lepidopteren der makaronesischen Region VII: Die Pyralidenfauna Madeiras und der Azoren (Microlepidoptera, Pyralidae). Kommentierte Checkliste und aktueller Stand der Revision. Verhandlungen Westdeutscher Entomologentag, Löbbecke Museum, Düsseldorf 1996: 45-59.
  • Meyer, M. & M. Hellers, 1997. Faunistische Aspekte eines synökologische Forschungsprojektes, dargestellt am Beispiel der Schmetterlinge (Insecta, Lepidoptera). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 98, S. 133-149
  • Meyer, M., M. Nuss & W. Speidel 1997. Kommentierte Checkliste der Pyraloidea von den Azoren, mit der Beschreibung von drei neuen Arten (Lepidoptera: Pyraloidea). Beiträge zur Entomologie, Berlin 47 (1): 13–34.
  • Nuss, M., O. Karsholt & M. Meyer 1998. A taxonomic revision of the Scopariinae from the Macaronesian Region (Lepidoptera: Pyraloidea: Crambidae). Entomologica Scandinavica 28 (1997) (4): 509–551.
  • Meyer, M., 2001. Sideridis albicolon (Hübner, 1813) eindeutig belegt für die Fauna Luxemburgs (Lepidoptera, Noctuidae). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 101, S. 175-178.
  • Proess, R. & M. Meyer, 2003. Rote Liste der Heuschrecken Luxemburgs. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 104, S. 57-66.
  • Meyer, M., 2004. Évolution récente des collections d'invertébrés. In: S. Philippo (réd.): 150 Joer Musée national d'histoire naturelle du Luxembourg. Luxembourg, S. 154-168.
  • Meyer, M., 2007. Massenauftreten von Enolmis acanthella (Godart, 1824) in Luxemburg (Lepidoptera, Scythrididae). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 108, S. 47-50.
  • Meyer, M. & E. Carrières (éds), 2007. Inventaire de la biodiversité dans la forêt “Schnellert” (Commune de Berdorf). Erfassung der Biodiversität im Waldgebiet “Schnellert” (Gemeinde Berdorf). Ferrantia 50, S. 1-384.
  • Meyer, M. & M. Hellers, 2007. Ethmia chrysopyga (Zeller, 1844) : espèce nouvelle pour la région Sar-Lor-Lux (Lepidoptera, Ethmiidae). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 108, S. 51-52.
  • Meyer, M. & P. Neu (eds), 2008. Proceedings of the first conference on faunistics and zoogeography of European Trichoptera, Luxembourg, 2nd - 4th September 2005. Ferrantia 55, S. 1-155.
  • Meyer, M., 2008. Folge der Globalisierung ? Eine tropische Mottenart erstmals in Luxemburg nachgewiesen: Opogona sacchari (Bojer, 1856) (Lepidoptera, Tineidae). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 109, S. 93-95.
  • Mestdagh, X., H. Baltus, J.L. Renneson, M. Meyer, L. Hofmann & N. Titeux, 2011. Espèces nouvelles et retrouvées chez les papillons de jour au Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 112, S. 97-107.
  • Habel, J., M. Meyer & T. Schmitt (eds), 2014: Jewels in the Mist. A synopsis on the highly endangered butterfly species the Violet Copper, Lycaena helle. Pensoft Publishers, 235 S.
  • Muster, C. & M. Meyer, 2014. Verbreitungsatlas der Weberknechte des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia 70, S. 1-106.

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Nachruf: Marc Meyer 1954 – 2015 vum Harald Schreiber publizéiert op www.delattinia.de
  2. Massard 2015, S. 183-185 ; Hellers 2015.
  3. Cf. Germann et al. 2015 an der Literatur.
  4. 4,0 4,1 Massard, J.A. & G. Geimer, 2015. Le bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) et ses auteurs depuis 1990, une sélection de notices bio-bibliographiques. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116: 457-504 [Marc Meyer: S. 482-484].