Marcel Schlechter
Marcel Schlechter | |
---|---|
Funktioun | |
Partei | LSAP |
Biographie | |
Gebuer |
9. Juli 1928 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
10. November 2023 Iechternach |
De Marcel Schlechter, gebuer den 9. Juli 1928 an der Stad, a gestuerwen den 10. November 2023 zu Iechternach[1][2], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker (LSAP).
Boxer
[änneren | Quelltext änneren]- 1951 war de Marcel Schlechter am Boxe lëtzebuergesche Amateur Landesmeeschter am Liichtgewiicht[3]
- 1953 war hien Boxe lëtzebuergesche Amateur Landesmeeschter am Weltergewiicht[4]
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Marcel Schlechter huet als Gäertner, Chauffer a Stolaarbechter geschafft.
Hie war Member vum LAV, duerno vum Landesverband, a war President vun der Gewerkschaft vun de Beruffschaufferen ACAL. Hien ass 1957 Member vun LSAP ginn a gouf op hirer Lëscht 1963 an den Iechternacher Gemengerot gewielt, wou e bis 1969 Schäffe war.
1967 ass en an d'Chamber nogerëtscht, nodeem de Victor Bodson Member vun der Europäescher Kommissioun gouf. 1968 ass en net erëmgewielt ginn, mä dofir 1974, a vun do un ëmmer nees bis 1989 nach mat.
An der Regierung Santer-Poos I, tëscht 1984 an 1989, war de Marcel Schlechter Minister fir Transport, Ëffentlech Aarbechten an Energie.
1990 huet e säi Chambermandat géint dat vum Europäesche Parlament ëmgetosch, wou en den 9. Oktober 1990 de Sëtz vum Robert Krieps, dee gestuerwe war, iwwerholl huet. 1994 gouf en duer erëmgewielt.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotion 1978)[5]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 15. November 2023
- ↑ Ex-LSAP-Minister Marcel Schlechter im Alter von 95 Jahren gestorben op wort.lu den 10. November 2023
- ↑ (de)Pomaro, Scheich, Schlechter Benlz, Graffé, Müller und Marx - Landesmeister im Amateurboxen. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (18. Februar 1950). Gekuckt de(n) 2023-11-10.
- ↑ (de)Lucien Montebrusco, Marcel Schlechter wird 90: Gärtner, Stahlarbeiter, Gewerkschafter, Abgeordneter, Minister. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-10.
- ↑ 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978, Säit 10