Nicolas Adames
Nicolas Adames | |
---|---|
Gebuer |
29. Dezember 1813 Ëlwen |
Gestuerwen |
13. Februar 1887 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
De Nicolas Adames, gebuer den 9. Dezember 1813[1] als eenzegt Kand a Schudden zu Ëlwen vun de Bauere Jean Adames a Marie Magdalena Wangen, a gestuerwen den 13. Februar 1887[2] zu Lëtzebuerg, war den éischte Bëschof vu Lëtzebuerg.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Dem Nicolas Adames säi Papp ass 1818 gestuerwen, ier hie 5 Joer krut. Seng Mamm huet sech eng zweet Kéier mam Wittmann Nikolaus Köcher vu Kierchen bestuet, mat deem si nach 3 Kanner kritt huet. Am Duerf huet de jonke Nicolas scho mat 12 Joer Schoul gehalen. Hien huet an der Belsch Franséisch geléiert an ee Joer bei engem Comptabel geschafft. Bei engem Duerfpaschtouer huet hie geléiert, fir am Petit Séminaire zu Baaschtnech ugeholl ze ginn, ier hien dunn an de Seminaire op Namur goung an do de 25. August 1838[3] zum Geeschtleche geweit gouf.
Hie gouf du Kaploun zu Arel an duerno, 1841 zu Iechternach ier de Bëschof Jean-Théodore Laurent, apostoulesche Vikar zu Lëtzebuerg zanter 1840, hien zum Paschtouer an der Kierch Notre-Dame vun der Festungsstad Lëtzebuerg ernannt huet. Hie war vun 1844-1847 den éischten Dirigent vun der Maîtrise. 1845 gouf hien dunn och bëscheefleche Sekretär.
Well de Jean-Théodore Laurent, ënner dem Drock vun Antiklerikalen[Wien?], d'Land huet misse verloossen, huet den Nicolas Adames 1848 d'apostoulescht Vikariat provisoresch verwalt. Deemools gouf d'Lëtzebuerger Vollek, dat majoritär déif kathoulesch war, vum protestanteschen hollännesche Kinnek-Groussherzog Wëllem II. an enger kierchefeindlecher Verwaltung regéiert.
Bis de 27. Mäerz 1863 blouf den Nicolas Adames Provikar, du gouf hie vum Poopst Pius IX. zum Titulärbëschof vun Halikarnassos an zum apostoulesche Vikar vu Lëtzebuerg ernannt. D'Bëschofswei war den 29. Juni 1863 ënner dem Bild vun der Tréischterin an der Kierch Notre-Dame.
Am Dezember 1869 huet hien, als ee vu 744, um éischte Vatikanesche Konzil zu Roum deelgeholl.
De 27. Juni 1870 gouf d'apostoulescht Vikariat Lëtzebuerg zum Bistum erhuewen a sou gouf den Nicolas Adames zum Bëschof vu Lëtzebuerg ernannt. Seng offiziell Inthronisatioun war de 25. Dezember. D'Kierch Notre-Dame gouf Bëschofssëtz an deemno zur Kathedral.
1883 ass den Nicolas Adames aus Altersgrënn zeréckgetrueden an huet sech an d'Redemptoristeklouschter op der Theaterplaz zeréckgezunn. Als Nofollger huet de Poopst Leo XIII. de Jean Joseph Koppes ernannt.
Den 13. Februar 1887 ass den Nicolas Adames gestuerwen. Aus politesche Grënn gouf hien de 17. Februar 1887 an der Glacis-Kapell bäigesat, déi op säin eegene Wonsch hi gebaut gouf.
Rondrëm d'Grafplack an der Glacis-Kapell steet geschriwwen: Hei zu Féiss vum Kräiz vun eiser Här (an) Erléiser, ënner dem Virsëtz vun der séileger Jongfra Maria Tréischterin am Leed, erwaart den Nicolas Adames, éischte Bëschof vu Lëtzebuerg, d'Operstéiung vun den Doudegen. Opgeriicht 1889 (vum) Ch Arendt, Arch(itekt)[4].
Wierken
[änneren | Quelltext änneren]Als Provikar huet den Nicolas Adames seng Aufgab dora gesinn, eng echt Religiositéit duerch Volleksmissiounen ze fërderen. Dofir huet hien och 1849 d'Redemptoristen op Lëtzebuerg geruff, si hu sech rondrëm Stater Paterkierch niddergelooss.
Obwuel hien nach net zum Bëschof geweit war, krut hien 1859 d'Erlabnes d'Sakrament vun der Firmung ze spenden. A 4 Joer huet den Adames bei senge ville Parbesich ronn 57000 Leit gefirmt. Dëst huet am Vollek e staarkt kierchlecht Bewosstsinn geschaf. Hien huet sech och net gescheit, de Kierchebann iwwer d'Liesen a Verbreede vu kierchefeindleche Schrëften auszeschwätzen.
Fir déi 2. Joerhonnertfeier vun der Erwielung vun der Tréischterin am Joer 1866 ass d'Gnodebild, op Wonsch vum Poopst, duerch de Kardinol Karl vu Reisach zesumme mat 7 anere Bëscheef feierlech den 2. Juli 1866 gekréint ginn. Doduerch gouf och d'Muttergottesoktav gestäerkt.
De Nicolas Adames hat e Gelübd gemaach fir de Fall, datt Lëtzebuerg am Franséisch-Däitsche Krich vun 1870 verschount bléif a seng 1867 vëlkerrechtlech unerkannte politesch Neutralitéit géif behalen. An dësem Verspriechen hat hie sech engagéiert mat eegene Suen eng Muttergotteskapell virun den eemolege Stadmaueren um Glacis ze bauen. Den 8. September 1885 gouf d'Glacis-Kapell vu sengem Nofollger, dem Bëschof Koppes ageweit.
Seng Poopsttrei huet hien net nëmmen duerch de Sankt-Péiter-Pfenneg ënnerstëtzt, mä och duerch d'Verdeedegung vun der peepstlecher Onfeelbarkeet um 1. Vatikanesche Konzil.
Als Belounung fir dës Poopsttrei a säi Wierken zu Lëtzebuerg huet de Poopst hien no sengem Récktrëtt zum Titular-Äerzbëschof vu Cyrrah ernannt.[3]
De Bëschof Adames hat den nei geschaafte Bistum hie sou verwalt, datt Elementer bis haut bestinn, wéi z. B. de Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]De Bëschofswope gëtt sou beschriwwen: D'azur à la Vierge Consolatrice des Affligés vêtue de gueules brodé d'or, nimbée du même, tenant l'enfant Jésus vêtu comme la Vierge, laquelle est surmontée d'une étoile à cinq rais d'or, et issante à mi-corps d'une nuée d'argent posée sur une mer agitée de sinople, dans laquelle est en train de sombrer une barque au naturel.
Als Bëschofsdevise huet den Nicolas Adames SUCCURE MISERIS (Hëllef deenen, déi am Misär sinn) gewielt, den Ufank vum Gebiet Sancta Maria, succure miseris[5], engem Gebiet vum Bëschof Fulbert vu Chartres (zirka 951 - zirka 1029) an e bekannte Marianeschen Antiphon.
Undenken un den Adames
[änneren | Quelltext änneren]- De Stater Gemengerot huet der Strooss, déi an der Stad Lëtzebuerg vun der Glacis-Kapell laanscht de Stadpark geet an op de Boulevard de la Foire erauskënnt, den Numm rue Nicolas Adames ginn.[6]
- D'lëtzebuergesch Post huet den 2. Mee 2013 fir den 200. Gebuertsdag vum Adames en Timber mat sengem Portrait erausginn.[7]
Quellen a Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.
- Marc Jeck, "Er war stets der wärmste Patriot", Im Februar 1887 wird Nikolaus Adames, der erste Bischof von Luxemburg, zu Grabe getragen, in: Die Warte - Perspectives (kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort), Nr. Nummer 7|2357, S. 7; vgl. Luxemburger Wort vum 16.02.2012
- Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Edition Guy Binsfeld, Luxemburg 2006, ISBN 978-2-87954-156-3, S. 8.
- JOHANNES JOSEPH, Durch Gottes Erbarmung und die Gnade des Apostolischen Stuhles Bischof von Luxemburg. Der ehrwürdigen Geistlichkeit und allen Gläubigen seines Sprengels Gruß und Segen im Herrn. Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg, Vol. 17, no. 11. 14 Februar 1887. S. 9.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nicolas Adames – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Hellinghausen, Georges: Portrait vum Bëschof Adames op cathol.lu, archivéiert
- Jeck, Marc: Er war stets der wärmste Patriot, zum 125. Doudesdag vum Nicolas Adames, archivéiert
- catholic-hierarchy.org
- Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon Band XVII (2000) Spalten 13-18 Autor: Jean Malget
Vigänger | Nofollger | |
---|---|---|
Jean-Théodore Laurent | Lëtzebuergesch Bëscheef an apostoulesch Vikaren | Jean Joseph Koppes |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Datum wéi um Gebuertsschäin uginn
- ↑ Datum wéi um Stierfschäin uginn
- ↑ 3,0 3,1 Nicolas Adames, Bischof von Luxemburg (9.12.1813 - 13.02.1887) cathol.lu
- ↑ Op Latäi steet geschriwwen lénks, vertikal vun ënnen no uewen: HIC AD PEDES D SALVATORIS CRUCIFIXI SUB PRAESIDIO B V MARIAE CONSOLATRICIS - uewen, horizontal: AFFLICTORUM NICOLAUS ADAMES PRIMUS - riets, veritkal, vun uewen no ënnen: EPISCOPUS LUXEMBURGENSIS EXPECTAT RESURRECTIONEM MORTUORUM - ënnen, horizontal: EXTRUXIT MDCCCLXXXIX ënnen, riets, op der Säit: C'. Arendt. arch.
- ↑ Sancta Maria, succurre miseris
- ↑ Friedrich E., 1979. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: ons stad 01/1979, S. 26-27.[1]
- ↑ Philatelistische Hommage an Nicolas Adames: Briefmarke zum 200. Geburtstag des ersten Bischofs von Luxemburg. Luxemburger Wort 2013, Nr. 109 (11. Mai), S. 24.