Pierre Richardot

Vu Wikipedia
Pierre Richardot
Gebuer 1575
Gestuerwen 14. Februar 1628
Educatioun Al Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit kathoulesche Priister
Famill
Papp Jean Richardot (1540-1609)
Geschwëster Jean Richardot

De Pierre Richardot (Petrus Richardotus), c. 1575 zu Arras gebuer a gestuerwen de 14. Februar 1628[1] zu Iechternach, war e kathoulesche Geeschtlechen, Benediktinerpater an den 63. Abt vun der Iechternacher Abtei (1607-1628).[2]

Pater am Benediktinerklouschter Saint-Vaast vun Arras[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Richardot huet op der Universitéit vu Louvain Theologie studéiert an do am Februar 1599 säi Studium als Bachelier ofgeschloss.[3] Dono wier hien an d'Benediktinerklouschter Saint-Vaast vun Arras (abbaye Saint-Vaast d'Arras)[4] agetrueden, heescht et an der Biographie nationale de Belgique.[5] De klasseschen Narrativ ass awer en aneren. Deemno ass de Pierre de Richardot am Alter vu siwe Joer vu sengen Elteren als Oblat an d'St-Vaast-Klouschter bruecht ginn, wou hie mat 16 Joer seng Profess ofgeluecht huet. Spéider gouf hie Subprior an dono Prior vum Klouschter.[6]

Abt an der Abtei vun Iechternach[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1607 ass de Richardot, grad emol 32 Joer al, als Nofollger vum Jean Bertels zum Abt vun der Abtei Iechternach ernannt ginn.[7]

De Richardot huet d'Scholde vun der Abtei ofgebaut an hir Gebaier erëm an d'Rei bruecht. D'Schlass vu Bollenduerf mat den Iwwerreschter vun der mëttelalterlecher Buerg huet hie 1619 als Summerresidenz ausgebaut.[8]

De Bibliophile[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Richardot war e Bibliophile. Mat wäertvolle Bicher aus der Bibliothéik vu sengem Papp a mat Bicher, déi hie kaaft huet, huet de Richardot d'Bibliothéik vun der Abtei staark beräichert.[9] Hien huet awer och de Jesuite vun Tréier eng Rei Bicher fir hier Bibliothéik geschenkt.[10]

Donieft huet de Richardot de Jesuit Jean Roberti (1569-1651)[11] chargéiert, e Manuskript vum Abt Thiofrid, dat ëm d'Joer 1100 entstanen[12] ass an an der Abteibibliothéik versuergt gouf, ze publizéieren. Et handelt sech ëm en Traktat iwwer d'Griewer an d'Reliquien vun den Hellegen, dat 1619 als „Flores epitaphii sanctorum“ mat engem Prolog, deen dem Richardot consacréiert war, an der Stad Lëtzebuerg erauskoum.[13]

D'Grafmonument[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Richardot gouf beim Héichaltor vun der Abteikierch begruewen.[14] Säin Nofollger, den Abt Fisch, huet him e prächtegt Grafmonument mat enger grousser Statu, déi de Severin Scholer vun Tréier geschafen hat, opgeriicht.[15]

Am Februar 1797 gouf déi Iechternacher Abtei mat der Abteikierch ëffentlech versteet. D'Keefer waren dräi Pateren, déi d'Gebaier am Abrëll 1797 un de Jean-Henri Dondelinger weiderverkaaft hunn. Zwar goufen bis an de Mee 1798 nach Gottesdéngschter an der Kierch gefeiert, dono huet awer de Mobilier vun der Kierch, an där den Dondelinger eng Faiencerie ariichte wollt, mussen erausgeholl ginn a e gouf zerstéiert, bëlleg verkaaft oder versteet.[16]

D'Statu vum Abt Richardot gouf vun den Hierber Leit gesteet a koum mat Deeler vum Monument an d'Kierch vun Hierber. Wéi do eng nei Kierch gebaut gouf,[17] ass dat Ganzt ofgebaut ginn. D'Steng vum Monument koume baussen an en Eck, d'Statu gouf laang Zäit als Grafstee benotzt,[18] ier se vun engem Bierger vu Gréiwemaacher kaaft ginn ass a schliisslech als Dekoratiounsobjet am Haff vun enger Maacher Famill gelant ass. 1915 huet de Willibrordus-Bauveräin den Architekt Jean-Pierre Koenig aus der Stad chargéiert, d'Denkmal aus den erhalenen Iwwerreschter ze rekonstruéieren.[19]

Am August 1916 war d'Monument, dat an der St.-Jousefs-Kapell vun der Basilika[20] opgeriicht gi war, fäerdeg. D'Statu war vum flämesche Sculpteur Vercruysse vun Tréier restauréiert ginn. De Kader vun der Statu war no de Pläng vum Architekt Koenig restauréiert ginn. Déi néideg Gipsmodeller hat de Jean-Baptiste Wercollier, Professer an der Handwierkerschoul, geliwwert. D'Skulpture waren d'Wierk vum Sculpteur Ernest Grosber.[21] De Käschtepunkt fir de Kaf an d'Restauratioun vum Monument louch bei 6.317 Frang.[22]

Am Zweete Weltkrich ass d'Monument bei der Sprengung vun der Basilika am Dezember 1944 beschiedegt ginn. Et gëtt am Moment am Atelier Mola vun Uewerfeelen restauréiert ginn a soll deemnächst erëm an der Basilika installéiert ginn (Stand: Mee 2022).[23]

D'Graf vum Richardot war 1823 opgemaach ginn a seng Läich war nach zimmlech gutt conservéiert. Seng laang seide Stola, seng Sandalen a säi Baart goufen erausgeholl an dem Iechternacher Dechen uvertraut, fir se am Parhaus ënnerzebréngen.[24]

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

Dem Pierre Richardot (1540-1609) säi Papp war den Diplomat a Staatsmann Jean Grusset, de Fils vum Guillaume Grusset a senger Fra Marguerite Richardot, deen den Numm vu sengem Monni François Richardot, Bëschof vun Arras, ugeholl a sech dono Jean Richardot genannt huet.[25] Dem Pierre Richardot säi Brudder Jean (1573-1614)[26] war Bëschof vun Arras an dono Äerzbëschof vu Cambrai[20].

Eng Strooss[änneren | Quelltext änneren]

A senger Sitzung vum 21. September 2015 huet den Iechternacher Gemengerot siwe Stroossen an der Industriezon no Äbt vun der Abtei Iechternach genannt, dorënner och eng "rue Pierre Richardot".[27]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Becker, Pilipp, 18. Jh. Geschichte der Abtei Echternach. Aus dem Lateinischen übersetzt. Übersetzung und Kommentar: Pierre Kauthen und Pol Schiltz. Trier, XIV-268 S. (Publikationen aus dem Stadtarchiv Trier, Bd. 6 / Echternacher Schriftquellen – Sources epternaciennes, vol. 4). [Petrus de [sic] Richardot: S. 127-135].
  • Blum, Martin,1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 2: M-Z, 700 p.
  • Blum, M., Joh. Zieser & Alex. Koenig, 1930: Series pastorum, oder: Reihenfolge der Seelsorger der einzelnen Pfarreien des heutigen Grossherzogtums Luxemburg. Luxemburg, 180, 77 p. (Veröffentl. in den Jahrgängen 1922-1929 der Zeitschrift "Ons Hémecht").
  • Brants, V., 1907. Richardot (Pierre). In: Biographie nationale publiée par l'Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, tome XIX: Reingout – Romunde. Bruxelles, col. 282-283. PDF
  • Concordia, 1983. Fanfare Herborn Concordia, un Centenaire, 1883-1983. Luxembourg, 318 S.
  • Diderrich, Emile, 1931. Richardot. L'Indépendance luxembourgeoise 1931, Nr. 7 (7. Januar), S. 3; Nr. 8 (8. Januar), S. 3.
  • Ferrari, M.C., 1994. Sancti Willibrordi venerantes memoriam. Echternacher Schreiber und Schriftsteller von den Angelsachsen bis Johann Bertels. CLUDEM, Luxembourg, 125 p.
  • Franz, Gunther, 1989. Ein prächtiges Kupferstichwerk aus der Echternacher Abteibibhothek und andere Bücherstiftungen des Abtes Petrus Richardot. Hémecht 1989, Heft 3, S. 413-436. BnL
  • Franz, Gunther, 1999. Bedeutende Echternacher Äbte des 16. und 17. Jahrhunderts : Hovaeus, Bertels, Richardot. In: Michele Camillo Ferrari et al. (Hrsg.), Die Abtei Echternach 698-1998. Echternach, S. 261-274 (Publications du CLUDEM ; t. 15). [Petrus Richardotus (Pierre Richardot, 1607-1628), S. 270-273].
  • Franz, Gunther, 2000. Bibliophile Kostbarkeiten aus dem Besitz von Präsident Jean Richardot und Abt Pierre Richardot in der Echternacher Abteibibliothek und später in der Trierer Stadtbibliothek. In: Analecta Epternacensia. Beiträge zur Bibliotheksgeschichte der Abtei Echternach. Luxemburg, S. 83-99.
  • Hoefer, Jean-Chrétien-Ferdinand (dir.), 1863. Richardot (Pierre). In: Nouvelle biographie générale depuis les temps les plus reculés jusqu'à nos jours. Tome 42. Paris, Firmin Didot Frères, col. 192. Online
  • Massarette, Joseph (J.M.), 1928. Der Echternacher Abt Pierre Richardot (gest. 1628). Obermosel-Zeitung 1928-05-31, Nr. 126, S. 1. BnL
  • Massarette, Joseph (J.M.), 1932. Der Luxemburger Jesuit Johann Roberti (1569-1651). Obermosel-Zeitung 1932-07-26, Nr. 172, S. 1. BnL
  • Massarette, Joseph (J.M.), 1938: Des Abtes Johannes Bertels’ Nachfolger in Echternach. Obermosel-Zeitung 1938-07-14, Nr. 161, S. 2. BnL
  • Massarette, Joseph (M...e, J.). 1945. Erinnerungen an den Echternacher Pierre Richardot. Luxemburger Wort 1945-12-15, Nr. 349, S. 5-6. BnL
  • Neyen, Auguste, 1861. Biographie luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 2. P. Bruck, Luxembourg, 340+152+ 24 p. PDF
  • Reiners, Adam, 1884. Bilder aus der Geschichte der Stadt und Abtei Echternach. Luxemburger Wort 1884, Nr. 39 (15. Februar), S. 2; [1]; Nr. 40 (16. Februar), S. 2.
  • Reiners, Adam, 1911. Die niederländischen oder belgischen Äbte des 16. und 17. Jahrhunderts in der reichsunmittelbaren Abtei Echternach (Luxemburg). In: Fédération archéologique et historique de Belgique. Annales du XXIIe congrès, tome 2: Rapports et mémoires. Malines, S. 1-27.
  • Staud, R.M. & J. Reuter, 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. Luxemburg, St. Paulus Druckerei, 224 S. (T Hémecht, Zeitschrift für Luxemburger Geschichte, 1952, 5. Jg., Heft 2 u. 3). PDF
  • Wort, 1916. Das Grabdenkmal des Abtes Richardot in der Basilika zu Echternach. Luxemburger Wort 1916, Nr. 271 (27. September), S. 2 (Historische Besprechung); Nr. 277 (3. Oktober), S. 2 (Künstlerische Besprechung).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (Falschen) Stierfdag beim Brants 1907: 24. Februar 1628. E falscht Joer (1625 amplaz 1628) fënnt een an der Nouvelle biographie générale […] publiée par MM. Firmin Didot frères sous la direction de M. le Dr Hoefer. Tome 42. Paris 1863, col. 192. Online
  2. Becker, S. 127-135; Neyen 1861, S. 81-82; Brants 1907, col. 282-283 ; Wort 1916; Massarette 1945; Franz 1999.
  3. Laut Becker (S. 128) hätt hien zu Paräis, Douai a Louvain Theologie studéiert.
  4. Kuck: Saint-Vaast d'Arras.
  5. Brants 1907; cf. Diderrich 1931.
  6. Becker, S. 127.
  7. Becker, S. 195; cf. Neyen 1861, S. 81. – De Brimmeyr (1923, S. 81) schreift, de Richardot wier am Alter vu 17 Joer an d'Klouschter agetrueden; aner Auteuren schreiwen, grad wéi de Becker, dat wier schonn am Alter vu 7 Joer de Fall gewiescht (Neyen 1861, S. 81; Massarette 1928, Massarette 1945).
  8. Massarette 1945; Staud & Reuter 1952, S. 48.
  9. Franz 2000.
  10. Franz 1989, S. 430 ss.
  11. Kuck: Massarette 1932.
  12. Ferrari 1994, S. 63.
  13. Franz 1989, S. 433 s.; Ferrari 2000, S. 61-63; Blum 1981, S. 357 (D. Thiofridi Ordinis S. Benedicti, Abbatis & Domini Efternacensis Flores Epitaphii Sanctorum, libri quatuor, hactenus numquam editi […]. Luxemburg Hubertus Reulandt. MDCXIX. – 27 + 214 p. in 4°).
  14. Becker, S. 129.
  15. Massarette 1938; Staud & Reuter 1952, S. 49 s.; Franz 1999, S. 273.
  16. Staud & Reuter 1952, S. 66.
  17. De Grondsteen fir déi Kierch ass den 9. Juni 1898 geluecht a vum deemolege Bëschof Jean-Joseph Koppes geseent ginn (Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg 1898-07-31, S. 55, Einweihungen). Déi nei Kierch ass den 29. Juli 1899 konsekréiert ginn (Blum et al. 1930, S. 111).
  18. Laut enger anerer Versioun hätt den Hierber Paschtouer Nikolaus Lenertz entdeckt, datt d'Statu keen Hellegen duerstellt an se doropshi virun der Kierch op engem Sockel opriichte gelooss (Concordia 1983, S. 58). — De Lenertz ass de 27. Juni 1794 zu Reiler op d'Welt komm. Hie war vum 17. Abrëll 1852 bis zum 26. Oktober 1875, dem Dag vu sengem Doud, Paschtouer zu Hierber (Blum et al. 1930, S. 111). Virdru war hie Kaploun zu Esch-Sauer an dono zu Angelduerf; da Paschtouer zu Arel (St.-Donatus-Par), Kauneref an Hierber (Luxemburger Wort 1875-11-03, S. 2, Inland. Herborn, 26. Oct.). Kuck och: Luxemburger Wort 1970-12-22, S. 16, (Das Lenertz-Kreuz).
  19. Wort 1916.
  20. 20,0 20,1 Massarette 1938.
  21. Luxemburger Wort 1916-08-19, S. 2 (Lokales. Echternach, 18. August).
  22. Luxemburger Wort 1931-10-19, S. 12 (Bericht über die Bautätigkeit an der Echternacher Basilika in den Jahren 1862 bis 1931).
  23. Le Monument funéraire de l'abbé Pierre Richardot d'Echternach.
  24. Neyen 1861, S. 82; Massarette 1938.
  25. Wikipedia: Jean Richardot.
  26. Neyen 1861, S. 82; Wikipedia: Jean Richardot jr.
  27. Aweiung vun den neie Stroossenimm an der Industriezone. Eechternoacher Gemäneblat 04/2016, S. 10-11.