Sozial Beweegungen zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

D'Sozial Beweegungen zu Lëtzebuerg regruppéieren all d'Beweegungen déi probéiert hunn/erméiglecht hunn, gesellschaftlech Verbesserungen erbäizeféieren oder politesch Decisiounen z'änneren oder op d'Kopp ze werfen.

Definitioun vun de soziale Beweegungen[änneren | Quelltext änneren]

Ënner soziale Beweegunge versteet een an der Reegel Netzwierker aus villfältegen Gruppe mat politeschen Ziler. Sozial Beweegunge sinn op e gemeinsaamt Reformzil ausgeriicht oder op d'Opginn vun enger bestëmmter Politik. Se setzen op en temporäert Engagement an agéieren an der Ëffentlechkeet duerch Versammlungen, Demonstratiounen, Ritualer a Symboler. Se riichte sech an der Reegel un Regierung oder eng politesch Partei an agéieren lokal wéi och national, respektiv transnational. Sozial Beweegunge sinn keng eemoleg Demonstratioun, mä se halen iwwert e méi groussen Zäitraum. Dësen Artikel beschäftegt sech mat de soziale Beweegungen zu Lëtzebuerg vun 1945 bis haut.[1]

Aarbechterbeweegung zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Fir en bessert Verständnis vun den sozialen Entwécklungen no 1945 muss een als éischt en Abléck ginn an den Ufank vun den soziale Beweegungen zu Lëtzebuerg. Mam Ufank menge mer virun allem d`Aarbechterbeweegung zu Lëtzebuerg. Eng Aarbechterbeweegung ass zu Lëtzebuerg am Vergläich zu aneren Länner relativ spéit enstaanen. Dëst ass domat ze erklären, datt déi schlechtst bezuelt Aarbechten an der Siderurgie zu Lëtzebuerg vun auslänneschen Aarbechter, virun allem Italieener gemaach goufen déi niddreg Léin akzeptéiert hunn. Am September 1916 goufen déi éischt Gewerkschafte gegrënnt, den „Luxemburger Berg- und Hüttenarbeiterverband“ (LBHAV) zu Esch an den „Luxemburger Metallarbeiterverband“ (LMAV). De Massestreik, deen den 30.Mäi 1917 géint den Verfall vun der Kafkraaft a fir eng Unerkennung vun de Gewerkschaften organiséiert gouf hat keen Uklang beim däitsche Patronat. Och wann dëse Streik keen Erfolleg hat, goufe weiderhi Manifestatiounen organiséiert. Den Historiker Denis Scuto zielt tëscht Mäerz 1919 a Januar 1921 net manner wei 29 Aarbechtstoppen. Duerch weider Onrouen koum et zu enger Neistrukturéierung vun der Lëtzebuerger Gewerkschaftszeen. Déi zwou Stolaarbechtergewerkschaften hu sech am Joer 1920 zum „Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiterverband“ (LBMIAV) zesummegeschloss. Den 2. Januar 1921 huet déi kommunistesch Partei sech vun der Aarbechterpartei getrennt an hir eege Gewerkschaft (FLA) gegrënnt. Den 23. Januar gouf de Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond vu kathouleschen Aarbechter (LCGB) gegrënnt. Vun do un ass Lëtzebuerger Gewerkschaftszeen ideologesch getrennt.[2]

Acieries de Differdange, Les Convertisseurs, Photo by J.M. Bellwald, N° 218

D'Schmelze waren déi éischt Plazen am Land, wou Aarbechter sech zesummefonnt hunn, fir sozial Beweegungen ze grënnen.

Gewerkschaften an der direkter Nokrichszäit[änneren | Quelltext änneren]

Wéi an aneren europäesche Länner kann een d'Liewensgefill an der direkter Nokrichszäit zu Lëtzebuerg mat enger gewësser Apathie charakteriséieren. De Manktem vu Liewensmëttel a Réistoffer huet dofir gesuergt datt d'Solidaritéit an der Gesellschaft op d'Prouf gestallt gouf a vill Leit hu sech aus den zivilgesellschaftlechen Organisatiounen zeréckgezunn. Fir sozial Beweegungen war et also eng schwéier Situatioun, mä gläichzäiteg eng Méiglechkeet fir en neien Ufank. D'Aarbechterbeweegung an der Nokrichszäit war virun allem duerch Exiljore vun héije Membere wärend dem Krich markéiert. Nenneswäert ass dobäi de Pierre Krier dee virum Krich als éischte Gewerkschaftler Aarbechtsminister war an als Chef vum Lëtzebuerger Aarbechter- Verband (LAV) och an der direkter Nokrichszäit um polliteschen a soziale Plang eng zentral Roll hat. Hien huet d'Fusioun vun der neutraler Gewerkschaft mat dem Luxemburger Metallarbeiter-Verband preparéiert an en huet zesumme mat sengem Frënd Nicolas Biever déi nei Gewerkschaft déi aus där Fusioun ervirgaangen ass: Berg- und Metallindustriearbeiter Verband geplangt. Den LAV war nom Krich aus dem LBMIAV ervirgaange. Wat d'Aarbechterbeweegung ubelaangt war de Plang vun enger Eenheetsgewerkschaft nom Krich net vu laanger Dauer. Aus dem chrëschtleche Milieu goung de Wonsch ervir datt et weiderhin eng chrëschtlech Gewerkschaft gëtt an Verhandlunge fir eng Eenheetsgewerkschaft tëscht der LAV an der FLA goufen am August 1945 ofgebrach. Déi zwou gréisst Gewerkschaften waren also den LAV an den LCGB .[3]

De Pierre Krier, ufanks der 1930er Joren.

Glanzzäit vun de Gewerkschaften an den 1950er an 1960er Joren[änneren | Quelltext änneren]

An den 1950er Joren ass Entwécklung vun de Gewerkschaften enk mat der Entwécklung an der Stol an an Eisenindustrie, wéi och dem Biergbau verknëppt. Dëse Beräich war am Joer 1952 fir 55% vun der Produktioun an 43% vum PIB verantwortlech. Dobäi waren 25% vun der Bevëlkerung an dësem Secteur aktiv. Déi Zuelen erklären also den héijen Liewensniveau ufangs de fofzeger Joren. Och den Afloss vun den Gewerkschaften an der Politik kann een erkennen, sou war den President vum LAV Nic Biewer vun 1951-1959 Aarbechtsminister. Den wirtschaftleche Fortschrëtt an de 50er Joren ass duerch Zesummenaarbecht tëscht den Gewerkschaften, dem Patronat an der Regierung ze erklären. Et ass een vun der Logik ausgaange, datt et bei der sozialer Konfrontatioun näischt ze gewannen gouf. Trotz der enker Zesummenaarbecht tëscht den Gewerkschaften, dem Patronat an dem Staat blouwe Streikbeweegungen awer net aus. Sou koum et zum Beispill de 4. Februar 1953 zu enger "Grève d'avertissement" an der Stol- an Eisenindustrie vu 24 Stonnen oder zu engem Streik vun de Mineuren tëscht dem 18. an 25. Abrëll 1955. D'Fofzeger Joren kann een awer duerchaus als gëllenen Zäitalter vun der Aarbechterbeweegung charakteriséieren. 

An den siechzeger Jore kann een dann eng "tertiairisation" an der lëtzebuerger Gesellschaft erkennen.D'Landwirtschaft, wéi och d'Industrie verléieren u Bedeitung, a Servicer gewannen u Bedeitung. Dës Entwécklung, déi an den siwwenzeger Jore weider verstäerkt gëtt erkennt een schonn an den siechzeger Joren. D'Zuel vun de Fonctionnairen ass am Joer 1960 op 33.500 geklommen, wärend s'am Joer 1907 nach bei 5.500 louch. Dës Entwécklunge spigele sech och an der Gewerkschaftswelt erëm, wou 1967 "Confédération générale de la fonction publique" (CGFP) gegrënnt gouf.

Tëscht den 1950er a spéiden 1960er Jore kann een also duerchaus vun enger gëllener Zäit fir d'Lëtzebuerger Gewerkschafte schwätzen. D'Gewerkschaften haten eng wichteg politesch Roll zu Lëtzebuerg wat een um Beispill geséit, datt wichteg Gewerkschaftler eng Ministeschplaz haten. Duerch lëtzebuergesch Press, gréisser Streikbeweegungen an ëffentlech Manifestatiounen, wéi den 1. Mee ware si en Deel vum kulturellen a soziale Liewen. D'Method vum Streik war an de fofzeger a siechzeger Joren deen Sozialkonflikt, deen an der Ëffentlechkeet am meeschten Uklang hat. Dobäi muss een awer ervirhiewen, datt den Erfolleg vun den Gewerkschaften virun allem och duerch den ekonomeschen Opschwong ze erklären ass. Hie Erfolleger, wéi Steigerung vun den Léin an Reduktioun vun der Aarbechtszäit wieren ouni den wirtschaftlechen Opschwong net méiglech gewiescht. En weideren Grond fir den Succès vun den Gewerkschaften war Skepsis vun der Populatioun géigeniwwer dem "capitalisme de marché" deen an der Tëschekrichszäit gescheitert ass. Déi nei "économie mixte" déi vun den Gewerkschaften, wéi och dem Patronat an dem Staat propagéiert ginn ass sollt sech als méi effektiv erausstellen.[4],[5]

Nei sozial Beweegunge vun de spéiden 1960er bis zu den 1980er Joren[änneren | Quelltext änneren]

An den spéiden 1960er Joren sinn nei sozial Beweegungen an den Zentrum vun der Ëffentlechkeet geréckt, déi virdrun nach net existéiert hunn oder net richteg opgefall waren. Dozou gehéiert Studentenbeweegung Enn vun den siechzeger Joren. Aner Beweegungen waren an den 1970er Joren d'Ëmweltbeweegung, bezéiungsweis d'Antiatomkraftbeweegung a Fraebeweegung. Am ëstlechen Deel vun Europa waren et Dissidentenbeweegungen.[6]

Studentenbeweegung[änneren | Quelltext änneren]

A vill westeuropäesche Länner war d'Liewen an den 1960er Jore vum "american way of life" beaflosst. Enn vun den sechzeger Joren gouf des Liewensastellung vun enger Studente-Protestbeweegung a Fro gestalt. D'Studentebeweegung huet duerch den Auslandsstudium vun de meeschte Lëtzebuerger Studenten och Lëtzebuerg erreecht. Protester hu sech u verschidde politesch Evenementer, wéi den Vietnamkrich vun den USA, den Amarsch vun den sowjeteschen Truppen zu Prag, den Ëmstuerz vun der Regierung am Chile oder dem diktatoresche Regime vum Franco a Spuenie geriicht. Well et zu Lëtzebuerg keng eenheetlech Studenteschaft gouf, waren d'Protester méi roueg wéi an aneren europäesche Länner. D'Protester vun 1971, deene sech och Lëtzebuerger Studenten ugeschloss hunn, hunn zu enger Reform iwwer d'Unerkennung vum auslänneschen Universitéitsdiplom gefouert.[7]

Fraebeweegung[änneren | Quelltext änneren]

D'Politiséiere vun der Fra am Kontext vun 1968 hat och seng Repercussiounen op Lëtzebuerg an huet zu Grënnung vun enger eegestänneger Fraebeweegung gefouert, dem „Mouvement de libération des femmes" (MLF).Schwätz een vun der Grënnung vum „MLF“, sou begéint een ëmmer erëm den Numm vun der Kënschtlerin Berthe Lutgen déi als Grënnerin vun der Beweegung ka bezeechent ginn. Et war de 14. Dezember 1971, wéi sech 16 Fraen an engem Hotel an der Staat getraff haten vir iwwer déi juristesch, sexuell an onekonomesch Ënnerdréckung vun der Fra ze diskutéieren an doropshin den „MLF“ ze grënnen. Am Februar 1972 koum et zu enger éischter Programmdiskussioun an zur Wiel vum éischte Kommitee vum „MFL". Et kann een soen, datt des néi Fraebeweegung am Kontext vun der genereller Opbrochstëmmung, déi mam „Mäi 68" associéiert gëtt, entstanen ass. Zwee Haapttheme vum MLF waren eng Reform vun de Gesetzer vum Bestietnes, souwéi de Kampf fir d'Entkriminaliséiere vun der Ofdreiwung, wat och zu enger grousser Debatt am Grand-Duché gefouert huet. An deem Zesummenhank koum et den 30. Mee zu enger grousser Protestaktioun virun der Chamber. Haut gëtt d'Archiv vum "MLF" vum Fraeninformatiouns- an Dokumentatiounszenter CID-femmes verwalt. Et kann ee soen, datt den MLF am CID-femmes opgaangen ass, deen huet den 8. Mäerz 1992 seng Dieren opgemaach an existéiert bis haut.[8]

Ëmweltbeweegung an Anti-Atombeweegung[änneren | Quelltext änneren]

Eng aner Beweegung déi zanter den 1970er Joren entstanen ass war Ëmweltbeweegung déi enk mat der Anti-Atomkfraaftbeweegung verkoppelt war. Se ass no de Publikatiounen iwwer d'Ëmweltschied an der moderner Wirtschaft, wei zum Beispill Publikatioun vum Club of Rome (1972), entstanene. Se huet verschidde Charakteristike mat der Studentenbeweegung gemeinsam, well deelweis déi selwecht Persounen aktiv waren. Se war zwar net vun der selwechter gesellschaftspolitescher Ideologie markéiert wéi Studentenbeweegung. Mä zu Lëtzebuerg war den Ausléiser fir e politescht Engagement vun der Ëmweltbeweegung, de geplangte Bau vun engem Atomkraaftwierk zu Rëmerschen. Duerch en engagéierte Kampf vun der Biergerinitiativ Museldall an hirer Grënnerin Elisabeth Kox-Riesch, zesumme mat dem CNAM (Comité national d'action pour un moratoire) konnt Populatioun op Gefore vun der Atomkraaft opmierksam gemeet ginn. Dëse Projet konnt duerch ganz vill Widderstand an eng negativ Ofstëmmung an der sozialistescher Partei verhënnert ginn. Mee net verhënnert ginn, konnt de Bau vun enger Atomzentral zu Cattenom. Trotz enger grousser nationaler an internationaler Mobiliséierung huet franséisch Regierung dëse Projet duerchgesat. Nodeems ab 1986 net nëmmen Ëmweltorganisatioune mä och den OGBL an eng Rei vun Gemengen juristesch Schrëtt géint Cattenom ënnerholl hu, huet de Mouvement écologique déi national Koordinatioun iwwerholl.D Anti-Atombeweegung wéi och d'Ëmweltbeweegung hunn eng Rei vun Organisatioune beaflosst an anerer ervirbruecht wéi zum Beispill déi gréng Partei.[9]   Déi frei 1970er Jore waren also an villen Hisiichten vun enger gewëssen Opbrochstëmmung markéiert. D'Studentebeweegung hat mat bësse Verspéidung am Abrëll 1971 en Echo zu Lëtzebuerg a Biergerinitiative fonnt, wéi och bei Fraenorganisatiounen déi sech gebilt hunn, hu fir gesellschaftlech Ännerunge gesuergt. Wat déi wirtschaftlech Situatioun am Joer 1973 ubelaangt sou konnt ee praktesch vu Vollbeschäftegung schwätzen.[10]

Gewerkschaften an den Krisejoren[änneren | Quelltext änneren]

Mee duerch Kris an der Stolproduktioun an d'Erhéijung vun den Präisser vum Äerduelech ass Ofhängegkeet zu Lëtzebuerg vun der Stolindustrie däitlech ginn. Méi séier wei aner Länner huet Lëtzebuerg op Stolkris reagéiert. Produktiounscapacitéite goufen em 15% erofgeschrauft an d'Zuel vun de Beschäftegte reduzéiert, dovu goufen 30% virzäiteg pensionéiert. Doropshin hate Gewerkschaften a villen europäesche Länner mat de Follge wéi Aarbechtslosegkeet an Inflatioun ze kämpfen. An dëser schwiereger Situatioun hate se wéineg Erfolleg an hunn d'Vertraue vu ville Leit verluer. Zu Lëtzebuerg war Situatioun awer anescht. Automatesch Upassung vun de Léin un d'Verbraucherpräisser déi am Joer 1921 fir Staatsbeamten agefouert gouf, goufen am Joer 1975 verallgemengert. Ausserdeem gouf den Dialog tëscht der Regierung, de Gewerkschaften an dem Patronat wärend der Stolkris intensivéiert. Wärend an eisen Nopeschlänner vun de Gewerkschaften dacks d'Aktioun privilegéiert gouf, war et zu Lëtzebuerg éischter d'Negociatioun déi Virrang hat.  Déi genannt gesellschaftspolitesch an ekonomesch Verännerungen hu sech awer och an der Organisatioun vun den Gewerkschaften erëmgespigelt. Am Joer 1979 hun sech déi lénks Gewerkschaften zum Onofhängegen Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg (OGBL) zesummen geschloss. Nieft dem LCGB an der CGFP war den OGBL déi gréisst Gewerkschaft. An de follgende Joren hunn d'Gewerkschafte probéiert sech der "Tertiarisation" vun der lëtzebuerger Gesellschaft unzepassen.

Mee déi beschäftegt aus dem Déngschtleeschtungssecteur waren an der Reegel net sou einfach fir Gewerkschaft ze motivéieren. Bedierfnis sech no ënnen ofzegrenzen war ofmools méi staark wéi den Wonsch enger Gewerkschaft unzegehéieren. Iwwerdeems goung Zuel vun de Beschäftegten an der Industrie zeréck an d'Persoun vum Aktivist dee säi ganzt Liewen an den Déngscht vun der Gewerkschaft gestallt huet gouf ëmmer méi rar. D'Gewerkschaften haten ëmmer méi Problemer sech an der neier Konsumgesellschaft, wéi och den neie Medien erëm ze fannen. D'Zuel vun den Demonstratiounen huet ofgeholl, an déi traditionell Datumer wéi den 1. Mee hu sech verännert. Aus ëffentleche Manifestatiounen goufe Fester déi fir jiddereen op waren.[10],[11],[12],[13]

Sozial Beweegunge vun den 1990er Jore bis haut[änneren | Quelltext änneren]

Wat 1990 er Joren ubelaangt muss een bemierken, datt mam Enn vum Ost-West Konflikt de Fridden net méi direkt bedroot war. Op Studentenbeweegung, Ëmweltbeweegung a Fraebeweegung si keng nei Beweegungen entstanen. Déi sougenannt nei Beweegunge goufe consolidéiert an et hu sech aner Organisatiounen doraus gebilt, déi am Laf vun der Zäit eng gewësse Proximitéit zur Regierung entwéckelt hunn. Zu Lëtzebuerg waren dat zum Beispill den CID-femmes oder de Mouvement écologique. Wärend sech sozial Beweegungen an der Vergaangenheet éischter mat lénkse Parteien identifizéiert hunn, sinn an den 90er Jore Beweegungen entstanen déi sech mam rietsradikalen a fundamentalistesche Milieu identifizéiert hunn. Wärend se verschidde Charakteristike vun de soziale Beweegungen bäibehalen hunn, waren nei Kommunikationsmethoden wéi den Internet fir si vun grousser Wichtegkeet. Wärend sozial Beweegungen no baussen oppe waren, hunn se probéiert sech no baussen ofzegrenzen. Doropshi si sozial an eethesch Konflikter entstanen déi a Jugoslawien souguer zum Biergerkrich gefouert hunn.  Um europäesche Plang hu sech mat der Grënnung vun der Europäescher Union, an der Schafung vun enger gemeinsamer Kulturpolitik a Sozialpolitik och nei Organisatiounen an Interesseveräiner gebilt.[14]

Wat en Ausbléck an eis no Zukunft ubelaangt sou musse sech déi verschidden Organisatioune wéi och Gewerkschaften eens ginn, mat wéi enge Moyene se deenen neien Entwécklungen am Déngschtleeschtungssecteur entgéint wierken. D'Aarbechtskraaft gëtt ëmmer méi hat Maschinnen ersat an den onqualifizéierten Aarbechter steet virun enger onsécherer Zukunft. Gewerkschaften a sozial Beweegunge mussen also am Zäitalter vun der Globaliséierung a Robotiséierung nei Strategien entwéckele fir d'Gesellschaft sou gutt wéi méiglech z'ënnerstëtzen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kaeble, Hartmut, Sozialgeschichte Europas. 1945 bis zur Gegenwart. München 2007, S.299.
  2. Pauly, Michel, Geschichte Luxemburgs. München 2011, S.87-91.
  3. Fayot, Ben, Les syndicats libres dans l'immédiat après-guerre (1944-1951) IN: 100 Joer fräi Gewerkschaften 1916-2016. Luxembourg 2016, S.135-153.
  4. Scuto, Denis, Les luttes syndicales des années 1950 IN: 100 Joer fräi Gewerkschaften 1916-2016. Luxembourg 2016, S 153-173.
  5. Fayot, Ben, Les années soixante, étape cruciale de la recomposition syndicale IN: 100 Joer fräi Gewerkschaften 1916-2016. Luxembourg 2016, S. 195-217.
  6. Kaeble, Hartmut, Sozialgeschichte Europas. 1945 bis zur Gegenwart. München 2007, S.306.
  7. Pauly, Michel, Geschichte Luxemburgs. München 2011, S.110.
  8. Kmec, Sonja, Das Gespenst des Feminismus. Frauenbeweegung in Luxembourg, gestern – heute – morgen, Marburg 2012.
  9. Michels, Dan, Eine beachtliche Kontinuität. Über 40 Jahre Atom-Widerstand in Luxemburg. IN: Forum NR 347 (2015), S.40-41.
  10. 10,0 10,1 Krier, Frédéric, 9. Oktober 1973: der LAV beweist seine Stärke. IN: 100 Joer fräi Gewerkschaften 1916-2016. Luxembourg 2016, S.217-225.
  11. Scuto, Denis/ Thomas, Adrien, Entre solidarité internationale et protection de l'emploi national: les syndicats et les immigrés. IN: 100 Joer fräi Gewerkschaften 1916-2016. Luxembourg 2016, S. 225-253. 247
  12. Krier, Frédéric, Die Gründung des OGBL 1979. IN: 100 Joer fräi Gewerkschaften 1916-2016. Luxembourg 2016, S.271-317.
  13. Hoffmann, Henri, Der 1. Mai – 126 Gewerkschaftsgeschichte. IN: 100 Joer fräi Gewerkschaften 1916-2016. Luxembourg 2016, S.253-271.
  14. Kaeble, Hartmut, Sozialgeschichte Europas. 1945 bis zur Gegenwart. München 2007, S.321-322.