Voyager-Programm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fluchbunne vun de béide Voyager-Sonden 1 an 2
Schematesch Duerstellung vun de Fluchbunnen a Swing-by-Manöver ëm de Jupiter an de Saturn
Modell vun enger Voyager-Sond
Voyager - mission logo.png

De Voyager-Programm ass e Fuerschungsprogramm vun der NASA fir d'Recherche vun de baussenzege Planéiten an dem interstellare Raum. De Programm bekëmmert sech ëm d'Organisatioun, de Bau an d'Fuerschungsmissioun vun de béide Raumsonde Voyager 1 a Voyager 2. Si waren am Joer 1977 gestart. Déi béid Missioune sinn nach ëmmer am lafen.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuerzele vum Voyager-Programm reeche bis an d'Mëtt vun den 1960er Joren zréck. De Michael Minovich vum Jet Propulsion Laboratory (JPL) hat als éischten d'Méiglechkeet erkannt, fir déi staark Gravitatioun vum Jupiter ze gebrauchen, fir d'Vitess vun de Raumsonden ze vergréisseren („Swing-by“). Dräi Joer méi spéit hat den Ingenieur Gary Flando, och bei der JPL, e puer Fluchbunne fir Sonde berechent, déi di gënschteg Plaze vun de baussenzege Planéiten, um Enn vun de 1970er Joren ausnotze sollten. De Jupiter sollt d'Sprongbriet sinn, fir d'Planéite Saturn, Uranus, Neptun a Pluto an akzeptabler Zäit z'erreechen („Planetary Grand Tour“). Tëscht 1976 an 1978 waren folgend Routë méiglech: Jupiter–Saturn–Uranus–Neptun, Jupiter–Saturn–Pluto a Jupiter–Uranus–Neptun. Dës Chance wollt sech d'NASA net entgoe loossen, well sech sou eng gënschteg Planéitekonstellatioun eréischt nees an 176 Joer widerhëlt.[1]

Déi éischt Pläng vun der NASA haten e puer grouss Sonde virgesinn, déi mat Saturn-V-Drorakéite gestart sollte ginn. Um Enn vun de 1960er Joren gouf sech da beméit, fir eng speziell Sondefamill fir d'Erfuerschung vun de baussenzege Planéite z'entwéckelen – de Projet „Thermoelectric Outer Planets Spacecraft“ (TOPS).

1969 huet d'NASA dann déi „Grand Tour Suite“ virgestallt, déi am „Outer Planets Grand Tour Project“ (OPGTP) opgoung, deen den Asaz vu véier bis fënnef Sonde virgesinn hat, déi um TOPS-Konzept baséiere sollten. Zwou Sonde sollten op der Route Jupiter–Saturn–Pluto 1976 an 1977 starten, zwou weiderer am Joer 1979 op der Route Jupiter–Uranus–Neptun. De Programm sollt am Ganzen ongeféier 700 Mio. US-Dollar kaschten.

Den OPGTP gouf am Ufank vun den 1970er Jore gestrach, well e fir ze deier an ze ambitionéiert ugesi gouf. Amplaz gouf dunn de Bau vu Voyager 1 an 2 beschloss, wat eigentlech eng Noutléisung war. Géigeniwwer dem TOPS-Programm sollt d'Liewensdauer strikt op véier amplaz zéng Joer begrenzt ginn. Duerch dëse Schrëtt sollten déi ganz Käschten (Bau a Missiounsphas) op ronn 250 Mio. US-Dollar begrenzt ginn. D'Konstrukteuren hate sech am Geheimen iwwer déi Uweisungen ewechgesat an hate vun den TOPS-Entwërf schonn entwéckelt Sécherheetssystemer a -konzepter iwwerholl. Den 1. Juli 1972 sinn déi éischt Gelder gefloss, an de Programm konnt offiziell gestart ginn. Bis Mäerz 1975 war d'Konzeptphas ofgeschloss.

De Bau vu béide Voyager-Sonden huet Mëtt 1975 ugefaangen. De JPL huet nach eng Kéier versicht, d'NASA fir d'Finanzéierung vun nach enger Sond ze bewegen, wat awer net geklappt huet. Wichteg Impulse fir de Bau sinn aus den Erfahrunge vun der Pioneer-Sonden 10 an 11 agefloss, déi d'Aart an d'Intensitéit vun der Stralung beim Jupiter gemooss haten a sou eng entspriechend Upassung vun de Sonden erlabt hunn. Well déi béid Sonden ufanks als Vergréisserung vun der Mariner-Serie geplangt waren, hat de Programm am Ufank d'Bezeechnung Mariner Jupiter-Saturn mat den Nimm „Mariner 11“ a „Mariner 12“ fir déi béid Sonden. Wéinst de grousse strukturellen Ënnerscheeder mat de Mariner-Sonden gouf en neien Numm erausgesicht. Den Numm Voyager, deen duerch e NASA-Concours fonnt gi war, gouf de 4. Mäerz 1977 offiziell ugeholl.

Éischt Missiounsziler[änneren | Quelltext änneren]

D'Voyager-Sonden hate kee besonnesche Fuerschungsschwéierpunkt, well et am Virfeld wéineg Erkenntnesser iwwer déi baussenzeg Planéite gouf, déi hätten ausgebaut kënne ginn. Dofir waren d'Missiounsziler relativ wäit gefaasst:

  • Ënnersich vun der Atmosphär vun de Planéite Jupiter a Saturn am Hibléck op Zirkulatiounen, Struktur an Zesummesetzung
  • Analys vun der Geomorphologie, Geologie an Zesummesetzung vun de Mounden
  • Genee Bestëmmung vun der Mass, Gréisst a Form vun de Planéiten, Mounden a Réng
  • Ënnersich vu verschiddene Magnéitfelder a vun der Bezéiung op hir Feldstruktur
  • Analys vun der Zesummesetzung a vun der Verdeelung vu geluedenen Deelercher a vum Plasma
  • Besonnesch genee Ënnersich vun de Mounden Io an Titan

Voyager 1[änneren | Quelltext änneren]

Haaptartikel Voyager 1

D'Voyager 1 gouf de 5. September 1977 – 16 Deeg no hirer Schwëstersond Voyager 2 – vum Launch Complex 41 op Cape Canaveral mat enger Titan-IIIE-Centaur-Rakéit gestart. No 18 Méint Fluchdauer hat d'Sond de 5. Mäerz 1979 de Jupiter erreecht.

D'Voyager 1 huet beim Jupiter a beim Saturn souwéi hire Mounden, Ranksystemer an Atmosphären ëmfangräich Miessunge gemaach an hat vill Biller op d'Äerd geschéckt. D'Erkenntnesser iwwer déi béid Planéite goufen doduerch bedeitend vergréissert.

D'Voyager 1 hat am November 1980 de Saturn erreecht. Mam Swing-by-Manöver ëm de Saturn war d'Sond op hir definitiv Bunn ageschwenkt, op där si zënterhir op engem Wénkel vu 35° zu der Ekliptik duerch déi baussenzeg Beräicher bis un d'Grenze vun eisem Sonnesystem flitt. Den 1. Januar 1990 hat déi lescht Phas vun der Missioun: d'"Voyager Interstellar Mission" (VIM), ugefaangen.

Am Februar 1998 hat d'Voyager 1 d'Sond Pioneer 10 „iwwerholl” an ass zënterhir deen Objet dee vu Mënschenhand geschaaft gouf, deen am wäitste a mat der héchster Fluchtvitesse geflunn ass. Zënter 2002 ass Voyager 1 am baussenzege Beräich vun der Heliosphär, dem Heliosheath. Am Fréijoer 2010 goufen Indizie fir d'Erukomme vun der Sond un d'Heliopaus fonnt.[2]

Voyager 2[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Voyager 2 Nuvola apps xmag.png

Voyager Interstellar Mission[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Januar 1990 huet mat der „Voyager Interstellar Mission“ (VIM) déi lescht Phas vun der Recherchemissioun ugefaangen.

Aktuell (Stand: 2009) ënnersicht d'Voyager 1 folgend Phenomener:

Zukunft vum Programm[änneren | Quelltext änneren]

De Programm koum en etlechmol aus Budgetsgrënn an Nout, well de Betrib vun der Sond pro Joer en etlech Milliounen US-Dollar kascht (Personal, DSN-Zäit asw.). International Protester an déi besonnesch Plaz vu Voyager 1 a Voyager 2 hunn ëmmer erëm verhënnert datt komplett mam Programm opgehale gouf, dat well en als echt Laangzäit-Experiment gëllt, woubäi e puer Budgetskierzungen mat a Kaf geholl goufen.

Am August 2010 war d'Voyager 1 nach ëmmer am Beräich vun der Heliosheath-Regioun. D'Sond soll ëm 2015 d'Heliosphär, also den Aflossberäich vum Sonnewand, definitiv verloossen. Den Hydrazin-Dreifstoff fir d'Lagregelung geet nach op d'mannst fir déi nächst 40 Joer duer.

D'Voyager 2 war am Abrëll 2012 ongeféier 98,11 AE vun der Sonn ewech. Véier vun den eelef Moossinstrumenter sinn nach aktiv.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Voyager-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]